… fräi no de Geschichte vum Carlo Collodi

"Le avventure di Pinocchio" (1881) ...


 

DE PINOCCHIO

(1985)

(als Kannertheaterstéck - 2019)

 

 

Persounen:        de Pinocchio

den ale Schräiner

d’Spann

de Spillmann

de Fuuss

d’Kaz

de Bauer

déi gutt Fee

de Schleek

 

den Erzieler

 

 

 

(Holzstécker gi getesselt.)

ERZIELER

Kuckt deen ale Schräiner, dee vu mueres bis owes a senger Wierkstat Still zammert an Dëscher fléckt, fir alt e puer Su ze verdéngen, elo tesselt en dohannen am Eck aalt Holz openeen, fir am Wanter seng Stuff ze hëtzen. An hei, op eemol ---

SCHRÄINER

O ho!

ERZIELER

--- du erbléckst en ënnen am Koup e wonnerschéint Stéck Holz.

SCHRÄINER

Mä so, du bass vill ze vill schued, fir einfach esou am Uewe verbrannt ze ginn. Neen, aus dir kann ech mengem ale Schaf nees nei Bee maachen. Komm, mer setzen eis gläich un d’Aarbecht!

 

('t gëtt op Holz geschloen – et räisst.)

PINOCCHIO

(mat verzerrter Stëmm) Au! Au!

SCHRÄINER

Wéi?

PINOCCHIO

Du duerfs net esou fest op mech schloen.

SCHRÄINER

Mä … do huet dach ee geschwat?

(’t gëtt am Handwierksgeschier gewullt.)

Neen, hei ass keen.

(Eemeren a Këschte gi geréckelt.)

An do ass och keen … Hopp, weider! Ech muss sécher gedreemt hunn.

('t gëtt nees weider op d’Holz geschloen.)

PINOCCHIO

Auaah! Du dees mer wéi.

SCHRÄINER

Ech dreemen also ower net. Dat Stéck Holz ass jo verhext.

(De Pinocchio kichert.)

Lauschter nëmmen!

(D’Holz spréngt doruechter.)

Wéi? An elo spréngt et och nach doruechter? Hoho, huet scho jeemools e Mënsch esou e lëschtegt Stéck Holz gesinn?! Mä weess de wat: ech maachen och kee Schaf aus dir, du géifs mer jo ëmmer an der Stuff hin an hier jauwen, neen, ech schnëtzele mer en Hampelmann. En Hampelmann, dee richteg schwätzt a Konschtstécker maache kann. Komm hier, et geet gläich lass.

(En hummert, huwwelt a feilt.)

PINOCCHIO

(kichert a laacht) Huhu ... hihi ...

SCHRÄINER

A weess de, wéi ech dech nennen? «Pinocchio» nennen ech dech. Esou heescht nach kee Kand op der ganzer Welt.

ERZIELER

Déi ganz Nuecht schnëtzelt an huwwelt den ale Schräiner, a mueres, wéi den éischten Hunn kréint, spréngt de Pinocchio, en aartleche Lausbouf aus Holz, dem Schräiner vum Schouss ---

(Waasser leeft an eng Schossel.)

--- a schëtt sech aus der Blummestrenz Waasser an eng Schossel, fir sech emol dran ze bekucken.

PINOCCHIO

O mei, wat gesinn ech esou komesch aus. En hëlzene Kapp, hëlzen Äerm ... an dann déi laaaaang Nues! Mengs de net, déi aner Kanner géife mech auslaachen?

SCHRÄINER

Gewëss! Wann s de dech am Liewen opféiers, wéi et sech gehéiert, da kriss de bestëmmt vill Kolleegen an der Schoul.

PINOCCHIO

Wat? Ech soll an d’Schoul goen? Als hëlzene Männchen?

SCHRÄINER

Een Abléck.

(Eng al Schafendier quiitscht.)

Mooss dëst Gezei mol un, Pinocchio. Méi kann ech der net ginn. Ech sinn aarm, ech hu selwer bal näischt fir unzedoen.

PINOCCHIO

Ah, wéi e feinen Här gesinn ech elo aus. Mä so emol, wann ech an d’Schoul goe soll, da feelt mer ower nach mäi Liesbuch.

SCHRÄINER

E Liesbuch!? A wee bezilt mer et? Ech hu kee Geld. Mä waart ...

