DE GANGSTER AM GAART

(2020)

 

 

Persounen:      d’Bomi

den Detektiv

de Polizist

 

Décor:             an enger Stiffchen

 

 

 

(D’Bomi schwätzt an erzielt un engem Stéck ewéi e Waasserfall.)

BOMI

(huet de Kapp déck verbonnen) O jee, Här Detektiv, wat sinn ech frou, dass Dir hei sidd, an och Dir, Här Police, well wann en iech gesäit mat engem Revolver am Boxerimm an Ärer strenger Uniform, brrrr, dann hëlt e seng zwee Been an de Grapp an e mécht sech aus dem Stëbs, dee Gangster, deen et ass, sech einfach bei mech hannert d’Haus verstoppen ze kommen ---

POLIZIST

(fänkt un a säi Bichelchen ze notéieren) Mä Madame, ee Momentchen, dann erzielt mer emol ----

BOMI

Maja, da lauschter mer einfach no, an dobei hat ech der jo schonn um Telefon erzielt, dass ech mer en Heed Zalot aus dem Gaart huele wollt, an et ass jo ëm dës Zäit scho stackdäischter dobaussen a well ech keng Luucht hannenaus hunn nach vill méi ---

DETEKTIV

Madame entschëllegt, mä elo wësse mer nach ëmmer net ---

BOMI

Ma da fal mer dach net andauernd an d’Ried, du onmanéierleche Bouf, looss mech dach och emol zu Wuert kommen. Voilà, an dunn – (iwwerleet) tja, an dunn? Wou wore mer elo? Ah, gesitt der, elo hutt der mech ganz duerchernee bruecht.

POLIZIST

(zum Detektiv) Lauschter du der Bomi alt weider no, ech ginn emol rondrëm d’Haus kucken, wat do lass war.

DETEKTIV

Jo jo, mä pass gutt op. Du gesäis jo, wéi en si hei nonee gemat huet.

POLIZIST

Keng Angscht, Detektiv, keng Angscht. (zitt de Revolver a geet lues of)

BOMI

(hält sech d’Oueren zou) O Gott, net schéissen, Här Polizei. Ech erféiere jo ëmmer därmoossen, wann et klaakt, a virun allem wann et esou däischter ass ewéi bei mir dobaussen, wou ech meng Zalot stoen hunn --- (erënnert sech nees) ajo, mir waren elo éinscht bei der Zalot. Bon, ech ginn also dohinner, a grad dee Moment, hoho, mäi léiwe Beschten, du kréien ech eng widdert de Kapp gedonnert, dass ech de laange Wee hannerzeg an d’Zalot gefall sinn.

DETEKTIV

Dat war sécher de Gangster, oder?

BOMI

Majo ... e richtege Rambo! (hält sech de Kapp) Et huet a menger Klatz gerabbelt, dass ech d’Stäre gesinn hunn.

DETEKTIV

Schrecklech.

BOMI

Genau. A schrecklech ass emol kee Wuert derfir. Ech hu gemengt, ech hätt de ganze Kapp voller Späizmännercher.

POLIZIST

(kënnt eran, seng Kap hänkt schif, d’Nues bluddeg, en huet en Nuesschnappeg an der Hand, dat voller Blutt ass) Ah, der Däiwel net nach!

DETEKTIV

Här Polizist, a wéi gesäis du dann eraus! Deng Kap hänkt kromm, deng Nues, déi blutt ---

POLIZIST

--- an zwee Zänn huet e mer ageschloen. (späizt se eraus)

BOMI

Voilà, ech sot et jo elo grad, 't ass e Rambo, dee Rambo. A wat fir een!

DETEKTIV

Mä hues de dann net geschoss?

POLIZIST

Geschoss? A mat wat hätt ech da schéisse sollen? Wéi en op mech gefacht huet, ass mer vu Schreck de Revolver aus der Hand gefall. A mengs de, ech hätt mech du groussaarteg gebéckt, fir och nach e Fouss hanne bei d’Këscht ze kréien?

BOMI

Neen, neen. Ech si jo och direkt eragelaf komm, ouni nach laang an héiflech Äddi a Merci ze soen, an een Zock hunn ech mech op den Telefon gestierzt a ganz séier hoppla-hopp är Nummer gedréint, et sollt jo och ganz séier bei iech schellen, net (lues) tuuut-tuuut-tuuuut, mä (schnell) tut-tut-tut-tut, fir dass der och sollt ganz séier hoppla-hopp heihinner kommen, wou et dach esou presséiert huet.

DETEKTIV

(zum Polizist) Weess de wat? Hal du der Mimmchen elo weider Gesellschaft, ech ginn och emol aus kucken.

POLIZIST

(grouss) Hä? Hues de se nach all? Dee schléit dech kuerz a kleng.

DETEKTIV

(strëppt d’Äerm erop) Da soll en emol probéieren, dee Bubi. Pass op, ech hu Muskelen. Ech kann an der Roserei eouguer eng naass Zeitung zerrappen. (hëlt eng grouss Täscheluucht aus dem Mantel, knipst se un a geet of)

BOMI

Voilà, gesitt Der, an duerfir sot ech jo och: Kommt léiwer zu zwee ewéi eleng oder guer net, well et weess ee jo ni. An nu stellt Iech emol vir, dee Banditt wier mer och nach no komm a séiz elo am Keller oder um Späicher, brrrr, wéi grujeleg, ech géif mech jo net méi hei aus der Stuff eraus trauen an op jidde Fall géif ech mech am Bett ganz ënnert d’Decke verstoppen, well eng zweete Kéier wëllt ech deem net an d’Gräpp lafen, eemol geet vëllegen duer, an dobei ass meng Zalot elo dobaussen zertrëppelt an zertrampelt.

(Den Detektiv kënnt nees eran, en huet e blot Aan, an e Reech an der Hand.)

Aha, do ass hie jo och nees.

POLIZIST

An, Här Detektiv, wat seet en, eise Kolleg?

DETEKTIV

(weist op säi blot Aan) Hei kuck, da weess d’et.

BOMI

Do, elo gesi mer allendräi aus ewéi Fuesboken. Ah, dat hei misst onbedéngt an d’Zeitung kommen.

DETEKTIV

Léiwer net, Bomi. D’ganzt Land géif sech jo eng Boss iwwert eis laachen.

POLIZIST

Wéisou?

DETEKTIV

Mä et ass guer kee Gangster dobaussen.

BOMI

Allez, nu géi ower!

DETEKTIV

(stellt de Reech dohin) Mir hunn allen dräi hei an dee Reech getrëppelt, deen an der Zalot um Buedem louch.

 

 

                  RIDO

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")