DETEKTIV BATTI SCHNOFFELNUES

(1991)

 

 

Persounen:       den Detektiv Batti Schnoffelnues

den Isidor, säi Gesell

d’Francise de la Moulinière, Madame an der Villa „PICASSO“

de Butler Augustin

d’Kummermeedchen Babsie

d’Peggy Hollywood, eng Fimschauspillerin

den Abbes Eilebecker

d’Louise Eilebecker

de Fred

d’Linda

 

den Erzieler

 

 

ERZIELER

„ARTHUR EMIL BATTI SCHNOFFELNUES" – esou steet et a grousse Buschtawen op senger Dier, an esouguer am Telefonsbuch nach derbei: „Dee beschten Detektiv vun der Welt“, eppes wat bal guer net gelunn ass, wann ee bedenkt, dass e schonn emol e Papagei erëmfonnt huet, deen der Prinzessin vun Honolulu geklaut gouf.

An haut den Owend sëtzt en a sengem Bistro bei engem Pättche Wäin an do kritt en op eemol vum Dësch niewendrun e ganz drolegt Gespréich mat.

(Am Bistro: Leit schwätzen duercherneen.)

FRED

(am Pëspertoun) Wat, Linda? 25 Milliounen ass esou eppes wäert?

LINDA

(idem) Ah jo. De Wuppa brauch nëmmen där Aler hire Safe opzebriechen a schonns huet hie se am Paltong.

FRED

Neen, der Däiwel! Eng „Rout Mauritius“ fir 25 Milliounen!

LINDA

Wann net nach méi, Fred. Huel Gëft drop.

ERZIELER

Déi „Rout Mauritius“! Dem Batti Schnoffelnues leeft et kal de Réck eran. Dat ass jo bal deen deiersten Timber, säitdeem et iwwerhaapt Timbere ginn. Se ass scho méi ewéi 150 Joer al, op der ganzer Welt ginn et där nëmme méi 12 Stéck, an ee vun deene wëllen se elo klauen.

(Nach ëmmer am Bistro)

FRED

(am Pëspertoun) A wou sees de, Linda? An der Villa „PICASSO“?

LINDA

(idem) Jo. D’Lady Francise de la Moulinière gëtt nees eng Party, an do soll och dat Peggy Hollywood opkräizen.

FRED

D’Peggy Hollywood? Ass dat déi Filmschauspillerin aus dem neien James-Bond-Film? Schwaarzgekrauselt a geschminkt ewéi de Winnetou?

LINDA

C’est ça, Fredi. Et kënnt um 9.50 Auer mat dem Fliger vu London, wou et déi „Rout Mauritius“ vun engem Mexikaner ofkaf huet. 't weess keen eppes dervun. Ausser eisem Boss natierlech.

FRED

O, de Wuppa kritt déi Affär bestëmmt scho geschosselt, soss friessen ech e Biesem.

ERZIELER

A wat jickt de Pätter! De Batti Schnoffelnues kennt zwar weder de Boss nach de Wuppa, mä duerfir e sëllechen Tricken. An deen anere Muere steet hie frësch raséiert um Findel ze waarden.

 

(Am Hall vum Flughafen - matten an de Leit)

(GONG - Stëmm aus dem Hautparleur:

Den Avion London-Lëtzebuerg ass op Pist 6 gelant. D’Passagéier vum Flug LX 355 kommen duerch d’Sortie 4. Merci.)

BATTI

(fir sech) Aha, da waart. Schwaarzgekrauselt a geschminkt ewéi de Winnetou.

(op eemol) Hei, dohannen. Dat ass et. Da lass, Batti Schnoffelnues!

Eehh ... entschëllegt ... pardon ... Dir do, sidd Dir d’Joffer Hollywood?

PEGGY

Jo. Peggy Hollywood. A mat weem hunn ech d’Éier?

BATTI

Ech? Ah ... ma ... ech ... eh ... ech sinn de Chauffeur.

PEGGY

Vun der Madame de la Moulinière?

BATTI

Geroden. 1-0! An ... ech ... ech soll Iech dohi féieren.

PEGGY

An d’Villa „PICASSO“?

BATTI

Pang! A schonn nees geroden. 2-0!

ERZIELER

Tja, e gudden Detektiv muss och e ganz bësselche schwindele kënnen. An hei geet et dem Batti Schnoffelnues net nëmmen drëm, fir dem Peggy Hollywood seng „Rout Mauritius“ am Aan ze behalen, mä och fir an der Villa „PICASSO“ erëmzeschnoffelen an dee Gauner Wuppa mat Handschellen ze décoréieren.

(Am Auto duerch den décke Verkéier)

BATTI

O, wat e Verkéier am Verkéier!

(Bremse quiitschen.)

Hee, lues mat denger Schrottmillen, du Raudi do!

(Autogetuuts)

PEGGY

A ratsch duerch rout. Also erlaabt, mä fir e Chauffeur fuert Der ower wierk-lech miserabel.

BATTI

Bon, also fir Iech d’Wouerecht ze soen, ech ... ech si grad esou wéineg e Chauffeur ewéi Dir d’Maus Kätti.

PEGGY

Pardon? Kee Chauffeur? Mä ... mä a wee sidd Der dann?

BATTI

Eh ... ech ... ech sinn en ... en Artist.

PEGGY

Puh, wat eng faul!

BATTI

Dach. Wann ech net grad molen, da schreiwen ech Gespensterromaner a wann ech net schreiwen, da spillen ech um Piano de „Vullendanz“.

PEGGY

En drolegen Artist ... A firwat kommt Der da grad mech op de Flughafen ofhuelen?

