DEN IWWERFALL AM ZËMMER 13

(2021)

 

Persounen:

den Tommy oder d’Minou, Service an der Receptioun

den Detektiv Merluche

de Willi, säin Assistent

d‘Mme Stein

d’Mme Zenners

de Professer Brisbois

 

... nach Statisten ...

 

Décor:

an der Entrée vum Hotel: d‘Receptioun mat engem Schëld „HOTEL DU PARC“, e puer Still, e puer Biller an e Spigel un der Mauer asw.

 

TOMMY

Nee wierklech, Här Merluche, et fillt ee sech vill méi sécher, wann een e richtegen Detektiv wéi Iech mat am Hotel huet.

DETEKTIV

An net nëmmen en Detektiv, (klappt dem Willi op d’Schëller) mä och nach säin Assistent, de Willi.

WILLI

Mäi Chef gëtt net fir näischt „Wullmaus“ oder „Schnoffelnues“ genannt. Well esoubal iergendzwousch eppes Kriminelles geschitt ass, da geet hien iwwerall schnoffelen a wullen, bis en alles erausfonnt huet.

DETEKTIV

Esou ass et, Willi. Eis zwee ass nach kee Raiber entwutscht, gelu.

TOMMY

Also ech hoffe jo, dass näischt hei am Hotel geschitt, et si lauter anstänneg a fei Leit, déi hei Vakanz maachen: d’Madame Steinmetz, den Här an d’Madame Duvillier, zum Beispill, den Här Professer oder d’Madame Zenners a wéi se alleguerten heeschen.

DETEKTIV

O, schwätzt net ze fréi. Bei esou vill Leit, do weess ee jo ni, ween drënner ass.

 

(Elo héiert een en terribelen, laange Kreesch. Vun alle Säite kommen e puer Statisten aus hiren Zëmmeren. Alles ass erféiert, duercherneen:)

- A wat der Jomer ass dann do geschitt?

- Hutt der dat doen héieren?

- Do ass bestëmmt een ëmbruecht ginn!

- E Mord? Mengt Der?

- Neen, da paken ech awer séier meng Valissen a fueren nees heem.

PROFESSER

(kënnt am Pyjama a mat enger Flënt, opbruecht) Mon Dieu! Erlaabt emol, Monsieur Tommy, et ass zwanzeg fir néng owes, dobaussen ass et schonn däischter an dann esou e Gejäiz a Gebläers.

TOMMY

Berouegt Iech, léif Leit. Et ass bestëmmt net esou uerg. A glécklecherweis hu mer jo en Detektiv bei eis. Den Här Wullmaus --- eh, pardon, den Här Merluche.

WILLI

(zum Detektiv) Ech ginn emol aus kucken, Chef, ob ech näischt Verdächteges entdecken. (geet of)

DETEKTIV

Madame Zenners, Dir kuckt esou bleech dran. Huet dat Gejäiz a Gebläers, wéi de Professer dat genannt huet, Iech esou erschreckt? Ech froe mech iwwerhaapt, wien de Kreesch vu sech ginn huet?

MME ZENNERS

Mä ech.

PROFESSER

Dir? A firwat dann dat?

MME ZENNERS

(ausser sech) Ma ech … ech gouf iwwerfall.

(Alles kuckt grouss.)

En ass …. en ass vun dobausse komm. Iwwert de Balkon. Op eemol gouf d’Dier opgestouss an dunn … an dunn … an du stong en do. Eng Mask iwwert dem Kapp a kee Wuert geschwat. En huet just d’Pistoul op mech gehalen an op de Safe gewisen.

MME STEIN

(ass elo och komm, ganz erschreckt) Watgelift? En Iwwerfall?  Op Iech, Madame Zenners?

PROFESSER

(fuchtelt mat der Flënt hin an hier) Ah, wann dee Kärel mir iwwert de Wee leeft, dann huet en e Lach am Bauch.

MME ZENNERS

Ech hunn him de Safe dunn natierlech opgespaart, wat sollt ech anescht maachen? Zwee Braceletën huet e mer geklaut, eng Ketten an e gëllene Rank a scho war en nees iwwert d’Balkon fort.

DETEKTIV

Iwwert de Balkon ? An Dir hutt d’Zëmmer 13 um éischte Stack. Ass en da villäicht um Reekulang erop- an erofgeklotert?

WILLI

(kënnt nees zréck) Nee, Chef. E koum iwwert eng Leeder. Déi steet nämlech nach do. 

TOMMY

Dat ass sécher d‘Leeder aus eisem Uebstbongert hannert dem Hotel.

WILLI

(weist eng Mask an e Rewolwer) An dëst hunn ech um Buedem fonnt: eng Mask an eng Pistoul. 't ass awer nëmmen e Spillrewolwer.

DETEKTIV

(bekuckt sech d’Mask) Eng Mask ewéi an engem richtege Krimi. (op eemol) O, do ass jo rout Fuerf drun.

