… en neit Mäerchen

mat de flottste Personnagen 

aus de Geschichte vun de Bridder Grimm ...

D'HEX ZAUSELKÄTTI

(2006)

 

(als Kannertheaterstéck - 2020)

 

Persounen:                  d’Hex Zauselkätti

d’Rabonzel

de Spigel

d’Schneewittchen

de Wabbeli,

de Schnabbeli

den Zabbeli

de Kniwweli    (déi siwen Zwergen)

de Struwweli

de Butzi

de Futzi

de Raiber

d’Routkäppchen

de Spillmann

de Rumpelstilzchen

d’Dornréis-chen

de Schneiderbouf

de Kinnek

 

den Erzieler

 

 

 

ERZIELER

Et wor emol e Land, ganz wäit ewech vun hei, do si viru laanger Zäit déi komeschste Saache geschitt: nuets koume Stären als Goldstécker vum Himmel gefall --

(Goldstécker falen openeen.)

-- e Kueder ass mat richtege Stiwwelen doruechter geschréckt --

(Schrëtt)

--- an e klenge Fräsch huet all owes beim Kinnek um Dësch matgiess, well en der Prinzessin hire gëllene Ball aus dem Waasser geholl hat.

(Telleren a Forschette klabberen - e Fräsch quakt.)

A ganz hannen am Bësch, wou de Wëllefchen an de Fiiss-che sech Gutt Nuecht soen, do wunnt déi al Hex Zauselkätti an hirem Hexenhais-chen.

(De Wand hault.)

Siwemol am Dag geet se bei de Spigel, deen nieft hirem Uewen un der Mauer hänkt, se jot mat dem Bengel d’Mécke fort, déi drop sëtzen a seet:

HEX

„Spigelchen, Spigelchen u menger Wand,“

„Ween ass déi grujelegst Hex hei am Land?“

ERZIELER

An dann dauert et net laang, bis de Spigel äntwert:

SPIGEL

„Ah, gleef mer dach, 't weess keen et besser wéi ech:“

„'t gëtt keng méi eng grujeleg Hex ewéi dech.“

(D’Hex laacht knaschteg fir sech.)

ERZIELER

An dann ass d’Hex frou an zefridden a kacht nees mat de Kraider aus dem Bësch hiren Hexentéi. Gudden, waarmen Hexentéi fir d’Rabonzel, e schéint Meedchen, dat nieft deem Hexenhais-chen an engem alen Tuerm agespaart ass.

 

(Bëschgeräischer)

SCHNABBELI

... 631 ...

WABBELI

... 632 ...

BUTZI

... 633 ...

FUTZI

... a 634!

SCHNABBELI

Sou, Rabonzel, et stëmmt nach ëmmer.

WABBELI

Et si genee 634 Hoer, mat deem kuerzen. Grad ewéi gëschter.

RABONZEL

O villmools merci, Butzi a Futzi, villmools merci, Wabbeli a Schnabbeli. Dann huet déi al Hex den Owend näischt méi ze knouteren.

SCHNEEWITTCHEN

Wéisou? Ass déi dann esou kriddeleg?

RABONZEL

Mäi léift Schneewittchen, dräi Deeg laang kréien ech näischt méi z’iessen, wann eent vu mengen Hoer feelt. Mä ee Gléck bréngt mer dann de Kniwweli, de Struwweli, de Schnabbeli, den Zabbeli oder en anere vun denge siwen Zwergen heemlech nuets en Teller Zopp laanscht, soss wier ech scho laang erhéngert.

SCHNEEWITTCHEN

O jo, et si fei Männercher. Weess de, wéi meng Mamm gestuerwen ass, du huet mäi Papp sech nach eemol bestuet, an dat, dat wor eng ganz, ganz béis Fra. Si ass ëmmer vu Roserei gebascht, wann een hir gesot huet, ech, ech wier vill méi schéin ewéi si.

RABONZEL

Neen!

SCHNEEWITTCHEN

Si wollt mech esouguer eemol mat engem gëftegen Apel vergëften ... Ah, wat sinn ech frou, dass ech bei de siwen Zwergen doheem ënnerdaach komm sinn.

SCHNABBELI

Mä Rabonzel, firwat huet d’Hex Zauselkätti dech dann nëmmen do uewen am Tuerm agespaart?

RABONZEL

Du wäers laachen: wéinst enger Zalot.

WABBELI

Wéinst Zalot?

RABONZEL

Jo. Ech wor nach kleng, du sinn ech eemol an deen ale Gaart niewent eisem Haus doheem Zalot siche gaangen. Ech duecht bei mir: Dee Gaart gehéiert kengem - well ech hat nach ni ee gesinn dra schaffen. Mä op eemol huet et an der Heck gewibbelt, a wee stong do?

FUTZI

Eis Hex? (laacht) Hahahaha ...

(rifft) Zauselkätti, Zauselkätti,

Wullt am Teller mat Spagetti.

BUTZI

Futzi, gëff dech! Elo bass de staark, mä herno, wa se kënnt, da méchs de an d’Box.

RABONZEL

Dat wier hire Gaart, huet d’Hex gegrommelt, an dat wier hir Zalot. Hir Zalot ganz eleng.

SCHNEEWITTCHEN

Eehh, wéi eekleg!

RABONZEL

Dobei wore mir esou aarm, dass mäi Papp all Dag an de Bësch fir de Kinnek Holz seeë gaangen ass, fir alt e puer Su ze verdéngen. An du huet se mech geholl an hei am Tuerm agespaart. Ouni Dier an ouni Trap.

 

(E puer Rewolwerschëss klaken.)

ERZIELER

An héier, du  kraacht et op eemol an den Äscht, an aus dem Gestraiss kënnt e Raiber erausgelaf – dach, e Raiber, an esou opgereegt, wéi ech nach nimools e Raiber gesinn hunn.

RAIBER

(ausser Otem) Hëllef! Hëllef! 't ass uerg an ’t ass schrecklech!

HEX

Raiber, du? A wat ass dir dann nëmme geschitt?