BATTI

Mä ... mä ech wollt schonn ëmmer emol e Week-End an der Villa „PICASSO“ Vakanz maachen, fir e Portrait vun der Madame de la Moulinière ze molen, mä hire Butler, deen hätt mech jo ni eragelooss. Esou wéi ech ausgesinn. Neen, da kommen ech léiwer mat Iech.

PEGGY

Mat mir?

BATTI

Jo. Wa mer elo auspaken, da sot Der einfach zur Madamm, ech wier Ären ... Äre private Sekretär.

PEGGY

Hë? Geet et mat Iech?

BATTI

Ei, a frot net wéi. Well ech mengen, do kënnt d’Madamm mech dann net dobaussen am Reen stoe loossen, oder?

PEGGY

Also, Dir sidd mer villäicht Är Sue wäert! D’Peggy Hollywood huet e Privat-sekretär. Super. – Mä mäi Gott, wat mécht een net alles fir en aarme Moler? - An der Rei. Okay, ech wëll. An, wéi wor Ären Numm scho méi ?

BATTI

Mäin? Ah jo ... mä ... eh ... Bullowsky. Vladimir Bullowsky.

 

*****

 

ERZIELER

Et huet geklappt. De Batti Schnoffelnues krut säin Zëmmerche mat Balcon an der Villa „PICASSO“, ouni dass iergendee vun den Herrschaften iwwerhaapt gemierkt hätt, dass hien de Batti Schnoffelnues ass.

An owes sëtzen se mat der Madamm beim Apéritif: hien als Vladimir Bullowsky, d’Peggy Hollywood an nach zwee aner Droleger: d’Louise Eilbecker, eng Operesängerin, an hiren Abbes Eilebecker, e groussen Erfinder, deen ower bis haut nach ni eppes erfonnt huet.

(Gemittlech Ambiance am Salon: e Feier am Kamäin – am Hannergrond eng douce Musek)

PEGGY

Ah, wéi laang hunn ech mech drop gefreet, fir Är Bekanntschaft ze maachen, Madame de la Moulinière ---

MOULINIÈRE

--- an ech hunn ëmmer gären Invitéë bei mer, vun deenen se op der ganzer Welt schwätzen - a wee kennt do d’Peggy Hollywood schonn net? (zimlech queesch) Allez Babsie, nu stéi net do an hëllef léiwer dem Butler Augustin de Schampes servéieren.

(Glieser rabbelen – iwwerdeems:)

BUTLER

Madame Eilebecker, wann ech gelift ... Här Bullowsky ... Joffer Hollywood, please ...

MOULINIÈRE

Merci. Augustin. Merci fir den Service. – Voilà, Dir kënnt eis dann elo eleng loossen.

BUTLER

Wéi d’Madamm ordonnéiert. Ech maache mech dënn.

MOULINIÈRE

An du och, Babsie.

BABSIE

O mei ... a grad elo, wou et esou interessant gouf.

(Eng Dier gëtt zougeklaakt.)

MOULINIÈRE

Wësst der, d’Babsie ass Kächin a Kummermeedchen an enger Persoun an duerfir virwëtzeg fir hirer dräi.

PEGGY

Sot Här Eilebecker, an Dir sidd e Genie, hunn ech héieren. Erzielt emol, wellech phantastesch Erfindungen hutt Der da schonns gemat?

ABBES

O, den James Watt huet d’Dampmaschinn erfonnt, de Gottlieb Daimler den Autosmotor - jee, mäi Gott, an ech wäert jo och eng Kéier un den Tuer kommen.

MOULINIÈRE

Ah sou? Dir sidd nach ëmmer blouss am Gaang ze iwwerleeën?

LOUISE

Jo, an domat kënnt en ni wäit, well ech en ëmmer mat mengem Sange stéieren, seet en.

ABBES

Mat dengem Sangen? Du dees Kreesch duerch d’Haus, dass esou guer de Kueder de Schwanz bäizitt.

LOUISE

Dat si keng Kreesch, dat ass klassesch Musek aus groussen Operen ewéi „Rigoletto“, „Traviata“ oder d’"Houchzäit vum Figaro“. (séngt e puer Täkt aus enger Oper)

PEGGY

Ah immens, wann een esou interessant Leit rondëm sech huet. – Sot, an dann erwaart Der jo och nach en anere berühmten Invité, Madamm ?

MOULINIÈRE

Jo. De Pierrot Laplume. Ech hunn en zwar nach ni gesinn, mä scho vill vun him a Bicher gelies. Leider kann en eréischt iwwermuer bei eis kommen, de Moment sëtzt en nämlech nach a Marokko.

LOUISE

Sécher mécht e Vakanz, de Monsieur?

MOULINIÈRE

O neen. Esou ewéi fréier den englesche Philéas Fogg an 80 Deeg ëm d’Welt gereest ass, esou huet de Pierrot Laplume och mat sengem Segelboot all Mier an all Ozean op eisem Globus geklappt, vu Jamaica bis an Norwegen a vu Kalifornien bis an Australien.

BABSIE

(platzt op eemol mat Laachen eraus) Bei d’Känguruen? Schassmätsch!

MOULINIÈRE

Babsie, du? A wou hues de dech dann elo nees verstoppt?

BATTI

Hei, do steet et. Hannert der Fënsterrido.

MOULINIÈRE

Ah, mon Dieu! Du solls deng Nues dach net an alles strecken.

