… eng Hörspill-Geschicht

op d'Iddi vum Dicks sengem

"De Wëllefchen an de Fiiss-chen" ...


DE WOLLEF AN DE FUUSS

(1982)

 

 

Persounen:              de Wollef

de Fuuss

 

de Bäcker

d’Madame Peffermeyer

d’Tatta Maus

de Bauer

d’Margritt, seng Fra

 

de Charly

de Fränz

d’Maisy, dräi Kanner

 

den Erzieler

 

 

ERZIELER

Am Summer liewen se wierklech net schlecht: de Fiiss-che fänkt sech Feldhénger, de Wollef jonk Bëschkanéngercher – jee, si féieren e gutt Liewen. Mä esoubal de Wanter kënnt, da grommelt hinne méi ewéi eemol de Bauch vun Honger. Kuck nëmmen, wéi se ronderëm d’Duerf trëppelen: de Wollef mat enger décker, gestrécktener Mutz iwwert d'Oueren, an de Fiiss-che mat engem schwaarzen Zylinder um Kapp. Se sichen a se sichen, mä si fannen näischt fir ze friessen.

(Naturgeräischer)

WOLLEF

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,“

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen.“     

FUUSS

Wat? Ho, du dees mech laachen, Koseng.

WOLLEF

Elo lafen ech scho wéi vill Deeg mat dir kräiz a quier duerch d’Géigend, mä ech hunn nach ëmmer näischt tëscht d’Zänn kritt. An da soen se nach, du wiers dee Schlauste vun eis alleguerten. Maach Fuuss, dass mer gläich eppes fannen, well soss ergeet et der schlecht.

FUUSS

Komm, verstopp dech. Dohanne kënnt de Bäcker.

(En Auto fiert bäi.)

BÄCKER

(rifft vu wäitem) Kiermeskuch! Kiermeskuch!

WOLLEF

Mmmm ... Kiermeskuch ... Deen hunn ech fir mäi Liewe gär. Komm, Fiiss-chen, komm mer stierzen eis séier drop.

FUUSS

Wollef, bass de weis? Mer kriten de Bockel voller Streech. Neen, neen, et muss ee sech vill méi schlau uleeën. Hei, hal du emol ee Moment mäin Zylinder un an da kucks de mir no, wéi ech et maachen. Schliisslech kanns de nach vill vu mir bäiléieren.

ERZIELER

Nu kuck emol ee Mënsch sech de Fiiss-chen un! E leet sech ewéi doudeg matten op d’Strooss, streckt se alle véier ewech a wackelt emol net méi mat den Oueren.

BÄCKER

(erféiert) Hë? A wat der Däiwel läit dann hei? (rifft) Madame Peffermeyer! Madame Margritt! Kommt emol schnell kucken.

CHARLY

E Fuuss ... e richtege Fuuss ...

PEFFERMEYER

So Bäcker, dee réiert sech jo net méi.

MARGRITT

Weis dech emol, Fiiss-chen. - Mä so, du bass jo dout. Mausdout.

PEFFERMEYER

Dann huel der e mat heem an zéi him deen deiere Pelz iwwert de Kapp.

BÄCKER

Dat ass eng gutt Iddi, Madame Peffermeyer. Kommt, paakt Dir hannen un an ech vir an ---

ZESUMMEN

Een, zwee, dräi – hoppla!

BÄCKER

--- a scho läit en am Auto.

ERZIELER

Mä de Fiiss-chen, passt op, dat ass e geriwwene Kärel, an iwwerdeems de Bäcker nach weider mat dem Margritt an der Peffermeyesch schwätzt, du spréngt en op eemol mat engem grousse Saz aus dem Auto eraus.

('t trëllt alles duercherneen am Auto.)

PEFFERMEYER

(ausser sech) Bäcker! De Fuuss ... de Fuuss ass nees lieweg ginn ...

MARGRITT

O jo, dohanne leeft en.

CHARLY

A mat engem décke Kuch tëscht de Patten.

BÄCKER

Wierklech! En huet mer och nach e ganze Kiermeskuch geklaut. O waart, Männchen, wann ech dech erwëschen, ech dréien der de Kapp op de Réck.

