Persounen: de Méindeg
den Dënschdeg
de Mëttwoch
den Donneschdeg
de Freideg
de Samschdeg
de Sonndeg
|
(Déi siwe Wochendeeg sëtzen un engem laangen Dësch, de Sonndeg, als President, sëtzt an der Mëtt oder uewen um Kapp.) |
SONNDEG |
Si mer alleguerten do? Ass déi ganz Woch zesummen? Méindeg? (De Méindeg streckt d’Hand an d’Luucht – déi aner Deeg och, wa se opgeruff ginn.) Dënschdeg? --- Mëttwoch? --- Donneschdeg? --- Freideg a Samschdeg? An der Rei. (zielt) Een, zwee, dräi, véier, fënnef, sechs --- Wéi, nëmme sechs? Do feelt dach een. Eng Woch huet dach siwen Deeg. |
MËTTWOCH |
Mä du hues dech vergiess. Du bass jo och nach do, Sonndeg. |
SONNDEG |
Richteg! O mamm, et fänkt een un al ze ginn, mat all deene Jorhonnerten a Jordausenden, déi et eis scho gëtt. (setzt sech ganz wichteg dohin) Bon. Mer sinn haut hei zesumme komm, wéinst … eh, wéinst … wéi soll ech mech ausdrécken? … wéinst enger méi kriddleger Affär …. de Méindeg wëllt eis nämlech all op d’Geriicht huelen. (hëlt e Bréif aus senger Mapp) Gëschter krut ech de Bréif vu sengem Affekot. (Alles ass erstaunt, duercherneen: - Pardon? - Hunn ech richteg héieren? - Op d’Geriicht? - A firwat dann dat?) |
MÉINDEG |
Mä ech wëll Gerechtegkeet. Ganz einfach Gerechtegkeet. Kuckt, firwat muss ech ëmmer deen éischten Dag vun der Woch sinn? Ëmmer ass et u mir. Scho wa mueres de Wecker rabbelt, da ginn ech iwwerall verflucht. D’Kanner knadderen, well se nees mussen an d’Schoul, d’Jofferen an d’Här Lähreren nach méi – iwwerhaapt knadderen d’Leit alleguerten, well se no deem flotte Weekend nach midd sinn a keng Loscht hunn, fir op d’Aarbecht ze goen. A wann se owes heemkommen, dann heescht et: Omei, wat wor dat haut erëm e Schäiss-Dag! Kee Wonner, dass een als Méindeg d’Flemm kritt, wann et déi Woch drop nees eemol soll Méindeg ginn. |
SONNDEG |
Jo, mä wat wëlls de da maachen? Mir kënnen awer net de ganze Kalenner nei schreiwen. Soll d’Woch dann eréischt dënschdes ugoen? |
MÉINDEG |
Dat ass eng Méiglechkeet. Dann hätten d’Leit méi e laange Weekend an ech meng Rou. |
DËNSCHDEG |
Hee, hee, an dann, da wier ech deen éischten Dag an der Woch. An da géif jiddweree sech iwwer mech iergeren. Neen, neen, awer net mat mir. |
MËTTWOCH |
Also eppes ass sécher: ech bleiwen do, wou ech sinn. Nämlech an der Mëtt vun der Woch. Duerfir heeschen ech jo och: Mëtt-Woch. |
DONNESCHDEG |
(klappt dem Freideg op d’Schëller) A mir zwee kommen direkt duerno, gelu, Freideg. Soss wier de Mëttwoch jo op eemol net méi an der Mëtt vun der Woch, wann alles no vir réckelt. |
FREIDEG |
Eben. Zemol, wou all Mënsch sech op mech freet, well no mir kënnt de Samschdeg, an da sinn se erëm alleguerte fräi. |
SAMSCHDEG |
Du sees et. Ech réckelen och net. E Weekend ass nun eben net nëmmen e Sonndeg, mä och mat engem e Samschdeg virdrun. (zum Sonndeg) Eis zwee Deeg muss ee jo awer de Leit vergonnen, éier se méindes nees ufänke mat schaffen. |
MÉINDEG |
Et voilà. Da si mer nees esou wäit ewéi mer woren. Ech, ech sinn deen Domme bei der Saach. |
SONNDEG |
Tjo ... an elo? |
MÉINDEG |
Arrangéiert iech, wéi der wëllt. Mä wa mer eis och op dem Geriicht net eenz ginn, da streiken ech einfach. Da spillen ech net méi mat. Da kënnt der mech vun der nächster Woch un am Kalenner sträichen. (Alles kuckt grouss, duercherneen: - Wéi ? – Wat? – Ech verstinn net. - Am Kalenner sträichen? - Dat ass mir ze héich.) |
SONNDEG |
Dat heescht: D’Leit gi sonndes an d’Bett a wa se mueres erwächen, dann ass keen Dag do? |
MÉINDEG |
Jo. Esou ongeféier. 't deet mer leed. |
DËNSCHDEG |
Mä ... mä ... dat kanns de dach net maachen. Iwwerlee emol: Du stees an all Fernsehprogramm an op all Zeitung: Haut, Méindeg, de souansouvillte März oder Abrëll oder wéi och ëmmer - an da gëtt et dech net? |
MËTTWOCH |
A wou normalerweis méindes de Poubelleswon kënnt, do ginn d’Poubellen ni méi eidel gemat? |
DONNESCHDEG |
A wat mécht dann d’Tatta Josefinn an d’Madamm Parmentier, déi sech all Méindeg an der Pâtisserie bei hirem Schlagsahnskichelchen treffen? |
