WITZEGES
RECHENARTISTEN
Ween op der Welt net rechne kann,
Dee kuckt am Liewen dacks domm dran,
Well villes, wat een do begéint
Sech ëm déi louder Zuelen dréint.
De Poli wor dermat gehäit –
Jo, d’Rechne wor net seng staark Säit,
An d’Joffer sot: "Mäi Jong, dat gëtt
Eng schlecht Zensur, a knouter net!“
„Der Däiwel!, jäizt doheem de Papp.
Déi huele mer eis gläich beim Schlapp!“
A mëttes stinn se da bei hir
Gutt queesch a rosen op der Dier.
„Sot, Jëfferchen, nu lauschtert mol,
Wat hutt Dir blouss géint eise Pol?
Eng hallef Datz gitt Dir him, mee
Hie rechent dach bal ganz genee!
Heit: 2 x 3?“ –
De Pol seet: „8!“,
Dem Pol säi Papp ass stolz a laacht:
“Gesitt Der mol! 't ass dach Eins-A!
E läit blouss een derlaascht … maja!“
AM ZOO
De Pitti wor mat senger Boma
Des leschter eemol an dem Zoo -
Gesäis de gäre grouss, wëll Déiren,
Da géi dohin, et sinn där do.
Giraffen trëpplen, Schlaange krauchen,
En Elefant trappt hin an hier,
Zwee Léiwe rosen, d’Tigre späizen
An an der Kaul do schnaarcht e Bier.
Mä dann déi Konschtstécker, déi d’Afen
Op hire Beem zum Beschte ginn,
Mat de Grimassen, déi se schneiden –
Dat muss een onbedéngt gesinn!
„So Boma, kuck mol!, seet de Pitti,
Deen alen, deen dohanne schläicht,
Fënns du net och, dass deen dem Bopa
Am Fong geholl verdäiwelt gläicht?!“
- „Dat seet een net, du freche Bengel!
Dass ech der keng an d’Laiskaul han!“
- „Boma, keng Angscht!, laacht dun de Pitti,
Den Af huet mech jo net verstan.“
ËNNERT DER KËSCHT
Et dauscht um Quai, den Zuch hält stall,
An tëschent deenen an’ren all
Dréckt sech e Bauer hannevir
Mat enger décker Këscht duerch d’Dier,
E quëtscht déi uewen an den Eck
Bei Kierf an Aner-Leits-Gepäck,
Sech selwer setzt en och nach hin
An denkt: Voilà, da fuer, ech sinn!
Hei kënnt och nach ganz distinguéiert
En Am’rekaner ’ra stolzéiert,
Mä alles strubbelvoll … An sou
Ass eisen Härchen dach nach frou,
Dass hien am Eck ënnert der Këscht
Beim Bauer déi lescht Plaz erwëscht.
De Chef-de-gare, dee päift um Quai,
Schonn ass den Zuch nees ënnerwee,
E juppelt schéi gemitterlech,
Den Am’rekaner näipt fir sech,
An hei, knapps ass de Mann entschlof,
Dun drëpst et aus der Këscht erof.
Jo, d’Drëpsen drëpsen drëpsweis lues
Dem Am’rekaner op seng Nues.
Dee grommelt, dréint a schäert a rëffelt,
Mécht een Aan op, dann zwee, a schnëffelt,
E kuckt sech sou eng Drëps mol un,
E richt vun alle Säiten drun,
Da schmuunzelt en a weist an d’Lut:
„Oh, Whisky, Whisky! Very good!“
- “Nix Whisky!”, laacht de Bauer schlau,
„Mä … Puddel … Flocki … wau, wau, wau …“
HIERT KLENGT
De Menni krut eng Schwësterchen,
Eng léif, kleng, aartlech Mais-chen –
De Menni, deen ass duerfir och
Wéi hallef aus dem Hais-chen.
E schwäermt a schwätzt un engem Stéck
Vum Puppelchen a seet der
Souguer seng Gréisst a säi Gewiicht
Op Gramm an Zentimeter.
Déi aner lauschtren him gär no
Beim Rieden a beim Schnëssen –
„Wéi heescht déi aartlech Mais-chen dann?“,
Wëllt jiddree vun him wëssen.
Do ass de Menni lo um Enn
Mat Téinen a Sech-Bretzen:
„Dat wësse mir och selwer net,
Et ka jo nach net schwätzen.“
DE BAM
Et kënnen der dach phantaséiren,
't ass e Genoss, fir se ze héiren,
Esou wéi dësen, deen d’lescht Jor,
Wéi 't schéngt an der Sahara wor.
