… fräi no der aler Fabel vum Aesop 

an dem August Liesch senger "Maus Kätti"

 als Hörspill-Versioun geschriwwen ...

D'FELDMAUS AN D'STADMAUS

(1982)

 

Persounen:              d’Maus Bäbbi

de Mononk

de Päiperlek

de Fräsch

den Heesprénger

de Schleek                   (déi vum Feld)

 

d’Maus Florence

de Butler Pierre

d’Charlotte

d’Yvette

d’Marie-France             (déi aus der Stad)

 

den Erzieler

 

 

ERZIELER

't ass haut wierklech e Genoss op der Gewan: d’Sonn laacht an d’Karblumme bléien houfreg virum Lach vun der Maus Bäbbi. Mä psst! kommt net ze no, se ass grad mat dem Monni vrun der Dier.

(Naturgeräischer - e Velo schellt.)

BÄBBI

Hei den Heesprénger, eise Bréifdréier!

MONONK

An, wat gëtt et Neies?

HEESPRÉNGER

Ma ech komme mat engem Bréif fir d’Bäbbi.

BÄBBI

E Bréif? Fir mech?

HEESPRÉNGER

E kënnt aus der Stad.

MONONK

O, och nach aus der Stad ...

BÄBBI

Juch-huuu! 't ass ee vum Florence, vu menger aler Frëndin.

MONONK

D’Florence! Ha, mäi léiwen Heesprénger, dat ass eng besser Maus. Déi féiert e Liewen ewéi eng richteg Madamm. Do kënne mir eis hei um Feld nëmme just wonneren.

BÄBBI

Lauschter, Mononk, wat et schreift: „Léift Bäbbi! Scho wéi laang hunn ech der versprach, fir eemol bei dech op Besuch ze kommen. Iwwermuer ass et esou wäit. Ech komme mat dem Zuch vun dräi Auer. Florence.“

MONONK

Do soll een ower soen, Bäbbi: mir kréie Besuch aus der Stad!

HEESPRÉNGER

Se wäerten all grouss Aen hei um Feld maachen.

(En Zuch leeft an.)

ERZIELER

D’Maus Bäbbi wunnt scho laang mat hirem Mononk hei an de Karblummen, mä 't ass haut fir d'éischt, dass d’Maus Florence aus der Stad op Besuch kënnt. An duerfir fale sech déi zwou gutt Frëndinnen och gläich ëm den Hals, esoubal et aus dem Zuch klëmmt.

 

(Et päift - den Zuch fiert nees fort.)

FLORENCE

Jo … wéi laang hu mir eis schonns net méi gesinn?!

BÄBBI

Florence, fei bass de erausgefiizt! Du bass eng richteg Madamm.

FLORENCE

Bäbbi, kuck, ech hunn alt emol meng Walliss matbruecht. Wann s de näischt dergéint hues, da bleiwen ech e puer Deeg.

BÄBBI

Sécher. Dat ass eng gutt Iddi. Komm, mer maachen eis gläich op de Wee.

FLORENCE

Den Taxi wäert sécher scho waarden.

 

BÄBBI

Den Taxi? Ho, Florence, hei bei eis gëtt et keen Taxi.

FLORENCE

't ass dach net mauseméiglech! A wéi komme mer da bei dech heem?

BÄBBI

Mä zu Fouss.

FLORENCE

Zu Fouss?

BÄBBI

Hei um Land ginn se all zu Fouss. Komm, et ass jo nëmmen eng hallef Stënnchen ze goen.

FLORENCE

Wat? Esou wäit och nach? An da keen Taxi wäit a breet! Ho, do misst de mol bei eis an d’Stad kommen, mäi léift Bäbbi ...

ERZIELER

Den Heesprénger an e klenge Fräsch sëtzen an engem Putsch Gras a kucken deenen zwee no, wéi se iwwert de Feldwee getrëppelt kommen: d’Bäbbi schréckt vir un der Spëtzt an d’Florence aus der Stad kënnt hannendru gedabbert.

FRÄSCH

(laacht) Do! Elo ass se schonn nees mat den héijen Talleken am Gras stieche bliwwen.

HEESPRÉNGER

Kee Wonner och, eng Maus aus der Stad ass et wierklech net gewinnt um Feld duerch déck an dënn ze trappen.