RAIBER

O mei, Hex Zauselkätti. Elo sinn ech schon e Liewe laang e Raiber, mä dat do ass ze vill. Stell der emol vir: mir souze grad an eisem Raiberhaus beieneen e Wëllschwäin eranzemaufelen, dat mer gëschter geschoss haten, op eemol wor virun der Dier e Kaméidi, dass d’Forschett der aus dem Mond op den Teller gefall ass.

(En Iesel jäizt Iaa, iaa, iaa!, en Hond billt, eng Kaz miaut an en Hunn rifft:  Kikerikiii! Kikerilii!)

D’Fënsterluede ginn opgerappt, d’Glas fiert a Schierbelen an en Iesel spréngt rang, pang an d’Kichen eran. Op sengem Bockel souz en Hond ze billen – hei, esou laang Zänn hat en. Op dem Hond souz eng Kaz mat spatze Krallen a mat Aen ewéi Feier. A ganz uewendrop ass en Hunn hin an hier gekluunschelt an huet houfreg säi Kikeriki geruff. Ah neen, Hex, gleef mer et: dohi ginn ech net méi zréck.

HEX

Mä Raiber, weess de wat? Da bleifs du ganz einfach bei mir.

RAIBER

Bei dir? Hei an dengem Hexenhais-chen?

HEX

Jo. Z’iessen an ze drénken hunn ech genuch an esou een ewéi dech kann ech nach gutt gebrauchen, fir opzepassen, dass d’Rabonzel mer net aus dem Tuerm fortleeft, an dass dem Schneewittchen seng siwen Zwerge mer net mäin Zauberhutt klauen.

„Spigelchen, Spigelchen u menger Wand,“

„Ween ass déi grujelegst Hex hei am Land?“

SPIGEL

„Ah, gleef mer dach, 't weess keen et besser wéi ech:“

„'t gëtt keng méi eng grujeleg Hex ewéi dech.“

(D’Hex laacht knaschteg fir sech.)

 

*****

 

ERZIELER

Déi al Hex ... de Raiber ... d’Rabonzel ... d’Schneewittche mat sengen Zwergen -- a kuck, hei kënnt op eemol och nach e Meedche mat enger rouder Mutz um Kapp an engem Kuerf am Aarm.

(D’Routkäppchen séngt fir sech e Lidd.)

Seng Mamm sot zu him: "Bleif ëmmer schéin um Wee, well et ass e grousse Bësch." An du huet hatt iwwerall wäiss Kiselsteng higestreet, fir herno de Wee nees zréckzefannen. Mä elo huet et sech ower verlaf a weess net méi wouhin.

ROUTKÄPPCHEN

(op eemol, verwonnert) O, a wat ass dann dat do? En Hexenhais-chen? Ganz eleng. Mä so, dat ass jo guer net mat Steng gebaut. Waart, ech lecken emol drun. Ho, dat ass jo Schokkela! Richtege Schokkela! An den Daach ass mat Kichelcher gedeckt. Do kann ee jo direkt dra bäissen. Ei, wéi dat schmaacht!

(Eng Dier quiitscht - d’Hex laacht knaschteg fir sech.)

HEX

„Knusper, knusper, knais-chen,“

„Wee knuspert u mengem Hais-chen?“

ROUTKÄPPCHEN

Wéi? Do huet dach elo ee geschwat?! Ech hunn dach eppes héieren.

HEX

„Knusper, knusper, knais-chen,“

„Wee knuspert u mengem Hais-chen?“

ROUTKÄPPCHEN

(erféiert) O ... eng Hex! Eng richteg Hex mat engem Bockel a mat engem Bengel. Mä ... mä ... ech ... ---

HEX

So, wéi kënns du iwwerhaapt an deen däischtersten Eck hei vu mengem Bësch? E Meedche mat enger rouder Kap um Kapp hunn ech nach nimools hei gesinn.

ROUTKÄPPCHEN

Ech ... ech ... ech heesche Routkäppchen an ech ... ech fannen de Wee net méi fir bei meng Bomi. Si ass vill krank, an ech sollt hir dëse Kuerf mat Kuch a Wäin bréngen.

HEX

An da kënns du mir d’Haus ofrappen? Komm, weis dech emol! Ech muss dech vu méi no kucken, well mäi Brëll hunn ech scho säit Joere verluer.

ERZIELER

A wupp! kroopt d’Hex Zauselkätti sech d’Routkäppchen mat hirem kromme Bengel a späert et an deen ale Käfeg an, do wou schonn den Hänsel an d’Gréidel dra souzen, an och dat anert schéint Meedchen, dat vu mueres bis owes huet mussen Ierbëssen aus enger Schossel Äschen erauspicken an duerfir Äschepuddel genannt gouf.

 

(D’Hex laacht knaschteg fir sech - d’Routkäppchen kräischt.)

SCHNEEWITTCHEN

Hee, Rabonzel, kuck emol! A wee sëtzt dann do?

ROUTKÄPPCHEN

O mei, Schneewittchen, du bass och mat dengen Zwergen hei? An d’Rabonzel och?! Da sinn ech ower frou, dass ech net eleng sinn.

RABONZEL

Routkäppchen, a vu wou kënns du dann hier?

ROUTKÄPPCHEN

Mä de Wollef huet mech an den déiwe Bësch erageschéckt, fir menger Bomi e Bouquet Blummen ze plécken, an elo, elo huet d’Hex mech hei agespaart.

STRUWWELI

De Wollef? Du weess dach, dass de deem net trauen duerfs.

ROUTKÄPPCHEN

Du hues recht, Struwweli, klengen Zwerg. Mä am Ufank hunn ech e jo och net richteg erkannt. En hat nämlech Kräid gefriess, duerfir hat en esou eng ganz léif Stëmm, a seng Patten, déi hat e beim Bäcker an d’Miel gezappt, duerfir woren déi esou schéi wäiss, an du hunn ech gemengt, et wier e feine Monsieur.

KNIWWELI

Jo, esou hat en et och deemools gemat. An herno hat en ower déi siwe Geessercher giess, wéi hir Mamm an d’Stad akafe wor.

