OP DER DÄIWELSBUERG

(1989)

 

 

Persounen:                  d’Sonja

den Tom

de Pit

d’Madamm Schmittchen

de Putty Birebam

den Emil Peffermeyer

d’Madeleine Peffermeyer

de Jempi

d’Madamm Rosalie

 

den Erzieler

 

 

 

(Vu wäitem Baachgeplätschers)

SONJA

Puuu, wat ass dat esou langweileg! Déi ganz Vakanz nëmme Grompere schielen. Ech géif léiwer mat dem Tom a mam Pit an der Baach spillen.

SCHMITTCHEN

Sonja, nu knouter net.

SONJA

Mamm, ech wëllt eisen Hotel sténg um Mound. Dann hätt ech wéinegstens meng Rou.

ROSALIE

Mä d’Leit kommen ower gäre bei iech an d’Vakanz, Sonja.

SCHMITTCHEN

C’est ça, Madame Rosalie, a vun iwwerall aus der Welt. Dir, Dir kommt elo scho fir d’véiert, gediert?

ROSALIE

Ah jo. An huelt dann emol de Här Professer ---

SONJA

De Putty Birebam? Gitt mer ewech! Wann ech dee gesinn, da muss ech laachen.

SCHMITTCHEN

Sonja, schumm dech.

SONJA

Géi! Wann ee vu mueres bis owes mat engem Netz doruechter hopst, fir Päiperleken ze fänken, dann huet ee se net méi all.

Nee, wat en Hotel, deen Hotel!

ERZIELER

Also wierklech, hei hu se sech déi richteg Wiss erausgesicht, den Tom an de Pit, fir mat hirem Zelt ze campéieren, well hei am „Mar-gréiderches-Hotel“, do lafe vill Gelungener zesummen.

(Fässer rabbelen.)

Kuckt nëmmen, elo schläicht de Putty Birebam schonn nees hannert engem Kierwerlek dohier.

(En Zuch leeft an, hält stall asw.)

Et voilà, an do sinn si jo och, den Emil a säi Madeleine aus der Stad.

SCHMITTCHEN

Aha, d’Famill Peffermeyer.

MADELEINE

Bonjour! Hei wiere mer nees, Madame Schmittchen.

(granzeg) Dajee, Emil, du Tränteler!

(Baachgeplätschers, ganz no)

TOM

Hu, aartlech gesinn se aus, déi zwee do. - So, Pit, 't freet ee sech blouss, wat de Monsieur um Bockel schleeft.

 

PIT

Mä eng Harmonika. Dat gesäit dach e Blannen.

TOM

Eng Harmonika? Fir an d’Vakanz? Droleg.

MADELEINE

(schwäermt) ... an dann d’Däiwelsbuerg do uewen um Bierg!

SCHMITTCHEN

Ma ja, elo kënnt der muer nees mat eisem Monni Jempi dorop spadséiere goen, Madame Peffermeyer.

MADELEINE

Ah, ech kënnt se un engem Stéck bewonneren. Den Emil och, gelu. (granzeg) Dajee, kuck e wéineg méi zefridden dran.

 

SCHMITTCHEN

Duerfir hunn ech iech och d’Zëmmer 11 reservéiert. Vun do aus gesitt der riicht op deen alen Tuerm.

MADELEINE

O, villmools merci, Madame Schmittchen.

Dajee, Emil, da komm! A stéi net esou driibseg do.

(En Auto fiert bäi - Dier op - Dier zou)

TOM

Hei, do ass e jo, de Monni Jempi.

JEMPI

An, wéi hutt der dann hënt am Zelt geschlof, Jongen?

PIT

Super!

TOM

Dat gleewen ech. Du hues dech gutt breet gemat, an ech louch hallef dobaussen.

SCHMITTCHEN

Ma ja sot, an d’Däiwelsbuerg? Huet déi net ze vill geblëtzt?

PIT

Wéisou?

SCHMITTCHEN

Mä an der leschter Zäit gëtt se nees lieweg.

TOM

Wat gelift?

JEMPI

Kanounendamp a Pistoulepolfer! Gitt Der nees Ärer Raibergeschichten zum Beschten, Madame Schmittchen?

SCHMITTCHEN

Dach, Jempi. Et liicht nuets do uewen. Hei, d’Héngerhaut geet mer aus, wann ech nëmmen drun denken.

TOM

Et liicht op der Däiwelsbuerg? – Hu, wéi onheemlech.

PIT

Dann hal emol däi Bak, Tom.

JEMPI

Gleef net drun. Dem Sonja seng Mamm spënnt.

SCHMITTCHEN

Ech hu se nach hënt gesinn.

JEMPI

Ween? D’Männercher?

SCHMITTCHEN

Neen, d’Luucht. Se steet riets niewent dem Tuerm, op där agefalener Mauer.

TOM

Ei Pit, ech mengen, den Owend schläiche mer dohin.

PIT

O, du wiers grad dee richtegen.