FRÄSCH

Hei kuck, Heesprénger, elo hänkt se och nach dohannen an der Heck fest.

FLORENCE

(opgereegt) Bäbbi! Bäbbi! Ech kommen net méi hannertzeg a vijenzeg.

BÄBBI

O mei! Du hänks jo mat denger Blus an engem pickege Strauch. Waart, ech hëllefen der eraus.

FLORENCE

A grad mat menger neier Blus! Tjëft net nach! 't ass haut fir d'éischt, dass ech se droen a schonns hunn ech e Lach dragerappt. Firwat mussen dann hei och iwwerall där pickeger Hecke stoen?

HEESPRÉNGER

Elo sinn se gläich bei dem Bäbbi um Feld.

FRÄSCH

Si mussen nach just hei iwwert meng kleng Baach.

HEESPRÉNGER

O mei jo – do kréie mer bestëmmt nees ze laachen.

(Eng Baach plätschert.)

FLORENCE

Wat? Du wunns déi aner Säit vum Waasser? 't gëtt jo ëmmer besser. A wéi kommen ech dann doriwwer, Bäbbi?

BÄBBI

Maach et grad ewéi ech a sprang.

FLORENCE

Mat mengen héijen Talleken?

BÄBBI

Da komm, gëff mer d’Hand, da geet et besser.

FLORENCE

O, soll dat alt riicht ausgoen ... Schrecklech, wat een hei erëmklotere muss!

BÄBBI

Een, zwee, dräi – hoppla!

(Waasser spritzt – den Heesprénger an de Fräsch laachen.)

FLORENCE

O mei! Bäbbi! Bäbbi!

BÄBBI

Mä Florence ---

FLORENCE

Ech sinn ausgerëtscht. Zéi mech schnell aus deem kale Waasser.

BÄBBI

Dann hal dech fest un. Ho-hopp! Ho-hopp!

FLORENCE

(ausser Otem) Ojee, ojee ... So, a wou ass mäin Hutt?

BÄBBI

Do ënne läit en.

FLORENCE

Am décke Bulli ... Mon Dieu!

FRÄSCH

Waart, ech huelen en eraus.

FLORENCE

Hee, a wee bass du dann, du ellene Männchen?

FRÄSCH

Ech sinn de Fräsch, Madamm. Ech wunnen hei bei der Baach. – Voilà, hei ass Ären Hittchen.

FLORENCE

Nu kuck nëmmen, wéi ech esou verdreckst ausgesinn. Nee, Bäbbi, et ass déi leschte Kéier, dass ech mech an de beschten Houfert werfen, fir bei dech op d’Feld op Besuch ze kommen.

ERZIELER

D’Maus Florence ass frou, fir sech herno beim Bäbbi doheem kënnen e wéineg op de Canapé ze leeën a sech ze erblosen. Mä wéi se hannert de Karblummen de Mononk vrun engem hondsgewéinleche Lach sëtze gesäit, du schléit se d’Hänn iwwert dem Kapp zesummen.

FLORENCE

Wat? Hei wunns du, Bäbbi? An deem klenge Lach?

BÄBBI

Jo. Hei sinn ech doheem.

FLORENCE

Neen, wéi schappeg! Do hat ech wierklech geduecht, du häss der eng Villa mat engem Stréidaach opgeriicht.

MONONK

Eng Maus vum Feld ass eben net verwinnt.

FLORENCE

Elo sinn ech ower gespaant, wéi et dobannen ausgesäit.

BÄBBI

Komm nëmmen, fäert net.

MONONK

Béck dech ower, soss knupps de mat dem Kapp uewe widder, Florence.

FLORENCE

O, dat géif nach just feelen, wou ech gëschter eréischt beim Coiffeur wor.

(Bannen am Lach:)

Äähh, wat dat esou muffeg heibanne richt, so. An dann ass et och nach esou kleng.

MONONK

Fir zwee geet et vëllechen duer.

BÄBBI

Komm, huel der Plaz, Florence. Du woors jo esou midd ënnerwee.

MONONK

Hei, setz dech alt op mäi Bett.