STRUWWELI

Just dat Klengst vun hinnen net. Dat hat sech nämlech an der grousser Auer verstoppt.

ERZIELER

Tja, wat sollen se elo nëmme maachen? De Käfeg ass fest zou, d’Routkäppchen, dat sëtzt dran, an d’Hex, si huet de Schlëssel an hirer Hexentäsch. Kéim dach elo nëmmen dee klenge Schneiderche laanscht!

D’ZWERGEN

(sangen op enger Leiermelodie:)

„Schneider, Schneider, komm bei mech,“

„Komm heihin, mir brauchen dech!“

ERZIELER

Dach, dee kënnt hinnen hëllefen, well deen ass esou staark, dass e siwe Mécke mateneen op senger Gebeesseschmier dout-geschloen hat.

D’ZWERGEN

(idem)

„Siwe Mécken op der Schmier -“

„Du bass vill méi staark wéi mir."

ERZIELER

O jo, siwe Stéck, do bass de scho bal dee stäerkste Mann vun der Welt. Mä vun deem klenge Schneiderchen huet een och scho laang näischt méi héieren - wee weess, villäicht gëtt et hien och schonn net méi ...

ROUTKÄPPCHEN

(kräischt nees) Mä ech muss dach nach bei meng Bomi goen. Si ass jo esou vill krank. An da sinn ech jo och esou hongereg, well vun de Mueren un hunn ech näischt méi giess.

SCHNEEWITTCHEN

Weess de wat, Routkäppchen, ech plécken eis hei e puer Äppel vum Bam. Komm Wabbeli, hal mer d’Leeder un, da sinn ech gläich do uewen.

RABONZEL

O Schneewittchen, pass nëmme gutt op. Dat ass der Hex hiren Äppelbam. An du weess jo, et ass déi schroost aus dem ganze Bësch.

BUTZI

Looss se nëmme kommen, déi al, granzeg Mouk.

FUTZI

Mir knuppen hir eng mat der Fauscht ënnert d’Nues. Hei, pou, pou, pou --

(Et plätscht am Wasser - alles laacht.)

WABBELI

A flatsch trëllt de Futzi mat dem Hënneschten an en Eemer Waasser! O, Futzi, wat bass de e komesche Futzi!

(Eng Dier quiitscht - de Raiber grommelt an d’Hex laacht knaschteg fir sech.)

HEX

Hee, hee, hee, schéint Kand, a wat muss ech do gesinn?

RAIBER

A wat gëtt dat do? 

HEX

Wat geet dech un, do uewen a mengem Äppelbam ze klauen?

SCHNEEWITTCHEN

(erféiert) O mammelikanner, d’Hex an de Raiber! Wat hutt dir mech elo erschreckt! An dat wéinst e puer klengen Äppel, déi ech fir d’Rout-käppchen plécke wollt.

RAIBER

Denk un d’Rabonzel, Schneewittchen. Et sëtzt scho wéi laang hei am Tuerm, well et un der Hex Zauselkätti hir Zalot gaangen ass. An ëmmer wann ech him en Teller Zopp bréngen ---

(Tellere rabbelen.)

--- ho-hopp, kuck emol hei, da léisst et mer seng schéin, laang getrëtzten Hoer erof, dass ech ka bei hatt eropklammen, well den Tuerm huet keng Trap a keng Dier, hahahaha ....

RABONZEL

Aua, Raiber. Da rapp net esou fest drun. Du dees mer jo wéi.

SCHNEEWITTCHEN

(ängschtlech) An elo wëllt der mech och do aspären?

BUTZI

Wat? Aspären?

KNIWWELI

O neen! A ween deckt eis dann doheem den Dësch?

SCHNABBELI

Wee streckt eis Boxen an eis Hiemer?

FUTZI

A wee mécht eis déi gutt Schokklasmousse?

ZABBELI

Géi, Futzi, du an deng Schokklasmousse! Herno hues de jo dach ëmmer de ganze Baart voll gesabbelt, well s de e Sabbler bass.

HEX

Aspären? Nee, Schneewittchen, keng Angscht. Deng siwen Zwerge géife mer jo dat ganzt Haus ofrappen. Neen, pléck der esou vill Äppel, wéi s de an d’Täsche kriss, mä muer de Mueren, wann d’Sonn opgeet, dann hätt ech gären e Sak voll Gold hei virun der Dier leien.

SCHNABBELI

Wat? Gold?

HEX

A wann net, dann ergeet et iech schlecht. Schliisslech hunn ech de Raiber bei mer wunnen, dee ka mer dann eng Hand mat upaken. Da stiechen ech iech alleguerten a mäi Bakuewen. Mat dem Kapp vir.

STRUWWELI

Haha, déi do ass jo schassmätsch an der Schierbel!

RAIBER

Wat sees du do, Struwweli, du klenge Gëftzwerg? Gëff nëmmen uecht: meng Hex huet och scho mat hirem Zauberhutt schéi Prënzen a kleng Fräschen an nach méi schéi Prinzessinnen a Spanne verzaubert.

(De Raiber an d’Hex laache knaschteg.)

 

*****

 

ERZIELER

Neen, hätt si gären e Sak voll Gold! Also déi ass gutt geroden. Mä da waart emol. Hannert dem Routkäppchen sengem Käfeg läit jo e ganze Koup Stréi, nieft dem Bakuewe steet och nach en aalt Spannrad – an duerfir ginn déi siwen Zwergen elo dee klengen, grénge Männche sichen, deen deemools Gold aus Stréi gesponnen huet. Dach, dee kann dat.

WABBELI

Kuck, eist Schneewittchen huet siwen Zwergen. De Struwweli, de Kniwweli ...

KNIWWELI

... de Butzi, de Futzi...

FUTZI

... den Zabbeli ...

BUTZI

... de Wabbeli ...

ZABBELI

... an de Schnabbeli.

SCHNABBELI

Mir hunn alleguerten en Numm. Mä wéi dee klengen, grénge Männchen heescht, dat weess keen.

(Eng Dréiuergel spillt.)

STRUWWELI

Héier! Eng Musek.

KNIWWELI

Hee, a wee bass du dann, so?