ERZIELER

E virwëtzegt Kummermeedchen, e langweilege Butler, zwee droleg Eilebeckeren an eng räich Lady Hollywood mat der „Rouder Mauritius“! A wat ass en nëmmen hei erageroden, de Batti Schnoffel-nues?! A gläich no dem Dîner schläicht en heemlech op d’Zëmmer, fir sengem Gesell, dem Isidor, ze telefonéieren.

(De Schnoffelnues um Telefon, schwätzt ganz lues – den Isidor ass um aneren Enn vun der Leitung.

Et tut e puermol, dann:)

ISIDOR

(gaapst) Ja?

BATTI

Isidor, ech sinn et.

ISIDOR

Patron, du? So, kuck emol op de Wecker. Et ass matten an der Nuecht.

BATTI

Hal elo keng Rieden, Isidor, mä léiwer däi Mond a lauschter, wou ech sëtzen, nämlech an der Villa „PICASSO“ bei der Herrschaft de la Moulinière.

ISIDOR

Hä? Wou bass de? Da schwätz dach méi haart.

BATTI

Ech kann net. - Waart emol een Abléck. Ech stoussen d’Dier op. Dobaussen héieren ech schonn erëm ee rumoueren.

(D’Dier gëtt opgestouss.)

Neen. Ower näischt.

(D’Dier geet nees zou.)

Komesch. Isidor, do hätt ech geschwuer, et géif ee bei der Dier lauschteren.

ISIDOR

Mä bass de dann ënnert d’Raiber gefall, Patron?

BATTI

Neen, mä ënnert elauter steeräich a berühmte Leit. An engem vun deenen – dem Peggy Hollywood – soll en alen Timber geklaut ginn, esou eng Mauritius.

ISIDOR

Waat? Déi Blo?

BATTI

Neen. Déi Rout. Déi ass nach méi wäert. 25 bis 30 Milliounen.

ISIDOR

Waaat? Vrecks de net, mäi Mippchen! – Okay, Patron, ech hu verstanen. An enger hallwer Stonn sinn ech bei der.

BATTI

Neen. Du kräiz eréischt muer viru Mëtteg hei op, an zwar – notéier der et – mat Spektiv, Aangel an Taucherkostüm.

ISIDOR

Hee, so, hu se dech?

BATTI

De Pierrot Laplume ass nämlech op allen Ozeane vun der Welt gesegelt.

ISIDOR

Jo ... vu mir aus. Mä wat hunn ech mat esou engem Schëffskapitän ze doen?

BATTI

Mä du bass de Pierrot Laplume.

ISIDOR

Ah sou … (op eemol erféiert:) Hë?

BATTI

Iergendwéi muss de jo hei erakommen. Si erwaarden en zwar eréischt an en etlech Deeg, mä da koums de eben éischter, sees de.

ISIDOR

O neen! Muss ech elo och nach an der Schwammbox doruechter lafen ... Allez Patron, da schwamm nach gutt --- eh, schlof nach gutt.

BATTI

Hee, nach eppes.

ISIDOR

Wat dann, Chef?

BATTI

Ech lafen hei net als Detektiv Batti Schnoffelnues erëm, mä als dem Peggy Hollywood säi Privatsekretär Vladimir Bullowsky. Verhal der dat.

ISIDOR

Hë? Knadimir Schmullowsky? Deen ass mëll ewéi e Pangech!

(En hänkt an – et tut nees.)

ERZIELER

D’Peggy Hollywood huet natierlech kengem e Pippcheswiertche vu senger „Rouder Mauritius“ gespëspert, an ower ass villes ganz vill komesch an der Villa „PICASSO“ – dat virwëtzegt Babsie an de Butler kënnen deen Dag duerno nëmmen de Kapp rëselen.

(An der Kichen – hei an do gëtt getesselt a geraumt.)

BABSIE

O neen, Augustin, wat eng Gesellschaft!

BUTLER

Du sees et, Kand.

BABSIE

Huel blouss dee Litti, deen d’Peggy Hollywood als Sekretär mat erëmschleeft, dee Bulli --- Bulli ---

BUTLER

Bullowsky.

BABSIE

C’est ça. Ech mengen, deen huet e Rëss an der Schierbel, well en huet hënt a sengem Zëmmer mat sech selwer geschwat.

BUTLER

Neen!

BABSIE

Dach, Butler. Mä leider hunn ech kee Wuert vu sengem Gegrommels verstanen. An op en Hoer hat e mer nach d’Dier op d’Nues geknuppt.

BUTLER

Verréckt! – So, an dann ass jo elo och dee Pierrot Laplume agelaf, vun deem d’Madamm ëmmer esou vill erzielt.

BABSIE

Hu, eng richteg Schéissbudefigur!

BUTLER

E leeft un engem Stéck mat der Aangel duerch d’Haus – pass nëmmen op, Babsie, dass en net op eemol de Goldfësch aus dem Aquarium gefëscht huet. – Hei kuck, dohannen trëppelen se elo am Park zesummen.

BABSIE

Ah jo, déi zwee Klautercher passe gutt beieneen.

(Dobaussen am Park: Naturgeräischer asw.)

ISIDOR

O, Batti Schnoffelnues, elo sëtzen ech hei als Schëffskapitän an dobei ginn ech schonn an der Buedbidde séikrank.

BATTI

Isidor, pscht! Wann een dech héiert.

ISIDOR

Keng Angscht, Patron. Hei an den Hecke si mer fir eis eleng.

BATTI

Also ech traue kengem méi an dësem Haus. An am mannsten deem Ge-Eilebeckesch, well wann hiren Abbes en Erfinder ass, da sinn ech d’Schneewittchen.

