… eng Hörspill-Geschicht,

fräi no dem Wilhelm Busch

senge Versen a Biller ...

DE MAX AN DE MORITZ

(2003)

 

Persounen:                  de Max

de Moritz

d’Tatta Lisa

de Monni Charel

de Schneider Beck

d’Leonie, seng Fra

de Schoulmeeschter

de Bäcker Tun

de Bauer Schmittchen

d’Madame Birebam

 

den Erzieler

 

 

ERZIELER

Et ass scho ganz, ganz laang hier - kee Mënsch kann der soen, wéi vill Joer genau - mä et gëtt haut nach ëmmer vun deenen zwee Lausbouwe geschwat, vun dem Max an dem Moritz. Si haten nëmmen Dommheeten an der Kopp a fir d’Leit doruechter rosen ze maachen, do woren se Champion. Jo, de Mueren nach, du souzen se bei der Tatta Lisa hiren Hénger an --- Mä komm mat a lauschter, wat d’Leit sech opreegen.

 

(Iergendzwousch, ënner ville Leit)

MME BIREBAM

Ah neen, Léonie, dat do ass dach allerhand!

LEONIE

De Max an de Moritz? Gaunere sinn et, déi zwee Banditten!

BÄCKER TUN

A wat hu se dann elo schonn nees gestëbst?

(Hénger jadderen - en Hunn kréint.)

TATTA LISA

Mä Bäcker, da kuck der nëmme meng Hénger un, wat se esou rose mat de Flilleke klappen.

MONNI CHAREL

So, déi hänke jo alleguerten uneneen.

TATTA LISA

Dat ass et jo. Déi zwee Näischnotze hunn e puer Stécker Brout un ee laange Fuedem gebonnen, meng Dickelcher komme vun alle Säiten, picken d’Brout op an elo sinn se all unenee gestréckt.

SCHOULMEESCHTER

O neen, a wat se elo hin an hier rappen a struewelen! Huelt schnell eng Schéier, Tatta Lisa, a schneit de Fuedem duerch, soss flatteren se op eemol nach an de Bam an hu sech da selwer um Aascht opgehaangen.

TATTA LISA

Keng Angscht. Ech si schonn ënnerwee. Ech lafen, ech lafen.

MME BIREBAM

Schrecklech! Dir misst déi zwee emol ferrem mat den Oueren huelen, Schoulmeeschter, an hinne gutt den Hënneschten ersielen.

(Zwou Velosschellen)

 

(Duercherneen:)               - Hei! Kuck!

                                    - De Max an de Moritz!

                                    - Si si schon nees um Dill!

                                    - Do, um Velo!

                                    - Hëllef, a wat gëtt elo erëm gestiicht?!                       

ERZIELER

Ah jo, siwe lausbouweg Lausbouwereie dreiwen se elo an der Vakanz. Siwe  Stéck, an eng méi uerg ewéi déi aner.

Sou, dat wor déi éischt elo,

An déi zweet, déi kënnt gläich no.

 

*****

 

ERZIELER

Wierklech, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten, a kee Mënsch kann am Duerf roueg schlofen, wa se bis ënnerwee sinn.

(De Max päift duerch d’Fangeren.)

Hei, kuckt, elo schläichen se schonn nees bei d’Tatta Lisa hannert d’Haus, do wou si fënnefanzwanzeg déck Hénger huet.

 

(Héngergegackers)

MAX

Duck dech. Hei bei de Sonneblumme sëtze mer gutt. Hei gesäit keen eis.

MORITZ

Pscht, Max. Net esou haart. Se kënnt.

(Eng Hausdier geet op.)

TATTA LISA

Da komm, Flocki, mäi Mippchen, da gi mer eis emol déi zwee décksten Hénger fänken fir de Mëtteg an d’Dëppen. Déi aus der Stad kommen op Besuch, an du weess jo, déi sinn därmoosse verfroossen. Déi géifen der esouguer den Teller mat iessen.

ERZIELER

A währenddeem d’Tatta Lisa deenen zwee Dickelcher an der Kichen d’Fiedere plëmmt, verschwannen de Max an de Moritz heemlech bei dem Noper an der Scheier ---

(Allerhand gëtt duerchernee gestouss.)

--- fir tëscht ale Veloën an ale Vullekäfeger déi zwou Aangelen ze klauen, mat deenen hien ëmmer un d’Sauer fësche geet, ower nach ni e Fësch gefaangen huet.

Mä so, wat hu se dann nëmme wëlles?

(Dëppen an Tellere rabbelen.)

Kuerz vru Mëtteg leien der Tatta Lisa hir Hénger am Dëppen, well 't ass drop an drun, dass deen auserhéngerte Besuch virun der Dier steet. An op dee Moment hunn déi zwee Näischnotze gewaart. Mat deenen zwou Aangele kommen se iwwert d’Mauer geklommen, luussen nach eemol duerch d’Fënster an d’Kichen eran – neen, d’Tatta kuckt net, si botzt grad d’Zalot - an da stellen se eng grouss Leeder widdert d’Haus.