ERZIELER

Hee Schräiner, a firwat dees de dann elo däin aalt Hiem aus? Hee Schräiner, a wouhin ---

(Eng Dier klaakt zou.)

Do, a schonns ass e fort! A wärend de Pinocchio nach verwonnert op d’Strooss eraus kuckt ---

SPANN

Kr-kr-kr ...

ERZIELER

--- du kënnt eng mockleg Spann mat hiren aacht laange Been hannert dem Kicheschaf erausgekrabbelt.

PINOCCHIO

Héier. Ween ass heibannen?

SPANN

Ech. Ech wunne scho säit honnert Joer hei an dëser Wierkstat.

PINOCCHIO

Mä vun haut u wunnen ech hei. Mierk der dat.

SPANN

Ech wëll ower e gudde Frënd vun dir ginn.

PINOCCHIO

Hopp, kuck, dass de verschwënns, well soss ---

(Et rabbelt am Handwierksgeschier.)

ERZIELER

An de Pinocchio hëlt den Hummer, fir no der Spann ze werfen, mä mat engem Saz ass se nees hannert hiere Schaf verschwonnen.

PINOCCHIO

Ech mengen ower och.

ERZIELER

Schumm dech, Pinocchio.

(Schrëtt komme méi no.)

Mä lauschter, do kënnt den ale Schräiner nees aus dem Duerf erëm.

(Eng Dier gëtt opgespaart.)

SCHRÄINER

Hei sinn ech nees, Pinocchio.

PINOCCHIO

Papp, endlech ... So, a wou ass däin Hiem?

SCHRÄINER

Dat hunn ech dem Lompekréimer verkaf. Ech hu jo Sue gebraucht fir däi Liesbuch. Hei, an nu sprang séier.

PINOCCHIO

O villmools merci, Papp. Elo ginn ech voller Freed an d’Schoul.

 

****

 

 

(Den hëlzene Männche trëppelt doruechter a päift fir sech.)

ERZIELER

Do mécht e sech op de Wee fir an d’Schoul, eise Pinocchio, houfreg mat dem Liesbuch ënnert dem Aarm. Mä knapps ass en zwee Haus wäit gaang ---

(Mondharmonika-Musek vu wäitem)

PINOCCHIO

Lauschter!

ERZIELER

--- du kënnt e Spillmann an zitt eng Kiermesbud mat Marionette-poppen hanneru sech no.

PINOCCHIO

Schued, dass ech elo an d’Schoul goe muss ... Mä wësst der wat: haut ginn ech ower bei d’Musek, fir Liesen a Schreiwen ass nach ëmmer Zäit.

(D’Mondharmonika-Musek kënnt méi no.)

SPANN

Kr-kr-kr ...

PINOCCHIO

Kënns du mir nach ëmmer no, du al Spann?

SPANN

Pinocchio, firwat gees du net an d’Schoul?

PINOCCHIO

Well ech keng Loscht hunn. Duerfir. – Hee Spilmann, wat kascht et, fir dengem Poppentheater nozekucken?

SPILLMANN

Zwanzeg Frang.

PINOCCHIO

An ech hu kee Su bei mer. So Spillmann, a wann ech der mäi Kleed ginn?

SPILLMANN

Wat? Deen ale fatzege Kaseweck do?

PINOCCHIO

Da kaf mer wéinegstens meng Schong of.

SPILLMANN

Dass d’Leit mech auslaachen? Nee merci.

PINOCCHIO

Villäicht kanns de mäi Schoulbuch gebrauchen?

SPILLMANN

O jo, dat ass eng gutt Iddi.

PINOCCHIO

Juch-hu! Hei Spillmann, huel et a looss deng Pëppercher danzen.

SPANN

Pinocchio, däin aarme Papp huet säin eenzegt Hiem beim Lompekréimer verkaf, fir der dat Liesbuch matzebréngen, an elo gëss du et dem Spillmann.

PINOCCHIO

Pscht!

(Eng Klack bimmelt.)

Bravooo!

ERZIELER

A gläich drop kuckt de Pinocchio begeeschtert no, wéi de Jeeër an de Kinnek viru senge Féiss hiren Theater opféieren.

Kinnek

So, hues de da wéinegstens e Wëllschwäi fir mech geschoss?

