… en neit Mäerche mat deene flottste Personnagen aus de Geschichte

vun de Bridder Grimm ...


D'HEX ZAUSELKÄTTI

(2020)

 

(als Hörspill - 2006)

 

 

Persounen:     d’Hex Zauselkätti

d’Rabonzel

d’Schneewittchen, den Erzieler

de Wabbeli, en Zwerg

de Butzi, en Zwerg

de Futzi, en Zwerg

de Raiber

d’Routkäppchen

de Rumpelstilzchen

 

Kleng Rollen:

de Spigel

de Spillmann

de Schneiderbouf

d’Dornréis-chen

de Kinnek

 

 

Statisterollen:

de Schnabbeli, en Zwerg

den Zabbeli, en Zwerg

de Kniwweli, en Zwerg

de Struwweli, en Zwerg

de Knëppel aus dem Sak

 

 

Décor: An engem Bësch. D’Hexenhais-chen aus Kichelcher a Schockela, mat engem Käfeg an anerem Gerëmpel niewendrun / den Tuerm vum Rabonzel / den Agank vun enger Hiel mat engem Schëld „BEI DE SIWEN ZWERGEN“ / ronderëmmer alles voller Hecken a Gestraiss

 

 

E puer Remarquen zu de Rollen:

Mat dem Spigel, dem Spillmann, dem Knëppel aus dem Sak an dem Kinnek sinn Duebelrolle méiglech.

Am Text schwätzen nëmmen dräi vun deene siwen Zwerge mat. Natierlech kënnen déi Repliquen och op méi Zwerge verdeelt ginn.

Et ass och méiglech, nëmme just déi dräi Zwerge spillen ze loossen, déi véier Statisterolle falen dann ewech. Eenzel Repliquë missten dann ugepasst ginn.

Et läit un der Regie, wat déi Zwerge maachen: mol sinn se an der Hiel, mol sinn se heibaussen / Holz kleng haen / d‘Dier vun der Hiel usträichen / Kaart, Mensch-ärger-dich-nicht oder soss eppes spillen asw.

 

 

----------------

1. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

(D’Schneewittche sëtzt als Erzieler op senger Bänk virun der Zwergenhiel a liest aus engem grousse Buch. Hei an do spillt et och einfach an de Repliquë mat.)

Et wor emol e Land, ganz wäit ewech vun hei, do si viru laanger Zäit déi komeschste Saache geschitt: e Kueder ass mat richtege Stiwwelen doruechter gestiwwelt, e klenge Fräsch huet all owes beim Kinnek um Dësch matgiess, well en der Prinzessin hire gëllene Ball aus dem Waasser geholl hat, a ganz, ganz hannen am Bësch, do wunnt déi al Hex Zauselkätti an hirem Hexenhais-chen.

(D’Hex Zauselkätti kënnt gehumpelt, vun hanne kënnt de Spigel: eng grouss Rumm, duerch déi e Kand kuckt.)

Siwemol am Dag geet se bei hire Spigel, se jot mat dem Bengel d’Mécke fort, déi drop sëtzen a freet:

HEX

„Spigelchen, Spigelchen u menger Wand,“

„Ween ass déi grujelegst Hex hei am Land?“

SPIGEL

„Ah, gleef mer dach, 't weess keen et besser wéi ech:“

„'t gëtt keng méi eng grujeleg Hex ewéi dech.“

(D’Hex laacht knaschteg a geet nees an d’Hais-chen eran, de Spigel och nees of.)

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

An dann ass d’Hex frou an zefridden a kacht nees mat de Kraider aus dem Bësch hiren Hexentéi. Gudden, waarmen Hexentéi fir d’Rabonzel, e schéint Meedchen, dat hei an engem alen Tuerm agespaart ass.

 

(Aus dem Tuerm kuckt uewen d’Rabonzel eraus a léisst seng laang Hoer erof hänken. D’Zwerge lafen dohin an zielen se. Se zielen a grommelen derbei, dann:)

WABBELI

… 631 …

BUTZI

… 632 …

FUTZI

… 633 …

Zesummen

… a 634!

BUTZI

Sou, Rabonzel, et stëmmt nach ëmmer. Et si genee 634 Hoer.

FUTZI

Mat deem méi kuerzen. Grad ewéi gëschter.

RABONZEL

O villmools Merci, Butzi a Futzi, Kniwweli a Struwweli, Wabbeli, Zabbeli a Schnabbeli. Dann huet déi al Hex den Owend näischt méi ze knouteren.

SCHNEEWITTCHEN

Wéisou? Ass déi dann esou kriddeleg?

RABONZEL

Mäi léift Schneewittchen, dräi Deeg laang kréien ech näischt méi z’iessen, wann eent vu mengen Hoer feelt. Mä ee Gléck brénge mer deng siwen Zwergen dann heemlech nuets en Teller Zopp laanscht, soss wier ech scho laang erhéngert.