 

(Eng Leeder gëtt bäigesat - dann Trëtt op der Leeder - Sprëss kraachen.)

MORITZ

Wéi ass et, steet se fest?

MAX

Keng Angscht, Moritz. Déi fält schonn net ëm.

MORITZ

Da schnell erop op den Daach. Komm, reech mer d’Hand. Ho-hopp!

MAX

Nach dräi Schrëtt, da si mer uewen.

ERZIELER

An esou vif ewéi zwou Micky-Mause kloteren se d’Leeder erop a rëtschen dann op de Knéie bis op d’Spëtzt vum Daach, fir duerch de Kamäin erof der Tatta Lisa an d’Kichen op den Uewen ze kucken.

MAX

Jo, wierklech … Do ënne leien se am Dëppen. Zwee fett Dickelcher!

MORITZ

Mmm, a wéi dat brutzelt! Do leeft engem d’Waasser jo am Mond zesummen.

(Den Hond billt vun ënnen.)

TATTA LISA

Gedëlleg dech ee Momentchen, Flocki. Ech sprangen nach just of an de Keller eng gutt Fläsch Wäin sichen.

(Eng Dier klaakt ënnen zou.)

MAX

A fort ass se. Hipp-hipp-hurra, elo geet et lass! Elo ginn d’Hénger gefëscht!

MORITZ

Max, weess du iwwerhaapt, wéi dat richteg geet? Hei, maach mir et einfach no.

MAX

So, häls de mech fir en Eefalt?!

MORITZ

D’Schnouer vun der Aangel léiss de gemittlech de Kamäin erof, da fänks de der mat dem Krop do ënnen e Poulet mat der Patt – hoppla! hei kuck, wéi en un der Schnouer baumelt … an een, zwee, dräi zitts de der dee Kärelchen erop.

MAX

Jo, ech weess. Schliisslech sinn ech jo dee stäerksten aus der Klass. Allez komm, looss mech och emol mat menger Aangel bäi. - Do, voilà! A lass, Dickelchen, dann hal dech schéin um Krop fest an erop mat der.

(De Max an de Moritz laachen.) 

ERZIELER

Et ass nach guer keng esou eng topeg Iddi, déi Héngerfëscherei. Dat geet der esou schëtzeg, dass de Mupp ënnen an der Kichen vu Schreck emol keen Toun méi erauskritt.

 

(Eng Dier klaakt ënnen zou.)

TATTA LISA

Sou, Flocki, ech wäert deene Stater eng vu mengen deierste Fläsche Wäin servéieren. (op eemol ausser sech) Waaaat?

(D’Fläsch fält op de Buedem - Schierbelen)

Neen! Wou si meng Pouleten? D’Dëppen ass eidel. – Flocki, nu kuck net esou a so dach eppes! Du hues se sécher opgefriess, wéi?

(Et schellt un der Dier.)

Do, schonn ass och de Besuch do. O waart, wann ech dech erwëschen, du Gourmang!

(Den Hond billt.)

Mir einfach meng Hénger vum Uewen ze klauen … Ei, elo ginn et Streech, Männchen!

(Den Hond billt weider.)

ERZIELER

A während d’Tatta Lisa dem Flocki mat dem Biesem duerch d’Haus noleeft, rëtscht de Max an de Moritz wupp! d’Leeder erof, se flitzen duerch de Gaart a loosse sech hire Menü beim Noper an der Scheier gutt schmaachen.

(De Max an de Moritz laachen.)

Sou, dat war déi zweet elo,

An déi drëtt, déi kënnt gläich no.                    

 

 

****

 

 

ERZIELER

 

('t gëtt op der Bitzmaschinn gebitzt.)

Et gëtt wierklech kee méi e feinen a fläissege Mann am Duerf ewéi de Schneider Meck, well vu mueres bis owes sëtzt en a senger Stuff Boxen a Paltongen ze bitzen an Hiemer a Jacketten ze flécken. A grad him soll elo dat heie geschéien … Grujeleg!

 

(Eng Baach plätschert.)

MORITZ

Voilà, hei ass se jo, déi kleng hëlze Bréckelchen, déi direkt bei sengem Haus iwwert d’Baach geet.

MAX

A kuck der meng See emol un, Moritz.´t ass mengem Bop seng bescht.

MORITZ

Ech soen der, dat gëtt Knuppefreed.

MAX

De Schneider Meck wäert sech nach an honnert Joer un eis erënneren.

MORITZ

Hei an der Mëtt ass déi giedlech Plaz, fir d’Brieder duerchzeseeën.

MAX

Hopp, un d’Aarbecht! Da weis de elo mol, dass de eppes anescht an den Äerm hues ewéi Pudding a wäisse Kéis.

(Et gëtt geseet.)

MORITZ

Hoffentlech gesäit en ons net.

MAX

Ween? De Meck? Gewëss! Dee gesäit dach nëmme seng Nol a säin Zwier. Kuck, wat en dobanne bitzt a bitzt.