ISIDOR

Jo, Chef. En Erfinder gesäit ganz anescht aus. Ech weess zwar och net richteg wéi, mä villäicht wéi den Daniel Düsentrieb.

(D’Hausdier geet op.)

BATTI

Pscht! Hei vir kënnt een.

ISIDOR

An esouguer mat der Walliss?!

MOULINIÈRE

An Dir verloosst eis schonn, Här Eilebecker?

ABBES

Ma jo, Madamm. Ech muss e puer Deeg op Monaco. Do gouf endlech dee Stabilihyperpolylogographoskop erfonnt.

ISIDOR

Wéi? Logopolyschwabbili ---

BATTI

Gëtt et net. Alles erstonk an erlunn.

ISIDOR

't ass och Wurscht. D’Haaptsaach, e fiert fort.

(Eng Autosdier klaakt zou – den Auto fiert fort – iwwerdeems:)

BATTI

Mä seng Fra bleift. An déi kënnt mer nach méi komesch vir.

ISIDOR

Déi Operesängerin?

BATTI

Eben. Mä gleef net drun.

ISIDOR

Wéisou?

BATTI

Si hätt schonn 268 mol dem Beethoven seng „Zauberflöte“ gesongen, huet se sech gebretzt.

ISIDOR

Ja, an? Bass de éieren neidesch?

BATTI

Neen, Isidor, mä pass op: d’“Zauberflöte“ ass keng Oper vum Beethoven, mä vum Mozart – do! Also, wann s de mech frees, dann ass d’Tatta Louise och keng Operesängerin.

ISIDOR

Chef, du bass turbogenial.

BATTI

Jo sécher, dat weess ech scho laang. – Mä hätte mer elo nach gutt dee schroe Mister Wuppa!

 

*****

 

ERZIELER

Ausser dass den Eilebecker also op Monaco gefuer ass, wor de ganzen Nomëtteg net vill lass an der Villa. Mä hei, wéi d’Madame de la Moulinière owes nom Iessen eng Rëtsch Diae vun hire grousse Weltreese weist ---

MOULINIÈRE: ... Pyramiden an Ägypten ...

ALLES: Ooo!

MOULINIÈRE: ... d’Chineesesch Mauer ...

ALLES: Ooo!

--- du geet op eemol um éischte Stack eng Fënster a Schierbelen ---

(Glas zerbrécht.)

--- Diere klaken ---

(Et klaakt hei an do.)

--- d’Babsie léisst vu Schreck déi ganz Spull falen ---

(Telleren, Tasen asw. falen op de Buedem an zerbriechen.)

--- a leeft eenzock aus der Kichen ewéi geckeg duerch d’Haus.

(Am Hall: d’Stëmme schalen e wéineg.)

BABSIE

(jäizt, ausser Otem:) Uaaahhh, Madamm! Kommt huerteg!

BUTLER

(séileroueg) Babsie, mon Dieu ...

BABSIE

Augustin, du? Dech hat ech elo am Däischteren emol guer net gesinn.

BUTLER

A wat der Jomer ass dann nëmme lass?

BABSIE

Mä ... mä ... e Raiber ...

BUTLER

Gewëss. Du lies ze vill Krimien, Babsie.

BABSIE

Maach net de Geck. Ech hunn et dach héiere rabbelen. An elo sëtzt e bestëmmt iergendzwousch. O Butler, ech fäerten.

Mä waart, ech huelen däi Gewier hei aus dem Schaf ---

('t gëtt a Saachen erëmgewullt.)

--- an da gi mer op Zéiwespëtze kucken. Du gees ower vir.

BUTLER

Hee, pass op, Meedchen, dat Déngen ass gelueden.

(E Schoss geet lass – d’Babsie deet e Kreesch.)

Do gesäis de, dommt Stéck.

ERZIELER

A bei esou engem Klakert ass natierlech gläich dat ganzt Haus op de Been. Alles stiermt d’Trap op a bëselt duerch d’Zëmmeren. An hei, beim Peggy Hollywood – o Schreck! do ass d’Fënster a Schierbelen, d’Balconsdier steet grouss op, mä keng lieweg Séil wäit a breet.

(Am Zëmmer vum Peggy: eng Auer téckt.)

LOUISE

Dann hat dat Klengt jo ower d’Männercher net gesinn.

BATTI

Hei kuckt, do gouf um Tableau gewackelt. En hänkt schif.

MOULINIÈRE

Tatsächlech. An de Safe derhannert ass opgebrach.

PEGGY

Mon Dieu, Madame Francise, sot dat net. Weist emol hier.

('t gëtt dra gewullt – iwwerdeems:)

LOUISE

E Safe? Hannert dem Bild?

PEGGY

(ausser sech) Neen! Härgott, ech si ruinéiert. Si ass fort.

BABSIE

Ween?

BUTLER

Wat?

PEGGY

Mä meng „Rout Mauritius“.

(ALLES DUERCHERNEEN:     - Ooo!

                                           - Neen!

                                           - Déi „Rout Mauritius“?

                                           - Dir, Joffer Peggy?

                                           – Hei am Haus?

                                           - Ëmmerhin 30 Milliounen ...

                                           - E Skandal!                        )

BATTI

A lass, him no!

BUTLER

Wat hutt Der wëlles, Vladimir Bullowsky?

BATTI

Mä dee Strulles mam Schlawittchen huelen, Augustin. Iwwerlee, e sëtzt ganz bestëmmt nach do ënnen am Gestraiss, soss wieren är Honn him schonn ewéi wëll nogelaf.

MOULINIÈRE

O, wann dat alt riicht ausgeet ...