„Do gong ech deeg- a stonnelaang,
An ech si gaangen, gaang a gaang –
Op eemol koum e Léiw, mon cher!
Ech duecht: O vreck, dat hu mer gär!
Hopp, d’Kap an d’Stier an näischt wéi un …
De Léiw net faul, hien hannendrun!
Du gouf zu zwee duerch kéipweis Sand
De Weltrekord am Sprint gerannt,
A scho wann hie gëotemt huet,
Hunn ech 't an der Akaul gespuert.
An hei, wat fir eng Chance, o jee!
E Bam! A grad op eisem Wee!
Ech sprangen op den éischten Aascht,
De Léiw kritt net gebremst --- a laascht!“
- „Hee, lues do!“, sot ech dunn zu deem,
Do stinn dach iwwerhaapt keng Beem.“
- „Jo, äntwert hien, et mengt ee bal -
Mä dat wor mir deemools egal.“
DEN HERKUL
Den Néckel ass ee vun dräi Zenner,
A wou déi stäerkst vun alle Männer
Blouss wäisse Kéis mat Musklen hunn,
Do huet hie Power, haalt iech un!
Sou huet hie mol e Miwwelwon
Beim Nopeschhaus gesinn do ston,
An zéng Mann héich sech d’Äerm verdréien,
Blouss fir e Schaf duerch d’Dier ze kréien.
„Hopp, kommt!, sot Herkuls Néckel dunn,
Ech paken iech eng Hand mat un,
Ewell wa mir zu eelef sinn,
Wäerte mir deen dach Meeschter ginn!“
An een, zwee, dräi, ewéi klorrosen,
Do héiert ee se keimen, blosen,
Zu véier stemme se mam Hënner,
Zwee leeë sech bal hallef drënner,
Dräi stäipe sech mam Kapp derwiddert
An drécken, dass de Buedem ziddert.
Mä all hiert Muerksen ass fir d’Kaz:
De Schaf, dee geet net vun der Plaz.
„Kredjës!, flucht ee bannen am Haus,
Dee kréie mir jo ni eraus.“
Den Néckel kuckt emol duerch d’Dier
A reift de Schweess vu senger Stier:
„Ah sou, dir wëllt eraus? Jo, dann!
An ech, ech drécken en eran.“
DEN ZWIELEFTEN
D’Brimeyesch haten eelef Kanner –
Ah jo, kee méi, mä och kee manner.
Vum Fränz, vum Pit bis op de Rën
A vun dem Sonja bis op d’Kënn.
Do wor schonn eppes lass am Haus,
Erof, erop, eran, eraus …
An eemol du gong d’Mamm op d’Rees,
Si sot zum Papp dunn: „Dass d’ et weess,
Dem Poli muss de d’Schmieren zappen,
Dem Mausi d’Äppel ganz kleng rappen,
De Bob wäscht mueres ni seng Zänn
An d’Anni mëttes och net d’Hänn,
Dee Klengste kritt eng Pampers un –
Vergiess et net, soss bass de drun.
Mä wat ech avant tout gär hätt:
Schéck mer se owes fréi an d’Bett!"
Mä dat, dat muss ee wierklech kënnen,
Fir owes eelef Stéck vun ënnen
An d’Kummeren erop ze dreiwen,
Dass se dann och do uewe bleiwen.
An do, voilà, scho kënnt nees een
Op Zéiwespëtzen ’rof … ah neen,
De Papp jäizt: „Jong, dat geet hei net!
Hopp, hopp an d’Bett, soss bottert et!”
Dee Klenge kuckt mol ganz erféiert –
Mäi Gott, da gëtt alt ëmgekéiert …
Mä zwou Minutte knapps duerno,
Hei ass de Kärel schon ‘rëm do.
Dës Kéier geet et, wéi et geet,
Wann een net eppes zweemol seet:
De Papp gëtt him eng hannendrop,
De Bouf quiitscht: Au! a geet nees op …
Op eemol schellt et un der Dier.
't ass d’Nopesch - wou de Claudy wier,
Si géif dobaussen an dobannen
Dee wëllen Näischnotz net méi fannen.