MORITZ

A wat mengs de, wat et kraacht, Max, wann d’Bréckelche futti fiert, an de Schneider de laange Wee an d’Waasser plumpst.

ERZIELER

Ah jo, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten. Kuckt nëmmen do, si seeën a seeën, bis hinnen de Schweess op der Stier steet.

MAX

Sou. Dat geet duer. Nu weis dech, Schneiderchen, da kréie mer ze laachen.

MORITZ

Allez, toz net laang a komm léiwer mat hannert d’Gestraiss.

(Gestraiss raschelt.)

ZESUMMEN

(Leiermelodie)

Schneider Meck, Meck-meck-meck,

Ësst fir d’Kiermes Blummestäck!

('t gëtt weider op der Bitzmaschinn gebitzt.)

SCHNEIDER

Leonie, hues de dat héieren?

LEONIE

Bitz roueg weider, Männi, a géi net jäizen, da kréien se schnell d’Flemm a se ginn en anere rose maachen.

ZESUMMEN

(Leiermelodie)

Schneider Meck, Meck-meck-meck,

Stiech deng Nues a Muppendreck!

SCHNEIDER

(rosen) Waat? A stiech deng Nues a Muppendreck? Mä dat gëtt jo ëmmer besser. – Autsch, verflixt net nach!

(De Max an de Moritz kickelen.)

Elo hunn ech mech och nach mat der Nol an de Fanger gepickt. O waart, dir zwee, elo huelen ech iech mat dem Kolli.

(Still falen ëm.)

LEONIE

Mä Mecki, mäi Meckchen … Net dach.

ERZIELER

Schnell dréckt e senger Fra d’Nol mat dem Fuedem an de Grapp, en erwëscht nach säin ale Prabbeli um Mantelkrop ---

(D’Dier klaakt zou.)

--- a leeft iwwert d’Terrass erof an de Gaart.

MAX

Hei – do ass e jo schonn.

MORITZ

An e kacht vu Roserei. E bascht bal auserneen.

SCHNEIDER

Wou stiecht der, dir zwee Banditten? Wou sidd der? Weist iech!

(De Max päift.)

Ah do! An och nach déi aner Säit vum Waasser?!

MAX

(Leiermelodie) Schneider Meck!

MORITZ

(idem) Zeck-zeck-zeck!

ZESUMMEN

(idem) Schneider Meck! Zeck-zeck-zeck!

SCHNEIDER

O waart, Jongen, ech schloen iech de Bockel mat mengem Präbbeli hol a blo.

ERZIELER

Mat dräi laange Sätz spréngt en duerch d’Poretten an d’Äerdbier an eenzock ass en déi Säit dem Drot, hëlt en Ulaf fir iwwert d’Bréckelchen, mä ---

 

(Et kraacht.)

SCHNEIDER

(ausser sech) O jee!  Hëllef! Hëllef!

(E fält an d’Waasser - Waasser spritzt - de Max an de Moritz laachen.)

MAX

A flatsch dran!

MORITZ

Hahaha, a wat e strampelt!

SCHNEIDER

(plätscht am Waasser) Leonie! Monni Charel! Bauer Schmittchen! Hëllef! Ech kann net schwammen. Ech erdrénken.

MORITZ

Komm, Max, komm mer maachen eis aus dem Stëbs.

MAX

O jo, et gëtt elo héich Zäit.

(Vun alle Säiten:)

LEONIE

Mecki!

TATTA LISA

O mammelikanner!

SCHOULMEESCHTER

Madame Birebam, kommt kucken! Esou eppes hutt Der nach ni gesinn.

MME BIREBAM

Mon Dieu! De Schneider läit an der Baach ...

BAUER

Kommt, mer zéien e schnell eraus!

ZESUMMEN

Een … zwee … hoppla!

(De Schneider schnaddert.)

TATTA LISA

E schnaddert, deen Aarmen.

BÄCKER

Kee Wonner, en ass zoppennaass. Kuck, wat en drëpst!

ERZIELER

Doheem hëlt d’Leonie de Schneider mat der Box an hopp! tesselt et de Mecki de laange Wee op den Dësch.

LEONIE

Ee Gléck hate mer d’Streckeise scho waarm gemat, gelu.

SCHNEIDER

Wat, Leonie? Du wëlls mech strecken?

LEONIE

Fäert net, gläich bass de nees mäin ale Mecki. Dréchen, frësch gestreckt a schéin an der Fal. Komm!

SCHNEIDER

(wiert sech) Mä net dach … net. Uuhh ...

LEONIE

Da wibbel net esou!

SCHNEIDER

Ech sinn ower këddeleg ... hihihi ...

ERZIELER

An natierlech dréckt de Max an de Moritz d'Nues widdert d’Fënster, fir deem Spaass do nozekucken, a si hunn nach eng Woch laang drop den Hick vu Laachen.

(De Max a Moritz laachen.)

Sou, dat war déi drëtt elo,

An déi véiert kënnt gläich no.

