PRISONGSFRITZEN

(2021)

 

Persounen:

den Zopperte Jim

de Schupperte Bim

 

 

Décor:

an enger Prisongszell: Strécher un der Wand, zwee Klappbetter etc. an zur Säit eng Mauer iwwert déi een „wéi duerch eng Fënster“ erausklamme kann, dernieft steet e Fënstergitter

 

 

(De Jim an de Bim sinn am Gaang Pyjamaen, Boxen a Lëllechter uneneenzestrécken.)

JIM

Si mir zwee da keng aartlech Prisongsfritzen? Ech sinn den Zopperte Jim a sëtzen hei am Kittchen, well ech 185 Milliounen aus enger Bank gezoppt hat – mäi Gott, grad wéi wann déi däers Frick net genuch am Keller hätten.

BIM

An ech, ech sinn de Schupperte Bim, deen enger Bomchen an der Stad d’Posch geschuppt hat. Ech krut 6 Méint Prisong a muer kommen ech hei eraus.

JIM

Du Glécklechen. Ech, ech hunn nach fir 9 Joer, 7 Méint an 23 Deeg. (weist d’Strécher op der Mauer) Hei kuck wéi laang ech schonn hei sëtzen.

(Si kucke wat se schonn unenee gestréckt hunn.)

BIM

So, dat ass e jo awer schonn e schéint Stéck, dat hei.

JIM

Sécher. An dat misst dach vëllechen duer goen.

BIM

Iergendwéi musse mer kucken, fir dech hei erauszekréien. Mäi Gott, ech ka jo muer goen, an déi eng Nuecht wäert ech alt och nach packen.

JIM

A wann de Monsieur Portier engem net fräiwëlleg d’Dier opspäert, gelu, da muss een alt zur Fënster erauskloteren.

BIM

Eben. Op esou eng bommegenial Super-Iddi ewéi mir ass an deene leschten zweehonnert Joer nach kee komm. D’Gitter hu mer jo schonn emol duerchgeseet kritt. Mir waren zwar zwee Deeg am Gaang, mä elo ass d’Lach grouss op.

JIM

(werft dat eent Enn „duerch d’Fënster“ / iwwert d’Mauer, dréckt dem Bim dat anert Enn an d’Hand a klëmmt eraus) Sou, dann hal un. Ech klammen. Allez, salut dann. Bis soss eng Kéier, Bim.

BIM

(hält de Stréck fest a kuckt vun uewen no) Mä pass nëmme just op, dass de net ënnerwee lass léiss, soss trëlls de erof, dees Kreesch an da kommen d’Jonge mat de Knëppelen. An du weess jo, déi dinn al wéi. (rifft erof) An, geet et? – (op eemol) Wéi du kënns nees eropgeklotert?

JIM

(kënnt hannert der Mauer nees zum Virschäin) Et feelen annerhallwe Meter. Ech kommen net bis op de Buedem.

BIM

Mä dann häss de solle sprangen, du Eefalt do.

JIM

Sprangen? Dass ech mer nach de Fouss briechen. Villmools merci. Mä komm Bim, 't ass weider net schlëmm. Mir hu jo nach e puer Lëllechter an Handdicher fir drun ze strécken. U Material feelt et eis net.

(Si strécken nach e Lëllecht drun.)

BIM

Ah, et muss ee sech ëmmer am Liewen ze hëllefe wëssen, soss ass een e Vull fir d’Kaz. So, hoffentlech kënnt dee vun der Nuetswaach elo net grad mat sengem Juechthond laanscht, soss hues de deen un der Box hänken.

JIM

Keng Angscht. Ech si séier fort. Allez, ech klammen. (klëmmt nees „duerch d‘Fënster”) A wann et elo nach ze kuerz ass, da friessen ech e Biesem. (léisst sech déi aner Säit nees erof)

BIM

(hält weider un) Mir wäerten dee Kärel dach iergend eng Kéier hei aus där Bud erauskréien. Ah, wann ech nach iwwer 9 Méint heibanne sëtze misst, ech géif verréckt a geckeg ginn.

(De Jim kënnt nees eropgeklotert.)

Wéi? Du kënns nees eemol erop? Ass et nach ëmmer ze kuerz?

JIM

Neen. Ze laang.

 

RIDO

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")