(Äscht kréckelen.)

JEMPI

Jee, jee, jee! Do kënnt jo grad den Här Professer Birebam aus dem Gestraiss gekrabbelt. Da frot deen emol, ob et nuets op der Buerg liicht. Kanounendamp a Pistoulepolfer, dee laacht Iech aus.

SCHMITTCHEN

(ëmmer méi wäit ewech) Ho, da soll e sech den Owend emol op d’Fënster leeën, da vergeet him d’Laachen ...

 

****

 

ERZIELER

An nach spéit owes sëtzen déi zwee Borschte virun hirem Zelt Schwaarze Péiter ze spillen, well, éierlech gesot, elo scho schlofe goen? Neen, duerfir sinn se vill ze vill opgereegt.

 

TOM

(Eng Harmonika spillt.)

(schwäermt) Ei ... op enger Buerg no Gold wullen, dat wier menges.

PIT

Lauschter léiwer dem Peffermeyer senger Harmonika no am Plaz ze spintiséieren.

TOM

Mä Pit, all Buerg huet dach säi Goldkeller.

PIT

Du bass e Fuebelkréimer. Spill elo. 't ass un dir.

(Holz an Eisestécker rabbelen.)

TOM

Héier. Do huet eppes gerabbelt.

PIT

Wou?

TOM

An der Scheier.

PIT

Gewëss. Du bass e Fuebelkréimer, sot ech der.

(Et rabbelt nees.)

TOM

Do! Nees emol.

PIT

Tatsächlech. Do brennt eng Luucht.

TOM

Ech sot et jo. – 't misst ee mol luusse goen. Mir si jo zu zwee.

PIT

Waart, da looss mech ower vir, ech si méi staark.

(Eng al Paart gëtt opgemat.)

Neen – duck dech. E kënnt.

TOM

Pit, 't ass de Putty Birebam.

 

PIT

(Schrëtt gi fort.)

Ech flippen aus.

TOM

A wat dreift deen hei ëm dës Zäit?

PIT

Komm, elo gi mer d’Scheier duerchwullen.

TOM

O jo, dat ass déi Saach.

(Déi al Paart quiitscht nees – an der Scheier)

PIT

Puuu, wat e Kreemchen!

(Eemere ginn ëmgestouss - Holzstécker, Staangen asw. falen doruechter.)

TOM

An iwwerall déi verdäiwelt Spawecken.

PIT

So ee mir, wat e verstännege Mënsch hei siche geet.

TOM

Pit, liicht mer emol an dësen Eck. Huerteg.

(Pabeier raschelt.)

Hei, kuck emol. A wat sees de dann do?

PIT

Pfff, eng hongreg Fatz Pabeier.

TOM

Mä so, lauschter emol ... dat ass e Plang.

PIT

E Plang? Weis hier.

TOM

Hee Pit, ech hat e fonnt.

PIT

An ech hu geliicht, also.

TOM

Dann zerknauter en alt net ze vill. En ass ural.

PIT

Wierklech! E Plang vun der Däiwelsbuerg.

(Den Tom päift duerch d’Fangeren.)

Tom, nu pack dech! Du erwächs jo dee ganzen Hotel.

ERZIELER

Mä keng Anscht, d’Sonja huet scho verstan. Et mécht seng Fënster op, klotert iwwert d’Blummestäck a rëtscht jitz! um Kulang laanscht d’Mauer erof.

 

SONJA

(Dreckseemere falen ëm - villes rullt doruechter.)

Ah, déi domm Dreckskiwwelen! 't ass ower och stackdäischter.

TOM

Hopp, hannerwands! Déi al Peffermeyesch!

(Eng Fënster gëtt opgemat.)

MADELEINE

A wat der Däiwel ass blouss do ënne lass? Ech mengen, 't muss emol Holz op iech getesselt ginn, wéi?

PIT

(am Pëspertoun) O, dass dir Fraleit ower och ni kënnt riicht op den zwee Féiss ukommen.

SONJA

Téinert, hänk an.

ERZIELER

Mä Streidereien ewéi déi hei sinn ni fir laang, a gläich drop stodéieren se allen dräi mat den Täscheluuchten de Plang vun der Däiwelsbuerg.

PIT

Den Tuerm ... d’Kelleren ...

TOM

Immens! Wa mer hinnen dat doen an der Schoul erzielen ...

SONJA

So, a firwat ass dann dat Kräiz hei gemoolt?

PIT

E Kräiz? Wou?

SONJA

Do ënnert der Trap.

TOM

't ass vläicht d’Këscht mam Gold.

PIT

Du an däi Gold. Kaf der e Goldfësch, setz an d’Buedbidden an da bass de roueg.

(Um Kierchtuerm schléit et 12 Auer.)

SONJA

Aha, Mëtternuecht.

('t héiert een op eemol e Kreesch.)

O mei – a wat ass dann dat do?

PIT

Nu fänk du och nach un ze pinschen.