SCHNEEWITTCHEN

Ojo, et si fei Männercher. Ech sinn och frou, dass ech bei hinnen heiheem ënnerdaach komm sinn.

WABBELI

Rabonzel, firwat huet d’Hex Zauselkätti dech dann do uewen am Tuerm agespaart?

RABONZEL

Ma du wäers laachen: wéinst enger Zalot.

(Alles ass erstaunt: „Wéinst enger Zalot?“ – „Komesch!“ – „Nu géi awer!“ asw.)

Ech wor nach kleng, du sinn ech eemol doheem an deen ale Gaart niewent eisem Haus Zalot siche gaangen. Ech duecht bei mir: Dee Gaart gehéiert kengem - well ech hat nach ni ee gesinn dra schaffen. Mä op eemol huet et an der Heck gewibbelt, a wee stong do?

BUTZI

D’Hex Zauselkätti! Schneewittchen, hues de héieren?

RABONZEL

Genau. Dat wier hire Gaart, huet se sech gëiergert, an dat wier hir Zalot. Hir Zalot ganz eleng. Dobei wore mir dach esou aarm. Jo an dunn, du huet se mech geholl an hei am Tuerm agespaart.

FUTZI

Mä dat ass jo uerg an nach vill méi schrecklech.

 

2. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

An héier, du kraacht et op eemol an den Äscht ---

(E puer Rewolwerschëss kraachen, alles erféiert.)

--- an aus dem Gestraiss kënnt e Raiber erausgelaf – dach, e Raiber, an esou opgereegt, wéi ech nach nimools e Raiber gesinn hunn.

RAIBER

(ausser Otem) Hëllef, Hellef!

HEX

(kënnt aus dem Hais-chen) Raiber, du? A wat ass dann nëmme geschitt?

RAIBER

O mei, Hex Zauselkätti. Stell der emol vir: mir souze grad an eisem Raiberhaus beieneen e Wëllschwäin eranzemaufelen, op eemol wor virun der Dier e Kaméidi, d’Fënsterluede ginn opgerappt an en Iesel spréngt rang, pang an d’Kichen eran. Op sengem Bockel souz en Hond ze billen – (weist) hei, esou laang Zänn hat en. Op dem Hond souz eng Kaz mat spatze Krallen. A ganz uewendrop ass en Hunn hin an hier gekluunschelt an huet houfreg säi Kikeriki geruff. Ah neen, Hex, gleef mer et: dohi ginn ech net méi zréck.

HEX

Mä Raiber, weess de wat? Da bleifs du ganz einfach bei mir.

RAIBER

Bei dir? Hei an dengem Hexenhais-chen?

HEX

Jo. Z’iessen an ze drénken hunn ech genuch, an du kanns dann oppassen, dass d’Rabonzel net aus dem Tuerm fortleeft an dass dem Schneewittchen seng siwen Zwerge mer net mäin Hexebiesem klauen. (rifft:) Spigel, wou bass de?

(De Spigel kënnt nees getrëppelt.)

„Spigelchen, Spigelchen u menger Wand,“

„Ween ass déi grujelegst Hex hei am Land?“

SPIGEL

„Ah, gleef mer dach, 't weess keen et besser wéi ech:“

„'t gëtt keng méi eng grujeleg Hex ewéi dech.“

HEX

(houfreg) Hues de héieren? Keng méi eng grujeleg Hex ewéi ech.

(D’Hex laacht knaschteg a geet mat dem Raiber an d’Hexenhais-chen eran.)

 

3. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Déi al Hex ... de Raiber ... d’Rabonzel ... ech mat mengen Zwergen -- a kuck, hei kënnt op eemol och nach e Meedche mat enger rouder Mutz um Kapp an engem Kuerf am Aarm.

(D’Routkäppchen kënnt mat engem Kuerf vun der Säit a kuckt sech iwwerall ëm.)

Seng Mamm sot zu him: "Bleif ëmmer schéin um Wee, well et ass e grousse Bësch." An du huet hatt iwwerall wäiss Kiselsteng higestreet, fir herno de Wee nees zréckzefannen. Mä elo huet et sech trotzdeem verlaf a weess net méi wouhin.

ROUTKÄPPCHEN

(op eemol, verwonnert) A wat ass dann dat do? En Hexenhais-chen? An dat ass jo guer net mat Steng gebaut. Dat ass jo Schokkela! Richtege Schokkela! An den Daach ass mat Kichelcher gedeckt. Do kann ee jo direkt dra bäissen. (knabbert drun) Ei, wéi dat schmaacht!

HEX

(kënnt aus dem Hexenhaus) „Knusper, knusper, knais-chen ---

(D’Routkäppche kuckt grouss rondëm sech.)

--- wee knuspert u mengem Hais-chen?“

ROUTKÄPPCHEN

(erféiert) O ... eng Hex! Eng richteg Hex mat engem Bockel a mat engem Bengel. Mä ... mä ... ech ... ---

HEX

So, a wéi kënns du an deen däischtersten Eck hei vu mengem Bësch? E Meedche mat enger rouder Kap hunn ech nach nimools hei gesinn.