 

 

*****

 

 

ERZIELER

(D’Kierchenuergel spillt – d’Klacke lauden.)

De Sonndeg ass ëmmer e feierlechen Dag am Duerf, a wann et um fréie Sonndegmuergen an alle Stroossen nom gudde Sonndesbrot richt, da kommen d’Leit vu riets a vu lénks an d’Mass getrëppelt.

BÄCKER

Ah, ´t misst een deenen zwee emol zerguttstert d’Lewitte liesen.

MME BIREBAM

Ho, dat notzt näischt, Bäcker. Hei nach gëschter haten se mir en décken, speckege Fräsch bei d’Goldfësch an den Aquarium gesat.

LEONIE

Waaat? E speckege Fräsch? Iiiihhh!

BAUER

Schrecklech, einfach schrecklech!

TATTA LISA

Jo, a mengem Flocki haten se zwee Kachdëppen an dräi Panen un de Schwanz gestréckt. A wat mengs de, wat dat dunn e Kaméidi gouf, wéi deen duerch d’Strooss gejauft ass.

ERZIELER

An héier, haut um Sonndeg sinn se och um Dill, de Max an de Moritz. Si hu beim Schoulmeeschter hannert den Dreckskëschte gelauert, bis deen am beschte Kostüm an d’Kierch geschréckt ass, fir ewéi all Sonndeg d’Uergel ze spillen.

Tja, Bouwe wéi déi hei musse klotere kënnen, soss sinn et keng. A kuckt, de Max vir, de Moritz hannendrun, laanscht de Kulang vum Reen erop. Scho sëtzen se op dem Fënsterbriet hannert de Blummestäck an hopp! geet et mat engem Saz bei de Schoul-meeschter an d’Kichen eran.

MORITZ

Pscht - pass dach op!

MAX

A wee soll dann nach heibanne sinn?

MORITZ

't weess ee jo ni.

(E Kanarievillche päift.)

Max, da lauschter!

MAX

Schumm dech. Looss dach dee klenge Kanarievillche päifen. Hues de wéinegstens d’Knallierbësse bei der?

MORITZ

So, fir ween häls de mech? Kuck, wat hunn ech d’Boxentäschen esou déck.

MAX

Gutt. An hei hänke jo och dem Schoulmeeschter seng Päifen. Komm, Moritz, komm, mer huelen déi déck hei. Déi ass esou flott.

MORITZ

Jo. Déi fëmmt e sécher nëmme sonndes. Mat där aner trëppelt e jo déi ganz Woch an de Pausen am Schoulhaff op an of.

MAX

Hei, elo de Polfer aus der Täsch an un d’Aarbecht.

ERZIELER

O jee, wat wäert dat duerch d’Haus knuppen a kraachen, wann de Schoulmeeschter seng Päif herno ufänkt, well elo stoppen se him alles voller Knallierbëssen.

MAX

(laacht) Esou e Sonndeg ewéi haut hat de Schoulmeeschter a sengem ganze Liewen nach net.

MORITZ

Deem flitt de Brëll vun der Nues.

MAX

An hien hannendrun.

MORITZ

Ei, dat gëtt dee Furri!

(D’Klacke lauden nees.)

Héier! D’Mass ass aus.

MAX

Komm, dann hänke mer seng Päif nees dohin, gläich kënnt en heem an da geet d’Freedefeier lass.

ERZIELER

Ech sot et jo: Gaunere sinn et, déi zwee Banditten. Huerteg rutschen se nees laanscht de Reekulang erof a verstoppe sech an der Heck, well et kann net méi laang daueren, bis ---

(Schrëtt)

Voilà, an do kënnt e jo schonn. O Schoulmeeschter, wann s de wéisst!

 

(D’Dier gëtt opgespaart - de Kanarievillche päift ewéi wëll.)

SCHOULMEESCHTER

Ah Fiffi, ech freeë mech ëmmer op de Sonndeg, fir eemol an der Woch näischt vum Max a vum Moritz ze héieren.

MAX

(am Pëspertoun) Ho, da meng alt!

SCHOULMEESCHTER

Sou, elo gëtt nach eng kleng Päif gefëmmt. - Ei! A menger Fotell ass dach déi gemittlechst Plaz, fir ze raschten. Nach Tubak … sou … an da Fixfeier…

(E Fixspoun gëtt ugefaangen.)

MORITZ

Kuck, an en hëlt déi richteg. Immens!

MAX

Moritz, dann zéi d’Oueren an.

(Et knuppt - Glas geet a Schierbelen - alles trëllt doruechter - de Max an de Moritz laachen.)

ERZIELER

Jo, dir hutt gutt laachen, mä kuckt emol äre Schoulmeeschter.

(De Schoulmeeschter keimt: Ah .. O ... Hëllef! Hëllef!)

Hie läit hannert dem Uewen an der Kuelekëscht, schwaarz am Gesiicht, d’Hiem zerrass, seng Kap ass bis op de Schaf geflunn, an och de Fiffi ass emol net méi esou kéng, fir e Piipsert vu sech ze ginn.