TOM

't ass net schlëmm. 't wor d’Madamm Rosalie. Si luusst hannert de Fënster-lueden.

SONJA

(op eemol ausser sech) O ... Tom ... Pit ... kuckt ... d’Buerg ... d’Buerg ....

(De Wand fänkt un ze blosen – eng Eil rifft.)

TOM

Ja, wat ass da mat hir?

SONJA

Se ... se gëtt lieweg.

PIT

Weis! – (méi queesch) Da réckel alt schonn.

TOM

Tatsächlech. Et liicht do uewen.

SONJA

Wéi an enger Grujelgeschicht.

PIT

Ech gi geckeg. Am alen Tuerm liicht eng Luucht ...

TOM

So, dann hat deng Mamm se ower net gesinn.

SONJA

Ween?

TOM

D’Männercher.

PIT

Vollek, muer gi mer op d’Däiwelsbuerg erop.

SONJA

Jo!

TOM

Genial!

PIT

Dat gëtt déi Vakanz!

SONJA

A wéi géif de Jempi do soen? Kanounendamp ---

TOM + PIT

--- a Pistoulepolfer

(Se laachen allen dräi.)

 

****

 

ERZIELER

Daags drop schéngt d’Sonn iwwer Bierg an Dall, an d’Däiwelsbuerg kritt décke Besuch. Neen, net nëmmen ons dräi Kolleege kloteren hei uewen erëm, mä och d’Peffermeyeren. Hei kuck, den Emil wëllt grad eng Photo vu sengem Madeleine maachen.

(Naturgeräischer: Vulle päifen – Grille jiipsen asw.)

MADELEINE

Dajee, ass et da bal?

EMIL

Ma du wackels un engem Stéck.

MADELEINE

Kee Wonner, ech stinn an engem Putsch Brennesselen.

EMIL

Da pass op. Laach schéin. Ech ziele bis dräi. Een ... zwee ----

MADELEINE

(deet e Kreesch) Emiiiil! E Lach! Ech rëtschen.

EMIL

Waart, hei, reech mer d’Hand, ech zéien dech eraus. Ho-hopp!

MADELEINE

Wéi déif ... wéi déif ....

EMIL

Ho-hopp!

(Stoff räisst duerch.)

Do, an elo ass déi mer och nach hannen opgerass.

MADELEINE

Wat?

EMIL

Ma meng Box.

MADELEINE

O Emilchen, komm, mer gi léiwer nees an den Hotel, an da bekucke mer d’Däiwelsbuerg vun ënnen.

(Den Tom, de Pit an d’Sonja laachen.)

PIT

Hu, d’Famill Peffermeyer!

SONJA

Déi doen zwee si wierklech hir Sue wäert.

TOM

(rifft vu méi wäit) Pit!

PIT

A wou stéchs de dann elo nees?

TOM

Hei hannert der Mauer.

PIT

O, du Knécheler ...

TOM

(Stëmm nees méi no) Mä da kuck emol, wat ech fonnt hunn.

('t rabbelt no Blech.)

SONJA

Eng Lanter.

PIT

Eng Lanter? Weis hier.

SONJA

't ass sécher déi vun nuets.

PIT

Kloer. Soss sténg se jo net do.

TOM

An hei leien och d’Fixspéin. Kuck.

(E Fixspoun gëtt ugefaang.)

SONJA

Dann huet dee Kärel hei vun der Mauer aus an d’Duerf erof geliicht. Ah, ech froe mech blouss firwat.

PIT

Ho, där Dommer nach.

(Pabeier gëtt ausernee gefaalt.)

Komm, mer stodéieren elo emol dem Birebam säi Plang. - Also, do ass den Tuerm ... riets ass den décke Fiels ... lénks déi dräi Träppleken ...

TOM

An hei ass e Krop.

SONJA

Wou?

TOM

Mä hei tëschent der Peffermeyesch hire Brennesselen.

PIT

Ah, dass du ower ëmmer alles fir d'éischt fanne muss!

TOM

Gëss de queesch?

SONJA

So, an hei stécht jo nach esou e Krop an dem Steen ... an nach een ...

TOM

Sécher ass et eng Leeder vun deem ale Buerghär.

SONJA

A wou der Däiwel féiert déi eis hin?

PIT

Da waart emol, Meedchen.

('t gëtt a Gras an an Äscht gewullt.)

Hei – e Lach!

TOM

Ha, do hong dem Emil säi Madeleine jo elo éinscht mat de Flilleken dran ze struewelen.

PIT

Maach elo keng faul Witzen. Ech si vill ze vill opgereegt. Sonja, liicht mer emol.

SONJA

So, dat ass jo e Keller.

PIT

Tatsächlech. E richtege Buergkeller.

TOM

An iwwerall si Kreep un der Mauer. Bis ënnenhin.

SONJA

Puuu, wat dat vun ënnen erop mipst!

TOM

Dann zéi deng Nues ewech a looss mech mol bäi.