Jeeër

Entschëllegt villmools, Exzellenz, mä Äert Wëllschwäi wor méi séier ewéi ech an éier ech d’Flënt am Grapp hat, du wor et schonn duerch d’Bascht.

PINOCCHIO

Wat? Schumme solls de dech, du schappege Jeeër.

Jeeër

Entschëllegt villmools, Exzellenz, mä sëtzt do net de Pinocchio?

Kinnek

De Pinocchio? Dach. Et ass en.

Jeeër

Komm bei eis, Pinocchio!

Kinnek

Komm bei deng hëlze Bridder!

PINOCCHIO

Tatsächlech. Dat si grad esou Hampelmännercher ewéi ech – just, dass si nach mussen un de Seeler hänken.

SPILLMANN

An trotzdem sidd dir aus enger Famill. Dat wosst ech jo guer net. So, wéi heescht dann däi Papp?

PINOCCHIO

Fro mech net, ech weess et net.

SPILLMANN

Wellecht Handwierk huet en dann?

PINOCCHIO

En ass aarm. Weider näischt.

(Geldstécker klirren.)

SPILLMANN

Hei, da stiech der dës fënnef Goldstécker an d’Täsch an dann hëls de se dengem Papp mat heem.

PINOCCHIO

(verwonnert) Fënnef Goldstécker?

SPILLMANN

Mä gëff jo uecht, dass keen der se ënnerwee klaut.

PINOCCHIO

O, villmools merci, Spillmann.

(D’Mondharmonika spillt nees, ower ëmmer méi wäit ewech.)

Haha, vun haut u sinn ech e besseren Här, e räiche Monsieur.

 

*****

 

ERZIELER

Pscht – lauschtert emol!

(Gestraiss raschelt.)

A wee kënnt dann do?

(Schrëtt komme méi no – ee mat enger hëlze Kretsch)

De Fuuss an d’Kaz! Kuckt se emol un, déi zwee aarmséileg Gesellen: de Fuuss geet op enger Kretsch, an d’Kaz huet eng Patt an der Schléng an een Aa verbonnen.

FUUSS

Hei elei, de Pinocchio.

PINOCCHIO

O, e schlamme Fuuss an eng blann Kaz! Sot, a wou kënnt dir wëssen, wéi ech heeschen?

FUUSS

Mir kennen déi Papp scho laang.

KAZ

(ëmmer wéi en Echo hannendrun) ... scho laang ...

FUUSS

Nach haut de Mueren hu mer e gesi virun ärer Hausdier op der Trap sëtzen traureg dranzekucken.

KAZ

... traureg dranzekucken ...

PINOCCHIO

Aarme Papp ... Mä jee, vun haut u kann e sech freeën, well ech sinn elo grad en dichtegen Här ginn.

FUUSS

Du an en dichtegen Här? Do mech net laachen.

PINOCCHIO

Mä da kuck emol.

(D’Geldstécker klirren nees.)

FUUSS

Goldstécker? – Donnerwetzki!

KAZ

... wetzki ...

PINOCCHIO

Do staunt der, wéi?

FUUSS

So, häss de keng Loscht, fir deng Goldstécker wuessen ze loossen?

KAZ

... wuessen ze loossen ...

PINOCCHIO

Dat verstinn ech net.

FUUSS

Mä wëlls de net aus dengen aarmséilege fënnef Goldstécker der honnert oder dausend maachen?

PINOCCHIO

Ganz gär. Mä wéi?

FUUSS

Näischt méi einfach wéi dat. Du gees elo net heem an du kënns mat ons heihin op d’Wonnerfeld. Komm!

(Schrëtt duerch Waasser)

Pass op, de Weier ass déif.

PINOCCHIO

E Wonnerfeld? Droleg.

FUUSS

Voilà, hei gruefs de der e Lach an de Buedem.

KAZ

... Lach an de Buedem ...

FUUSS

... lees deng Goldstécker dran ...

KAZ

... Goldstécker dran ...

FUUSS

A gläich drop steet e Beemchen hei, dee voller Gold hänkt, esou voll ewéi deen déckste Quetschebam voller Quetschen am Hierscht.

KAZ

... voller Quetschen am Hierscht ...

PINOCCHIO

Fuuss, ass dat wouer?

FUUSS

Gleef eis. Mir wëllen dir an dengem Papp dach hëllefen.

PINOCCHIO

E Bam voller Gold?