SCHOULMEESCHTER

Neen, schrecklech, wéi ech ausgesinn! O waart, dir zwee Lëmmelen, dat doe gëtt eng Strof vu 27 Säiten.

ERZIELER

Ma ja, ech sot iech et jo. Mä op mech hei lauschter jo keen.

Sou, dat war déi véiert 'lo

An déi fënneft kënnt gläich no.

 

 

*****

 

(Dobaussen an der Natur. Eng Baach plätschert - Vulle päifen etc.)

MAX

(rifft lues) Moritz!

MORITZ

Héier! Dat wor dach de Max. Mä … mä … wou ass en da blouss?

(De Max kichert.)

Géi, laach net esou topeg a weis dech léiwer.

(Äscht a Blieder raschelen.)

Ah, do sëtz de. A wat méchs du dann do uewen um Bam?

MAX

Da kuck emol.

('t raschelt an et surrt a summt rondrëmmer.)

MORITZ

Wat? Kierwerlécken? Elauter Kierwerlécken? Do gëtt ee jo dronken, wann déi esou ronderëm ee jauwen.

MAX

Moritz, mengs de, ech géif aus Eefalt hei uewen an den Äscht sëtzen? Hopp, fänk der e Grappvoll, an da verstoppe mer se dem Monni Charel an d’Bett.

MORITZ

Dem Monni Charel an d’Bett? Haha, jo … dat ass déi Iddi! Dat huet en dann dervun, dass en dem Paschtouer klape gaangen ass, wéi mir deem d’Pyjamasbox ënnen zougebitzt hunn.

ERZIELER

Ah, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten. Ech weess net, ob et scho iergend eng Kéier op der Welt esou näischnotzeg Näischnotze gouf. An elo marschéieren se mat engem groussen Nuesschnappeg voller Kierwerlécke bei de Monni Charel. Hei, e steet grad mat dem Schneider Meck sengem Leonie virun der Dier ze schnëssen. Ma dat ass jo da grad dee richtege Moment.

MAX

A schnell an d’Stuff. Komm, heihinner geet et.

(Eng Dir quiitscht - eng Wandauer téckt.)

Gesäis de, do ass jo de Canapé, wou onse gudde Monni Charel ëmmer seng Mëttesrascht hält.

MORITZ

Haha, wat wäert dee luussen, wann et him op eemol an der Laiskaul kriwwelt a kruwwelt.

(D’Auer fänkt un ze schloen.)

(erféiert) Max!

MAX

't ass dach nëmmen d’Auer, du Dräibiz do!

MORITZ

O jee! Elo wor d’Häerz mir ower bal an d’Box gerëtscht.

MAX

Hopp, zidder net, looss léiwer d’Kierwerleke sprangen!

MORITZ

Da kommt, dir kleng Wibbeldewappen.

MAX

Hei, dir véier, dir verstoppt iech ënnert d’Kappkëssen …

MORITZ

Tëscht den Decke wëllt de Monni der natierlech och. Du … an du an du …

MAX

An dir zwee hei, dir kraucht hannert de Pillem, wou en ëmmer d’Féiss drop leet. Hopp, ënnerdaach mat iech! Sou ...

MORITZ

Hee, du décken do, bleifs de wuel dobannen! Eréischt wann de Monni schléift, da fänkt der un ze kribbelen an ze krabbelen.

MAX

Jong, do misst een elo e Photoapparat bei sech hunn.

(Si kickele fir sech.)

ERZIELER

Op Zéiwespëtze woren déi zwee an d’Haus erageschlach komm an op Zéiwespëtze maachen se sech elo och nees zur hënneschter Dier eraus ---

(Messer a Forschett klabberen um Teller.)

--- well et dauert net méi laang, bis de Monni Charel an der Kiche beim Mëtteskascht sëtzt an nodeem e sech de Mond ofgebotzt huet, trëppelt en an d’Stuff, deet seng Schlappen aus a streckt sech de laange Wee op de Canapé, fir säin Tëmpchen ze halen. 

(De Monni gaapst.)

Ei! Mä knapps ass en entschlof ---

(E schnaarcht.)

--- hei kënnt och schonn deen éischte Kierwerlek aus senger Stopp a spadséiert him gemittlech iwwert de Bak.

(De Monni grommelt.)

An do nach een! Dee krabbelt houfreg iwwert de Kolli vu sengem Hiem a këddelt e mat senge viischte Patten am Ouer. O jee, a wat gëtt elo? Dräi Stéck mateneen! Se zéie sech um Kënn no uewen, schloen de Kopplabunz am Schnurres a krauchen erop op d’Nues.

MONNI CHAREL

(am Schlof) Mä der Däiwel net nach! (erschreckt op eemol) Wat? Ee Kierwerléck? Zwee Kierwerlécken? Dräi Kierwerlécken?

(E schléit ëm sech – de Max an de Moritz laachen.)