SPILLMANN

Ech sinn e Spillmann. Si nenne mech den Hokus-Pokus-Musikus. Ech maachen ëmmer Musek bei dem Kinnek um Schlass.

WABBELI

An da weess du och ganz bestëmmt, wou mer hei dee klenge Männche fannen, deen eis Gold aus Stréi spanne kann.

ZABBELI

Mir kënnen nämlech vill Handwierker, mä dat Handwierk, dat kënne mer net.

 

SPILLMANN

O, waart emol. Déi Säit hannert dem Bierg hunn ech e Feier am Bësch gesinn, a ronderëm dat Feier ass e grénge Männche gedanzt an en huet derbei gesongen:

„Haut klauen ech d’Sonn - muer klauen ech de Wand,“

„An iwwermuer huelen ech der Kinnigin hiert Kand.“

„Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

SCHNABBELI

Rumpelstilzchen?!

BUTZI

Jo, dat ass en.

FUTZI

Komm, mer lafen direkt dohin. Merci, Hokus-Pokus-Musicus, villmools Merci. Autsch! O nondikass!

STRUWWELI

Do! An elo fält en och nach iwwert seng Féiss ... O, Futzi, wat bass de en Trëllert!

ERZIELER

De Rumpelstilzchen ass natierlech erstaunt, dass déi siwen Zwerge wëssen, wéi en heescht, well 'Rumpelstilzchen', dat weess bal keen op der ganzer Welt. Déi aner Leit roden ëmmer a froen: Heeschs de villäicht 'Gromperemetti'? Oder 'Méckejickert'? Oder éiere 'Kauzekapp-Schwänzchen'? An da kann de Rumpelstilzche laachen a laachen ...

(De Rumpelstilzche laacht knaschteg.)

Mä si hei, si wousste säin Numm an duerfir däerfen si elo och mat him bei sengem Feier sëtzen a mat him seng gebroden Dauwen iessen.

 

(E Feier kréckelt.)

RUMPELSTILZCHEN

Ech soll iech zwee klengen, stuppegen Zwergen also Gold aus Stréi spannen, sot der.

SCHNABBELI

Jo. Du hues jo och dem Mëller sengem Meedchen gehollef, wéi et nuets esou trauereg op dem Schlass souz.

RUMPELSTILZCHEN

A wat kréien ech dann derfir? Pass op, dat ass vill Aarbecht, an ech si schonn en ale Mann. Méi al ewéi d’Beem alleguerten hei am Bësch.

KNIWWELI

Wat kriss de derfir? Eng gutt Fro, gelu, Struwweli. Mir hu jo näischt.

STRUWWELI

Wëlls de villäicht eng vun eisen Zwergemutze fir op de Kapp ---

WABBELI

--- oder solle mer der e Stéck vun eisem laangen, wäisse Baart erofschneiden, well d’Schneewittchen huet och kee gëllene Rank an d’Rabonzel keng Diamanteketten.

BUTZI

Just d’Roukäppchen huet e grousse Kuch a sengem Kuerf.

RUMPELSTILZCHEN

Kuch? (laacht) Neen, vu Kuch kréien ech Zännwéi.

ZABBELI

D’Routkäppchen, dat huet och nach eng Fläsch Wäin a sengem Kuerf.

RUMPELSTILZCHEN

Wäin? (laacht) Neen, vu Wäin kréien ech Kappwéi.

SCHNABBELI

Tjo, dann hu mer näischt méi. Wat wëlls de dann nach soss?

RUMPELSTILZCHEN

Ma dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen.

FUTZI

(ausser sech) Waaaat ? Dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen?

KNIWWELI

Déi bei der Hex Zauselkätti uewen um Späicher leien?

RUMPELSTILZCHEN

Genau déi. Dee klengen Daimerlek - e Männchen, deen net méi grouss ass ewéi en Daum – deen hat him se geklaut. Wann s déi undees an du méchs ee Schratt, da bass de mat enger Kéier iwwer siwe Bierger ewech.

ERZIELER

Dach, dat stëmmt. Ee Schratt mat dem Ris senge Stiwwelen an et ass ee schonn an engem anere Land. An nuets, wéi just nach de Mound op de Bësch erofkuckt ---

(Vu wäitem schléit eng Kierchenauer.)

--- do sëtzt de Rumpelstilzchen bei dem Schneewittchen an dem Rabonzel virum Hexenhaus a spënnt hinne kéipweis Gold aus Stréi – esou vill, dass d’Routkäppchen bal näischt méi aus sengem Käfeg erausgesäit.

(E Spannrad dréint.)

RUMPELSTILZCHEN

„Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

„Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

„Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...”

(Zaubermusek a Goldstécker fale kéipweis duercherneen.)

ZESUMMEN

„Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

„Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

„Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...”

ROUTKÄPPCHEN

(verwonnert) Neen ... dat do ass jo Zauberei!

SCHNABBELI

(idem) Alles voller Gold!

FUTZI

(idem) Et kënnt ee sech dra bueden ...

KNIWWELI

Jo, Futzi, an deslescht woors de jo bal an der Buedbidden erdronk, wéi s de getaucht bass, fir Haifësch ze fänken.

(D’Zwerge laachen.)

SCHNEEWITTCHEN

Also, et gëtt jo allerlee op der Welt, ower Gold aus Stréi spannen, esou eppes hunn ech nach net erlieft.

RUMPELSTILZCHEN

Mä vergiesst jo nëmme meng Siwe-Meile-Stiwwelen net! Soss knuppen ech vun elauter Roserei mat dem Fouss esou fest e Lach hei an de Buedem, dass ech bis un de Bauch dra verschwannen an dann huelen ech deen anere Fouss mat béiden Hänn a räisse mech selwer an zwee Stécker auserneen ... (laacht)

„Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

(ëmmer méi wäit ewech)

„Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

ERZIELER

Do, a fort ass en. Mä wéi kréien se elo dem Ris seng Stiwwele vum Späicher erof? Mat deem Raiber ass jo net ze spaassen a mat der Hex Zauselkätti nach vill manner. An hei, deen anere Muere spadséiert dem ale Schneider säi Bouf duerch de Bësch ---

(Et päift ee säi Liddchen.)