ERZIELER

Mä de Fiiss-chen ass scho laang hannert der Heck verschwonnen, an do gëtt de Kiermeskuch bis op déi leschte Grimmel opgiess. Da leckt e sech de Mond a geet bei de Wollef säin Zylinder sichen.

FUUSS

Hues de gesinn, Wëllefchen? Esou mécht een dat.

WOLLEF

Fuuss, elo hues de e ganze Kiermeskuch ënnerdaach, an ech, ech sinn nach ëmmer hongereg.

FUUSS

Mä nu verzweifel dach net esou séier.

(Den Auto kënnt nees bäigefuer - de Bäcker schellt.)

Kuck, elo ass den Tuer un dir. Hopp, maach et grad ewéi ech an da kanns de och eramaufelen, Häerz wat begiers de, well 't ass nach genuch do.

WOLLEF

Jo jo, ech hunn der gutt nogekuckt. 't ass einfach ewéi Bonjour, et brauch een nëmmen net ze fäerten.

ERZIELER

De Wëllefchen hat wierklech gutt nogekuckt, e leet sech och de laange Wee op de Buedem a réiert keng Oder am Leif. Mä de Bäcker léisst sech net eng zweete Kéier uschmieren ...

BÄCKER

Hei, do läit jo nees een an der Strooss, e schéngt mer och aus där selwechter Famill ze sinn. Hahaha, neen, mäi Beschten, déi Spiichte kenne mer. Komm hier, ech léieren dech, wat et heescht Kiermeskuch ze klauen. A fir de Fiiss-che ginn ech der och nach e schéine Bonjour mat.

ERZIELER

An de Bäcker hëlt de Wollef mat dem Schlawittchen, rëselt en a sengem Pelz hin an hier an dréckt him e Fouss hannebäi, dass en de Kopplabunz schléit a mat dem Kapp an e ganze Koup Dreckskiwwele flattert.

(Dreckskiwwele falen ëm.)

( Stëmmen duercherneen:

- O Gott, a wat ass doënne lass?

- Jëses, 't ass de Wollef!

- E krut Streech vum Bäcker.

- Kuck nëmmen, wéi en do läit!)

WOLLEF

(jéimert) Au, au ... meng Schanken ... a mäi Kapp … O jee, ech aremt Stéck! – Fuuss, wou bass de? Waart, dat doe gëtt dech en deiere Kiermeskuch.

ERZIELER

Neen, neen – ech wëllt net am Wëllefche senger Haut stiechen, deen huet bestëmmt d’Stäre gesinn. An de Fiiss-chen, deen ale Schauss, dee sëtzt dohanne sech de Bauch ze hale vu Laachen.

(Knaschteg Laach vum Fuuss)

 

****

 

CHARLY

Mmmm – mä so Fränz, a wat richt hei sou gutt?

FRÄNZ

Ah, d’Tatta Maus huet nees Pangecher gemat. Kuck, do uewe leien se op der Fënster um Teller.

CHARLY

Do gëtt ee scho richteg schneekeg, an d’Waasser leeft engem am Mond zesummen.

ERZIELER

Aha! A gläich komme si och, de Wëllefchen an de Fiiss-chen. Mä o mei, de Wollef hippt jo an en huet och nach de Kapp déck verbonnen. Jee, kee Wonner och, well deen hat wierklech seng Wichs krut.

WOLLEF

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,“

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen.“        

FUUSS

Wéi? Bass de schonn nees am Gaang ze knouteren?

WOLLEF

Fuuss, ween huet e ganze Kiermeskuch eragefeiert? Du! A wee gouf duerfir mat dem Kapp an d’Dreckskiwwele geworf? Ech! Neen, neen, du bass mir wierklech en aartleche Koseng.

FUUSS

Mä Wëllefchen, nu looss dech dach zëssen. Kuck, d’Tatta Maus huet e ganze Koup Pangecher fir eis gemat. Do uewe leien se. 't brauch een nëmmen zouzegräifen.

WOLLEF

(begeeschtert) Wierklech! A wat sinn et Bätz! Ah Fiiss-chen, Pangecher klauen, ei, dat ass menges. – Mä ... wéi soll ech dann do d’Mauer eropklammen?

FUUSS

Komm mat. Hei am Schapp muss iergendzwousch eng al Leeder stoen.