ROUTKÄPPCHEN

Ech ... ech ... ech heesche Routkäppchen an ech ... ech fannen de Wee net méi fir bei meng Bomi. Si ass vill krank, an ech sollt hir dëse Kuerf mat Kuch a Wäin bréngen.

HEX

An da kënns du heihi mir d’Haus ofrappen? Komm, weis dech emol! Ech muss dech vu méi no kucken, well mäi Brëll hunn ech scho säit Joerdausende verluer.

(D’Hex kroopt sech d‘Routkäppchen mat hirem Bengel an dréckt et an de Käfeg eran. D’Routkäppche wiert sech: „Neen, neen, net dach! Hëllef!“. D’Rabonzel kuckt aus dem Tuerm. Iwwerdeems:)

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

A wupp! kroopt d’Hex Zauselkätti sech d’Routkäppchen a späert et an deen ale Käfeg an, do wou och schonn den Hänsel an d’Gréidel dra souzen. A Gott weess, ween nach alles …

(D’Hex späert de Käfeg zou, stécht de Schlëssel an d’Täsch, laacht knaschteg, geet an d’Hais-chen. D’Routkäppchen kräischt.)

ROUTKÄPPCHEN

O mei, Schneewittchen, du bass och mat dengen Zwergen hei?! (gesäit d’Rabonzel) An d’Rabonzel och?! Da sinn ech ower frou, dass ech net eleng sinn.

RABONZEL

Routkäppchen, a vu wou kënns du dann hier?

ROUTKÄPPCHEN

Mä ech wollt menger Bomi dach nëmme just Blummen hei am Bësch plécken an elo huet d’Hex mech hei agespaart. De Käfeg ass fest zou a si, si huet de Schlëssel an hirer Hexentäsch. (kräischt nees) Mä ech muss dach nach bei meng Bomi goen. An da sinn ech jo och esou hongereg, well vun de Mueren un hunn ech näischt méi giess.

SCHNEEWITTCHEN

(leet d’Buch nidder an hëlt eng Leeder hannert dem Tuerm) Weess de wat, ech plécken der hei e puer Äppel vum Bam. (stellt d’Leeder bei de Bam a wëllt eropklammen) Kommt Schnabbeli an Zabbeli, haalt mer d’Leeder un, da sinn ech gläich do uewen.

RABONZEL

Pass nëmme gutt op. Dat ass der Hex hiren Äppelbam. An du weess jo, et ass déi schroost aus dem ganze Bësch.

(D’Hex an de Raiber kommen aus dem Hexenhais-chen.)

RAIBER

Hee, hee, hee, schéint Kand, a wat gëtt dann do?

HEX

Du wëlls a mäin Äppelbam klaue goen?

SCHNEEWITTCHEN

(erféiert) O, wat hutt dir mech elo erschreckt! An dat wéinst e puer klengen Äppel, déi ech fir d’Routkäppchen plécke wollt.

RAIBER

Denk un d’Rabonzel, schéint Kand. Et sëtzt scho wéi laang hei am Tuerm, well et un der Hex Zauselkätti hir Zalot gaangen ass.

HEX

An all Kéier, wann ech him d’Iesse bréngen, léisst et mer seng 634 laang getrëtzten Hoer erof, dass ech ka bei hatt eropklammen, well seng Dier späeren ech ni, ni méi op.

SCHNEEWITTCHEN

(ängschtlech) An elo wëllt der mech och do an deen Tuerm aspären?

WABBELI

Wat? Dir huelt eis d’Schneewittchen ewech?

BUTZI

O neen! A ween deckt eis dann doheem den Dësch?

FUTZI

Wee streckt eis Boxen an eis Hiemer?

WABBELI

A wee mécht eis déi gutt Schokklasmousse?

HEX

Aspären? Nee, Schneewittchen, keng Angscht. Deng siwen Zwerge géife mer jo dat ganzt Haus ofrappen. Mä pass elo emol gutt op, ech ginn der elo nach eng eenzeg Chance: muer de Mueren, wann d’Sonn opgeet, hätt ech gären e Sak voll Gold hei virun der Dier leien.

SCHNEEWITTCHEN

Wat? Gold?

HEX

Wann net, dann ergeet et iech alleguerten schlecht. Schliisslech hunn ech de Raiber bei mer wunnen, dee ka mer dann eng Hand mat upaken.

RAIBER

Genau. Da stieche mer dech mat denge siwe klenge Späizmännercher mat dem Kapp vir an de Bakuewen.

(D’Hex an de Raiber laache knaschteg a ginn of. Déi aner stinn entgeeschtert do.)

 

4. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Also déi ass gutt geroden. Hätt si gären e Sak voll Gold! Mä waart emol. Hannert dem Routkäppchen sengem Käfeg läit jo e ganze Koup Stréi, nieft dem Bakuewe steet och nach en aalt Spannrad – an duerfir ginn déi siwen Zwergen elo dee klengen, grénge Männche sichen, deen deemools Gold aus Stréi gesponnen huet. Dach, dee kann dat.