FLORENCE

Wat? Ass dat däi Bett, Mononk? Dee Stréisak do? (erféiert) Huii, so, a wéi dat pickt! Hei géif ech nuets keen Aan zoumaachen. Mir aner schlofe schliisslech op engem mëlle Këssen – ei, do läit een ewéi e Kinnek! Mä op engem Stréisak? Bäbbi, wou kanns de blouss? Haha, neen, da ginn ech mech léiwer aus an d’Sonn setzen. Mä virdru wëll ech mech ower nach e wéineg frësch maachen. Wou ass däi Lavabo, Bäbbi?

BÄBBI

Mäi Lavabo?

FLORENCE

Ma ja. Du muss dach iergendzwousch deng Toilette maache kënnen.

MONONK

Ho, mir wäschen eis ëmmer do ënnen an der Baach.

FLORENCE

Wat? An deem Fräsch senger Baach? O nee, Bäbbi, wann ech dat doe menge Frëndinnen aus der Stad erzielen, déi komme sech es einfach net zou, wat s du fir e Liewen hei féiers.

ERZIELER

Esou hat d’Florence sech et um Feld wierklech net virgestallt ... A wéi et gläich drop tëscht de Karblummen an der Sonn louch, du koumen d’Nopere vum Feld de Virwëtz stëppelen.

FLORENCE

Äääähh, Bäbbi, a wat kënnt dann hei gekroch?

SCHLEEK

Schumm dech. Du wäers mech dach net fäerten. Ech sinn e klenge Schleek.

FLORENCE

Ah, e Schleek. So, a wat schleefs de dann do op dengem Réck ?

SCHLEEK

Ma mäin Haus.

FLORENCE

Gees de!

SCHLEEK

All Schleek dréit säin Haus um Réck, Florence.

FLORENCE

O, wat sidd dir ower Komescher hei um Feld! – Hei, kuck emol, Schleek, a wat flattert dann do?

SCHLEEK

't ass de Päiperlek, Florence. De Pimpampel.

FLORENCE

So, Päiperlek, du bass sécher net vun hei?

PÄIPERLEK

Dach, dach. Ech wunnen an de Karblummen. A firwat dann net?

FLORENCE

Mä da kuck dech emol an de Spigel. Du bass esou schéi fuerweg. Esou en houfregen ewéi dech hunn ech nach net hei beim Bäbbi gesinn.

PÄIPERLEK

Wierklech?

FLORENCE

Pimpampel, du gefäls mer. Ech mengen, ech huelen dech mat an d’Stad.

PÄIPERLEK

Neen, neen. Ech bleiwe léiwer hei um Feld. Hei sinn ech doheem.

ERZIELER

A wéi et esou gemittlech Zäit fir den Oweskascht gouf, du huet d’Maus Bäbbi Weesskären an Hieselnëss erausgeschleeft, de Mononk huet dem Schleek e Putsch säftegt Gras gerappt an de Päiperlek krut déi schéinst Kléiblumm servéiert.

BÄBBI

Sou, nu maacht grad ewéi doheem.

MONONK

Dajee Florence, looss der net fléiwen. Hei, schmaach emol eis Weesskäre vun dësem Joer.

FLORENCE

(skeptesch) Weesskären ...

BÄBBI

Ah jo. 't ass de Wierteskascht vun enger Feldmaus.

SCHLEEK

Hei kuck, Bäbbi, et hëlt der gläich e puer mateneen, esou e gudden Appetit huet et.

(D’Florence fänkt un ze houschten.)

MONONK

O mei, hues de dech elo och nach verschléckt?!

PÄIPERLEK

Klapp him op de Réck, Bäbbi, dass et nees zou sech kënnt.

FLORENCE

(gierkst nach) O mon Dieu! Elo wor ech bal erstéckt. Neen, déi Weesskären, déi sinn näischt fir mech.

MONONK

Da probéier emol d’Hieselnëss.

FLORENCE

Hieselnëss?

BÄBBI

't ass eise Kascht vu sonndes, Florence.

FLORENCE

O jee, so, déi sinn ower haart. (mat vollem Mond) 't kritt ee jo bal kaum --- Au ... au ... auaa!

BÄBBI

Jëses, wat ass geschitt?

FLORENCE

Ech hu mer en Zannt ausgebass.

PÄIPERLEK

En Zant?

SCHLEEK

Eng Maus muss dach eng Noss knabbere kënnen!