BATTI

Keng Angscht, Madamm. – Allezhopp, Kapitän Laplume. Dir hutt jo och eppes anescht an den Äerm ewéi wäisse Kéis. Ech schläiche riets ëm d’Haus, Dir kommt vu lénks ---

BABSIE

--- an da muss dee Kärel schonn engem vun iech zwee an d’Gräpp geroden.

MOULINIÈRE

Genee.

ISIDOR

Jo, jo, ech paken eng Hand mat un. Mä d’Madamm stréckt ower den Hektor an den Tasso fest, net dass déi eis nach als Dessert an den Hënner bäissen, gelu Patron --- eh, Här Schmullowsky ....

ERZIELER

Op Zéiwespëtze geeschteren déi zwee elo dobaussen duerch de Park. An hei, op eemol ---

(D’Honn billen ewéi verréckt – zwee Mann zerklappe sech.)

Aha, do ass eppes lass. Se hunn en. – Ou jee, wat dat flätscht! Sot, dee wäert seng Schanke jo alt nach zesumme fannen. Mä hei, gläich drop steet de Batti Schnoffelnues nees an der Dier.

(Nees beim Peggy am Zëmmer: d'Auer téckt.)

PEGGY

Mon Dieu, Vladimir, a wéi gesitt Dir aus?

BABSIE

Neen, d’Hiem zerrass ... d’Nues bluddeg ...

MOULINIÈRE

Schrecklech.

BUTLER

Mä ze pake krut Der en awer net, oder?

BARTTI

Gewëss. Hie knuppt dran, ech knuppen dran, an op eemol wor en an der Däischtert verschwonnen.

(D’Dier geet op.)

LOUISE

An do kënnt den Här Laplume jo och.

MOULINIÈRE

O jee, Bëlzen op der Stir ... e blot Aa ...

ISIDOR

... an zwee Zänn huet e mer ageschloen, dee Rambo.

BATTI

Wéi? Hat Dir och eng Kläpperei mat him?

ISIDOR

Ei, a fro net wéi! Mä 't ass fir ze baschten: ech hat e mat der Krawatt, du rappt e sech lass a fort wor en. – Hei kuckt, hei hunn ech se nach.

BATTI

Hë? Mä ... mä ... dat ass jo meng Krawatt.

PEGGY

Är Krawatt?

ISIDOR

Deng Krawatt?

BUTLER

Mä ... wéisou dann?

BATTI

Kapitän, soll ech der eppes soen: et wor iwwerhaapt guer kee Raiber do.

ISIDOR

Hee, a mat weem hu mir eis dann zerknujelt?

BATTI

Mä du mat mir, an ech mat dir.

ISIDOR

Wéi?

BATTI

Jo. An der Däischtert huet keen deen aneren erkannt, mä nëmme blanne-männerches dra gebaatscht ---

MOULINIÈRE

Neen!

BATTI

--- a wéi mer genuch Streech haten, hu mer eis allen zwee séier verdréckt.

BABSIE

Haha, ech flippen aus! Se hu sech selwer een deen aneren an d’Schmull gefacht!

(Alles laacht.)

 

*****

 

ERZIELER

Neen, ass dat nach dran! De Batti Schnoffelnues a säin Isidor rolzen am Gestraiss mateneen, dass d’Fatze fléien ... Mä lauschtert weider, et kënnt nach méi knëppeldéck fir eisen Detektiv.

(Am Hall: d’Stëmme schalen e wéineg.)

MOULINIÈRE

Ah, eemol ze domm, Här Laplume, dass dir zwee dee Borscht net kritt hutt.

ISIDOR

Mä wéi sollte mer, Madame de la Moulinière? Et wor guer keen do.

PEGGY

Sot, um Enn huet hie mer nach selwer mäi Mauritius-Timber geklaut.

BABSIE

Ween?

PEGGY

Ma de Bullowsky.

MOULINIÈRE

Allez!

PEGGY

Dach, well sidd mer net béis, Madame Francise, dee Vladimir ass guer net mäi Sekretär ---

MOULINIÈRE

Ah sou?

ISIDOR

Nu kuck do.

PEGGY

--- mä iergend esou e verrécktenen Artist, dee mech ënnerwee opgelammelt huet. E Moler, sot en, dee Piano spillt, wann en net grad Grujelmärercher schreift. – Ah, wéi konnt ech nëmmen drop erafalen, ech Eefalt!

MOULINIÈRE

Tja, an elo wäert e sech schonn aus dem Stëbs gemat hunn.

BABSIE

Ho, keng Angscht. Ech hunn en nämlech agespaart.

MOULINIÈRE

Wat, agespaart?

ISIDOR

De Batti --- eh, den Här Bullowsky?

BABSIE

Jo. Elo grad. An de Biesemschaf. Lauschtert nëmmen, wat en dobanne struewelt.

(Et knuppt vu banne widdert d’Schafendier.)

PEGGY

Joffer Babsie!

BABSIE

Ah, et ass esou sécher e Gauner ewéi ech en Tozkätt sinn, well de Mueren, wéi ech der Famill Eilebecker hiert Bett wollt maachen, du souz en do an hire Wallissen erëmzekoschteren.

ISIDOR

Jo kloer – a firwat dann och net? Well de Bullowsky ass guer kee Bullowsky, mä den Detektiv Batti Schnoffelnues.

PEGGY

Ween?

BABSIE

E richtegen Detektiv? Uuuhh ....

MOULINIÈRE

Ha! A wou kommt Der dann un déi, Pierrot Laplume?

ISIDOR

Ma well ech och net de Pierrot Laplume sinn, mä säi Gesell, den Isidor.