FUUSS

Komm, hal mech un, ech wullen der mat menger Kretsch e Lach, du brauchs dann nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen.

KAZ

... nëmme méi d’Goldstécker dranzetesselen ...

('t gëtt am Buedem geschäert.)

PINOCCHIO

Déi zwee hu mer éierlech Gesiichter. Do ass bestëmmt eppes drun. A lass!

(D’Goldstécker falen openeen.)

Een ...

KAZ

... zwee ...

FUUSS

... dräi ...

KAZ

... véier ...

PINOCCHIO

... a fënnef. Ei, wat wäert mäi Papp sech freeën!

('t gëtt nees am Buedem geschäert a mam Fouss drop getuppt.)

FUUSS

Do, a schonns ass d’Lach nees zou. Mä elo musse mer nach gutt nätzen, soss schloen se keng Wuerzelen.

KAZ

... keng Wuerzelen ...

PINOCCHIO

Nätzen? Waart, ech schäffen e wéineg Waasser mat mengem Schong aus dem Weier.

('t gëtt am Waasser geplätscht.)

FUUSS

Sou, an elo lees de dech heihin an du schléifs e puer Stënnercher.

KAZ

... e puer Stënnercher ...

FUUSS

(ëmmer méi wäit ewech) A wann s de muer de Mueren erwächs, dann ass däi Beemche gewuess, an d’Goldstécker glënneren an der Sonn.

KAZ

(idem) ... glënneren an der Sonn ...

PINOCCHIO

Flott. Ech sinn op jidde Fall gespaant, ob ech se alleguerten a meng Täsch kréien. (gaapst) Jee, loosse mer eis emol iwwerraschen.

(Gras raschelt.)

ERZIELER

An eise Pinocchio duckelt sech zefridden an dat héicht Gras ënnert der Eech, fir e klengen Tëmpchen ze halen.

(Eng Kierchenauer schléit vu wäitem.)

Hei, no enger Zäitche liichten op eemol zwou Täscheluuchten hannert den Hecke beim Weier.

(Heckegestraiss raschelt –Äscht gi gebrach.)

Sot, 't sinn nees déi zwee komesch Gesellen.

('t gëtt nees am Buedem gewullt.)

Neen, de Fuuss wullt mat senger Kretsch de Buedem nees op, an d’Kaz sicht déi fënnef Goldstécker zesummen a stécht se dem Fuuss an d’Kap. - Pinocchio! Pinocchio! Erwäch dach!

(De Pinocchio schnaarcht.)

Mä dee schléift scho bommefest.

(De Fuuss an d’Kaz laache knaschteg fir sech.)

A schonns hu se sech nees aus dem Stëbs gemat, déi zwee Banditten!

 

****

 

('t ass mueres: Vulle päifen – en Hunn kréint asw. – de Pinocchio schnaarcht nach.)

SPANN

Kr-kr-kr ...

PINOCCHIO

O jee, a wat der Däiwelt krabbelt mer dann do iwwert d’Been?

SPANN

Ech sinn et, Pinocchio. Däi gudde Frënd.

PINOCCHIO

Aha! 't hätt mech ower och gewonnert, wann s de mech ausschlofe gelooss häss.

SPANN

Ech muss iwwert dech laachen, hihihihi ...

PINOCCHIO

Wat? Du kleng, eekleg Spann, du erwächs mech aus dem Schlof, fir mech auszelaachen?

SPANN

Ech muss iwwert all topeg Mënsche laachen, déi sech op Schratt an Tratt vu jiddwer Gauner uschmiere loossen, hihihihi ... Wou konns de nëmmen deem schlamme Fuuss an där blanner Kaz gleewen? Déi zwee hunn dech fir domm verkaf.

PINOCCHIO

Du méchs de Geck.

SPANN

't ass mer doudeescht. Wéi s de geschlof hues, koumen se heihin däi Gold ausgruewen a wupps! woren se fort dermat.

PINOCCHIO

Wéi?

('t gëtt an de Stengercher geschäert.)

Wierklech! Meng schéi Goldstécker ... Fuuss a Kaz, o waart, dir zwee, ech huelen iech op d’Geriicht.

SPANN

Pinocchio, spill elo net de wëlle Mann. Géi léiwer nees heem bei däi Papp, dee sëtzt eleng a senger Wierkstat an e weess net, wou s de dru bass.