Iwwerall däers Gedéiesch?! Du mengs, du wiers an engem Flouzirkus. O waart, elo kommen ech mat der Schlapp, an da sidd der gläich alleguerte platt.

(Et klaakt riets a lénks; währenddem:)

Kënns de wuel! Hopp! An du och. Ah, ech kréien iech alleguerten. Donnerwieder net nach, a ween huet iech Véi nëmmen hei a mengem Canapé verstoppt?

ERZIELER

Fro nach, Monni Charel, a ween da schonn? Natierlech de Max an de Moritz.

(De Max an de Moritz laachen.)

Mä déi si scho laang nees um Tuer, fir dem Bäcker Tun eng ze stiichten …

Sou, dat war déi fënneft 'lo

An déi sechst, déi kënnt gläich no.

 

 

*****

 

ERZIELER

Neen, wéi dat richt! Aachtercher, Mouerekäpp, Äppeltäschen, Schokklaskichelcher – dat an nach vill méi huet de Bäcker Tun a senger Bäckerei leien. A well et eben esou gutt richt, passt de Bäcker Tun och ëmmer gutt op, dass keen a seng Bäckerei stibitze kënnt.

 

(Eng Dier gëtt zougespaart - déck Schlëssele rabbelen.)

MME BIREBAM

Wéi, du späers d’Dier hannerun der zou?

BÄCKER

O jo, Madame Birebam. An de Schlëssel hunn ech ëmmer bei mer an der Täsch, well deen heite traut kengem. An dem Max an dem Moritz scho guer net.

ERZIELER

Mä neen, déi zwee brauche keng Dier, fir iergendzwousch eran-zekommen. Well knapps huet de Bäcker Tun de Réck gedréint, kraxelen se vun hannen op den Daach erop a rutschen dann duerch de Kamäin a seng Bäckerei erof ---

(Et knuppt zweemol.)

--- wou se mat dem Kapp vir an enger grousser Këscht landen, an enger grousser Këscht mat dem Miel dran.

MAX

Autsch! Dat doe wor net grad dat Feinst, Moritz. Ziel emol. Eng … zwou … dräi Bëlzen hunn ech op der Stier.

MORITZ

A wéi mer ausgesinn! Alles voller Miel. Wäiss vun uewe bis ënnen.

MAX

(laacht) Wann de Bäcker Tun elo kënnt, da mécht en an d’Box, well e mengt, mir wieren zwee Gespenster vun enger Geeschterbunn.

MORITZ

Mä so, kuck emol, a wat gesi meng Aan dohannen? Eng ganz Rëtsch Äppeltaarten a Quetschentaarten.

MAX

Genial! Dat doen, dat sinn elo eis. Déi gi mat heem. Waart emol.

(E Stull gëtt geréckelt.)

MORITZ

A wat méchs de dann elo, Max?

MAX

Ma ech huelen e Stull. Dass mer dru kommen. Firwat muss de Bäcker dann och alles esou héich eropstellen?

MORITZ

O, mengs de, dee wier da stabill genuch? Dee wackelt jo schonn, wann een en nëmmen ukuckt.

MAX

Pack dech. Du wackels och, wann een dech nëmmen ukuckt.

ERZIELER

't ass da gutt, denkt de Moritz. Si klammen allen zwee op de Stull erop, stelle sech och nach op d’Zéiwespëtzen - olala, eng wackleg Geschicht, mä dunn, et ass net auszedenken ---

(Holz kraacht.)

--- du fiert de Stull op eemol a Stécker, a véier Bouwebeen fléien duerch d’Luucht, flang dës Kéier an eng grouss Biitche voller Deeg, wou se elo wéi geckeg dra struewelen a wullen.

('t gëtt am Deeg gewullt.)

MORITZ

Max! Max! Bass de nach do? Ech gesinn dech jo guer net méi.

MAX

Dach ech sinn hei. Just nieft der. O neen! Fir d’éischt trëlle mer an d’Miel an elo och nach an den Deeg.

MORITZ

D’Ae voll … d’Hoer voll …

MAX

D’Box voll … d’Schong voll … an alles pecht a pecht …

MORITZ

Tja, ech hat der et jo gesot. Dee Stull, dee wackelt. Mä neen, du woors jo alt nees méi gescheit.

ERZIELER

Se sëtze wierklech aartlech do, wéi an enger komescher Bued-bidden. Et gesäit ee keng Oueren a keng Nues méi, mä just nach Deeg an nëmmen Deeg. An hei, op eemol …

 

(Schlëssele rabbelen - d’Dier gëtt nees opgespaart.)

BÄCKER

Do hunn ech dach iergendeppes héieren, Madame Birebam. A meng Oueren hu mech nach ni am Stach gelooss.

MME BIREBAM

(erféiert) Härgott, Bäcker Tun! Wat ass dann dat do? Gesinn ech elo d’Männercher oder wat?!

BÄCKER

Ah, ech wosst et jo. Deenen zwee ass net ze trauen.

MME BIREBAM

An da schwammen se och nach an dengem Deeg ...