FLORENCE

Nee, klenge Schleek, ech sinn eng Stadmaus, ech si gewinnt am Gebeess ze lecken an um Kéis ze bäissen, mä esou haart Nëss sinn eben näischt fir mech. – Neen, neen, sief mer net béis, Bäbbi, mä elo ass mir den Appetit vergaangen.

ERZIELER

No dem Iesse bleiwen se nach eng Weilchen an de Karblumme sëtzen, bis den Owend kënnt.

FLORENCE

Bäbbi, fänk eis d’Luucht un. Et gëtt däischter.

MONONK

Eng Luucht? Florence, et mierkt ee gutt, dass du keng Feldmaus bass.

FLORENCE

Wéisou?

BÄBBI

Hei um Feld hu mer keng Luucht.

FLORENCE

Nu hal ower op!

PÄIPERLEK

Hei um Feld liewe mer mat der Sonn. Esoubal se sech mueres fréi weist, da si mer um Dill ---

(Eng Mondharmonika spillt.)

SCHLEEK

--- an owes, wann se hannert den Hecke verschwënnt, da spillt de Mononk nach e Stéckelchen op der Mondharmonika an duerno gi mer och schlofen.

FLORENCE

Nee, Bäbbi, ech verstinn net, wéi s du hei liewe kanns. Mueres gees de dech bei de Fräsch an d’Baach wäschen, daagsiwwer knabbers de haart Hieselnëss an owes, esoubal d’Sonn ënnergeet, da verkrauchs de dech nees an däi muffegt Lach op e pickege Stréisak.

Komm emol bei eis an d’Stad, do lafen der d’Aen iwwer.

Nee Bäbbi, muer fueren ech heem an da gesäis de mech ni méi hei um Feld.

ERZIELER

An esou huet d’Maus Bäbbi e puer Wochen drop hir siwe Saachen an e Bëndelche gepaakt a se ass mat dem Mononk an d’Stad gefuer. Éierlech gesot, e wéineg virwëtzeg wor se jo och fir ze gesinn, wéi eng besser Maus lieft.

 

****

 

(Kaméidi aus der Grouss-Stad)

Der Maus Bäbbi schléit d’Häerz méi séier an och de Mononk kuckt ganz houfreg dran, wéi se virun der grousser Gare op den Trottoir erauskommen. Mä déi wäerte sech elo hei nach uerg wonneren!

( Kaméidi aus der Grouss-Stad)

MONONK

O jeeminee!

BÄBBI

Wat e Kaméidi!

MONONK

A wat en Duercherneen!

BÄBBI

(jäizt rosen) Hee, du do, kanns de dann net oppassen?!

MONONK

Se géifen een am Gewulls einfach iwwert de Koup rennen.

BÄBBI

O waart, dir sollt d’Maus Bäbbi hei nach kenne léieren. Komm Mononk, komm, de Koffer ënnert den Aarm an da geet et lass.

MONONK

(rifft) Bäbbi! Bäbbi! – Do, elo ass hatt schonns iwwert d’Strooss. (rifft nees) Da waart dach op mech.

( En Auto tut.)

BÄBBI

Mononk!

( Bremse quiitschen.)

MONONK

Raudi do! Hues de keng Aan am Kapp? Du gesäis dach, dass ech och iwwert d’Strooss goe wëll.

(Den Auto fiert nees weider.)

(houscht) Pfff! An elo bléist e mer och nach säi ganzen Damp an d’Gesiicht! Nee, wat e Gestank!

ERZIELER

A knapps wor de Mononk op där anerer Säit um Trottoir, dunn deet en op eemol Kreesch:

MONONK

Auaaaa! Ei, mäi Schwanz!

BÄBBI

Mononk, wat ass dann nëmme lass?

MONONK

't huet esou e Sturra mer op mäi Schwanz getrëppelt. Au ... au ...

BÄBBI

Weis emol hier. Tatsächlech! Komm, ech wéckelen der en Nuesschnappeg drëm, da pëffert et net méi esou.

ERZIELER

Riets a lénks strecken elo d’Statermais virwëtzeg d’Käpp zu hire Kellerfënsteren eraus, wéi d’Maus Bäbbi an de Mononk sech weider duerch d’Gewulls drécken.

CHARLOTTE

Hei, Yvette, do kënnt jo dem Florence säi Besuch.