(Holz a Blech gëtt ëmgeworf.)

Pscht!

(D’Stëmme vu wäit hier:)

PEFFERMEYER

An ech wetten, de Wollef kann haut net méi op senge véier Patte stoen, esou hat de Bäcker deen nonee gemat.

MARGRITT

Ja ja, et muss ee sech virun deenen zwee an Uecht huelen: dem Wollef, deem hänkt d’Zong vun elauter Gourmang bis op de Buedem ---

CHARLY

--- an de Fuuss, dat ass e Luussert ewéi en am Buch steet.

(D’Stëmmen nees normal weider:)

FUUSS

Sou, d’Loft ass propper. Komm Wëllefchen, pak mer eng Hand mat un, da stelle mer d’Leeder widdert den Hausgiewel.

(D’Leeder gëtt bäigeréckelt.)

Voilà. Elo brauche mer nëmmen eropzeklammen an eis ze servéieren.

WOLLEF

An der Rei. Bleif du ower hei ënne sëtzen, an esoubal sech een an der Gaass weist, da päifs de mer.

FUUSS

Hee, ee Momentchen, Koseng, net esou sturrazeg. Looss mech léiwer vir. Ech weisen der, wéi ee richteg Pangecher klaut. Oder wëlls de hunn, dass et der op eemol erëm esou geet ewéi beim Bäcker?

WOLLEF

Hm ... hm ... 't ass da gutt. Da géi du vir. Mä maach, dass de mer nach eppes iwwreg léiss.

FUUSS

Keng Angscht, Wëllefchen. Ech hunn nach ëmmer un dech geduecht. Hei – hal mer mäin Zylinder un.

ERZIELER

De Fiiss-che luusst nach schnell eemol rondëm sech, an een, zwee, dräi klëmmt en esou flénk ewéi e Kaweechelchen d’Leeder erop. Da kroopt e sech schnell eng Koppel Pangecher vum Teller a kënnt ganz houfreg nees erofgeklotert.

(Eng Fënster geet op – d’Tatta Maus päift e Liddchen.)

An hei – d’Tatta Maus gëtt sech net. Grad ewéi de Fuuss ënnen am Schapp verschwënnt, mécht si uewen d’Fënster op a bréngt nach eng ganz Portioun Pangecher.

FUUSS

Wëllefchen, kuck, déi si fir dech. Dat ass grad dat richtegt fir däin hongregt Lach am Bauch. Maach et ewéi ech, da wäert et scho klapppen.

WOLLEF

Sécher. Wat e klenge Fiiss-che fäerdeg bréngt, dat kann en ale Wollef scho laang.

FUUSS

Mä huel dech nëmmen an Uecht, dass de der d’Patten net verbrenns, well kuck, déi Pangecher dämpen. Déi komme frësch aus der Pan a se sinn nach gliddeg.

ERZIELER

De Wollef leckt sech de Mond a schaukelt och d’Leeder erop. En hëlt alt ëmmer e puer Sprëss mateneen, well et geet him einfach net schnell genuch, fir der Tatta Maus hiren Teller ze botzen. (ausser sech:) Mä Wollef, pass dach op! D’Pangecher si waarm.

(Den Teller rabbelt.)

Fësch der dach een nom anere vum Teller erof! Mä neen, elo gräift e mat béide Patten an dee ganze Koup a wëll se all mateneen huelen.

WOLLEF

Au! Au! Uuuhh ... ech hu mech verbrannt ... Nondikass!

ERZIELER

Ho, wat en elo do uewe struewelt, deen Aarmen, kuck e Mënsch sech dat un! (nees ausser sech:) Mä … jësesse Kanner! Zitt iech schnell op d’Säit, elo trëllt d’Leeder och nach ëm!

(De Wollef deet e laange Kreesch – d’Leeder kraacht op de Buedem.)

O Wëllefchen, du Gourmang do ... esou geet et engem, wann een net fir zwee Su iwwerleet.

WOLLEF

(jéimert a klot) O jee, o jee ... mäi Kapp ... a mäi Réck ... Schrecklech! An dobei hunn ech emol nach kee Pangech erwëscht. – Fuuss, komm hier, ech huelen dech mam Halsgenéck.