PINOCCHIO

Jo, ech gi jo och nees heem, mä elo sinn ech hongereg. A kuck, hei an deem Gaart wuesse jo Drauwen.

(Eng Gaardepäertche jiipst.)

Ho, a wéi déi een ulaachen!

(Bliedergeraschels)

Kuck emol wat eng Kludder. (mat vollem Mond) Ei, e Genoss. An hei vir sinn nach méi décker, déi ---

(Eise klaakt zesummen.)

Au, au, mäi Fouss!

SPANN

Wat ass geschitt Pinocchio?

PINOCCHIO

Ech si mat mengem Fouss an eng Fal getrëppelt.

SPANN

An eng Fal?

PINOCCHIO

Bestëmmt huet de Bauer se opgestallt. Au ... au … O jee, a wéi kommen ech blouss hei eraus?

(Eng Dier klaakt.)

BAUER

(vun hannen) Aha, do hu mer jo de Raiber!

SPANN

Pinocchio, de Bauer!

(En Hond billt.)

PINOCCHIO

O mei, an en huet esouguer e Hond bei sech.

SPANN

(méi wäit ewech) O Jong, wat dreifs du fir Spiichten!

BAUER

(méi no) Du gees also u meng Hénger?! An do duecht ech, et wier de Fuuss.

(D’Eise vun der Fal rabbelt nach ëmmer.)

PINOCCHIO

Ech ... ech wollt nëmmen e puer vun dengen Drauwe schmaachen.

BAUER

Ech wäert dir scho weisen, wat et heescht, sech a mengem Gaart de Bauch puppsat z’iessen. Komm hëlzene Männchen, du kënns mir grad giedelech.

(D’Eise klaakt nees.)

Sou, da komm aus der Fal eraus, dass ech dech hei hannert den Drauwe-riewe mat enger Ketten um Zonk ustrécke kann.

(Kette rabbelen.)

PINOCCHIO

Mä ...

BAUER

Hei bleifs de verstoppt, an esoubal de Fuuss duerch d’Hecke geschlach kënnt, fir meng Hénger ze klauen, da fänks de haart u mat billen.

PINOCCHIO

Wat? Ech soll billen?

BAUER

Verstéi, mäin Hond, de Filax hei, deen huet e senger Liefdag nach net erwëscht. An elo pass du emol op mäin Héngerstall op.

(D’Kette rabbelen – de Hond billt méi wäit.)

ERZIELER

Do! Elo sëtzt en do, deen aarmen Hampelmännchen, a wäit a breet keng lieweg Séil.

(Gestraiss kréckelt.)

Mä lauschter ---

(E Koup Fläsche falen ëm.)

--- do ass eppes.

FUUSS

Filax!

PINOCCHIO

Hei, 't ass wierklech schonn de Fuuss.

FUUSS

Filax, schléifs de schonn?

PINOCCHIO

(mat verstallter Stëmm) Neen. Firwat?

FUUSS

Mä ech kommen nees bei iech op Besuch, fir Hénger ze klauen.

PINOCCHIO

Aha.

FUUSS

Haut huelen ech mer véier Stéck an dat déckst dervu schenken ech dir fir däi Mëtteskascht – natierlech nëmmen, wann s de schéi brav an dengem Hondshais-che sëtze bleifs.

PINOCCHIO

Neen, neen, keng Angscht, ech bille schonn net. (fir sech) O waart, Fiiss-chen!

ERZIELER

Op Zéiwespëtze schläicht de Fuuss bei den Héngerstall an hoppla! ---

(Hénger gackeren a flatteren erschreckt duercherneen.)

--- fiert en dobannen tëschent se.

(Kette rabbelen.)

Ower mat engem Saz ass de Pinocchio hannert den Drauweriewen eraus a klaakt d’Dier hannert dem Fuuss zou.

(Eng Dierche klaakt zou.)

FUUSS

Hee, hee, a wat gëtt dat doen dann, Filax?

PINOCCHIO

(mat richteger Stëmm) Ech heesche guer net Filax. Ech sinn de Pinocchio.

FUUSS

Du?

PINOCCHIO

(rifft) Bauer, Bauer! Den Héngerdéif!

BAUER

(vun hannen) Hal d’Dier gutt zou. Ech kommen.

('t gëtt un der Héngerstallsdier gerubbelt.)