(D’Schneewittchen hëlt d’Spannrad erbäi an och nach e ganze Koup Stréi vun hannert dem Käfeg. Da geet et sech nees op seng Bänk setzen. D’Rabonzel huet sech och nees a säin Tuerm verzunn.

Iwwerdeems hunn déi siwen Zwergen hire Rucksak ugedoen, e puer huelen hire Reesbengel a se spadséieren eriwwer an d’Gestraiss.)

WABBELI

Kuck, eist Schneewittchen huet siwen Zwergen: de Butzi an de Futzi --

BUTZI

--- de Struwweli, de Kniwweli ---

FUTZI

--- den Zabbeli, de Wabbeli an de Schnabbeli.

WABBELI

Mir hunn alleguerten en Numm. Mä wéi dee klengen, grénge Männchen heescht, dat weess keen.

('t héiert een eng Mondharmonika spillen.)

Héier! Eng Musek. Soll dat en éiere schonn sinn?

(De Spillmann kënnt mat senger Mondharmonika aus dem Bësch.)

SPILLMANN

Neen. Ech sinn e Spillmann. Si nenne mech den Hokus-Pokus-Musikus. Ech maachen ëmmer Musek bei dem Kinnek um Schlass.

BUTZI

An da weess du och ganz bestëmmt, wou mer hei dee klenge Männche fannen, deen eis aus Stréi Gold spanne kann.

FUTZI

Mir kënnen nämlech villes, mä dat Handwierk, dat kënne mer net.

SPILLMANN

(iwwerleeet) O, ee Momentchen. Déi Säit hannert dem Bierg hunn ech e Feier am Bësch gesinn, a ronderëm dat Feier ass e grénge Männche gedanzt an en huet derbei gesongen:

 „Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

WABBELI

Rumpelstilzchen?

BUTZI

Jo, dat muss e sinn. Dat ass en.

FUTZI

Komm, mer lafen direkt dohin. Villmools Merci, Monsieur Hokus-Pokus.

(D’Zwerge verschwannen an d’Gestraiss. De Spillmann zitt weider, spillt nach ëmmer op der Mondharmonika.)

 

5. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

De Rumpelstilzchen ass natierlech erstaunt, dass déi siwen Zwerge wëssen, wéi en heescht, well 'Rumpelstilzchen', dat weess bal keen op der ganzer Welt. Déi aner Leit roden ëmmer a froen: Heeschs de villäicht 'Gromperemetti'? Oder 'Kauzekapp-Schwänzchen'? Oder éiere 'Méckejickert'? Awer Rumpelstilzchen … wee kënnt schonn dorop?!

(Aus eng aner Säit vum Gestraiss kommen elo d’Zwergen an de Rumpelstilzchen.)

RUMPELSTILZCHEN

Dann hutt dir kleng stuppeg Zwergen mäin Numm also geroden! An elo soll ech iech Gold aus Stréi spannen, sot der?

WABBELI

Jo. Du has jo och dem Mëller sengem Meedchen gehollef, wéi et nuets esou trauereg op dem Schlass souz.

RUMPELSTILZCHEN

A wat kréien ech dann derfir?

BUTZI

Eng gutt Fro. Mir hunn näischt.

FUTZI

Wëlls de villäicht eng vun eisen Zwergemutze fir op de Kapp?

BUTZI

Oder solle mer der e Stéck vun eisem laange Baart erofschneiden?

RUMPELSTILZCHEN

(laacht) Du dees mech laachen, so.

WABBELI

Mä waart, d’Roukäppchen huet e grousse Kuch a sengem Kuerf.

RUMPELSTILZCHEN

Kuch? Neen, vu Kuch kréien ech Zännwéi.

WABBELI

Et huet och nach eng Fläsch Wäin a sengem Kuerf.

RUMPELSTILZCHEN

Wäin? Neen, vu Wäin kréien ech Kappwéi.

BUTZI

Tjo, weider hu mer awer näischt. Wat wëlls de dann nach soss?

RUMPELSTILZCHEN

Ma dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen.

FUTZI

Waaaat ? Dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen?

WABBELI

Déi bei der Hex Zauselkätti uewen um Späicher leien?

RUMPELSTILZCHEN

Genau déi. Dee klengen Daimerlek - e Männchen, deen net méi grouss ass ewéi en Daum – deen hat him se geklaut. Wann s de déi undees an du méchs ee Schratt dermat, da bass de schonn iwwer siwe Bierger ewech.

6. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Meng Zwerge sinn domadder averstanen ---

(De Rumpelstilzchen setzt sech beim Hexenhais-chen hannert d’Spannrad.)

--- a gläich drop sëtzt de Rumpelstilzchen virum Hexenhaus kéipweis Gold aus Stréi ze spannen – esou vill, dass d’Routkäppchen bal näischt méi aus sengem Käfeg eraus gesäit.