--- a päift frou a gutt gelaunt säi Lidd, bis et op eemol am Gestraiss wibbelt, an d’Vullen aus hiren Näschter fléien.

 

(Et raschelt am Gestraiss.)

DORNRÉIS-CHEN

(gaapst) Ei, wat hunn ech elo esou gutt geschlof. Honnert Joer laang un engem Stéck.

SCHNEIDERBOUF

Dornréis-chen, du?

DORNRÉIS-CHEN

Jo. Wéi ech op d’Welt koum, krut ech déi schéinste Cadeauen. Just eng al Fra sot: Kand, mat 18 Joer muss de stierwen. A wierklech, kuck, dëst Spannrad ass vergëft. Mat 18 Joer hunn ech mech un der Nol gepickt, ech sinn op der Plaz ëmgefall, an dat ganzt Schlass huet mat mer geschlof a geschlof a geschlof ...

SCHNEIDERBOUF

Jo,jo. Ech kennen déi Geschicht.

„All Méck un der Mauer,“

DORNRÉIS-CHEN

„All Zär un der Auer,“

SCHNEIDERBOUF

„All Goldfësch am Glas.“

DORNRÉIS-CHEN

„All Reewuerm am Gras,“

SCHNEIDERBOUF

„All Gromper um Teller,“

DORNRÉIS-CHEN

„All Maus an dem Keller.“

Mä so emol, dech kennen ech dach och. Bass du net deem ale Schneider säi Bouf?

SCHNEIDERBOUF

Dach. Ech wor mat mengen zwee Bridder an der Léier, fir en Handwierk ze léieren. Mäin eelste Brudder krut vu sengem Meeschter en Dësch mat heem.

DORNRÉIS-CHEN

En Dësch?

SCHNEIDERBOUF

Egal, wou se de deen hi gestallt hues an du sos: Dëschelchen, deck deck! wupp, da wor e mat Teller a Messer a Forschett gedeckt a voll mat deem beschten Iessen an deem beschte Wäin.

(Telleren, Schosselen a Glieser rabbelen duercherneen.)

DORNRÉIS-CHEN

Ei, wéi flott, so!

SCHNEIDERBOUF

Deen anere krut vu sengem Meeschter en Iesel. Wann s de deem op de Réck geklappt hues an du sos: Ieselchen, streck dech!, dann huet en hannen a vir Goldstécker erausgespaut.

DORNRÉIS-CHEN

Mä dat gëtt jo ëmmer besser. An du? Wat krus du dann?

SCHNEIDERBOUF

Pff! Ech, ech krut vu mengem Meeschter weider näischt ewéi dëse Sak.

DORNRÉIS-CHEN

Keen Dëschelchen-deck-dech a keen Ieselche-streck-dech? Nëmmen en alen, knaschtege Sak?

SCHNEIDERBOUF

Jo. Mä pass op, dat ass keen hondsgewéinleche Sak fir Kuelen oder fir Gromperen. Neen, neen. Hei, kuck emol, wat hei dran ass. Mä pak en nëmmen net un.

DORNRÉIS-CHEN

Wat? E Knëppel! Ech muss laachen.

SCHNEIDERBOUF

Do brauch ech nëmmen eemol ze ruffen: Knëppel aus dem Sak! a scho spréngt dat Stéck Holz eraus an zerschléit der de Réck an den Dokes esou laang, bis ech nees ruffen: Knëppel an de Sak!

DORNRÉIS-CHEN

(laacht) Neen, wéi witzeg! De Knëppel zerschléit dech hol a blo. Mä so, Schneider, ee Moment. Ech hunn elo grad vum Rumpelstilzchen gedreemt. Deen huet dem Schneewittchen Gold aus Stréi gesponnen a wëllt duerfir dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen, déi bei der Hex um Späicher leien.

SCHNEIDERBOUF

Ho, dat ass onméiglech. D’Hex Zauselkätti huet hir Schlësselen ëmmer bei sech am Schierteg, an hire Raiber e laangt Messer an der Täsch.

DORNRÉIS-CHEN

Ma da lauschter: mir stelle mäi Spannrad hannert d’Hexenhais-chen ---

SCHNEIDERBOUF

Dat Spannrad, dat vergëft ass, mengs de?

DORNRÉIS-CHEN

Genau. A wann déi al Hex dann och eemol probéiert, fir Gold aus Stréi ze spannen, da stéisst d’Routkäppchen se mat dem Fouss hannebäi, se pickt sech un der gëfteger Nol a wupp! schléift se honnert Joer laang grad ewéi ech.

SCHNEIDERBOUF

Ou jo, dat ass déi Iddi!

DORNRÉIS-CHEN

Gesäis de.

SCHNEIDERBOUF

A mäi Knëppel-aus-dem Sak, dat ass déi giedlech Affär fir de Raiber. Ech loossen him deen esou laang um Bockel erëmdanzen, bis en net méi stoen an net méi sëtze kann a sech wënscht, ni e Raiber gewiescht ze sinn.

DORNRÉIS-CHEN

Voilà. D’Hex, déi schléift dann, de Raiber ass mat sengem Réck voller Bëlze fortgelaf, an de Schnabbeli brauch nëmmen d’Schlësselen ze huelen an op de Späicher eropzeklammen.

SCHNEIDERBOUF

Bravo, bravo! Gutt, déi do!

DORNRÉIS-CHEN

(rifft) Schneewittchen! Rabonzel! Routkäppchen!

SCHNEIDERBOUF

(idem) Mir kommen!

 

*****

ERZIELER

An elo ass et esou wäit. De Rumpelstilzchen, de Schneiderbouf, d’Dornréis-chen, d’Schneewittchen, de Butzi, de Futzi, de Kniwweli, de Struwweli, den Zabbeli, de Wabbeli an de Schnabbeli, alles huet sech ronderëm d’Hexenhais-che verstoppt, well dat gëftegt Spannrad steet prett virun der Dier.

(Eng Dier quiitscht a geet op.)