PROFESSER

Villäicht huet e geblutt. Dann hätte mer e jo séier fonnt, wann et een hei aus dem Hotel war.

MME ZENNERS

An éierlech gesot, fir d’Ketten deet et mer am meeschte leed.

MME STEIN

(leet der Madame Zenners den Aarm ëm den Hals, fir se ze tréischten) Dat gleewen ech Iech gären. Mir géif et och leed doe fir esou e Stéck. An dann och nach grad mat deem apparten, klenge Séipäerdchen drun.

WILLI

(kuckt grouss) Mat engem Séipäerdchen drun, sot Der, Madame Stein? (fir sech) Nu kuck do. (notéiert sech eppes a säin Notizheft)

MME ZENNERS

Jo. Dat Séipäerdchen huet mer nach besser gefall ewéi déi ganz Ketten. Och wann se aus purem Gold war. An dobei hat ech se emol nach net eng Kéier un.

DETEKTIV

Madame Stein, Dir hutt Äert Zëmmer jo hei ënnen um Rez-de-Chaussée. Hutt Dir dann net zoufälleg ee gesinn, dee mat der Leeder aus dem Uebstbongert koum a se widdert der Madame Zenners hiert Balkonsgelänner gestallt huet?

MME STEIN

Ech? Wéi sollt ech? Ech souz virum Fernseh an hu mer de Film vun der „Titanic“ ugekuckt. Bei esou engem flotte Film kuckt een dach net zur Fënster eraus.

(De Professer kuckt eemol ganz stutzeg, geet bei den Detektiv a pëspert him eppes an d’Ouer.)

DETEKTIV

O, villmools merci, Här Professer. Dat doen ass en héich interessanten Détail.

TOMMY

Do wier ech elo ower gespaant.

DETEKTIV

(ganz wichteg) Madame Stein, ech géif Iech elo bieden hei bei eis sëtzen ze bleiwen, bis dass d’Police Iech ofhuele kënnt. Mer wäerten déi elo gläich alarméieren.

(Alles ass déck erstaunt.)

MME STEIN

(grouss) D’Police? Mä entschëllegt Här Detektiv Merluche, firwat dann elo dat?

DETEKTIV

Mä Dir, Dir hutt der Madame Zenners hir Bijoue geklaut.

MME STEIN

(idem) Ech? A wou kommt Der dann op esou en domme Witz?

DETEKTIV

Ganz einfach. Éischtens: Wéisou wësst Dir, dass et eng Kette mat engem Séipäerdchen ass?

WILLI

Genau. Dat kann nëmmen dee wëssen, deen se geklaut huet. Zemol, wou d’Madame Zenners se nach ni unhat.

(D’Statisten tuschele mateneen. D’Madame Stein ass domm drun, si weess net, wat se soll soen: „Mä … mä …“ )

DETEKTIV

Zweetens: D’Saach mat der „Titanic“ stëmmt och net. Den Här Professer sot mer elo grad, dass hien och virum Fernseh souz an deen „Titanic“-Film geet mat enger Dräi-Véierel-Stonn Verspéidung un wéinst den Noriichten. Dee konnt Der also net gekuckt hunn.

PROFESSER

(ironesch) 't mer leed, Madame Stein. Domm gaang!

MME STEIN

(ganz duercherneen) Jo … also … wéi soll ech mech ausdrécken … (huet op eemol eng Iddi) Mä sot, Här Detektiv, bludden ech dann éieren iergentzwousch? De Professer sot jo, et misst ee geblutt hunn, dass déi rout Fuerf un der Mask ass.

DETEKTIV

Neen, Dir blutt net.

MME STEIN

Ah, gesidd Der.

DETEKTIV

(weist d’Mask) Mä dat hei ass jo och kee Blutt, awer hondsgewéinleche Lëppestëft.

MME STEIN

Ja, an?

DETEKTIV

Da kuckt Iech emol am Spigel: komescherweis ass Äre roude Lëppestëft verschmiert. A firwat verschmiert? Ma well Der déi Mask hei iwwert dem Gesiicht hat. Tja, an domat hutt Der Iech eben dräimol selwer verroden. Tommy, ruff der Police un.

(D’Madame Stein bekuckt sech am Spigel, reift hir Lëpse propper a léisst sech op e Stull falen, si ass erleedegt. D’Statisten duercherneen:)

- Si huet sech selwer verroden.

- Gutt, Här Detektiv! Gutt, Willi!

- E richtege Krimi, dat hei!!

- Leet se an Handschellen!

- An elo e puer Méint an de Prisong mat hier.

 

MME ZENNERS

(entsat) Madame Stein … an och nach grad Dir!

TOMMY

Ah, wa mer eisen Detektiv Wullmaus-Schnoffelnues net hätten, da misste mer en onbedéngt kréien.

WILLI

Well mäi Chef hat jo gesot: Eis ass nach kee Raiber entwutscht.

 

 

                                    RIDO