(De Rumpelstilzchen hantéiert mat dem Stréi um Spannrad a léisst heemlech Goldstécker zum Virschäi kommen.)

RUMPELSTILZCHEN

“Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

“Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...“

(D’Rabonzel kuckt aus dem Tuerm.)

D’ZWERGEN all zesummen

Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...“

ROUTKÄPPCHEN

Neen … dat do ass jo Zauberei!

RABONZEL

Alles voller Gold! Do kann ee sech jo dra bueden.

ROUTKÄPPCHEN

Also, et gëtt jo allerlee op der Welt, ower Gold aus Stréi spannen, esou eppes hunn ech nach net erlieft.

RUMPELSTILZCHEN

Mä vergiesst jo nëmme meng Siwe-Meile-Stiwwelen net! Soss huelen ech mäi lénkse Fouss a béid Hänn a räisse mech vun elauter Roserei selwer an zwee Stécker auserneen ... (laacht a geet of, mat den Zwergen hannendrun.)

„Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

(ëmmer méi wäit ewech)

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

7. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Do, a fort ass en. Mä wéi kréie mer elo dem Ris seng Stiwwele vum Späicher erof? Mat der Hex Zauselkätti a mat deem Raiber ass jo net ze spaassen. An hei, deen anere Muere spadséiert dem ale Schneider säi Bouf duerch de Bësch ---

(De Schneiderbouf kënnt vun der Säit getrëppelt mat engem Sak iwwert der Schëller a päift e Liddchen.)

--- a päift gutt gelaunt, bis et op eemol am Gestraiss wibbelt, an d’Vullen aus hiren Näschter fléien.

(D’Dornréis-che kënnt mat engem anere Spannrad aus dem Gestraiss.)

DORNRÉIS-CHEN

(gaapst) Ei, wat hunn ech elo esou gutt geschlof. Honnert Joer laang un engem Stéck.

SCHNEIDERBOUF

Dornréis-chen, du? A mat engem ale Spannrad?

DORNRÉIS-CHEN

Jo. Mä gëff uecht, dat Spannrad ass vergëft. Mat 18 Joer hunn ech mech un der Nol gepickt, ech sinn op der Plaz ëmgefall, an dat ganzt Schlass huet mat mer geschlof a geschlof a geschlof ...

SCHNEIDERBOUF

Jo, jo. Ech kennen déi Geschicht. „All Méck un der Mauer"

DORNRÉIS-CHEN

„All Zär un der Auer“

SCHNEIDERBOUF

„All Goldfësch am Glas“

DORNRÉIS-CHEN

„All Reewuerm am Gras“

SCHNEIDERBOUF

„All Gromper um Teller“

DORNRÉIS-CHEN

„All Maus an dem Keller!“ - Mä so emol, dech kennen ech dach och. Bass du net deem ale Schneider säi Bouf?

SCHNEIDERBOUF

Dach. Ech gong mat mengen zwee Bridder en Handwierk léieren. Mäin eelste Brudder krut vu sengem Meeschter en Dësch. Egal, wou se de deen higestallt hues an du sos: Dëschelchen, deck deck! wupp, da wor dee voll mat deem beschten Iessen an deem beschte Wäin.

DORNRÉIS-CHEN

Ei, wéi flott, so!

SCHNEIDERBOUF

Deen anere krut vu sengem Meeschter en Iesel. Wann s de deem op de Réck geklappt hues an du sos: Ieselchen, streck dech!, dann huet en hannen a vir Goldstécker erausgespaut.

DORNRÉIS-CHEN

Mä dat gëtt jo ëmmer besser. An du? Wat krus du dann?

SCHNEIDERBOUF

(hëlt de Sak vum Réck) Ech krut weider näischt ewéi dëse Sak. Mä pass op, dat ass kee Sak ewéi all déi aner Säck. Rot emol, wat hei dran ass.

DORNRÉIS-CHEN

(fillt en) E Knëppel! En hondsgewéinleche Knëppel. Ech muss laachen.

SCHNEIDERBOUF

Do brauch ech nëmmen eemol ze ruffen: Knëppel aus dem Sak! a scho spréngt dat Stéck Holz eraus an zerschléit der de Réck esou laang hol a blo, bis ech nees ruffen: Knëppel an de Sak!

DORNRÉIS-CHEN

(laacht) Neen, wéi witzeg! Mä so, Schneider, ee Moment. Ech hunn elo grad vum Rumpelstilzchen gedreemt. Deen huet dem Schneewittchen jo Gold aus Stréi gesponnen a wëllt duerfir dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen, déi bei der Hex um Späicher leien.

SCHNEIDERBOUF

Ho, dat ass onméiglech. D’Hex Zauselkätti kroopt sech jiddwereen mat dem Bengel, deen an hiert Hais-che wëllt, an de Raiber ass och kee Bongen, deen huet e laangt Messer an der Täsch.

