D'MÉCK

(2020)

Persounen:      den Nuckes, e Litti

de Garçon

d’Patronne

e Mann a seng Fra an nach aner Clienten

 

 

Décor:            Dëscher an engem Restaurant

 

 

 

(Den Nuckes, e witzege Kärel, sëtzt eleng un engem Dësch, mat dem Réck zu de Leit, dass ee wärend dem Iessen net op säin Teller gesäit.)

------

(bekuckt den Nuckes) Héiers de wéi deen doe seng Zopp schluppt?!

------

Si schéngt him op jidde Fall gutt ze schmaachen. E géif am léifsten de Läffel ganz mat erastiechen.

(Paus)

NUCKES

(spréngt op) Ääääää ... eng Méck!

------

Eng Méck? Jo an dann?

NUCKES

Mä hei a menger Zopp.

d’Fra

(zu hirem Mann) Wat? Antoine, da kuck du emol séier an dengem Teller.

de Mann

Mäi Gott! Esou laang se schwamme kann an net ënnergeet ...

NUCKES

(wénkt dem Garçon) Jonke Mënsch, ee Momentchen, wannechgelift.

GARÇON

(kënnt mat engem Weenche voller Schosselen a Plateauen) Wëllt den Här villäicht nach e wéineg?

NUCKES

Also nu lauschtert emol: am Fong geholl sinn ech jo e ganz guttmiddege Mënsch, mä esoubal eng Méck a menger Zopp erëmschwëmmt, da flippen ech aus.

GARÇON

Eng Méck? An der Zopp?

NUCKES

(piddelt mat dem Fanger am Teller) Hei, kuck, Männi, wat ass et eng aartlech. Dro se bei deng Patronne an dann hëls de hir e schéine Bonjour vu mir mat.

GARÇON

(genéiert) Jo, jo ... eh ... also, entschëllegt, mä verstitt ... mat deem waarme Wieder hu mer d’Fënster an der Kichen opstoen, an da kann et jo mol ---

NUCKES

Sich elo keng faul Ausrieden, 't ass e Skandal: hei läit eng Méck dran, mausdout, a streckt d’Been d’Luucht aus.

GARÇON

Mä kommt, Monsieur, mir sinn net esou. Duerfir kritt Der dann och en extra grousst an zaart Stéck Fleesch. (servéiert him Gromperen a Fleesch)

NUCKES

Ech mengen ower och.

GARÇON

An dobei déi schéinsten an houfregste Gromperen aus menger Schossel. Si wäerte sech freeën.

NUCKES

Ween? D’Mécken?

GARÇON

Neen, d’Gromperen. Wann se iech gutt schmaachen.

NUCKES

Mäi Gott, dajee alt. Fir eemol kann e jo nach duerch d’Fangere kucken.

GARÇON

An deem Sënn wënschen ech dem Här dann e gudden Apetitt. Vu mir a vun eisem ganzen Haus. (mécht e klenge Knécks a geet of)

NUCKES

Ech maache mäi Bescht, Knëff, ech maache mäi Bescht. (setzt sech nees dohin an ësst weider)

de Mann

(kuckt eriwwer bei den Nuckes) O vreck, wat huet deen elo e Koup op den Teller kritt. Do leeft engem d’Waasser jo am Mond zesummen.

d’Fra

Mä ech kéim trotzdeem net méi heihinner zréck. (kraazt sech) 't kribbelt mech schonn iwwerall, wann ech blouss drun denken.

------

Express maachen s’et jo op kee Fall.

------

Mä 't géif awer och nach just feelen, dass se der nieft Messer a Forschett direkt eng d’Méckebaatsch mat op den Dësch leeën.

(Paus. Se iesse weider.)

de Mann

(zu senger Fra) Weess de nach, Germaine, wéi mer bei Molitors um Kanddaf souzen.

d’Fra

Erënner mech net drun. Ech iessen nach.

de Mann

(zu deenen aneren) Wéi se d’Zalot dréine wollten, dunn ass en décke speckege Wuerm erausgekroch komm. (weist) Hei, esou e Batz!

(Alles ass entsat. Paus. Se iesse weider.)

NUCKES

(werft op eemol Messer a Forschett dohin, spréngt op) Mä kräizmilldonnerwieder! Dat doen ass nun awer wierklech de Kombel.

------

(erféiert) Omei, lo hat ech mech bal verschléckt.

NUCKES

Ech mech och.

------

Nu so nach just, en hätt schonn nees eng fonnt.

NUCKES

Also eng Méck an der Zopp, bon, 't ka jo mol virkommen, mä elo och nach eng tëscht de Gromperen?!

(Déi aner halen op mat iessen an tuschele mateneen.)

O neen! Dës Kéier ruffen ech mer awer direkt d’Patronne. (rifft) Madame! Madame! Kommt emol heihin. An e wéineg dalli. 

PATRONNE

(kënnt mat dem Iessweenche bei den Dësch) Villäicht nach e Stéckelche Fleesch fir den Här?

NUCKES

Nach e Stéck Fleesch? 't geet schonn duer, dass a menge Grompere eng Méck läit.

PATRONNE

(entsat) Eng Méck?

NUCKES

Et schéngt deem Véi gutt hei bei iech ze gefalen. Fir d’éischt fannen ech eng a menger Zopp an elo eng aner tëscht de Gromperen. (hëlt se eraus) Heit, huelt se mat, rummt se allenzwou an, an dann hänkt Der se als Menüskaart an d’Entréesdier.

(D’Patronne eekelt sech, den Nuckes geheit d’Méck nees op den Teller.)

PATRONNE

't ass ... 't ass ... 't ass dach net méiglech ...

NUCKES

A wéi et méiglech ass! Mä keng Angscht, ech wäert an all Zeitung, op all Facebook, op all Twitter, op dem ganzen Internet vun der ganzer Welt Publizitéit fir Äre Fléizirkus hei maachen. (photographéiert den Teller mam Handy)

PATRONNE

O neen, Monsieur, dot eis dat awer net un. Schliisslech ass eise Restaurant national an international bekannt a mir géifen eis ganz Clientèle verléieren.

NUCKES

Asou, an ech, ech hätt kënne Mécke friessen.

PATRONNE

(ganz frëndlech) Kommt, reegt Iech net op, d’Haus offréiert natierlech dee ganze Menu.

NUCKES

Ech verstinn net.

PATRONNE

Ma wéinst deem hyperpeinlechen, desagreabele Malheur braucht Der näischt ze bezuelen. (hëlt eng Fläsch Wäin aus dem Regal) An ech ginn Iech och nach e „Château La Gaffelière“ vu Saint Emilion mat. Ee vun de beschte franséische Wäiner. Wäit iwwer 300 Euro.

NUCKES

(iwwerleet ee Momentchen) Asou ... e chicke Geste ... An der Rei, da wëll ech deen hyperpeinlechen, desagreabele Malheur dann och vergiessen. (weist op déi aner Leit) An ech hoffen déi aner honorabel Herrschaften och ......... (deedegt nach weider mat der Patronne)

d’Fra

Hues de dat héieren? Dee krut de ganze Menu gratis.

de Mann

An eng Fläsch Saint-Emilion derbei.

------

Awer zwou Mécken am Iessen ...

------

Wat sollt d’Madame dann och aneschter maachen?

(Den Nuckes huet der Patronne d’Hand ginn, geet mat der Fläsch Wäin eraus, hëlt eng Fixfeieschkëscht aus der Täsch, kuckt dran)

NUCKES

Ech hat der dräi. Gutt. 't bleift mer also nach eng, fir niewendrun den Dessert iessen ze goen ...

 

 

RIDO

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")