PIT

Hee, wouhin, Tom? Ech klammen als éischt erof.

TOM

Allez, dat ass dach Wurscht.

PIT

Neen, well een, deen de Ball net riicht ka schéissen, dee kann och net verstänneg klammen.

(Den Tom deet e laange Kreesch, ëmmer méi wäit ewech – et schaalt ëmmer méi.)

SONJA

Tom! – O jee ... a fort ass en.

PIT

Sot ech et net? En huet ebe kromm Féiss.

ERZIELER

Mä ee Gléck krut den Tom sech iwwert dem Falen un enger Bamwuerzel unzepaken, a wéi d’Sonja an de Pit och ënne woren, hat e sech séier vu sengem Schreck erholl, well ween huet net schonn eemol dervu gedreemt, mat Täscheluuchten an engem ale Buergkeller erëmzespionéieren?

 

SONJA

(Schrëtt - d’Stëmme schalen – hei an do rullt e Steen.)

Pfuii, wéi muffeg!

TOM

A stackdäischter ass et, däischter wéi an engem Sak.

SONJA

Enéierens eng Liicht, net emol e Lach. Richteg onheemlech ...

(Waasserdrëpse falen.)

... an iwwerall drëpst Waasser vun de Maueren ...

(Pabeier raschelt nees.)

PIT

Waart emol. Do misst dach iergend e Wee méi no hanne féieren. A wann et och nëmmen e schmuele Schloff wier.

TOM

Jo Pit, hei am Eck geet et weider.

SONJA

Da béckt iech ower, well et gëtt al niddereg.

PIT

(op eemol) Mä so, bleif emol stoen. Hei ass jo schonn ee gaangen. Kuck emol seng Trëtt am Bulli.

SONJA

Foussspueren ... Tatsächlech. An hei, zwee Zigarettestëmp. Do hu sech der also nach anerer hei ënne verlaf.

TOM

Pit, kuck emol. Dohanne steet eppes, hannert deem Koup Steng.

(Steng ginn ausernee gehäit.)

PIT

Mä so, dat ass jo eng Këscht.

SONJA

Phantastesch! Ural gesäit se aus, vermuuscht a verrascht.

PIT

Kee Wonner. Wéi vill Jorhonnerte steet déi schonn hei?

TOM

(keimt) Uuuh - a verdäiwelt schwéier ass se och.

SONJA

Mä wat soll da blouss dra stiechen?

TOM

Bestëmmt Gold, Sonja.

PIT

Gold! Schwätz dach kee Blech, Tom. Ech sot jo, du bass e Fuebelkréimer.

SONJA

Weess de, Pit, méiglech wier et schonn: um Birebam sengem gescheite Plang ass hei nämlech dat Kräiz agezeechent.

TOM

Komm, elo brieche mer d’Këscht op, da gesi mer, ween alt nees Recht huet.

(Eisestaange rabbelen.)

PIT

Waart, hei hu mer dat richtegt Handwierksgeschier. Mat Eisestaange kritt een alles op.

SONJA

O, ech si gespaant ewéi en ale Präbbeli.

(Holz kréckelt.)

TOM

An ech eréischt, wat mengs de.

('t kréckelt ëmmer méi.)

Héier, elo fiert se gläich auserneen. Zéi dech léiwer ewech, Sonja.

PIT

A quëtsch du der d’Patten net iwwert dem Schnëssen.

TOM

Ho – ho -

ZESUMMEN

- hoppla!

(Brieder kraachen a baschten auserneen.)

TOM

Gold!!! Wat hat ech der gesot, Pit!

SONJA

D’Gold vun der Däiwelsbuerg!

TOM

An du nenns mech e Fuebelkréimer ...

('t gëtt an de Goldstécker gewullt.)

PIT

Strubbelvoll. Bis uewenhin.

SONJA

Männer, ech gi jaus.

TOM

Déi doheem wäerten Aan a Mond opräissen, wa se dervun héieren.

PIT

Ei, dee staarke Gust, dee kritt bestëmmt eppes u sech. Fir d'éischt eng Buerg, déi nuets liicht, an dann dat elei.

TOM

O jo, Pit, d’Luucht. Déi steet nach uewen op der Mauer.

PIT

't ass wouer. Kloter huerteg erop an da verstopps de se.

(Den Tom päift fir sech - iwwerdeems:)

ERZIELER

An een, zwee, dräi, schonn ass den Tom iwwer d'Kreep eropgeklotert, well et wier jo och eemol ze vill domm, wann nach iergendeen déi Lanter entdecke géif, mä ---

 

TOM

(Dobaussen - d’Stëmme schalen net méi.)

Hee, a wat heescht dann dat do? Hei stong se dach. Op dësem Steen. (rifft) Huhu, ass een hei? Droleg, déi do.

 

ERZIELER

Den Tom sicht verzweifelt iwwerall ---

(Eng hëlzen Dier quiitscht.)