DORNRÉIS-CHEN

Ma lauschter: mir stelle mäi Spannrad bei hiert Hexenhais-chen.

SCHNEIDERBOUF

Dat Spannrad, dat vergëft ass, mengs de?

DORNRÉIS-CHEN

Genau. Am Plaz vun deem aneren. A wann déi al Hex dann och eemol probéiert, fir Gold ze spannen, da stéisst d’Routkäppchen se mat dem Fouss hannebäi, se pickt sech un der gëfteger Nol a wupp! schléift se honnert Joer laang grad ewéi ech.

SCHNEIDERBOUF

Ou jo, dat ass déi Iddi! A mäi Knëppel-aus-dem Sak, deen ass fir de Raiber. Ech loossen him deen esou laang um Bockel erëmdanzen, bis en net méi stoen an net méi sëtze kann.

DORNRÉIS-CHEN

Voilà. D’Hex, déi schléift, de Raiber ass mat sengem Réck voller Bëlze fortgelaf, an déi siwe Zwergen brauchen nëmmen d’Schlësselen ze huelen an op de Späicher eropzeklammen.

SCHNEIDERBOUF

Bravo, bravo! Gutt, déi do!

DORNRÉIS-CHEN

(rifft) Schneewittchen! Rabonzel! Routkäppchen!

SCHNEIDERBOUF

(idem) Mir kommen!

 

8. SZEEN

 

(Se lafe bei d’Hexenhais-chen a stellen dat gëftegt Spannrad am Plaz vun deem aneren dohin. De Rumpelstilzchen an d‘Zwerge kommen och aus dem Gestraiss. Se verstoppe sech all an d’Rabonzel kuckt heemlech aus dem Tuerm. Iwwerdeems:)

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

An elo ass et esou wäit. Se kommen alleguerten erbäi a verstoppe sech ronderëm d’Hexenhais-chen, well dat gëftegt Spannrad steet prett virun der Dier.

(D’Hex Zauselkätti an de Raiber kommen aus dem Hexenhais-chen.)

HEX

(gesäit d’Gold) Gold! Do läit et jo! (wullt an de Goldstécker) Gold, esou wäit een nëmme kucke kann ...

RAIBER

A wéi sollen déi blouss do dru komm sinn?

RABONZEL

Mä Raiber, du wäers laachen, ower ech hunn e klenge grénge Männche gesinn, deen huet dat Gold aus Stréi gesponnen.

RAIBER

(verwonnert) Wat sees de do? E klenge grénge Männchen?

HEX

(idem) A Gold aus Stréi? Aus hondsgewéinlechem Stréi? Dat gëtt et net. Dat huet d’Hex Zauselkätti nach ni héieren an d’Hex Zauselkätti lieft scho laang.

ROUTKÄPPCHEN

Ma dach. Mat deem alen, klabbrege Spannrad do. En huet sech derbei gesat a scho sinn d’Goldstécker nëmmen esou doruechter geflunn.

HEX

Ah sou. En aalt Spannrad an aalt Stréi! Raiber, wat dee klenge grénge Männche fäerdeg bréngt, dat kann ech scho laang. (setzt sech bei d’Spannrad a kroomt Stréi zesummen) Stréi hu mer jo genuch hannert dem Haus. A pass op, meng Goldstécker sinn nach vill méi ronn an nach vill méi blénkeg.

RAIBER

Ei, elo gi mer räich. Steeräich. Nach vill méi räich ewéi dee räichste Kinnek an deem räichste Land.

(Déi aner luussen aus hirer Stopp eraus an ameséiere sech.)

HEX

Du sees et. Hei, hal mer mäi Bengel un, dass ech besser schaffe kann. Fir Gold ze spanne brauch een nämlech seng zwou Hänn. Sou, an elo geet et lass.

(D’Hex dréint um Spannrad, de Raiber reecht hir d’Stréi)

„Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

„Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

RAIBER

„Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...”

HEX

(grouss) Wéi? Et kënnt näischt?

RAIBER

Ma ja … komesch! Bis elo hunn ech nach kee Stéck Gold gesinn.

HEX

Do schéngt iergendeppes net ze klappen.

WABBELI

(laacht) Hihihi, ech kënnt mech futti laachen.

BUTZI

(lues) Wabbeli, gëff dech.

FUTZI

(idem) Jo. Wann een eis hei gesäit, da fléie mer all an de Bakuewen.

HEX

Allez hopp, komm, ech probéieren nach eng Kéier.

(Si dréint nees um Spannrad, déi aner laachen heemlech.)

Eng richteg Hex mat engem richtege Biesem ewéi ech muss dach och dat doe fäerdeg bréngen.

„Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

RAIBER

„Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

HEX a RAIBER

„Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...”

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

A grad op dee Moment hunn déi aner gewaart. Heit, passt op!

(D’Rabonzel gëtt heemlech en Zeechen, de Schneiderbouf an d’Dornréis-che päifen duerch d‘Fangeren an d’Routkäppche streckt de Fouss zum Käfeg eraus a rennt der Hex eng hanne bäi, dass se op d’Spannrad fält.)