YVETTE

Hihihi, 't gesäit ee gläich, dass déi vum Feld kommen.

CHARLOTTE

Jo. Wee stréckt sech haut nach e karéierte Fischi ëm de Kapp?

YVETTE

An dann deen Alen!

CHARLOTTE

Mon Dieu!

YVETTE

Kuck nëmme säi Schwanz ... hihihi!

CHARLOTTE

Neen, wat sinn et der!

ERZIELER

An endlech hu se d’Haus an der grousser Avenue fonnt, wou d’Florence wunnt. De Butler Pierre, e feine Mausenhär am schwaarze Jilli, steet schonns op der viischter Trap ze waarden.

PIERRE

(opgereegt) Da kommt schnell, dir Herrschaften. D’Dier steet grad op an et ass keen ze gesinn.

(Eng Dier quiitscht.)

BÄBBI

Mä ... mä ...

MONONK

Tjëft, Bäbbi, deen ass presséiert.

PIERRE

Pscht. Net sou haart, Monsieur.

BÄBBI

Mä 't wäert een ower sécher nach e Wuert schwätze kënnen.

PIERRE

(ängschtlech) Ho, a wann se eis héiert? Dir spillt mat Ärem Liewen.

MONONK

Wee soll eis héieren?

PIERRE

Schwätzt nëmmen net dervun. Hei an der Stad traut kee sech dervun ze schwätzen.

ERZIELER

Gläich drop kommen se an e grousse Keller. D’Maus Bäbbi räisst Aan a Mond op, de Mononk steet ewéi ugewuerzelt do ... Hei wunnt et also, seng Stater Frëndin, d’Florence!

FLORENCE

Gelu, Bäbbi, do stauns de, wéi?

BÄBBI

Wierklech. Du wunns hei ewéi e Barong.

FLORENCE

Ah, eng Statermaus féiert eben e bessert Liewen ewéi déi aner. Do päifs de dach op däi klengt, muffegt Lach um Feld. – Pierre!

PIERRE

Wat gelift, Madamm?

FLORENCE

Déi Herrschaften hunn e wäide Wee hannert sech. Kommt, servéiert eis e klengen Apéritif.

PIERRE

Direkt, Madamm.

('t gëtt erausgeschott.)

FLORENCE

Sou, da kommt, da loosse mer emol prosten.

(Glieser ginn unenee gestouss – Duercherneen: Prost! Prost! Gesondheet! – den Telefon rabbelt - e Glas fält op de Buedem - Schierbelen)

BÄBBI

O mei, Florence! A wat ... a wat ---

FLORENCE

(laacht) Mä Bäbbi, 't ass dach nëmmen eisen Telefon

MONONK

Den Telefon?

BÄBBI

O jee, a vun erlauter Schreck ass mir d’Glas op de Buedem gefall.

FLORENCE

(um Telefon) Hallo? --- Ah, du bass et, Marie-France.

PIERRE

O, hoffentlech huet se eis elo net héieren.

(Duercherneen:)

FLORENCE

(um Telefon) Wéi? --- An de Kino? Um 8 Auer? Neen, dat geet net.

BÄBBI

Mä ween duerf eis dann net héieren?

FLORENCE

(um Telefon) 't deet mer leed. Ech hu Besuch vum Feld.

PIERRE

Schwätzt nëmmen net dervun. Hei an der Stad traut kee sech dervun ze schwätzen.

FLORENCE

(um Telefon) Mä komm herno bei eis op de Kaffiskränzchen, da léiers de d’Bäbbi an de Mononk kennen. - Jo, d’Yvette an d’Charlotte kommen och. – Ho, natierlech, do däint neit Kleed un. Ech sinn dach esou gespaant ...

ERZIELER

Jo, d’Statermais sollen de Mëtteg bei d’Florence op de Kaffiskränzche kommen, an duerfir kritt d’Maus Bäbbi elo nach d’Bäckelcher gepuddert an d’Lëpse gefierft.

BÄBBI

(opbruecht) Wat? A meng Ae mools de mer och nach?

FLORENCE

Just eng Grëtzelche blo a gréng.

BÄBBI

Schrecklech! A wéi lafen ech dann doruechter? Grad ewéi wann ech eng mat der Fauscht drop kritt hätt.