Grad zur richteger Zäit, wéi déi al Hex Zauselkätti opsteet, fir hiren Hexentéi ze drénken a sech mat dem Raiber iwwert deen décke Koup Gold do wonnert.

HEX

Gold! Do läit et jo!

(Et gëtt an de Goldstécker gewullt.)

Gold, esou wäit een nëmme kucke kann ...

RAIBER

A wéi sollen déi blouss do dru komm sinn?

RABONZEL

Mä Raiber, du wäers laachen, ower ech hunn e klenge grénge Männche gesinn, deen huet dat Gold aus Stréi gesponnen.

RAIBER

(verwonnert) Wat sees de do? E klenge grénge Männchen?

HEX

(idem) A Gold aus Stréi? Aus hondsgewéinlechem Stréi? Dat gëtt et net. Dat huet d’Hex Zauselkätti nach ni héieren an d’Hex Zauselkätti lieft scho laang.

RABONZEL

Ma dach. Mat deem alen, klabbrege Spannrad do. En huet sech derbei gesat, a schonns gong et lass, gelu, Routkäppchen. Mir hunn et jo gutt gesinn.

ROUTKÄPPCHEN

O jo! D’Goldstécker sinn nëmmen esou doruechter geflunn, nach vill méi, ewéi wann d’Hollefra hir Kappkëssen ausrëselt, an dann op der Welt iwwerall Schnéi fält.

HEX

Ah sou. Ma déi ass jo gutt! Heeheehee, en aalt Spannrad an aalt Stréi! Raiber, wat dee klenge grénge Männche fäerdeg bréngt, dat bréngen ech scho laang fäerdeg. Schliisslech kann ech jo och zauberen an op mengem Biesem doruechter fléien.

(Aalt Gerëmpel gëtt duerchernee gehäit.)

Hei, dëst Faass an dës dräi Këschte spannen ech mir elo voller Gold. Stréi hu mer jo genuch hannert dem Haus. A pass op, meng Goldstécker ginn nach vill méi ronn an nach vill méi blénkeg.

FUTZI

(lues) O da meng alt, du al, granzeg Hex!

SCHNEEWITTCHEN

(idem) Pscht, Futzi! Bass de wuel roueg.

SCHNEIDERBOUF

(idem) Ah, dass déi kleng Zwergen ower och ni de Mond kënnen halen!

HEX

Sou, da sëtze mer eis emol dohin. Komm Raiberchen, réckel mer d’Spannrad e wéineg méi no. Mat mengem ale Réck kréien ech mech net méi esou gutt gebéckt.

RAIBER

Ei, elo gi mer räich. Steeräich. Nach vill méi räich ewéi déi räichste Kinnek an deem räichste Land.

HEX

Du sees et. Hei, hal mer mer mäi Bengel un, dass ech mat zwou Hänn ka schaffen. Fir Gold ze spanne brauch een nämlech seng zwou Hänn. Sou, an elo geet et lass.

(Si laacht knaschteg fir sech - d’Spannrad dréint nees.)

„Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

„Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

RAIBER

„Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...”

HEX

Wéi? Et kënnt näischt?

RAIBER

Ma ja … komesch! Bis elo hunn ech nach kee Stéck Gold gesinn.

HEX

Do schéngt iergendeppes net ze klappen.

FUTZI

(laacht lues) Hihihi, ech kënnt mech futti laachen.

DORNRÉIS-CHEN

(lues) Futzi, gëff dech! - An hal op, déck Blose mat dem Knätsch ze maachen.

(Eng Knätschblos klaakt.)

FUTZI

Ei, dat wor eng monsterdéck! Has de déi héiere platzen?

RUMPELSTILZCHEN

(lues) Jo. Mä wann een eis hei gesäit, da fléie mer all an de Bakuewen.

HEX

Allez hopp, komm, ech probéieren nach eng Kéier.

(D’Spannrad dréint nees.)

Eng richteg Hex ewéi ech muss dach och dat doe fäerdeg bréngen.

„Spannrad, Spannrad, rull, rull, rull!”

RAIBER

„Dréin an dréin a spull, spull, spull!”

HEX a RAIBER

„Spannrad, maach mer Gold aus Stréi,“

„Ëmmer méi an ëmmer méi ...”

ERZIELER

A grad op dee Moment hunn déi aner gewaart. Elo gëtt d’Rabonzel heemlech en Zeechen, de Schneiderbouf, hie päift duerch d’Fangeren --- 

(Et gëtt duerch d’Fangere gepaff.)

--- an d’Routkäppche streckt de Fouss zum Käfeg eraus a rennt der Hex eng ferrem hanne bäi, dass se op d’Spannrad fält.

HEX

Aua! Der Däiwel net nach!

RAIBER

A wat ass dann elo geschitt?

HEX

Raiber, firwat renns du mech dann elo mat dem Fouss?

RAIBER

Ech? Mä ech hunn dech dach elo net mat dem Fouss gerannt.

HEX

Dach, dach. A ween da soss? Pass op, du kriss der den Owend mat mengem Bengel op den Hutt. - Do, an elo hunn ech mech och nach un der Nol gepickt. Komm, bréng mer léiwer schnell en Eemer, well kuck nëmmen, wat mäi Fanger blutt.

(Déi aner laachen alleguerten.)

ERZIELER

Ower déi Nol, déi wor net nëmme spatz, mä jo, och nach gëfteg. A mat där gëfteger Nol soll et der Hex Zauselkätti net besser ergoen ewéi dem Dornréis-chen. Elo gëtt se ëmmer méi midd, si reift sech d’Aen a gaapst ---

(D’Hex gaapst.)

--- si gaapst ëmmer méi a wumm! fält se ëm a läit de laange Wee do ze schlofen.

(D’Hex schnaarcht.)

Lauschter nëmmen, ech wetten, si schléift bestëmmt och honnert Joer. An alles schléift an hirem Hexenhais-che mat hir. Grad ewéi deemools um Schlass.

