KATASTROPH, KATASTROPH !

(2020)

Persounen :     de klenge Jimmi

de Kapitän Taylor

de Sandro, de Funker mat Kopfhörer etc.

d’Madame Marie-Dorothée, eng Milliardärin

d’Miss Annabella, e Photomodel

den Nikkela, de Mann mat der Aangel

d’Jacqueline, seng Fra

 

… nach aner Touristen (Statisten)

 

 

Décor:              op enger Croisière

 

 

 

(D’Touriste sëtzen an hire Ligestill um Deck vum Schëff. E puer hunn en Drink viru sech stoen, aner liesen, enettlech kucke mat der Spektiv ronderëm asw. D’Miss Annabella crèmt sech an, d’Madame Marie-Dorothée huet e grousse Globus um Schouss, den Nikkela steet mat senger Aangel beim Gelänner ze fëschen, an de Jimmi – e klenge scheie Bouf – hält sech ganz verdaddert am Eck.)

 

M.-DOROTHÉE

Ah, wat gëtt et méi Schéines ewéi op enger Croisière! Also, ech mengen elo net doheem op der Musel, neen, eng richteg Croisière ewéi hei um Mëttelmier.

ANNABELLA

De ganzen Dag Sonn, de ganzen Dag Swimming-Pool, a ronderëm nëmme just bloen Himmel a blot Waasser esou wäit ee kucke kann. - Sot, wou si mer de Moment dann iwwerhaapt drun?

M.-DOROTHÉE

(weist um Globus) Mä kuckt, ongeféier hei, Miss Annabella. Net wäit vun Ägypten ewech.

NIKKELA

Stell ee sech dat vir! Scho bal an Ägypten, an ech hunn nach ëmmer näischt gefaangen.

JACQUELINE

Hat ech der et dann net gesot, Nikkela: looss deng Aangel doheem. D’Fësch kréie jo e Laachkrämpchen, wa se dech an dengem Sonnenhutt an denger kuerzer Box gesinn.

ANNABELLA

(kuckt duerch d’Spektiv) Ah, dat géife Photoen! Riets a lénks Pyramiden a mir zwee op de Kaméilen, dir als déi räichste Milliardärin aus Europa an ech als internationale Photomodel.

NIKKELA

D’Kaméile géife sech bestëmmt freeën.

JACQUELINE

Nikkela!

FUNKER

(kënnt opgereegt mat engem laangen Telexziedel) Här Kapitän! Här Kapitän! O, wéi schrecklech, Här Kapitän, wéi schrecklech!

KAPITÄN

Mä Sandro, mäi Bordfunker. Wat ass da geschitt? Du bass jo bleech bis hannert d’Oueren. Hunn d’Piraten eist Croisières-Schëff éieren iwwerfall?

M.-DOROTHÉE

(spréngt op) Waat? Piraten? S.O.S ! S.O.S ! Wou si meng Bijouen? Wou ass mäi Safe ?

NIKKELA

Keng Angscht, Madame Marie-Dorothée. Dee Kreemchen, deen Äre Mann Iech op der Schueberfouer geschoss huet, dee wäert scho kee klauen.

M.-DOROTHÉE

(entsat) Pardon? Hutt Dir nach net matkritt, ween a wat ech sinn? Eng Milliardärin, sinn ech. An da solle meng gëlle Braceletën a meng Pärelkette vun der Schueberfouer kommen?

FUNKER

Gewëss Piraten. Neen, neen, et ass nach vill méi uerg. Dat ganzt Mëttelmier, dat spillt verréckt. Metereweis Iwwerschwemmungen an alle Länner.

KAPITÄN

Hee, Mann, ech mengen, du gesäis d’Männercher. Du hues bestëmmt nees zevill Whisky gedronk.

FUNKER

Mä wann ech der et soen, Kapitän. Mäi Bord-Computer huet mer et elo grad gemellt. Hei, lauschter emol! (liest vum Ziedel) Ronderëm Zypern ass d’Mier esou héich ewéi nach ni ... an Italien ass d’Adria esou geklommen, dass se zu Rimini um Strand hu missen d’Sonneprabblien eranhuelen ---

(Alles lauschtert erféiert no, de klenge Jimmi verzitt sech ëmmer méi verschotert.)

--- an op der Costa del Sol ass et net vill besser. Do steet hallef Torremolinos a Marbella scho bis un d’Knéien am Waasser.

ANNABELLA

Bis un d’Knéien? Pfui, igittigitt! Dann hätt ech mir jo d’Zéiwenneel de Muere fir näischt gefierft.

KAPITÄN

Nun hal ower op, Sandro! Weis emol hier! (hëlt den Ziedel a liest) O flûte, tatsächlech! Iwwerall Héichwaasser! A Griicheland huet den Hafe vun Athen mussen zougemat ginn ... am Marokko ass bei de Marokkaner total Panik ausgebrach ---

FUNKER

--- a virun Ibiza hu schonn zwou Monster-Wellen e Fëscherboot ëmgehäit. Zwee Zänner Scampiën an Homarden sinn erdronk.

NIKKELA

(zu senger Fra) Ah, gesäis de, Jacqueline! Déi haten awer wéinegstens eppes gefaangen. An ech, ech stinn elo schonn dräi Stonnen hei ...ëm﷽﷽﷽﷽﷽﷽﷽﷽ch sdrbäihiet denken, dass hei e Safe steet. Fir de Codew vum Schlass ze knacken: Zuelen a Rechnungen ...ir Buch Auswa

JACQUELINE

O, du mat denger Aangel! Kuck léiwer, dass mer nach eng Plaz an engem Rettungsboot kréien.

JIMMI

(versicht eppes ze soen) Monsieur Kapitän ... ech ... ech ...

KAPITÄN

Dat do ass jo eng katastrophal Katastroph! Schlëmmer ewéi deemools déi Katastroph mat der Titanic. An dat war schonn uerg. Iwwer 1.500 Leit koumen do ëm d’Liewen.

M.-DOROTHÉE

(ausser sech) Sot, Monsieur, an op der Côte d’Azur? Wéi ass et dann op der Côte d’Azur?

FUNKER

Fierchterlech. Zu Cannes, zu Nice an zu Monaco huet d’Héichwaasser déi ganz Yachte lassgerappt, si trëllen d’ënnescht d’iewescht a gondelen elo eleng a Richtung Tunesien.

M.-DOROTHÉE

Waaat? Meng Millioune-Yachten?! Mon Dieu, ech sinn totalement ruinéiert. Mä dat ass jo eng katastrophal Katastroph.

KAPITÄN

Eben, Madame Marie-Dorothée. Sot ech jo elo grad.

ANNABELLA

An ech mengen, eis Photoe mat de Kaméile falen dann elo och an d’Waasser.

JIMMI

(stuppst de Kapitän) Monsieur Kapitän ... wann ech ... wann ech villäicht just eppes Klenges soen duerf ---

KAPITÄN

Mä Jimmi, du klenge Rotzbouf, packs du dech da bal! Soss gëtt et op eemol eng an d’Akaul. Mir hunn hei Problemer, verstees de dat net?

JIMMI

Jo, ech weess, Monsieur Kapitän, an et deet mer och schrecklech leed. Mä ech hat ... ech hat dach nëmmen ... an ... an et hat och wierklech guer keen et gesinn ...

FUNKER

Wat has de „nëmmen“? A wat huet kee gesinn?

JIMMI

(ganz schimmeg) Mä ... mä ech hu gemusst ... an dunn ... an du hunn ech ganz heemlech Pippi iwwert d’Gelänner gemat ...

 

 

                 RIDO

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")