--- en dréckt esouguer déi al hëlzen Dier op a geet an de Fiels era luussen. Mä hei, a wee kënnt do hannert dem Tuerm eraus geschlach?

BIREBAM

Haha, da waart, Fissi.

ERZIELER

De Putty Birebam, den Här Professer! E kuckt no riets an no lénks a pou! späert en den Tom an de Fiels an.

(D’Dier fält an d’Schlass – de Birebam laacht knaschteg.)

 

PIT

(Am Buergkeller – d’Stëmme schalen nees.)

Nee Sonja, wat eng Vakanz! Do fiers de klak ewech.

SONJA

A wat soll blouss déi nächst Nuecht passéieren? Ei, ech freeë mech elo schonn.

PIT

Ech halen op jidde Fall meng Schong u fir ze schlofen, dass ech méi séier hei uewe sinn, wann d’Buerg liicht.

SONJA

So, a wou bleift dee Kärel esou laang?

PIT

Ma ja. (rifft) Tom! Tom!

SONJA

Keng Äntwert.

PIT

Droleg.

SONJA

Solle mer net léiwer no him kucke goen?

PIT

Jo ... komm. Dee wäert sécher nees mat senge kromme Féiss iergendzwousch erofgetrollt sinn.

ERZIELER

An och si zwee klammen erëm aus deem däischtere Buergkeller eraus, kucken an alle Schlëff an Ecken, mä neen, den Tom weist sech net.

 

SONJA

(Dobaussen – d’Stëmmen normal – 't rubbelt un der hëlzen Dier.)

Lauschter, Pit. Do huet eppes gerubbelt. Dohanne bei der Trap, mengen ech.

PIT

Du mengs ze vill.

('t rubbelt weider.)

SONJA

Do, héier! – So, villäicht ass et ee vun hinnen, déi ---

PIT

Psst! Da blär dach net esou haart.

TOM

(Stëmm vu bannen) Pit! Sonja!

SONJA

Do sëtzt en, hannert deene Brieder.

TOM

(idem) Maacht mer op. 't huet ee mech agespaart.

PIT

A ween dann?

TOM

(idem) Do frees de mech vill. Ech hu just héieren d’Dier kraachen.

SONJA

Schrecklech.

PIT

(rabbelt un der Dier) Nondiflütt! Déi ass ower och richteg zou.

TOM

(vu bannen) Waart, ech hëllefen drécken. Zu zwee geet et villäicht.

SONJA

Neen. Et huet kee Wäert. Se wackelt emol net.

PIT

Kee Wonner. Mat deem sengem wäisse Kéis an den Äerm. Tom, lauschter emol: mir lafe séier erof de Jempi ruffen, well eleng packe mer et jo dach net.

 

TOM

De Jempi? Ou jo, deen huet Muskelen. Dann düst alt schonn an träntelt net.

SONJA

Keng Angscht. Mir si schonn um Wee.

 

 ****

 

JEMPI

Ma jo, da maachen ech mech elo op de Wee, Madame Schmittchen.

SCHMITTCHEN

An der Rei, Jempi.

ROSALIE

A vergiesst net de Bonjour fir se matzehuelen.

JEMPI

Keng Angscht, Rosalie. En ass scho mat agepaakt. Allez, bis d’nächst Woch dann.

(D’Harmonika spillt.)

SCHMITTCHEN

Aha, an den Här Peffermeyer mécht schonn erëm Musek.

ROSALIE

(iwwert dem Fortgoen, vu méi wäit ewech) Jo jo, dat kann en och besser ewéi op der Däiwelsbuerg erëmzeklammen.

(Schrëtt komme gelaf.)

SONJA

(ausser Otem) Ech kann net méi, Pit.

PIT

Dann denk un den Tom, wéi deen esou afeg do uewe sëtzt.

SONJA

Ech sinn dätsch. Du renns mer ze séier.

(En Autosmotor gëtt ugedréit – den Auto fiert fort.)

PIT

(rifft) Hee ... Jempi! Jempi!

SONJA

Do! Ze spéit. A fort ass en.

PIT

Gesäis de. Kënns du uerdentlech lafen, dann hätte mer en nach erwëscht.

(Eng Fënster geet op – 't héiert een d’Harmonika besser.)

MADELEINE

Ah, dass déi ongezillte Kanner ower ëmmer esou en Zodi schloe mussen.

SONJA

Mä mir sinn hannert dem Jempi hier, Madame Peffermeyer.

MADELEINE

Ho, deen ass op Paräis, bei säi Brudder. An elo maacht der iech hei aus dem Stëbs, verstan?

(D’Fënster klaakt zou – am Haus rabbelt den Telefon.)

PIT

Do! A wéi kréie mer elo den Tom eraus?

SONJA

Hei, dohanne krabbelt nees de Putty Birebam. 't misst een dee vläicht froen.

PIT

Du spënns jo.

(Eng Dier geet op.)