BABSIE

Wat? Nach een aus deem Pistouleklibbchen?

PEGGY

An dat sécher alles wéinst menger „Rouder Mauritius“?

ISIDOR

Genee.

MOULINIÈRE

O Villa „PICASSO“, wat erliewe mir zwee Saachen!

ISIDOR

Also, Joffer Babsie, kommt mer loosse mäi Chef aus de Biesemen eraus.

(De Schaf gëtt opgespaart – e ganz Koup Biesemen asw. trëllt eraus.)

BABSIE

Ou jee ... entschëllegt ... Monsieur Detektiv ...

BATTI

Puh, zimlech onkammoud dobannen.

MOULINIÈRE

Neen ... dee weltbekannte Batti Schnoffelnues!

PEGGY

Enchantéiert. Mä meng 25 Millioune sinn ech trotzdem lass.

BATTI

Ower net méi laang, Joffer Hollywood, well eppes kënnt mer spuenesch vir. Kommt, mer ginn emol nach eng Kéier an Äert Zëmmer, Peggy.

(D’Dier gëtt opgespaart an opgemat.)

BABSIE

Also, do sinn ech elo ower gespaant.

(Am Zëmmer vum Peggy: d’Stëmme schalen net méi – d'Auer téckt.)

BATTI

Voilà. Ech duecht mer et jo. Den Isi an ech, mir sichen dobaussen ewéi d’Gecken no engem, dee guer net do ass, well et kann nëmmen een hei aus der Villa selwer gewiescht sinn.

PEGGY

Wat?

MOULINIÈRE

Ee vun eis?

BABSIE

Dee spënnt.

BATTI

Neen. Dee spënnt net, well kuckt, Punkt 1: den Hektor an den Tasso hätte misse billen, wann e Frieme bei d’Haus geschlach komm wier ---

ISIDOR

Richteg, Patron.

MOULINIÈRE

Jo ... an déi futtis Fënster elei?

BATTI

Eben, Madamm, dat ass mäi Punkt 2: wa Glas vu baussen ageschloe gëtt, da falen d’Schierbelen no bannen. Dat ass jo kloer. – Ower hei, kuckt emol ---

('t gëtt an de Schierbele gewullt.)

--- dës Schierbele leie komescherweis dobaussen um Balcon. Also muss d’Fënster vun heibannen ageschloe gi sinn, oder?

BABSIE

Logo, Chef.

BATTI

Also.

MOULINIÈRE

Effektiv.

PEGGY

Jo, mä firwat schléit een alles kuerz a kleng, wann e souwéisou schonn heibannen ass?

ISIDOR

Mä dass mir gutt domm solle mengen, e wier vun dobaussen iwwert de Balcon agebrach an och erëm dohinner ugedréckt.

MOULINIÈRE

E gewëtztene Kärel ...

BATTI

Mä e gudden Detektiv léisst sech eben net uschmieren.

PEGGY

Ah, gutt geschnoffelt, dir Schnoffeler!

BABSIE

Ei, dat ass jo e richtege Krimi fir d’Mimi.

ERZIELER

Et wor also een aus der Villa „PICASSO“ ... mä ween? Elo sëtzen se am Salon beim Kamäin, de Batti Schnoffelnues a säin Isidor kucken hinnen all déif an d’Aan, mä et gëtt kee rout am Gesiicht. Ah, dat elei ass eng haart Noss.

(Am Salon, gemittlech Ambiance: Feier am Kamäin ...)

LOUISE

Also neen ... elo mécht dee mir en déckt Ouer, ob ech déi Miau--- Miau--- Miauwitzibus do geschuppt hätt. Mä Schnoffelnues, ech souz dach déi ganzen Zäit hei nieft der d’Diae vu China an Ägypten ze kucken. Also.

ISIDOR

Madame Eilebecker, mir mussen ebe jiddwereen ënnert d’Lupp huelen.

LOUISE

Ah sou. A firwat pléckt Der Iech dann net de Rescht?

BABSIE

Villäicht d’Madamm selwer? Also looss mer jo meng Meeschtesch aus dem Spill, gelu.

BUTLER

O Babsie, wee weess ...

MOULINIÈRE

Augustin!

BUTLER

Déi 25 Milliounen, dat ass jo schonn en décke Koup Frick, mä mat deenen zwee gëllene Braceleten an där Diamanteketten, déi derbei louchen, ah, Madamm, do wier Der bestëmmt nach méi eng Madamm gewiescht.

BATTI

Nu kuck do! Braceleten, Diamanteketten ... interessant, interessant.

ISIDOR

Tjo, an den Eilebecker ass zu Monaco. Schued.

BATTI

Jo. Dat wier eise Mann derfir gewiescht. Ei, e Strulles ewéi am Billerbuch, an hopp, mam Abbes an de Kittchen!

LOUISE

O neen, dat ass nun ower de Kotteng! Mir sinn éierlech Leit, schreif der dat hannert d’Läffelen, an da schnoffelt der léiwer emol bei deem virwëtzege Kummermeedchen hei erëm.

BABSIE

Waat?

LOUISE

Jo.

BABSIE

Mä Bomchen, ech wor bei der Spull.

PEGGY

An hien do, de Butler?

BUTLER

Ech? Joffer ... also ...

ISIDOR

Ma ja, Augustin, du verdrécks dech ëmmer méi.

BUTLER

Mä ... mä ... Monsieur Sherlock Homes, ech ... ech ... ech wor hei ënne beim Babsie, gelu. Et huet nach mat mengem Klabes duerch d’Géigend geballert, also konnt ech net do uewe gewiescht sinn, oder?