FLORENCE

Sou. An elo parfüméieren ech dech nach e wéineg.

BÄBBI

Pfui, wéi dat mippst!

FLORENCE

Mä Bäbbi, elo gesäis de dach emol aus ewéi eng richteg Madamm. Hei, kuck dech am Spigel.

BÄBBI

Florence ... neen! Wat hues de mat mir gemat? Rout a blo a gréng a schwaarz – dee rengste Fuesendsbok!

ERZIELER

A gläich drop sëtzen all déi Statermais op deem grousse Gestell bei der Mauer ze schneeken. D’Bäbbi kann iwwert hiren Houfert nëmme staunen an et ass elo ower frou, dass d’Florence et eng Grimmelchen erausgefiizt huet, well eng ass méi chic gekleet ewéi déi aner.

(Glieser rabbelen um Regal.)

FLORENCE

Bäbbi, elo kanns de der de Bauch mat deene beschte Saache puppsat iessen. Ganz uewe sti Glieser mat Aprikosen- an Äerdbiergebeess, an der zweeter Rei ass et Quetschekraut an Hunneg, an hei ënne fënns de all Zorte Kéis.

BÄBBI

Ei! Do gëtt ee jo richteg gelëschtereg.

CHARLOTTE

Florence, däin Hunneg schmaacht excellent.

YVETTE

Mmm ... an däi Quetschekraut! Et kënnt ee sech derduerch friessen.

MARIE-FRANCE

Bäbbi, komm, mir zwee probéieren emol d’Gebeess.

BÄBBI

Ah, ech wëll, Marie-France. Ech si gespaant, wéi esou eppes schmaacht.

YVETTE

Sprang einfach op d’Glas erop an da fiers de duer. Mä pak dech ower gutt un, net dass de op eemol mat dem Kapp an dem Gebeess läis, hihihi ...

MARIE-FRANCE

Waart, ech halen dech mat dem Schwanz un, da kann der näischt geschéien.

CHARLOTTE

Ah jo, eng Feldmaus ass eben net gewinnt op Glieser an op Schosselen erëmzeturnen.

BÄBBI

Ääh – so, dat ass jo pecheg!

MARIE-FRANCE

Du duerfs och net dat ganzt Gesiicht dran zappen.

BÄBBI

A wéi kréien ech elo mäi Schnurrbäertchen nees propper? Nee, wat eng Schwéngerei!

FLORENCE

O Bäbbi, dann hunn ech ower léiwer de Mond mat Gebeess verschmiert, ewéi dass ech mer en Zant un enger haarder Noss ausbäissen.

(D’Stadmais duercherneen:)

CHARLOTTE

Ma ja, du has eis jo erzielt, Florence.

YVETTE

Ech krut bal e Laachkrämpchen, hihihi ...

FLORENCE

Hieselnëss a Weesskären!

MARIE-FRANCE

O, ech mengen, et sinn iwwerhaapt Komescher, déi vum Feld.

(Alles kickelt a laacht.)

PIERRE

Pscht, dir Dammen. Op eemol héiert se eis.

YVETTE

(erféiert) Oooo!

CHARLOTTE

(idem) Mon Dieu!

FLORENCE

(idem) De Pierre huet Recht. Jo.

BÄBBI

Mä nondijabel, vu weem geet dann ëmmer do rieds? Wee soll eis op kee Fall héieren?

PIERRE

O, schwätzt nëmmen net dervun. Hei an der Stad traut kee sech dervun ze schwätzen.

BÄBBI

Also neen, dat doe verstinn ech net.

MARIE-FRANCE

Eng Maus vum Feld kann dat och net verstoen.

MONONK

Ah Florence, däi Kéis ass net schlecht. Elo schmaachen ech nach e Stéckelche Speck an dann ---

FLORENCE

(ausser sech) Mononk!

(Duercherneen:)

MARIE-FRANCE

Neen!

CHARLOTTE

Ëm Gotteswëllen!

MONONK

Mä ... mä ...

FLORENCE

Dat ass eng Fal, Mononk.

BÄBBI

Eng Fal?

FLORENCE

Jo. Déi grouss Leit, déi och nach hei am Haus wunnen, déi hu se dohi gestallt, fir eis ze fänken.

MONONK

Nu hal ower op!