SCHMITTCHEN

(rifft) Här Birebam! Telefon fir Iech. 't ass d’Polizei.

(D’Dier geet zou.)

ERZIELER

Hutt der dat doen héieren ? De Päiperleksprofesser gëtt vun der Police gesicht. Si woussten et jo, d’Sonja, den Tom an de Pit, dass iergendeppes net an der Rei mat em wier.

PIT

(vu wäitem)             De Birebam, de Putty-Pittchen,

                           Deen huelen se lo mam Schlawittchen.

(Déi zwee laachen haart.)

ERZIELER

Mä waart emol, dir zwee, dir wäert iech elo nach al wonneren.

(Schrëtt)

SONJA

Fort! E kënnt.

DUPONT

Hee, dir do, kommt emol viv zréck. Sot, wësst dir iwwerhaapt, ween ech sinn? Mäin Numm ass guer net Birebam. Mä Dupont heeschen ech. Robert Dupont. An ech si Geheimagent bei der Polizei.

PIT

Waaat?

SONJA

Geheimpolizist?

PIT

An do hate mir geduecht ---

DUPONT

Tja, sou kann ee sech mol ieren, gelu, Sonja.

SONJA

Da schläicht Dir jo ower och net duerch d’Gestraiss, fir nëmme Kierwerleken a Pimpampelen ze fänken, wéi?

DUPONT

O mei, neen. Mä dat maachen ech, fir iwwerall alles ze gesinn an ze héieren, ouni dass et engem opfält, well, donkt Uecht, an der leschter Zäit soll eng Gauneréquipe hei am Duerf erëmgeeschteren.

SONJA

Gangsteren? Uuuuh!

PIT

Sonja!

DUPONT

Se hätten d’Däiwelsbuerg an der Nues. Mä ech froe mech blouss firwat.

SONJA

So Pit ... d’Këscht mam Gold.

DUPONT

Jo, d’Leit am Duerf erziele vill, mä bis haut huet nach kee Mënsch de Wee bis an de Buergkeller fonnt.

PIT

Haha, da wore mir eben déi éischt do ënnen.

DUPONT

Pardon?

(Pabeier raschelt.)

PIT

Voilà. Merci ower fir Äre Plang, Här Dupont. En huet eis vill gehollef.

DUPONT

Mäi Plang? Do ass e jo.

SONJA

Mir hunn e gëschter Owend an der Scheier fonnt.

PIT

Hee, wat heescht hei: mir? Den Tom an ech. Also ...

DUPONT

An dir, dir woort wierklech an de Kellere vun der Däiwelsbuerg?

SONJA

Ah jo. Esou vill Gold hunn ech nach ni op engem Koup beienee gesinn.

PIT

Eng Këscht – ho, mäi léiwe Mann, schwéier ewéi Bläi a se wackelt net vun der Plaz.

DUPONT

Tjëft, dann huet déi Band et haut den Owend nees eng Kéier op d’Gold ofgesinn.

SONJA

Haut den Owend?

DUPONT

Wéi et schéngt. Duerfir krut ech jo elo grad telefonéiert.

PIT

Also braucht Der Iech einfach nëmmen do uewen ze verstoppen an op se ze waarden.

DUPONT

O neen, esou liicht ginn déi net an d’Fal. Se verschwannen am léiwsten duerch geheim Weeër ënnert dem Buedem.

SONJA

Duerch ënnerierdesch Gäng? Pit, hues de dat matkritt?

DUPONT

't wor och schonn deemools op dem Schlass Fonkelsbierg esou. Mir souzen uewen an dem Tuerm, a si si mat de Milliounen ënnen duerch de Keller ugedréckt.

PIT

Sot Här Dupont, huet eis Däiwelsbuerg dann och esou e Geheimgank?

SONJA

A wou geet en hin? Dass een déi Kärele ka mat der Box huelen, wa se erauskommen.

DUPONT

Egal wéi: een hunn ech scho sécher.

SONJA

Jo? A ween ass et dann?

DUPONT

Ech weess et och net. E gong mer esou onheemlech op der Buerg doruechter schnëffelen – sécher, well ech seng Lanter verstoppt hat – an du hunn ech en an engem Fiels agespaart.

PIT

Wéi? An dem Fiels?

SONJA

Mä Här Dupont, dat ass den Tom.

DUPONT

Den Tom?

PIT

Jo. Eise Kolleeg.

(An der Scheier gi Brieder lass gebrach – allerlee trëllt duercherneen.)

ERZIELER

Hei – a wat ass dann elo op eemol an der Scheier lass? Heebotten an Holz a Bitercher trëllen duerchernaner. A wee kënnt dertëscht eraus-gekroch?

SONJA

Tom?! Du?

TOM

(fir sech) Ah sou ... hei sinn ech also.

PIT

Mä ... mä du souz dach elo grad nach do uewen am Fiels?

TOM

Ma jo, 't hat net laang gedauert, du hat ech eng Faldier am Buedem fonnt ---

SONJA

Eng Faldier?