TATTA MAUS

(vun uewen) A wat der Däiwel ass do ënne lass? Ah, 't ass de Wollef. En huet mer meng Pangecher geklaut. Da waart Männchen, ech kommen elo mat dem Teppechkläpper.

FUUSS

Koseng, maach dech schnell aus dem Stëbs, well soss kriss de och nach vun der Tatta de Bockel hol a blo geschloen.

(Stëmmen duercherneen:

- Hei, dohanne leeft en.

- Séier, Tatta Maus!

- Laf him no!

- Gëff him den Doudstreech!)

TATTA MAUS

(ausser Otem) Do! Elo ass e mer ower nach duerch d’Bascht. Ech sinn nämlech mam Schierteg am Drot hänke bliwwen. En hat nach eemol Gléck, well ech hätt him den Teppechkläpper um Bockel a Stécker geschloen.

ERZIELER

An nees eemol wor de Wollef deen Domme bei der Saach ... De Fuuss ower huet fir haut de Bauch puppsat a kann nëmmen iwwert säi Koseng laachen.

(Knaschteg Laach vum Fuuss)

 

           ****

 

ERZIELER

Déi kleng Baach, déi hanne beim Bësch duerch d’Wise leeft, ass ëm dës Zäit am Wanter ëmmer déck zougefruer, an da sinn d’Kanner natierlech um Dill.

CHARLY

Ei, haut kënne mer schläichen!

MAISY

Mmm, mengs de, d’Äis wier dann déck genuch, net dass mer op eemol abriechen?

CHARLY

O Maisy, du bass eng fäertereg Popp.

FRÄNZ

Nee Charly, d’Maisy huet recht. Komm mer puchen emol dëse Steen drop, da gesi mer, ob d’Baach fest genuch gefruer ass.

ZESUMMEN

Een ... zwee ... dräi ...

(D’Äis kréckelt.)

MAISY

A krätsch ass e Lach am Äis.

CHARLY

Pech!

FRÄNZ

Gesäis de, Charly, elo häss de naass Féiss kritt.

CHARLY

Tjo, a wat fänke mer elo un?

MAISY

Ech hunn eng Iddi: kommt mer gi mat dem Schlitt fueren.

FRÄNZ

Immens! Wee geet mat?

(Duercherneen: Ech ... ech ... ech ...)

ERZIELER

Dee selwechten Owend nach luussen zwou Schnauzen aus dem Gestraiss beim Dännebësch eraus. Jo, 't ass de Wëllefchen an de Fiiss-chen ... Sécher hu se sech hei verstoppt, well se net méi sou kéng woren, sech am helllichten Dag am Duerf ze weisen.

WOLLEF

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,“

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen.“     

FUUSS

O neen, Wollef, fänk dach net schonn nees dermat un! Du kriss ower och ni genuch, du Fripong do.

WOLLEF

(rosen) Wat? Fripong nenns du mech? Bis elo hues du gelieft ewéi e Kinnek, an ech, ech wor den Hännes, ech sinn iwwerall mat der dommer Nues bäigelaf. – Fuuss, kuck, dass ech eppes an de Bauch kréien.

FUUSS

Da komm Koseng, da géi mat bei d’Baach a gläich bass de net méi hongereg.

WOLLEF

Bei d’Baach? A wat hues de dann do wëlles? Déi ass dach déck zougefruer.

(Schrëtt duerch de Schnéi - Waasser plätschert.)

FUUSS

Hei ass e Lach am Äis, Wëllefchen, d’Bouwen aus dem Duerf hu jo e Steen drop gehäit, a kuck nëmmen déi sëlleche Fësch, déi ënnen am Waasser hin an hier schwammen.

WOLLEF

(verwonnert) Wierklech! - Hätt een dach nëmmen eng Aangel bei sech!

FUUSS

Du dees mech laachen, Koseng. Fir ze fësche brauchs de dach keng Aangel. Kuck emol däi Schwanz, 't ass deen décksten aus dem ganze Bësch.

WOLLEF

Nu so nach just, ech soll mat mengem Schwanz Fësch fänken.

FUUSS

Ma dach. Vun alle Säite kommen se erbäi, an all gudde Moment hues de zwee, dräi Pond drun hänken.