FUUSS

Pinocchio, gare la Box, wann ech dech ze pake kréien. Da verkafen ech dech um Maart als dréchent Holz, fir Feier unzefänken.

PINOCCHIO

Haha, dat doe léiert dech.

(En Hond billt.)

BAUER

Fuuss, weis dech, mir zwee, mir hunn e Wiertche mateneen ze schwätzen.

(De Fuuss grommelt a knuppt mat dem Fouss widdert d’Holz.)

Ah, hëlzene Männchen, du bass op Zack. Du hues et wéinegstens fäerdeg bruecht, deen hondsgemengen Héngerdéif anzespären.

(D’Kette rabbelen.)

Komm, duerfir strécken ech dech och erëm lass, dass de heem lafe kanns.

PINOCCHIO

Ei ... endlech!

BAUER

An hei, Pinocchio, du woors jo esou hongereg, huel dës Zoossiss mat op de Wee, well du hues wierklech gutt Aarbecht geleescht.

PINOCCHIO

O villmools merci, Bauer. Ech setze mech direkt derhannert. (e maufelt, mat vollem Mond) A gleef mer, do bleift kee Wippche méi iwwereg.

 

****

 

(De Wand hault – eng Eil jäizt.)

ERZIELER

Wärenddeem de Pinocchio sech dem Bauer seng Zoossiss gutt schmaache léisst, bewonnnert en déi al Buerg tëscht den Dännen hannert dem Weier.

PINOCCHIO

(mat vollem Mond) Wat mussen dat Zäite gewiescht sinn, wéi nach hei nuets Geeschter erëmgegeeschtert sinn.

(Eng Guckgucksauer schléit.)

Wéi? Do schléit eng Guckgucksauer?

ERZIELER

An hei, op eemol ---

(Steng falen openeen.)

--- Jëses neen! Aus där aler Tuermmauer fale Steng eraus, an et kënnt eng houfreg Madamm mat enger Lanter am Grapp eraus-geklotert.

PINOCCHIO

O mei ... wat hues du mech elo erféiert.

FEE

(huel aus dem Gemaier) Du brauchs net ze fäerten, Pinocchio. Ech hunn nach kengem Mënschen eppes zu Leeds gedoen.

PINOCCHIO

So, a wee bass du dann?

FEE

Ech sinn déi gutt Fee. Ech wunnen hei op der Buerg, och wann d’Leit mengen, deen Tuerm sténg mudderséilen eleng hei.

PINOCCHIO

A wat wëlls du dann iwwerhaapt vu mir?

FEE

Ech hu scho vill vun der héieren, mä wéi et schéngt, hues de wëlles, en anstännege Kärel ze ginn.

PINOCCHIO

Ei! Direkt wann ech heem kommen.

FEE

An duerfir wëll ech der och hëllefen. Kuck emol, wat ech hei am Schaf fir dech stoen hunn.

(Eng al Schafendier quiitscht.)

PINOCCHIO

Eng Walliss? A wat soll do dra sinn?

( D’Walliss gëtt opgemat.)

Neen! 't ass net méiglech. Fonkelnei Kleeder!

FEE

Fir däi Papp a fir dech.

PINOCCHIO

Wat wäert deen Ae maachen!

FEE

An dat ass nach net alles. Hei ...

(En alen Tirang kréckelt.)

PINOCCHIO

E Liesbuch fir an d’Schoul! O, da kann ech jo elo ower nach e richtegt Handwierk léieren. Mä so, ween huet dir da vu mir erzielt?

FEE

Déi kleng Spann.

PINOCCHIO

Wat? Dat Véidéier, dat mir ëmmer esou op d’Schlappe gaangen ass? An do wollt ech dach deemools mat dem Hummer op se werfen ...

FEE

Gesäis de mol, Pinocchio, et huet een heiansdo wierklech e gudde Frënd, ouni dass een et weess.

PINOCCHIO

Tja, wann ech elo nach de Wee fir heem bei mäi Papp géif fannen! Ech si schonn esou vill doruechter gelaf, dass ech guer net méi weess, wou ech an de Bounen dru sinn.

ERZIELER

Mä déi gutt Fee huet un alles geduecht, Pinocchio. Kuck, si dréint dräimol uewen un hirer Lanter ---

( E kleng Klackespill spillt.)