HEX

Aua! Der Däiwel net nach!

RAIBER

A wat ass dann elo geschitt?

HEX

Raiber, firwat renns du mech mat dem Fouss?

RAIBER

Ech? Mä ech hunn dech dach elo net mat dem Fouss gerannt.

HEX

Dach, dach. A ween da soss? Pass op, du kriss der den Owend mat mengem Bengel op den Hutt. – (bekuckt hire Fanger) Do, an dann hunn ech mech och nach un der Nol gepickt. Komm, bréng mer schnell en Eemer, well kuck nëmmen, wat mäi Fanger blutt.

(De Raiber leeft séier an d’Hexenhais-chen. Déi aner laachen alleguerten.)

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Ower déi Nol, déi wor net nëmme spatz, mä déi wor och nach gëfteg. A mat där gëfteger Nol soll et der Hex Zauselkätti net besser ergoen ewéi dem Dornréis-chen. Elo gëtt se ëmmer méi midd ---

(D’Hex reift sech d’Aen a gaapst.)

--- si gaapst ëmmer méi a wumm! fält se ëm a läit de laange Wee do ze schlofen.

(D’Hex kippt ëm a schnaarcht.)

Lauschter nëmmen, ech wetten, si schléift bestëmmt och honnert Joer. An alles schléift an hirem Hexenhais-che mat hir. Grad ewéi deemools um Schlass.

 

DORNRÉIS-CHEN

„All Méck un der Mauer"

SCHNEIDERBOUF

„All Zär un der Auer“

ROUTKÄPPCHEN

„All Goldfësch am Glas“

RUMPELSTILZCHEN

„All Reewuerm am Gras“

RABONZEL

„All Gromper um Teller“

D’ZWERGEN all zesummen

„All Maus an dem Keller!“

 

(De Raiber kënnt mat zwee Eemeren aus dem Hexenhais-chen.)

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Wéi dunn och nach de Raiber mat zwee Eemere fir der Hex hire bluddege Fanger kënnt, du spréngt de Rumpelstilzchen, de Schneiderbouf, d’Dornréis-chen, de Butzi, de Futzi an all déi aner aus hirer Stopp an alles jäizt ewéi verréckt:

All zesummen

Knëppel aus dem Sak!

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

An eenzock kënnt dem Schneiderbouf säi Sak gehopst, deen décke Knëppel spréngt eraus an zerfacht de Raiber, dass deen Aarmen d’Stäre gesäit.

(E Statist ass mat dem Sak iwwert dem Kapp an dem Knëppel am Grapp gelaf komm a schléit op de Raiber drop. Déi aner laachen alleguerten.)

RAIBER

(jéimert) Au, au, au … mäi Réck! Neen, Knëppel, hal op! Mä hei ass jo alles verhext. Hei bleiwen ech keen Dag méi laang. Au, au, mäin aarme Réck! (leeft duerch d’Gestraiss fort, de Knëppel wëllt nach nolafen, mä:)

All zesummen

Knëppel an de Sak !

(De Statist mat dem Knëppel verzitt sech nees.)

ROUTKÄPPCHEN

A lass, Wabbeli a Schnabbeli an Zabbeli a wéi der alleguerten heescht. A lass op der Hex hire Späicher dem Ris seng Stiwwele sichen!

(D’Zwerge lafen an d’Hexenhais-chen.)

 

9. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Voilà, dat hätte mer. D’Hex, déi schnaarcht hiert meescht an hiert bescht, de Raiber leeft wäit fort, bis dohinner, wou d’Welt ophéiert, an elo geet et schnell.

(Wärenddeem, wou d’Spill esou ofleeft:) De Schneiderbouf klaut der Hex hir Schlësselen aus der Täsch a léisst d‘Routkäppchen aus dem Käfeg … de Rumpelstilzchen späert och dem Rabonzel d’Dier vum Tuerm op … a scho kommen de Butzi an de Futzi a Compagnie mat dem Ris senge Siwe-Meilestiwwelen …

WABBELI

Voilà, Monsieur Rumpelstilzchen. Hei sinn se.

BUTZI

Mir haten der et jo versprach.

FUTZI

A versprach ass versprach. Dat ass en Zwergen-Éierewuert.

RABONZEL

Dem Ris seng Stiwwelen … Déi hunn ech nach ni gesinn.

RUMPELSTILZCHEN

Ah, villmools Merci, dir kleng Männercher. Endlech hunn ech se. Endlech kann ech mech grad ewéi dee klengen Daimerlek op meng Rees bis hannert de Mound maachen. A wann ech do ukomm sinn, schécken ech iech och alleguer eng Kaart. (hëllt d’Stiwwelen op d’Schëller a geet of, iwwerdeems:)

„Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

„Jo, Rumpelstilzchen heeschen ech!“

 

10. SZEEN

 

SCHNEEWITTCHEN

 

(kuckt dem Rumpelstilzchen no, mécht, wéi wann et en nach géif ganz wäit gesinn) E klëmmt a seng Siwe-Meile-Stiwwelen, mécht ee Schratt a schonn ass en iwwer siwe Bierger ewech, a kee gesäit e méi zréck. (op eemol verwonnert, kuckt nach ëmmer an d’Gestraiss eran) Hee, a wat ass dat do? E schéint, wäisst Päerd kënnt duerch de Bësch galoppéiert … et bleift stoen an e Kinnek klëmmt erof, de grousse Kinnek vun dem grousse Kinneksschlass.