WOLLEF

Bass d’es sécher, Fiiss-chen?

FUUSS

Du frees och nach? Op mech kanns de dech dach verloossen, Koseng.

ERZIELER

Dem Wollef grommelt de Bauch ëmmer méi vun Honger – a wat soll en dann och anescht maachen ewéi dem Fiiss-chen säin Trick auszeprobéieren?! Esou huppt e sech an de Schnéi a stécht de Schwanz duerch d’Lach an d’Baach eran.

('t gëtt am Waasser gepuddelt.)

WOLLEF

Huuu ... tjëft, d’Waasser ass äiskal.

FUUSS

Koseng, bass de e Schlappschwanz? Elo heescht et Fësch fänken, dann ass et net fir Männercher ze maachen. Komm, looss de Schwanz nees an d’Waasser hänken, esou déif ewéi et geet.

WOLLEF

Brrrr .... d’Schuddere gi mer aus.

FUUSS

Allez, weis dass d’ e Wollef bass a bleif roueg sëtzen. Kuck, elo gëtt et schonns gemittlech däischter, a wa muer de Mueren der Dag kënnt, dann hues de d’Fësch alleguerten aus der Baach erausgeaangelt. Mä denk drun, du duerfs net mat dem Schwanz ze wackelen.

ERZIELER

De Fiiss-che verkraucht sech nees an d’Hecken, fir en Tëmpchen ze halen, an de Wollef, hie bleift roueg am Schnéi sëtzen. Hei an do mengt en alt, et géif eppes um Schwanz wibbelen, mä en traut sech net no hannen ze kucken, fir d’Fësch nëmmen net ze verdreiwen. Esou vergeet d’Zäit ---

(De Wand fänkt un ze haulen.)

--- an de Wise gëtt et ëmmer méi kal, an d’Baach fréiert gemittlech nees zou – blouss de Wollef mierkt näischt dervun. Nach an der stackdäischterer Nuecht sëtzt en do, d’Mutz iwwert béid Ouere gezunn, a säi Schwanz, dee stécht fest am Äis.

WOLLEF

(rifft) Fiiss-chen! Fiiss-chen!

FUUSS

Ah Koseng, hues de schonn eppes gefaangen?

WOLLEF

't ass bal net ze gleewen. Mäi Schwanz ass esou schwéier ginn, ech kréien en emol net méi am Waasser hin an hier.

FUUSS

Dat sinn d’Fësch, Wëllefchen. Zu Honnerten an Honnerten hänken se drun.

WOLLEF

(keimt) Ah ... ah ... neen ... Ech packen se emol net all mateneen. Fiiss-chen, hëllef mer de Schwanz aus der Baach zéien.

FUUSS

Da reech mer d’Patt. Zu zwee geet et besser.

ZESUMMEN

Ho-hopp! Ho-hopp!

WOLLEF

Au ... mäi Schwanz.

FUUSS

Bäiss op d’Zänn, Wëllefchen. 't feelt net méi vill, dann hu mer en heibaussen.

ZESUMMEN

Ho-hopp! Ho-hopp!

ERZIELER

O jee, a wat se rappen a rappen! Dem Fuuss kënnt esouguer de Schweess op d’Stier. An hei ---

(D’Äis kraacht.)

--- op eemol kraacht et am Äis, an de Wollef ass lass. Mä, o Schreck ...

WOLLEF

(ausser sech) Mäi Schwanz! Der Jomer net nach, wou ass mäi Schwanz?

FUUSS

O jeeminee ... wierklech ... do stécht en am Äis.

WOLLEF

Fuuss, wat hues de gestiicht? Du hues mer mäi Schwanz lass gerappt.

FUUSS

Mä ... mä ...

WOLLEF

Kuck, wéi lafen ech elo doruechter? An et wor esou e schéinen ...

FUUSS

Mä Wëllefchen, reeg dech dach net op. Komm, ech maachen der en neien.

WOLLEF

En neien?

FUUSS

Een aus Stréi.

WOLLEF

Fuuss, méchs de och elo nach de Geck mat mer?

FUUSS

De Bauer huet eng ganz Scheier voll, an et ass schnell geschitt, well ech sinn e Meeschter an all Handwierk. O Koseng, wat bass du een ...