BATTI

Gutt kombinéiert, Butler, mä trotzdem. Voilà, Monsieur, servéiert Iech.

(Handschelle rabbelen.)

PEGGY

Wat? Handschellen?

BUTLER

Fir mech? Mä ... mä ... eh ...

BATTI

Komm, tuddel elo net. Wéi mir alleguerten am Salon souzen, hues du dem Peggy Hollywood seng „Rout Mauritius“ aus dem Safe geklaut, duerno hues de d’Fënster ageschloen a bass huerteg d’Trap erofgelaf, dass jiddweree menge soll, dee Raiber séiz nach uewenop.

BABSIE

Jo. Genau, Chef. A wat hunn ech mer den Hënner aus der Box gefaart!

ISIDOR

Ah, wierklech clever, déi do, Här --- Wuppa.

PEGGY

Wéi?

LOUISE

Wat gelift?

MOULINIÈRE

Wuppa?

BABSIE

Och nach e Wippchen! (platzt mat Laachen eraus)

BUTLER

Also neen, verréckt an affrontéiert. Mä da beweis mer dat emol, Schnoffel-nues.

BATTI

Beweisen? Ha, du hues dech dach selwer verroden. An zwar mat där Diamanteketten an deene gëllene Braceleten, vun deenen s de eis elo grad erzielt hues. Well pass op, een dee ganz genau weess, wat nach alles am Safe läit, deen huet dach mussen an dem Safe erëmwullen. Also. – Do kucks de elo, hë?

(ALLES DUERCHERNEEN:       - Ah super, Batti Bullowsky!

                                             - Chapeau, Detektiv!

                                             - E genialen Trick.                     )

 

BUTLER

Eh ... mä also ... ee Moment ...

MOULINIÈRE

Nee Butler, schumm dech. Dat do hätt ech net vun dir ---

(Still a Blummestäck ginn ëmgestouss – d’Peggy deet e Kreesch.)

LOUISE

Do! Elo leeft e fort.

MOULINIÈRE

Augustin, wouhin?

BABSIE

Hee, Wuppa! Wippchen!

(E rabbelt a knuppt ewéi geckeg un der Dier.)

BUTLER

Ah, der Däiwel, déi ass zou.

BATTI

Kee Wonner, den Isi huet de Schlëssel an der Täsch.

ISIDOR

Komm Jéngi, bleif schéi bei Fouss.

BUTLER

Hee, du Bëlles, léiss de mech wuel lass. Oder soll ech d’Police ruffen?

PEGGY

Ma sécher. Probéier et.

BATTI

Also Wuppa, da poter emol: ween ass däi Boss? Gangsteren ewéi s du schaffe jo net fir sech eleng.

BUTLER

Ech verrode keen.

ISIDOR

Dann erziel eis wéinstens, wéini a wou en op dech an op déi „Rout Mauritius“ waart.

BUTLER

Ech soe kee Pippcheswuert.

(Den Telefon schellt.)

MOULINIÈRE

O, entschëllegt mech ee Momentchen.

BATTI

Nee, Madame Francise. Loosst mech léiwer.

(hieft den Telefon op – um aneren Enn ass d’Linda – hannendrun héiert een och nach Bistrosgespréich.)

Ja?

LINDA

Wuppa, bass du et?

BATTI

(zéckt) Eh … jo, jo.

LINDA

An, hues de dat Klengt geplëmmt?

BATTI

M-hm.

LINDA

So, bass de éieren net eleng?

BATTI

Ma neen.

LINDA

Ah, da maachen ech et kuerz. Also, ech hu mat dem Boss geschwat: bréng eis d’“Mauritius“, an zwou Millioune si fir dech.

BATTI

Très bien. A wéini?

LINDA

Muer den Owend. Du weess jo: am Zuch Lëtzebuerg-Paräis, Wagon 347.

BATTI

Okay.

LINDA

Iergendwéi wäerte mer eis scho fannen.

BATTI

Jo, jo. Ech freeë mech schonn. (hänkt an)

 

*****

 

 

ERZIELER

(Am Zuch)

An deen Owend drop sëtzt de Batti Schnoffelnues am Wagon 347 vun deem laange Paräiser Zuch hannert senger Zeitung. Ganz genëschelt rappt e sech elo e Lach dran ---

(Pabeier gëtt duerchgerappt.)

--- a luusst derduerch, fir dem Wuppa säi Boss ze fannen.

An hei, déi zwee Gesiichter do, déi kennt en dach! Jo, et ass de Fred an d’Linda, deenen en elo wéini am Bistro heemlech nogelauschtert hat.

An do vis-à-vis vun hinnen? De Batti Schnoffelnues vergësst bal ze ootmen. Mat dem falsche Schnurres an dem Sonnebrëll hat en e bal guer net erëmerkannt. Jo, et ass en, den ... den Abbes Eilebecker.

(Am Zuch, dee fiert)

ABBES

Donnerwetzki, a wou ass deen nëmmen?

LINDA

Bleif cool, Boss.

ABBES

Wéi? Ech soll cool bleiwen? Linda, et geet ëm 25 Milliounen.

(Pabeier raschelt – d’Zeitung gëtt zesummegedruddelt.)

BATTI

Sécher. An ëm San Francisco.

ABBES

Hë? De Vladimir Bullowsky?

BATTI

Ma jo, esou begéint ee sech erëm, gelu. An et muss emol net zu Monaco sinn.

FRED

Mä ... mä ... mä ech duecht ---

BATTI

--- de Butler Wuppa séiz hannert der Zeitung, oder net? Mä neen, dee läit an Handschellen, an déi „Rout Mauritius“ och schonn nees laang beim Peggy Hollywood am Safe.