Du jéimert uewen eng kleng Stëmm:
„Hei sinn ech, Mammi, et ass schlëmm,
Lo hätt ech och bal hei geschlof,
Well hien do léisst mech net erof …“
AM BUS
De Bus ass strubbelvoll gelueden,
't si sécher méi wéi honnert Mann
A géifen se sech nach méi quëtschen:
Et géng fir d’Baschte kee méi ’ran.
Mat Krämpes hieft en eelren Härchen
Sech am Gewulls, lues Stéck fir Stéck,
Mä niewendru steet eng Madämmchen
An dréckt de Bopi flatsch! nees zréck.
"Kommt, bleift Dir roueg sëtzen! seet si,
Dir braucht net opzeston wéinst mir.
Kommt, bleift Dir nëmme roueg sëtzen,
Ech sinn nach vill méi jonk wéi Dir.“
Nach wéi vill mol hieft sech de Bopchen,
E keimt a kënnt schonn an de Schweess,
Mä si, si dréckt en ëmmer nidder
An dann, da sëtzt de Bop alt nees …
Op eemol ower gëtt e rosen:
"Lo loosst Der mech, lo geet et duer!
Well lo sinn ech schonn dräi Statiounen
Wéinst Iech elei ze wäit gefuer.“
D’TATTA FLORENCE AN DEN HOND
De Pitti hat doheem Besuch,
A bei dem Kaffi an dem Kuch
Du kënnt de Flocki aus der Kichen
Ënnert den Dësch bei jiddree richen,
Richt hei, richt do an huppt sech grad
Bei d’Tatta Florence aus der Stad.
Eis Tatta, déi ass ganz choquéiert –
Ääh pfui! denkt si, 't ass onerhéiert,
Esou e Véi hei an der Stuff!
Si ësst zwar nach, mä schneit eng Schnuff …
Dat mécht de Flocki guer net béis,
Hie schäert mam Schwanz rondëm hir Féiss
A kuckt der Tatta och nach riicht
Bei jiddwer Maufel an d’Gesiicht.
Si mécht, ass géif se näischt gesinn
A setzt sech einfach anescht hin.
Mä wat se mat der Nues méi rëffelt,
Wat eise Mupp ëmmer méi schnëffelt,
E geet sech souguer nieft se strecken
A fänkt lo un hir Been ze lecken.
Dat gëtt dem Florence dach ze bont!
„Ah non! kréint si, verfluchtnen Hond!“
- „Keng Angscht, seet dunn de Pitti lues,
't ass blouss, well s du säin Teller hues.“
EN NERFT MECH
Dass den Här Läährer an der Klass
De Patron vun dem Chantier ass,
Ech mengen, dat ass net verkéiert –
Mä dass en d’Kanner schikanéiert
A rose mécht, déi ganzen Zäit,
Dat geet trotzdem e Stéck ze wäit …
Sou koum den Tun de Mëtteg heem:
„O jee, wat hunn ech d’Flemm mat deem,
Well ëmmer ass en hann’ru mir
Mat Meckren a mat Knoutren hier.
E foxt an nerft a pisackt mech
De ganzen Dag – 't ass fierchterlech!”
Daags drop du gong de Papp an d’Klass,
Fir mol ze kucken, wéi dat ass.
De Schoulmeeschter, deen huet du grad
Mat hinne Rechnunge gemat,
„Acht minus drei?“ –
Den Tun seet: „Véier.“
- „Ah neen, heescht et, hopp, nach eng Kéier!“
- „Gesäis de, Papp, pëspert den Tun,
Lo fänkt déi Nervesee ‘rëm un!”
Bei den
Dommenécker
... déi iergendwéi un déi berüümte „Schildbürger“ erënneren –
mä egal, den Numm seet jo schonn alles ...
DEM MAULWUERF SÄI BEGRIEFNES
E Maulwuerf ass e feine Käerel,
Mä net am Gaart, o neen, o neen,
Well wou en an dem Buedem struewelt,
Do flitt dann alles duercherneen.
E Maulwuerf zauselt der de Kabes,
E Maulwuerf wullt sech duerch d’Zalot,
An d’Dommenécker goufe rosen
A woren enges Daags op Drot.
D’ganz Nuecht hunn si him opgelauert,
Si souzen do, omei, wéi laang!
An endlech géint de fréie Muergen
Hunn si dee Borscht am Gaart gefaang.
Deen een, dee wollt e gläich vergëften,
Deen an’re sot: „Komm, hänk en op!“
En drëtte koum mam décken Hummer ---
De Buergermeeschter sot duerop:
„All deen Tamtam wéinst engem Maulwuerf?!