(Knaschteg Laach vum Fuuss)

 

****

 

ERZIELER

Deen aneren Dag sëtzen se beim Bauer am Stréi. De Wollef ass nach ëmmer déck rose mat dem Fiiss-chen.

WOLLEF

Mäi léiwe Fuuss, du bass an du bleifs e Spëtzbouf.

FUUSS

Wat? An esou schwätz du mat mir? Kuck nëmmen dee schéine Schwanz, deen ech der aus Stréi gemat hunn - ass en dann net gutt geroden? 't gëtt keen am ganze Bësch méi bewonnert ewéi s du.

WOLLEF

Jee, jee, jee, duerfir hunn ech ower nach ëmmer en eidele Bauch.

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech hunn näischt z’iessen,“

„Fiiss-chen, Fiiss-chen, ech muss dech friessen.“     

FUUSS

Pscht, Koseng, net esou haart.

(Um Bauerenhaff - d’Stëmme vu wäit hier:)

TATTA MAUS

Ma ja, wéi ass et Misch, hues de da fir d’Kiermes nach kee Schwäi geschluecht?

BAUER

Ma dach. Gëschter Mueren.

MARGRITT

An haut ginn Zoossissen a Pâté, Jelli an Träipe gemat, Tatta Maus.

(D’Stëmmen nees normal weider.)

WOLLEF

Mmmm, Fiiss-chen, héiers de? An ech, ech sinn esou hongereg.

FUUSS

Gedëlleg dech nach bis den Owend. Esoubal de Bauer am Bett läit, da krauche mer an de Keller a mer maachen ons iwwert dat ganzt Fleesch hier.

WOLLEF

Ah Fiiss-chen, ech sinn ower frou, dass ech esou e Koseng hunn ewéi dech.

ERZIELER

Dem Wollef gouf dee ganzen Dag d’Zäit laang, all Abléck huet en zur Daachliicht erausgeluusst, ob et nach net soll däischter ginn. A wéi et dunn endlech esou wäit wor, du sinn se op Zéiwespëtzen duerch de Gaart geschlach.

(Eng Kiercheklack laut.)

FUUSS

(pëspert) Komm, iwwerall sinn d’Lueden zou, an enéierens brennt méi eng Luucht.

WOLLEF

Jo. De Bauer a säi Margritt schlofe bestëmmt scho gutt fest. Ei, wat gëtt dat elo eng Freed!

FUUSS

Kuck, dohanne steet d’Kellerfënster nuets op. Komm, Wollef, du hues jo am meeschten Honger. Klamm du als éischte bei d’Fleesch.

ERZIELER

Dem Wollef bleift d’Schnauz opstoen wéi e sech am Schluechtkeller ëmkuckt. Riets hänken Hamen, Wurschten an Träipen, lénks sti Schossele mat Jelli a Pâté. E stierzt sech drop ewéi e Wëllen, alles stécht en eran, wat him blouss tëscht d’Patte kënnt.

(Schossele rabbelen.)

WOLLEF

(mat vollem Mond) Ah Koseng, elo gëtt emol esou richteg Kiermes gefeiert.

FUUSS

Hee Alen, et schwätzt een net mat vollem Mond.

WOLLEF

't deet mer leed, mä ech ginn einfach net fäerdeg mat Knaen.

ERZIELER

De Fiiss-chen ower, hien ass méi lous. Bal leckt en um Pâté, bal bäisst en an eng Zoossiss, mä da spréngt e wupp! zur Kellerfënster eraus a gläich drop kënnt en nees eragekroch.

WOLLEF

Fiiss-chen, a wellech Konschtstécker méchs du dann do?

FUUSS

Mä Koseng, ech sprangen alt heiansdo aus kucken, ob net op eemol een op der Strooss laanscht trëppelt an eis hei am Keller erëmkoschteren héiert.

WOLLEF

Jo, esou ass et richteg: hal du Wuecht, an ech, ech loosse mir et gutt schmaachen.

ERZIELER

De Fuuss ass wuel och e klenge Schneekert, mä duerfir méi gewëtzt ewéi 10 Professeren zesummen, well wann hien zur Kellerluck eraus spréngt – hoppla, gesitt der, schonns ass en nees dobaussen! – dann ass et just fir ze kucken, ob säi Bauch vum Iessen nach net ze déck ass, net dass en herno an der Kellerliicht stieche bleift an net méi aus dem Schluechtkeller erauskënnt.