--- a schonns kënnt aus der Tuermfënsterchen eng Dauf eraus geflattert ---

(Eng Dauf gurrt.)

--- an e risege Schleek, deen och nach eng Käerz tëscht den Hare stoen huet, kënnt iwwer d’Steng gekroch.

(E puer Steng rulle vum Koup.)

FEE

Voilà, Monsieur, dat si meng Frënn, déi bei mir hei op der Buerg wunnen.

PINOCCHIO

Mä ... mä ... a wéi ---

SCHLEEK

Komm, Pinocchio, zéck net. Setz dech op mäin Hais-chen, an da féieren ech dech heem.

FEE

Du brauchs keng Angscht ze hunn. Mäi Schleek ass kënneg am Bësch. Du muss just oppassen, dass de him d’Käerz net ausbléis.

PINOCCHIO

Also, vu mir aus ... Dann hal dech un, ech klammen erop. Ho-hoppla! A lass!

FEE

Du hues elo alles, wat s de brauchs. Et huet kee Wäert, dass ech der e ganze Sak voller Goldstécker matginn, duerfir muss de dech scho selwer druginn a schaffen.

(Eng Baach plätschtert.)

ERZIELER

A gläich mécht de Schleek sech mat dem Pinocchio um Hais-che laanscht d’Baach op den Heemwee.

(D’Dauf gurrt.)

Iwwert hinne flattert der Fee hir Dauf, well och si kennt all Pad am Bësch, a sief en och nach esou däischter. An och wann et mat engem Schleek net esou schëtzeg iwwert de knubblege Wee weider geet ---

(Holz gëtt geseet – Neel ginn ageschloen.)

--- sou gesinn se ower gläich Luucht an dem ale Schräiner senger Wierkstat brennen.

PINOCCHIO

Mäi Papp! Merci, grousse Schleek, merci, kleng Dauf, mä de Rescht lafen ech schonn zu Fouss.

(Hëlze Schrëtt lafe fort – eng Dier geet op.)

Papp!

SCHRÏNER

Pinocchio! O, wat sinn ech esou glécklech, dass de nees heiheem bass.

PINOCCHIO

An ech eréischt! No all deem, wat ech an der grousser Welt matgemat hunn.

SCHRÄINER

Ma ja. D’Spann huet mer et verzielt.

PINOCCHIO

O, ech schumme mech jo esou. Mä kuck Papp, hei ass et elo, wou et gëllt.

SCHRÄINER

E Liesbuch?

PINOCCHIO

D’Madame Fee vun der Buerg huet mer et geschenkt. Vu muer u gëtt et eescht mat der Schoul.

SPANN

Kr-kr-kr ... Ah, dat héieren ech gär, Pinocchio.

PINOCCHIO

Spann, do bass de jo. Du bass wierklech mäi gudde Frënd.

SPANN

Ech hunn der dat jo nach ëmmer gesot.

PINOCCHIO

A kuck, wat déi gutt Fee mer nach matginn huet.

(D’Walliss gëtt nees opgereedelt.)

SCHRÄINER

Neen, wat wonnerschéint Gezei! An dat ass alles fir eis?

PINOCCHIO

Sécher. Wat sees de lo, Papp?

SCHRÄINER

Weis hier! Endlech fléien emol déi al Lompe bei der Däiwel.

(De Schräiner päift – de Pinocchio summt.)

ERZIELER

An eenzock klëmmt de Schräiner an e fonkelneie Kaseweck eran, de Pinocchio setzt e flotten Hittchen op a bënt sech e fuerwege Schlips ëm.

SPANN

D’Leit am Duerf wäerte sech wonneren, wann dir esou fein erausgefiizt kommt.

PINOCCHIO

Wierklech,Papp. 't kennt kee méi eis erëm.

SCHRÄINER

Endlech lafe mer emol net méi ewéi aarm Leit doruechter.

(Während der Schlussmusek:)

PINOCCHIO

Papp, et ass mer vill Ongléck passéiert, mä ech hat et verdéngt. Alles huet missen no mengem Iddi goen, ni hunn ech op anerer gelauschtert, déi dausendmol méi klug sinn ewéi ech. Mä elo sinn ech nees heiheem, vun elo geet et anescht. Dat verspriechen ech der héich an helleg, Papp. Ech wëll nämlech e braven, fläissege, manéierleche Borscht ginn.

 

****