YVETTE

Dach. Et brauch een nëmmen de Speck do erauszekropen – pätsch! da spréngt d’Fal zou, an et kënnt een ni méi eraus.

BÄBBI

Nee, wéi grujeleg!

ERZIELER

Dem Mononk an der Maus Bäbbi lafen d’Schudderen de Réck erof. Da liewen se ewéi grouss Herrschaften hei an der Stad, mä se sinn hires Liewen emol net sécher. – An hei, op eemol geet d’Kellerdier gemittlech op ---

(Eng Dier quiitscht.)

--- a wee kënnt eraspadséiert? D’Pussi, déi déck Kaz aus dem Haus.

(Eng Kaz schnurrt.)

PIERRE

Madamm!

FLORENCE

O Schreck!

(Alles jäizt duercherneen: Ah! ... Uiii! ... Oooo! .... Fort, fort!)

ERZIELER

An een, zwee, dräi hu se sech all doruechter verkroch. Blouss de Mononk an d’Maus Bäbbi stinn nach eleng do a kucke ganz verdaddert dran.

FLORENCE

(rifft vu wäit hier) Bäbbi! Mononk! Schnell fort! Do ass se.

(D’Kaz miaut.)

BÄBBI

Mä ... mä ... ween ass dat dann iwwerhaapt?

PIERRE

't ass eng Kaz, Madamm.

BÄBBI

Eng Kaz?

CHARLOTTE

Wann se dech ze pake kritt, dann hues de ausgelieft.

BÄBBI

O jee! Mononk, wou bass de hin?

MONONK

Komm schnell bei mech erop gesprongen. Ech sëtze schonns hei uewen am Schaf hannert den Telleren.

YVETTE

Sprang, Bäbbi, sprang. Se huet dech erbléckst.

(D’Kaz schnurrt a stéisst bal hei, bal do eppes ëm.)

BÄBBI

Jëses neen!

(Duercherneen:)

MARIE-FRANCE

Maach schnell!

CHARLOTTE

Tommel dech!

YVETTE

Se ass schon hannerun der.

BÄBBI

Ho-hopp!

(Parzeläin geet a Schierbelen.)

O mei Florence ... elo hunn ech och nach zwou Parzeläinsschosselen erofgejummt.

FLORENCE

Besser e puer Schierbelen, Bäbbi, wéi wann se dech mat dem Schlawittche geholl hätt.

ERZIELER

An ee Gléck hat d’Maus Bäbbi de Parzeläin erofgehäit, well dee Moment ass de Pussi esou erféiert, dass e mat engem Saz duerch d’Kellerfënster aus op den Trottoir verschwonnen ass.

Dat wor se also, d’Kaz aus dem Haus, an de Pierre hat scho recht, wéi e sot: Dir spillt mat ärem Liewen ... Jo, keng Statermaus traut sech vun dem Pussi ze schwätzen, kee Wonner och, well d’Knéien zidderen der Maus Bäbbi an dem Mononk nach owes vu Schreck.

Neen, elo hunn s’es genuch. Esoubal et deen anere Mueren hell gëtt, pékt d’Maus Bäbbi d’Wallissen, a si fuere mat deem éischten Zuch nees heem.

(Zuchgeräisch an engem Compartiment)

BÄBBI

't ass zwar eppes drun: d’Florence ass eng besser Madamm, et ass no deem neitste Moud ugedoen an et kann all Dag Kaffiskränzercher maachen. Mä ech fleeten op esou e Liewen. Dag an Nuecht dee Kaméidi op de Stroossen an dat Gewulls um Trëttoir, neen, 't ass fir niewent de Kapp ze geroden. A bleifs de an dengem Keller dobannen, da muss de all Abléck fäerten, dass eng Kaz duerch d’Dier erageschlach kënnt an der d’Halsgenéck duerch bäisst.

(Den Zuch bremst.)

Neen, 't ass déi al Geschicht vun der Stadmaus a vun der Feldmaus: gëff du al a glécklech an denger Stad, Florence, ech vergonnen der et gären, mä ech, ech bleiwen an de Karblummen um Feld, bei dem Heesprénger a beim Päiperlek, bei dem Fräsch a beim Schleek.

(Den Zuch leeft an d’Gare an.)

Mononk, da komm, mer sinn nees doheem.

 

****