TOM

--- eenzock sinn ech derduerch gekroch an ech koum an en däischtere Gank.

SONJA

Brrr, wéi onheemlech.

PIT

Da gëff dech dach emol.

TOM

Lues hunn ech mech duerch d’Gestengs weider getaascht, et gong géi biergof, an op eemol wor de Wee mat Brieder zou. Ech hunn d’Holz ausernee gerappt a wou souz ech?

SONJA

Hei an der Scheier.

PIT

Här Dupont! Dat ass de geheime Gank, dee mer sichen.

DUPONT

Ah, bravo, Tom.

TOM

(verwonnert) Wéi ... Här Dupont? ... Geheime Gank? A wat soll dat do alles?

SONJA

Komm, mer mussen der nach villes erzielen.

DUPONT

An den Owend, esoubal et vun der Buerg erof liicht, da lauere mir hei, bis d’Banditte mat dem Gold aus der Scheier erausgeschlach kommen.

 

                                         ****

 

ERZIELER

Owes spéit sëtzt den Här Dupont mat de Bouwen ongedëlleg an der Heck ze laueren, an esoubal am „Margréiderches-Hotel“ all Luuchten aus sinn ---

(Den Tom päift duerch d’Fangeren.)

--- gëtt d’Sonja erbäi gepaff, well elo ass et gläich esou wäit, wou der Kaz de Schwanz ausgeet.

('t schléit op der Kierch 12 Auer.)

DUPONT

A voilà. Punkt Mëtternuecht.

TOM

Mmm, d’Däiwelsbuerg bleift roueg, Här Dupont. Gëschter ëm dës Zäit huet se scho geliicht.

PIT

Da gedëlleg dech dach emol.

(Eng Gaardepäertche jiipst.)

SONJA

Héier. Eis Gaardendier.

DUPONT

An hopp, d’Täscheluuchten aus.

('t héiert ee Schrëtt.)

PIT

Aha, Sonja, do schläicht een duerch är Wiss.

TOM

A wee soll dat nëmme sinn?

DUPONT

Hei kuckt, elo klëmmt en op de Kiischtebam erop.

SONJA

Jëses neen! An eis Leeder ass dach ural an hallef verfault. Déi fiert klak a Stécker.

(D’Trëtt vun der Leeder kraachen – et fält een an d’Gestraiss – dee grommelt rosen – d’Sonja deet e spatze Kreesch.)

TOM

Sonja!

SONJA

Do! Ech sot et jo. Elo läit en nees hei ënnen.

JEMPI

(grommelt vu wäit) Kanounendamp a Pistoulepolfer!

DUPONT

Wat gelift? Wat knoutert en do?

TOM

Kanounendamp a Pistoulepolfer … Mä ... dat kenne mer dach.

PIT

Tom ... 't ass de Jempi.

SONJA

De Jempi? An do hat ech gemengt, dee wier op Paräis.

PIT

Du mengs eben ze vill. Ech sot der et jo schonn.

TOM

Hei kuck, a wat mécht en dann elo?

DUPONT

E liicht op d’Buerg erop.

PIT

Verréckt!

 

(De Wand fänkt un ze blosen - eng Eil rifft – en Hond billt vu wäitem.)

TOM

Eemol ... zweemol ...

SONJA

Här Dupont ... kuckt ... an d’Däiwelsbuerg ass och erwächt.

TOM

Tatsächlech! D’Lanter liicht nees beim alen Tuerm.

DUPONT

Voilà. Dat ass hiert Zeechen. Elo wëssen déi do uewen, dass hei ënnen een op se waart, wa se mat dem Gold duerch de Geheimgank kommen.

PIT

Mä déi Iddi ass ewell nach guer net esou domm.

TOM

Nëmme schued, dass se net vun dir ass, gelu.

PIT

Tozert!

(Äscht kréckelen.)

SONJA

Duckt iech! E kënnt nees zréck.

DUPONT

Aha, da passt op, elo plécke mer eis en.

PIT

Ho-hopp!

(Den Tom päift nees duerch d’Fangeren – den Dupont an de Jempi geroden uneneen– Kette rabbelen.)

DUPONT

Ah, da komm, mäi Männchen!

JEMPI

Birebam, du? A wat soll dat do? Léiss de d’Patte wuel ewech, du Päiperleks-batti!

TOM

Hee, lues, Monni!

JEMPI

Wat? An dir dräi och nach?

SONJA

Ah jo. An du wäers dech wonneren, Jempi, well éischtens heescht den Här Birebam Dupont ---

PIT

--- an zweetens ass de Päiperleksbatti ee vun der Police.

JEMPI

Hë? Een ... ee vun der Police? – Kanounendamp a Pistoulepolfer!

(D’Hausdier geet op – Schrëtt komme méi no.)

ROSALIE

A wat der Däiwel ass blouss hei lass?