SCHNEEWITTCHEN

„All Méck un der Mauer,“

STRUWWELI

„All Zär un der Auer,“

DORNRÉIS-CHEN

„All Goldfësch am Glas.“

SCHNABBELI

„All Reewuerm am Gras,“

RABONZEL

„All Gromper um Teller,“

ROUTKÄPPCHEN

„All Maus an dem Keller.“

(Alles laacht.)

ERZIELER

A wéi dunn och nach de Raiber aus dem Haus mat zwee Eemere fir der Hex hire bluddege Fanger erauskoum, du spréngt de Rumpelstilzchen, de Schneiderbouf, d’Dornréis-chen, d’Schnee-wittchen, de Butzi, de Futzi, de Kniwweli, de Struwweli an all déi aner aus hirer Stopp an alles jäizt ewéi verréckt:

ALLES

Knëppel aus dem Sak!

RAIBER

(erféiert) Hee, hee, a wat heescht dann dat do?

('t gëtt op de Raiber geschloen.)

ERZIELER

An eenzock kënnt dem Schneiderbouf säi Sak gehopst, deen décke Knëppel spréngt eraus an zerfacht de Raiber, wéi nach ni een zerfacht gouf. E knuppt dran a schléit riets a lénks op him erëm, dass deen Aarmen d’Stäre gesäit.

(De Knëppel knuppt - alles laacht.)

RAIBER

(jéimert) Au, au, au … mäi Réck! Neen, Knëppel, hal op! Mä hei ass jo alles verhext. Hei bleiwen ech keen Dag méi laang. Au, au, mäin aarme Réck!

SCHNABBELI

(opgereegt) Futzi, dann zéi dech dach ewech! - O mei, lo hat deen Dabo och nach bal de Knëppel iwwert d’Bomm kritt.

ERZIELER

An de Raiber setzt säin Hutt op de Kapp, hëlt d’Been an de Grapp a leeft esou wäit fort, bis dohinner, wou d’Welt ophéiert, an ech mengen, villäicht nach e Stéckelche méi wäit.

(Alles laacht a rifft:      - Knëppel an de Sak!

                               - Knëppel an de Sak!)

Voilà. Dat hätte mer. D’Hex, déi schnaarcht, de Raiber huet sech aus dem Stëbs gemat, an elo geet et ganz séier. De Schneider-bouf klaut der Hex hir Schlësselen aus der Täsch ---

(Schlëssele rabbelen.)

--- d’Schneewittchen späert dem Rabonzel an dem Rout-käppchen d’Dier vum Tuerm a vum Käfeg op ---

(Diere quiitschen.)

--- an de Kniwweli, de Struwweli, de Butzi, de Futzi, de Wabbeli, de Schnabbeli an den Zabbeli klammen op de Späicher vum Hexenhais-chen a fannen och gläich tëschent deenen ale Fläschen an nach méi ale Këschten dem Ris seng Siwe-Meile-Stiwwelen.

(Këschten a Fläsche ginn duerchernee gehäit.)

ZABBELI

Voilà, hei sinn se.

KNIWWELI

Hipp-hipp-hurrra! Mir hu gewonnen.

FUTZI

Hei, Rumpelstilzchen, fänk se op! Mir puchen der se duerch d’Fënster. Een, zwee, hoppla! (ëmmer méi wäit ewech) Aaahhhhhh ....

BUTZI

So, a wou ass de Futzi dann elo?

STRUWWELI

Mä en ass an de Stiwwel eragerëtscht an elo ass e mat erof an d’Gras geflunn.

WABBELI

O, Futzi, wat bass du e Futzi!

SCHNEEWITTCHEN

Dem Ris seng Stiwwelen! Déi hunn ech nach ni gesinn.

DORNRÉIS-CHEN

A wat sinn dat grousser! Do kënns de jo Stëppches dra spillen.

RUMPELSTILZCHEN

Ah, endlech hunn ech se! Endlech kann ech mech grad ewéi dee klengen Daimerlek op meng grouss Rees bis hannert de Mound maachen.

(laacht)

„Haut klauen ech d’Sonn - muer klauen ech de Wand,“

„An iwwermuer huelen ech der Kinnigin hiert Kand.“

„Am ganze Bësch hei kennt kee mech:“

„Rumpelstilzchen heeschen ech!“

ERZIELER

E klëmmt a seng Siwe-Meile-Stiwwelen, mécht ee Schratt a schonn ass en iwwer siwe Bierger ewech, a kee gesäit e méi.

(E Päerd kënnt galoppéiert.)

An dee Moment – op d’Säit, op d’Säit! do kënnt e grousst, schéint, wäisst Päerd duerch de Bësch galoppéiert. Um Päerd sëtzt e grousse Kinnek. Et ass de grousse Kinnek vun dem grousse Kinneksschlass.

(Feierlech Trompetten)

ROUTKÄPPCHEN

Här Kinnek!

ALL

Här Kinnek!

SCHNEIDERBOUF

Exzellenz!

ALL

Exzellenz!

RABONZEL

Mir soe Bonjour.

ALL

Mir soe Bonjour. Bonjour, Här Kinnek an Exzellenz!

KINNEK

(ganz feierlech) Dir meng léif Leit! Et ass scho laang hier, dass d’Hex Zauselkätti an hire Raiber hei am Bësch wunnen, a kee vu menge Jeeër huet sech méi an de Bësch getraut, fir mer e Réi oder en Hues ze schéissen, well all meng Jeeër sinn ëmmer am Bësch verschwonnen, et koum ni méi een erëm heem. Ower elo, wou d’Hex fir honnert Joer schléift, an de Raiber bis un d’Enn vun der Welt gelaf ass, elo gi se nees gären op d’Juegt. Elo kréien ech nees all Dag mäi Réi oder mäin Hues z’iessen a sonndes esouguer e Wëllschwäin. An duerfir soen ech iech merci. Dir hudd mir gehollef, nees e froue Kinnek ze ginn. Well e Kinnek ouni Jeeër, dat ass kee Kinnek – oder héchstens en trauerege Kinnek. Merci, dir meng léif Leit, villmools merci.

(Alles rifft duercherneen:                  - Bravo! Bravo, Exzellenz!

                                                  - Bravo! Bravo! 