(De Kinnek kënnt duerch d’Gestraiss. Déi aner si ganz opgereegt.)

WABBELI

(verneigt sech) Här Kinnek!

All zesummen

(idem) Här Kinnek!

BUTZI

(idem) Exzellenz!

All zesummen

(idem) Exzellenz!

FUTZI

(idem) Mir soe Bonjour.

All zesummen

(idem) Mir soe Bonjour. Bonjour, Här Kinnek an Exzellenz.

KINNEK

(ganz feierlech) Dir meng léif Leit! Et ass scho laang hier, dass d’Hex Zauselkätti an hire Raiber hei am Bësch wunnen, a kee vu menge Jeeër huet sech méi an de Bësch getraut, fir mer e Réi oder en Hues ze schéissen. Awer elo, wou d’Hex fir honnert Joer schléift an de Raiber bis un d’Enn vun der Welt gelaf ass, elo kréien ech nees all Dag mäi Réi oder mäin Hues z’iessen. An duerfir soen ech iech merci. Dir hutt mir gehollef, nees e froue Kinnek ze ginn. Well e Kinnek ouni Jeeër, dat ass kee Kinnek – oder héchstens en trauerege Kinnek. Merci, dir meng léif Leit, villmools merci.

(Et héiert een de Spillmann mat senger Mondharmonika kommen.)

DORNRÉIS-CHEN

Héier, de Spillmann.

RABONZEL

A wat mécht deen dann elo hei?

SPILLMANN

Ech sinn de Spillmann, den Hokus-Pokus-Musikus. Ech maachen ëmmer Musek fir de Kinnek. Virun allem, wann um Schlass eng Hochzäit ass.

ROUTKÄPPCHEN

Waaaaat?

SCHNEIDERBOUF

Eng Hochzäit?

SCHNEEWITTCHEN

Eng Hochzäit op dem Kinneksschlass?

KINNEK

(hëlt eng grouss Rull Pabeier aus sengem Kleed, rullt se lass a liest ganz feierlech) D’Routkäppche kënnt mat senger Mamm a mat senger Bomi op mäi Schlass wunnen - dir dräi, Dornréis-chen, Schneewittchen an Rabonzel, dir kënnt iech mat mengen dräi jonke Prënze bestueden - an du, Schneiderbouf, du kriss mäi Meedchen, déi schéinste Prinzessin esou wäit d’Sonn ka schéngen.

WABBELI

(zimlech geschloen) Jo …. a mir?

BUTZI

(idem) Maja. Wat gëtt dann aus eis siwen Zwergen?

FUTZI

Bleiwe mir hei eleng an der Hex hirem Knusperhais-chen?

KINNEK

Neen, keng Angscht. (liest weider) Mä de Butzi gëtt mäi Gäertner, de Futzi gëtt mäi Kach, de Kniwweli gëtt mäi Wäimeeschter, de Struwweli gëtt mäi Portier, den Zabbeli gëtt mäin Dénger an de Wabbeli an de Schnabbeli gi meng zwee éischt grouss Ministeren am Land.

WABBELI

(zum Schnabbeli) Hues de héieren? A mir zwee gi Minister. Mat engem extra Chauffeur an engem schwaarzen Zylinder um Kapp.

BUTZI

Merci, Här Kinnek

FUTZI

Merci, Här Exzellenz.

RABONZEL

Staark, déi do. An dat alles, well mer d’Hex Zauselkätti an de Raiber Zauselmetti lass gi sinn.

SCHNEEWITTCHEN

(aus dem Buch)

Tja, ob elo nach eng Kéier e Kueder mat Stiwwelen duerch d’Welt marschéiert, oder ob nach eng Kéier e Fräsch enger Prinzessin hire gëllene Ball aus dem Waasser eraushëlt, dat weess keen. Awer eppes ass sécher: d’Routkäppchen an d’Dornréis-chen an d’Rabonzel, de Schneiderbouf an ech mat menge siwen Zwergen – (mécht d’Buch zou) mir wunnen elo alleguerte bei dem Kinnek um Schlass ---

(E puer Zwergen hunn de Spigel erbäibruecht. Si kucken duerch d’Rumm a schwätzen als Spigel:)                       

WABBELI

--- a wa mer net gestuerwe sinn ---

ZWERGEN all zesummen

--- da liewe mer nach haut ... 

 

 

RIDO

 

 

© All Rechter beim Auteur  

(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")