ABBES

Pardon? Also San Francisco ... Mauritius ... Ech versti kee Wuert.

BATTI

O, dann ower gläich, well d’Madame de la Moulinière hat immense Pech op hirer Party. Jiddweree wor en aneren ewéi en a Wierklechkeet ass. De Vladimir Bullowsky wor den Detektiv Batti Schnoffelnues ---

ABBES

Wat, du? En Detektiv?

ISIDOR

--- den Ozeankapitän Pierrot Laplume ---

BATTI

--- mäin éischte Gesell ---

ABBES

Ech dréien duerch.

BATTI

--- an d’Louise Eilebecker huet grad esou wéineg vun Opere-Sange verstanen ewéi s du vu Stabilihyperplylogographoskopen-Erfannen, well dir zwee sidd weider keng aner ewéi de Cricri an d’Lola aus enger internationaler Gangsterfirma, déi dem Peggy Hollywood seng „Rout Mauritius“ an der Nues hat.

FRED

Hë?

LINDA

Tjëft Boss, si hunn eis erkannt. Elo ass alles Esseg.

ABBES

Mä ... mä ... deen huet de Réck op.

BATTI

Neen, dat net. Mä dee weess eben alles, well e sech laang a breet bei Gendarmerie a Police ëmfrot huet – voilà.

ABBES

(rosen) Ah, Mëscht ... alles Mëscht!

LINDA

An du hues dem Wuppa schonn 100.000 Frang ginn, fir dass deen iwwerhaapt soll matmaachen.

FRED

Mä Boss, firwat huet d’Lola dann net telefonéiert, dass e Schnoffeler de Kéis geschnoffelt huet?

BATTI

Wéi hätt et sollen, wou ech dach gëscht de Kabel vun hirem Zëmmertelefon an der Villa „PICASSO“ duerchgepëtzt hat.

ABBES

Wéi? Also ech ... ech ....

BATTI

A fir aus dem Salon unzeruffen, neen, esou kéng wor et jo ower net.

FRED

Cricri, dann huel dach einfach deng Pistoul aus dem Rimm.

LINDA

Jo, blos deem komeschen Af do e Lach an de Bauch.

ABBES

Genau, Linda, dat maachen ech elo. Voilà, dann haalt iech brav är Oueren zou. Een, zwee, dräi ---

(Eng Pistoul gëtt e puermol ofgedréckt – et klickst ower nëmmen.)

Mä ... mä der Däiwel!

BATTI

Nee, Cricri, gëff et op. Déi doe klaakt net méi. Do hat ech der scho virun zwee Deeg de Polfer an d’Kugelen erausgeklaut.

ABBES

Waaat?

BATTI

Jo. An d’Babsie huet mech herno an de Biesemschaf agespaart, well et mech gesinn hat an denge Wallissen erëmwullen.

ABBES

Schnoffelnues – ah, ech huelen dech auserneen!

BATTI

Psch, net knouteren, Strulli.

(Den Zuch bremst a bleift halen.)

LINDA

Wéi? A wat elo?

FRED

Den Zuch bleift stoen.

LINDA

A matten um Feld. Droleg.

ABBES

Komm, fort! Elo oder ni.

(Sirene vu Polizeiween komme méi no.)

BATTI

O, ech mengen, et huet kee wäert méi. Dir kommt net wäit.

FRED

Hë? D’Flicken?

ABBES

(geschloen) Neen ...

BATTI

Mä dach. Déi hunn ech extra zu ärer Éier heihi bestallt.

ABBES

(idem) Ah, merci ower ... Här Knullowsky.

LINDA

Hei kuck, se hunn de Wuppa schonn hannen an der Këscht sëtzen.

FRED

Tatsächlech. An d’Lola niewendrun.

ABBES

(idem) Voilà, da si mer jo elo nees all gemittlech beieneen ...

(D’Zuchendier geet op.)

ISIDOR

An, Patron, hu mer se?

BATTI

Jo, Isidor. Kuck, se sëtzen hei ewéi wann d’Hénger hinnen d’Brout geholl hätten.

LINDA

Nu maach du och nach den Uz mat eis ...

(Schlussmusek – iwwerdeems:)

BATTI

Tja, Cricri, däi Plang wor tonnegutt: d’Louise Eilebecker – eh pardon, d’Lola, ass stonnelaang mat dem Peggy Hollywood dobaussen am Park erëmspadséiert, esou dass de Wuppa roueg a sengem Zëmmer wullen a siche konnt ---

ISIDOR

--- an du, du hues dech gëschter esou hoppla aus der Villa verfuusst, fir Zuch a Fliger vu Lëtzebuerg iwwer Paräis bis an Amerika ze reservéieren, well zu San Francisco wollt der elo déi „Rout Mauritius“ verkafen an als bommeräich Dollar-Kinneken de Rescht vun ärem Liewe weider liewen.

BATTI

Dat hätt och alles flott geklappt, wann den Augustins Wuppa d’Fënster net dommerweis vu bannen, mä wierklech vu baussen ageschloen hätt.

ISIDOR

Jo, mir zwee, mir géifen eis elo nach hannert dem Mauritius-Gangster d’Bee stompeg lafen, gelu, Batti.

BATTI

Mä neen ... Pech! D’Schierbele louchen eben op der falscher Plaz, an de Butler huet sech herno och nach selwer verroden.

ISIDOR

Schued ... an äddi, San Francisco!

BATTI

Jee, kommt, dir Herrschaften, da gi mer. Se waarden dobaussen op eis.

 

*****