MÉINDEG |
Domm gaang. Pech fir si. |
FREIDEG |
(fir sech) Verréckt! Deen huet eng mat der Pan. |
SAMSCHDEG |
Neen, du kanns eis dach onméiglech am Stach loossen, well soss feelt eis jo en Dag. Da si mer nëmme méi zu 6 an der Woch. |
SONNDEG |
Dat géng hannen a vir net méi op. Kuck, ech sinn de Sonndeg, a wann d’Leit soen: ,Haut a 14 Deeg’, da wëssen se, dass dat nees eemol Sonndeg ass. Mä mat 6 Deeg an der Woch hätte mer net Sonndeg, mä eréischt Samschdeg. |
DËNSCHDEG |
An am Plaz Donneschdeg ass et Mëttwoch, an all déi Leit mat engem Rendez-vous fir donneschdes beim Zänndokter hunn, déi hunn e verpasst. |
MÉINDEG |
(patzeg) Mäi Gott, dann hunn se d'Zänn e puer Deeg méi laang wéi. |
MËTTWOCH |
... a wann se an der Televisioun d’Météo duerchginn: ,Nächste Samschdeg gëtt et schlecht Wieder’, da weess d’Wieder net, wéini dass et elo reene soll. Et wier ëmmer de falschen Dag an d’Leit hätte kee Prabbeli sech. |
MÉINDEG |
(patzeg) Da gi se eben och nach naass derbei ... |
DONNESCHDEG |
Wann ech eppes proposéieren duerf: Mir kënnte jo eventuell all Woch wiesselen. All Woch ëmmer en aneren Dag hannert dem Sonndeg. (Alles ass opbruecht an iergert sech.) |
FREIDEG |
Mä dat géif e flotten Duercherneen! Da ginn d’Leit jo guer net méi eens. |
DONNESCHDEG |
Mat de Méint ass et jo och net ëmmer d’selwecht. Déi eng hunn 30 Deeg, déi aner 31 – de Februar huet der esouguer nëmmen 28 an all véier Joer kënnt nach en 29. derbei. (beleidegt) Mä mäi Gott, et wor jo nëmmen eng Iddi ... |
SAMSCHDEG |
Ower eng schlecht. Kuck, schwätzen d’Leit dann dënschdes vu ,muer', da wier dat net Mëttwoch, mä zum Beispill Sonndeg. Oder se erzielen samschdes, wat se ,gëschter' gemat hunn, da wor dat net Freideg, mä eventuell Dënschdeg oder Donneschdeg. |
SONNDEG |
An op eemol hätte mer mat deem ganzen Hin-an-Hier-Geréckels och nach een Dag ze vill ... wéi tëscht dem Samschdeg an dem Sonndeg nach de Freideg aus der leschter Woch ... |
DËNSCHDEG |
... oder tëscht dem Dënschdeg an dem Mëttwoch schonn deen Donneschdeg aus der nächster ... |
MËTTWOCH |
Schlëmmstefalls hätte mer esouguer zwee Donneschdeger oder zwee Freideger hannerteneen, an alles wier nach méi op der Kopp. |
FREIDEG |
Zwee Freideger? Nee merci. Wéi gesot, freides freeën d’Leit sech op de Weekend. A wat mengs de, wat se sech dann daagsdrop iergere géifen, wa schonn nees eemol Freideg wier a si misste nach en Dag méi schaffen ... |
SAMSCHDEG |
... oder d’Tatta Josephinn an d’Madamm Parmentier missten zwee Deeg hannertenee Schlagsahnskichelcher iesse goen ... |
SONNDEG |
... an der Madamm Parmentier hiren Abbes, deen all Woch mëttwoches Benzin tanke geet, dee geet da muer nach eng Kéier an da leeft den Tank iwwer. (De Méindeg ass wärend de leschte Repliquen ëmmer méi duerchernee ginn ...) |
MÉINDEG |
Kommt, haalt op! Haalt wannechgelift op! Ech si scho ganz wurres a weess selwer net méi, ween a wat ech sinn, e Méindeg oder e Freideg, e Mëttwoch oder e Sonndeg, ob de Poubelleswon haut oder muer kënnt oder wee gëschter säi Rendez-Vous beim Zänndokter verpasst hat. (De Méindeg hëlt de Bréif vum Affekot an zerrappt en, déi aner kucke grouss.) Nee, komm mer vergiessen dee Bréif vu mengem Affekot, ech wëll kee Sträit. Ech bleiwen, wat ech nach ëmmer war: de Méindeg direkt nom Sonndeg, deen éischten Dag an der Woch, an da kënnen d’Leit alleguerte knadderen a granzen esou vill wéi se wëllen. (Alles ass erliichtert, duercherneen: - Ah, gutt! - Ganz verstänneg! - Tiptop! - Dann ass d’Tatta Josephinn an d’Madamm Parmentier zefridden. - An hiren Abbes ka roueg tanke fueren.) |
ALL ZESUMMEN |
Mir sinn nun ebe wéi mer sinn Zu siwen an der Woch, Wéi Samschdeg, Mëttwoch, Donneschdeg An eise Méindeg och. A weem de Méindeg net gefält, Deem soe mir: Nondikass, Da bleift du einfach an dem Bett, Bis dass et Dënschdeg ass!
RIDO |
© All Rechter beim Auteur
(iwwer jchr@pt.lu oder iwwer "Kontakt")