An dann héiert een och nees dem Spillmann seng Musek méi no kommen.)

DORNRÉIS-CHEN

Héier, de Spillmann!

RABONZEL

A wat mécht deen dann elo hei?

SPILLMANN

Ech sinn de Spillmann, den Hokus-Pokus-Musikus. Ech maachen ëmmer Musek fir de Kinnek. Virun allem, wann um Schlass eng Hochzäit ass.

ROUTKÄPPCHEN

Waaaat?

SCHNEIDERBOUF

Eng Hochzäit?

SCHNEEWITTCHEN

Eng Hochzäit op dem Kinneksschlass? Elo?

KINNEK

Du sees et, schéint Kand.

(Nees feierlech Trompetten)

D’Routkäppche kënnt mat senger Mamm a mat senger Bomi op mäi Schlass wunnen - dir dräi, Dornréis-chen, Schneewittchen an Rabonzel, dir kënnt iech mat mengen dräi jonke Prënze bestueden a méi ewéi siwwenzéng Kanner kréien - an du, Schneiderbouf, du kriss mäi Meedchen, déi schéinste Prinzessin esou wäit d’Sonn ka schéngen. Et huet nuechtelaang gedanzt, bis seng Schong Lächer an de Suelen haten, mä et huet nach ni e Mann fonnt, an du, du solls et elo kréien.

(Feierlech Houchzäitsmusek – iwwerdeems:)

WABBELI

(zimlech geschloen) Jo ... a mir?

BUTZI

(idem) Ma ja. Wat gëtt dann aus eis siwen Zwergen?

FUTZI

Bleiwe mir hei eleng an der Hex hirem Knusperhais-chen?

KINNEK

Neen, keng Angscht. Mä de Butzi gëtt mäi Gäertner, de Futzi gëtt mäi Kach, de Kniwweli gëtt mäi Wäimeeschter, de Struwweli gëtt mäi Portier, den Zabbeli gëtt mäin Dénger an de Wabbeli an de Schnabbeli gi meng zwee éischt grouss Ministeren am Land.

STRUWWELI

Hues de héieren?

ZABBELI

Merci, Här Kinnek.

FUTZI

Merci, Här Fränz.

WABBELI

Futzi, net Här Fränz - mä Exzellenz.

FUTZI

(laacht) Exzellenz, Blummestränz ...

BUTZI

Megacool! Eis Kolleegen hei feieren Hochzäit um Kinneksschlass a mir, mir gi Gäertner, Kach a Portier ---

SCHNABBELI

--- a Minister. Mat engem extra Chauffeur an engem schwaarzen Zylinder um Kapp.

KNIWWELI

Staark, déi do. An dat alles, well mer d’Hex an de Raiber lass gi sinn.

ALLES

D’Hex Zauselkätti an de Raiber Zauselmetti!

ERZIELER

Tja, ob elo nach eng Kéier e Kueder mat Stiwwelen duerch d’Welt marschéiert, oder ob nach eng Kéier e Fräsch enger Prinzessin hire gëllene Ball aus dem Waasser eraushëlt, dat weess keen, ower eppes ass sécher: d’Dornréis-chen an d’Rabonzel, de Schneiderbouf an d’Schneewittchen, de Struwweli, de Kniwweli, de Butzi, de Futzi, de Wabbeli, den Zabbeli an de Schnabbeli – si all wunnen bei dem Kinnek um Schlass, a wann se net gestuerwe sinn, da liewen se nach haut ...  

 

*****       

 

 

D'ZWERGELIDD

(Musek: Robi Arend - Heng Kleren)

 

Am däischtre Bësch beim Wëllefchen a Fiiss-chen,

Am däischtre Bësch do steet en Hexenhaus.

A bei deem Hexenhais-che luussen heemlech

Kleng Männercher zu siwe Stéck eraus.

Rout Mutzen op dem Kapp, e laange wäisse Baart,

Sou gëtt do gesprongen a gesongen a gelaacht.

Jo, komm mat mir dohin, mä géi blouss net ze no,

Soss lafen se der wuppsdeg fort a sinn net méi do.

 

Refrain:   (Zwergen)

Ei, ei, ei!

Kuck mol hei!

Mir sinn déi kleng Zwergen!

Ei, ei, ei!

Kuck mol hei!

Siwen an der Rei!

 

 

Pass op, déi Zwergen hunn all Dag vill Aarbecht.

Beim Routkäppche ginn d’Äppel mol gepléckt,

An da gëtt an dem Tuerm bei dem Rabonzel

Den Daach an och nach de Kamäi gefléckt.

Duerno sëtzen si da beim Kinnek op dem Schlass

A si schaffen alles do, wat do ze schaffen ass.

A ginn se owes heem, da sinn se all doudmidd,

Si sinn all midd a sangen dach ower nach hiert Lidd …

 

Refrain:   (Zwergen)

Ei, ei, ei!

Kuck mol hei!

Mir sinn déi kleng Zwergen!

Ei, ei, ei!

Kuck mol hei!

Siwen an der Rei!

 

 

A lei’n ech nuets a mengem Bett ze schlofen,

Dann dreemen ech hei vun deem däischtre Bësch.

Ech dreeme vun de siwe klengen Zwergen,

Déi sëtze beim Schneewittchen un dem Dësch.

Si sëtzen do an iesse sech de Bauch puppsat,

Da gëtt nach e klengen Tierchen duerch de Bësch gemat,

Si schläiche ronderëm bis bei dat Hexenhaus

A laachen do de Raiber an d’Hex Zauselkätti aus.

Well 't gong, ewéi et schonn mol beim Dornréis-che wor,

D’Hex, déi läit beim Spannrad a si schléift do honnert Jor,

A Knëppel aus dem Sak ! Hopp, Knëppel, een, zwee, dräi !

A kuck, deen domme Raiber kritt de Knëppel hannebäi …

 

Refrain:   (Zwergen)

Ei, ei, ei!

Kuck mol hei!

Mir sinn déi kleng Zwergen!

Ei, ei, ei!

Kuck mol hei!

Siwen an der Rei!