WOLLEF

Koseng, wéi stëmmt et dobaussen?

FUUSS

O, 't réiert sech näischt. Du kanns roueg weider maufelen.

ERZIELER

't ass wierklech e Fripong, eise Wëllefchen ... a kuckt, e spréngt esouguer an d’Luucht, fir un d’Hamen ze kommen.

WOLLEF

Ho-hopp! Ho-hopp!

FUUSS

Jee Koseng, komm, looss mech op deng Schëllere klammen, an dann huelen ech der se vum Krop. Se hänke jo däermoossen héich, an du bass vill ze vill schwéier.

WOLLEF

Gees de! E Wollef ewéi ech wäert dach nach sprange kënnen, och wann e gutt eragefeiert huet. Ho-hopp!

FUUSS

(ausser sech) Jëses Koseng, pass op, wou s de spréngs!

(E Schaf fält ëm - villes geet a Schierbelen.)

Wollef, hues de se nach all? E ganze Schaf Glieser a Fläschen hues de ëmgehäit.

WOLLEF

Mä ... mä ... ech ... ech ...

FUUSS

Du bass net blouss e Gourmang, Koseng, neen, du bass och nach e Bëlles.

(En Hond billt.)

Héier nëmmen!

WOLLEF

(ängschtlech) De Flocki? O jee, da gëtt et Zäit, dass mer ons duerch d’Bascht maachen.

ERZIELER

De Fuuss hëlt säin Zylinder an huscht eenzock duerch d’Kellerliicht. De Wollef ass och gläich hannendrun, mä hie kënnt net eraus, hie bleift an der Fënsterche stiechen.

FUUSS

Wéi Koseng, bleifs du dobannen? Hues de éieren nach net genuch kritt?

WOLLEF

(keimt) Ech kommen net méi hannertzeg an net méi vijenzeg.

FUUSS

Nu schumm dech ower.

WOLLEF

't geet net. Mäi Bauch ass ze déck. Ech hunn ze vill giess.

FUUSS

Ah, wann de Kiermeskascht der esou gutt geschmaacht huet, da kriss de elo och nach däin Dessert, hahaha ...

ERZIELER

Jo, scho kommen se d’Trapen an den Nuetshiemer erof: vir un der Spëtzt de Bauer mat engem Knëppel an hannendrun d’Margritt mat dem Biesem an dat klengt Maisy mat der Pan.

BAUER

Wierklech – do huet een an den Träipe gewullt.

MARGRITT

A kuck, 't ass keng eenzeg Zoossiss méi do.

MAISY

Pappi, an och de ganze Jelli ass ewechgebotzt.

BAUER

Hei, 't wor de Wollef. Do stécht en an der Kellerliicht.

MARGRITT

Da waart, ech stellen d’Käerz nidder, an da kritt e seng Britt.

(Se klappen drop - de Wollef jéimert.)

ERZIELER

An een nom anere schloen se op deen aarme Wëllefchen, bal mat dem Biesem, bal mat dem Knëppel, bal mat der Pan. De Wollef struewelt a struewelt a mat all deem Gestruewels geréit en och nach mat sengem Schwanz bei d’Käerz – a schonns geet d’Stréi hell a Flamen op ...

WOLLEF

Auuuuuuuuuu ...!

ERZIELER

Mat senger leschter Kraaft kritt e sech elo ower nach aus der Kellerluck lassgerappt a schleeft sech mat senge gebrachene Schanken esou gutt ewéi e kann an d’Hecken. – Tja, esou ergeet et engem, wann ee blouss jickt an net fir zwee Su iwwerleet. A gleeft mer et, vun deem Dag un huet kee méi de Wollef am Duerf gesinn. De Fiiss-chen ower wor scho laang am Bësch verschwonnen an huet deenen anere Fiiss erzielt, wéi et dem Wollef, hirem Koseng, op der Juegd ergaangen ass.

(Knaschteg Laach vun e puer Fiiss)

 

****

 

(*) aus "De Wëllefchen an de Fiiss-chen" vum Dicks