BÄCKER

Ower net méi laang, Madame Birebam. Net méi laang.

(Eng Kaz miaut.)

Hopp, Kueder, géi mer emol aus de Féiss. Elo huet et fir déi zwee geschellt.

ERZIELER

An de Bäcker Tun hëlt déi zwou Deegknuppe beim Wéckel, tesselt se op den Dësch, rullt an dréint se hin an hier a stécht se dann ewéi zwee Kilo Brout an de Bakuewen. Mä knapps huet en se knuspereg a brong gebrannt erausgeholl a widdert d’Mauer gestallt, fir ofzekillen, du fänkt et op eemol un ze kréckelen an ze bréckelen.

 

(Et knuspert a bréckelt.)

MAX

(am Pëspertoun) Moritz!

MORITZ

(vu bannen) Ja?

MAX

Ech si schonn hallef nees dobaussen. Du muss just den Deeg futti schloen an dech dann derduerch iessen.

(Et knuspert a bréckelt nees.)

MORITZ

Ou jo, dat geet. Mmm, so, a wéi gutt dat schmaacht! Ah, de Bäcker Tun ass ower dee beschte Bäcker op der Welt.

MAX

Träntel net an iess!

MORITZ

Mä da ginn ech jo ëmmer méi déck an ech komme guer net méi eraus.

MAX

Allez! Hal op mat braddelen a maufel weider!

(Et knuspert a bréckelt weider.)

Sou, bass de endlech? Allez hopp, de Mond ofgebotzt a fort si mer!

(Dëst an dat trëllt nach duercherneen – Schrëtt lafe fort.)

MME BIREBAM

(ausser sech) Bäcker Tun, Bäcker Tun! Ruff d’Police! Dohanne lafen se.

ERZIELER

Tjo, just de Kueder miaut, an d’Madame Birebam deet Kreesch, mä de Max an de Moritz sinn alt nees duerch d’Latten. An dobei hu se sech de Bauch och nach gutt puppsat giess.

Sou, dat wor déi sechst elo,

An déi siwent kënnt gläich no.

 

 

 *****

 

 

  (Geräischer op dem Bauerenhaff)

MAX

So, Moritz, solle mer net nach zu gudder Schluss dem Bauer Schmittchen eng stiichten? Dee gëtt jo ëmmer esou flott rout am Gesiicht, wann e sech iergert.

MORITZ

Ech wëll. Hues du dann nach eng Iddi? Ech hu keng méi.

MAX

Mä dohannen an der Scheier huet e grad eng Doze Säck voller Weessekäre stoen. Déi kënnte mer him villäicht mat dem Täschemesser opschneiden.

MORITZ

Ou jo, Max. An herno, wann en se an d’Luucht hieft, da kënnt de Weess erëm ënnen erausgelaf.

MAX

Eben.

(Schrëtt lafe fort.)

ERZIELER

Jo, Gaunere sinn et, déi zwee Banditten, well keng zwou Minutte méi spéit sëtzen se scho beim Schmittchen an der Scheier ---

(Sakduch gëtt duerchgerappt.)

--- a ritsch-ratsch schnëppelen se d’Säck een nom aneren op, dass de Bauer herno alles verléiert. Mä Jongen, zitt elo d’Käpp an! Ech héieren eppes.

 

(En Trakter fiert bäi.)

BAUER

(rifft vun hannen) Ee Momentchen, Schneider Meck.

MAX

Moritz, de Schmittchen!

MORITZ

Schnell hannert d’Stréi, soss ginn et Streech.

BAUER

Ech tesselen nach just d’Säck op de Won. De Mëtteg fueren ech jo op d’Millen.

ERZIELER

A kuckt, wéi de Bauer sech dru gëtt, d’Säck um Bockel duerch den Haff ze schleefen. Mä wou e geet a wou e steet, kënnt de Weess ënnen erausgelaf. De Kueder leeft vu Schreck op d’Säit, den Hond vergësst ze billen, an d’Hénger komme vun alle Säite gedabbert, fir d’Kären opzepicken.

 

(Héngergejadders)

BAUER

Mä jësesse Kanner net nach! A schonn nees näischt méi dran!´t ass fir aus der Haut ze fueren. All Kéier, wann ech beim Won ukommen, dann ass de Sak erëm eidel.

LEONIE

Bauer Schmittchen, do muss sécher een der e Lach an d’Sak geschnidden hunn. Kuck emol, wat hues de schonn iwwerall gestreet.

BAUER

E Lach? – Weis emol hier. Tatsächlech, Leonie. D’Säck sinn alleguerten opgeschnidden.

(De Moritz néitscht.)

MAX

Pscht!

MORITZ

Mä ech kann ower net derfir, wann et mech an der Nues këddelt.

BAUER

Aha, an do néitscht een a mengem Stréi?! Ma da Gesondheet, mäi Jong. Waart, elo rabbelt et an der Broutgaass. Elo ass et Feierowend.