SCHMITTCHEN

Wann d’Madame Peffermeyer ower elo net erwächt ass, da friessen ech e Biesem.

(op eemol:) Wat, Jempi ... du?

SONJA

Ma jo, Mamm, 't ass ee vun deenen, déi den Owend d’Gold vun der Däiwels-buerg klauen.

SCHMITTCHEN

Mon Dieu, neen!

ROSALIE

Wéi schrecklech!

SCHMITTCHEN

O Madame Rosalie, gitt mer séier eng vun Ären Häerzpëllen.

ERZIELER

Tja, wa mer elo nach gutt wéissten, weem de Jempi op d’Buerg erop geliicht huet. Mä dee verréit keen. An esou sëtzen se eben ongedëlleg virun der Scheier ze waarden, dass sech eppes aus dem Geheimgank weise soll.

(An der Scheier fält alles duercherneen.)

TOM

Här Dupont! Pit! Lauschtert dobannen!

SONJA

Se sinn do. O, ech ziddere vun Opreegung.

ROSALIE

Dat ass jo dee rengste Krimi, Madame Schmittchen.

PIT

Allez hopp, alles an d’Gestraiss!

(Äscht an Heckegestraiss kréckelen.)

ROSALIE

Eeeeh, wéi pickeg! – O, wat eng Vakanz ...

DUPONT

Pscht.

(D’Scheierpaart gëtt opgemat.)

Hä? A wee kënnt dann do aus der Scheier eraus?

SCHMITTCHEN

D’Famill Peffermeyer!

PIT

Do soll der Däiwel en Af ginn!

TOM

Den Emil an d’Madeleine ...

SCHMITTCHEN

A séier nach eng Häerzpëll, Rosalie.

MADELEINE

(ausser Otem) Tjëft, Emil, de Wee wor zimlech onkammoud.

EMIL

(keimt) An d’Këscht verdäiwelt schwéier.

MADELEINE

Mä so, wou stécht de Jempi nëmmen? En huet eis dach geliicht.

EMIL

Ah, hannert dem Holzkoup géif en op eis waarden, sot en zu mir.

MADELEINE

't réiert sech ower näischt.

EMIL

Komm, Madeleine, komm, mer bewonneren nach eng Kéier eis Goldstécker.

(D’Këscht gëtt opgereedelt.)

MAFELEINE

(ausser sech) Emil!  Neen ...!

('t gëtt a Kiselsteng gewullt.)

EMIL

Kiselsteng!

MADELEINE

(rifft) Jempi! Jempi!

PIT

Ho-hopp!

(Den Tom päift nees duerch d’Fangeren.)

DUPONT

Da kommt Dir, Här Peffermeyer, dann ass d’Rei elo un Iech.

(Kette rabbelen.)

EMIL

Mä ... mä ... lauschtert emol ... Loosst Der mech wuel lass, Dir!

MADELEINE

Onerhéiert! Da bäiss en dach einfach, Emil.

SONJA

't ass ze spéit, dir Herrschaften. Den Här Dupont ass ee vun der Polizei.

MADELEINE

Waaat? Polizei? – O jee ...

EMIL

(geschloen) Madeleine ... eist Spill ass aus. Kuck, se hunn de Jempi och.

(De Jempi grommelt rosen.)

ROSALIE

Jo Madame Schmittchen, a wou ass dann elo d’Gold vun der Däiwelsbuerg?

SCHMITTCHEN

Ma ja ... komesch.

DUPONT

Keng Angscht, dir Dammen. Esoubal et den Owend däischter gouf, hunn ech d’Gold mat mengen dräi Kolleegen elei a mäin Auto getesselt ---

ROSALIE

Ah, ee Gléck.

DUPONT

--- an du hu mir hinnen d’Këscht voller Kiselsteng geschott.

(D’Madeleine grommelt.)

SCHMITTCHEN

Wéi Sonja, dir hat nees eemol d’Hand am Spill? An do has de gefaart, du misst dech an der Vakanz langweilen.

TOM

Hee, Pit, a mat wat kënns du dann do ugereest?

PIT

(ëmmer méi no) Ah, emol eng Kéier, wou s du net als éischte mat der Nues vir woors, hë?

SONJA

Dem Peffermeyer seng Harmonikaskëscht!

(Den Emil grommelt.)

PIT

Ma jo, déi louch hannert dem Holz am Gras.

DUPONT

Et voilà, hei an dëser Këscht sollt de Jempi d’Goldstécker verstoppen, an den Emil Peffermeyer hätt se mat heem geschleeft, ouni dass iergendeen eppes an Uecht geholl hätt.

PIT-SONJA-TOM

(duercherneen)         - Ah, clever, déi do.

                            - Genial!

                            - Super!

ROSALIE

Also neen – eng richteg Gangsteréquipe!

SCHMITTCHEN

An dat alles a mengem Hotel?!

JEMPI

Kanounendamp ---

ALL ZESUMMEN

--- a Pistoulepolfer!

 

****