ERZIELER

An de Bauer hëlt se mat dem Schlawittchen a stécht se an déi eidel Säck eran. Bis ënnenhin. Dass just nach hir Käpp eraus-luussen.

BAUER

Sou. D’Duerf huet et mat äre Gaunertricke sat. Elo geet et bei de Mëller mat iech zwee.

MORITZ

Waaat?

MAX

Bei de Mëller?

BAUER

Dat gëtt en décke Koup, dat do, hahaha ... Mengs de net och, Leonie?

MORITZ

Max, dee wëll eis muele loossen ewéi Kaffi an enger Kaffismillen.

MAX

(jéimert) Wann ech gelift net, Bauer Schmittchen, wann ech gelift ...

BAUER

Hei gëtt et sech näischt méi ze wann-ech-geliften. D’Welt ass frou, wann se iech zwee Raiberen lass ass. Allez hopp, a fort mat iech.

(De Max a Moritz duercherneen:)            - Hëllef!

                                                - Madame Leonie!

                                                - Schneider Meck!

                                                - Madame Birebam!

                                                      - Hëllef!

ERZIELER

De Max struewelt mat Hänn a mat Féiss, de Moritz jäizt sech d’Strass aus dem Hals eraus, mä de Bauer tesselt déi zwee Säck op seng Schuppkar a mécht sech op de Wee fir an d’Millen.

(Eng Schuppkar kréckelt.)

Ower hei, op eemol ---

 

(E Wecker rabbelt.)

MAX

(verschlofen) Wéi? Do héieren ech dach eppes ... Soll dat schonn éieren an der Mille sinn? Hee, Mëller, nu maach dach keen esou e Kaméidi!

('t rabbelt nach e Wecker.)

MORITZ

Mä --- also, dat do ass ower droleg. Elo rabbelt mäi Wecker.

MAX

So Moritz, du läis jo an dengem Bett?!

MORITZ

Mä du dach och. Kuck emol.

MAX

Wierklech! Dann hunn ech jo alles nëmme gedreemt ...

MORITZ

An ech och … Ho, déi do ass ower fir ze laachen. Mir hu gedreemt.

(Vun alle Säiten:)

MONNI CHAREL

Max!

BÄCKER

Moritz!

TATTA LISA

Hopp, dir zwee Siweschléifer!

LEONIE

Dajee, opstoen!

SCHNEIDER

Aus de Fiedere mat iech!

ERZIELER

Jo, jo, wann een dreemt, da kann een déi flottste Lausbouwen-tricken dreiwen. Der Tatta Lisa d’Hénger duerch de Kamäi fëschen, un der Bréck seeën, dass de Schneider an d’Baach fält, dem Monni Kierwerlécken an de Canapé verstoppen, de Schoulmeeschter mat der Päif explodéiere loossen  ---

MAX

Mä ee Gléck wor et jo alles nëmme gedreemt, soss géife mer elo och nach an der Mille gemuel ---

(Eng Mille dréint.)

MME BIREBAM

Waat? Kracks, kracks, kracks duerch d’Millen?

MORITZ

--- an iwwermuer kéime villäicht dem Bauer Schmittchen seng Hénger eis oppicken …

(Héngergejadders)

SCHOULMEESCHTER

Allez, géi! Nun iwwerdreif ower net!

 

*****

 

 

D'LIDD VUM MAX A VUM MORITZ

(Musek: Heng Kleren – Robi Arend)

 

 

Dat ass de Max an de Moritz,

Verréckt a jaus a geckeg,

Si maachen all Mënsch rosen hei

A laachen nach derbei.

Ah jo, de Max an de Moritz,

Si hu keng gutt an der Kopp,

A knapps hu se eng gestiicht,

Da kënnt déi nächst – pass op!

 

Mat der Aangel, hopp,

Geet et op den Daach erop,

De Flocki mécht grouss Aan,

Well si fëschen d’Hénger aus der Pan.

An de Schneider Beck,

De Schneider Meck-meck-meck,

Deen trëllt am hellen Dag

Perdatsch! mam Hënneschten an d’Baach.

 

Dat ass de Max an de Moritz,

Verréckt a jaus a geckeg,

Si maachen all Mënsch rosen hei

A laachen nach derbei.

Ah jo, de Max an de Moritz,

Si hu keng gutt an der Kopp,

A knapps hu se eng gestiicht,

Da kënnt déi nächst – pass op!

 

Duerno gëtt dann nach

Polfer an d’Päif gestach,

Ei, dat knuppt an der Bud

An den Här Läährer flitt duerch d’Luucht ...

Mä beim Bäcker Tun

Do sinn se méi domm drun,

Ewell do gi se klak

Mat dem Deeg als Brout gebak ..

 

Dat ass de Max an de Moritz,

Verréckt a jaus a geckeg.

Si maachen all Mënsch rosen hei

A laachen nach derbei.

Ah jo, de Max an de Moritz,

Si hu keng gutt an der Kopp,

Ower ech, ech kréien ëmmer

Gläich eng hannendrop ...