Wat e Gedeessems mat deem Véi!
De Schäfferot huet decidéiert
A mir zerstreiden ons net méi:
Dat Béischt gëtt liew’ges Leifs begruewen!
Hutt der verstanen? Allez hëpp,
Laaft séier heem a kommt de Mëtteg
Mat Spuet, mat Schuppkar a mat Schëpp!“
A mëttes gouf e Lach gegruewen
Zu honnertaachtasiechzeg Mann –
De Buergermeeschter bréngt de Maulwuerf
A werft e mat dem Kapp vir dran,
Den Här Paschtouer hält eng Grafried,
Déi aner schëppen d’Lach nees zou –
De Maulwuerf ass aus dem Verkéier,
An d’Dommenécker, déi si frou!
DEEN AACHTEN
Am Summer sinn aacht Dommenécker
Laanscht d’Waasser mol spadséire gaang,
Hu Strëmp a Kalzongen an Hiemer
Op d’Äscht vun enger Heck gehaang
A jauwe frou an de Schwammboxen
Duerch d’Wiss buerféiss erof bei d’Baach –
Plätsch! sprangen si am Bou an d’Waasser,
Well ’t wor e schéine Summerdag.
Si puddelen och an dem Weier,
Dee roueg am Gestraiss do läit
A schwammen souguer am Nomëtteg
Eriwwer op déi aner Säit.
Am grénge Gras, déi Säit vum Waasser,
Do stelle si sech an eng Rei –
De Vicky zielt : Een, zwee, dräi, véier,
Fënnef, sechs, siwen – mei omei,
Blouss siwe Stéck ? Wéi ass dat méiglech?
Mir woren dach lo éinscht zu aacht.
’t ass een, dee feelt. Wou soll dee stiechen?
’t ass kee vun hinnen, dee méi laacht.
Do ass eng Katastroph passéiert!
De Schweess kënnt hinnen all op d’Stier -
Den Tun zielt och - dee ka gutt rechnen,
En zielt vun hannen a vu vir,
Op däitsch, franséisch an och op englesch,
Mä nondikass, ass dat nach dran!,
Si konnten zielen, wéi se wollten,
’t blouf hinnen ëmmer een ze mann.
Deen aachten läit bestëmmt am Waasser,
Vläicht ausgerutscht an dunn erdronk –
Wéi schrecklech! ’t wor e feine Kärel,
Familljepapp an zimmlech jonk.
(Ënnert eis gutt gesot: jiddereen huet vergiess sech selwer mat ze zielen.
Kee Wonner, dass aacht Mann da blouss zu siwe sinn.
Mä mäi Gott, dofir sinn et jo eben d’Dommenécker...)
Du koum en ale Mann getrëppelt,
E Mann vun iwwer uechtzeg Jor,
Si hunn deem d’Saach och ausgerechent –
Mä ‘t blouf esou ewéi et wor.
De Mann, dee leet seng Stier a Falen,
En iwwerleet an en denkt no:
„Gesitt der,“ seet en, „ganz dohannen,
Deen décken, säft’ge Kouflapp do?
Laaft schnell dohin a stiecht är Nuesen
Gutt déif a fest der Rei no dran,
Schéin niewtenaner, an da weist der,
Ween am zolittsten drécke kann.“
Dee Kouflapp do? Hopp-hopp, dohin!
’t wëllt jiddwereen deen éischte sinn.
All stiechen se, sou fest se kënnen,
Hir Nuesen dran – a bis ganz ënnen.
Den ale Mann rëselt de Kapp
An zielt dann d’Lächer an dem Flapp ---
Aacht Stéck! - Omei, ’t ass hinnen all
E schwéire Stee vum Häerz gefall ...
D’DOMMENÉCKER ALS STEEMETZER
Eng Schuppkar Sand, dräi Schëppe Kräsi,
E Sak Zement, e Gaardeschlauch,
En Aarm voll Zillen an eng Traufel,
Majo, dee ganze Buttek brauch
E Steemetzer, wann hien um Samschdeg
En Haus iergentzwousch baue wëllt,
Grad wéi ons gutt, al Dommenécker –
Sou stong et mol um Chantiers-Schëld.
A wéi hiert Hais-che mat vill Schweessen
No sechs an engem hallwe Jor
Mam Leeëndaach a mat dem Schaaschtech
Houffreg do stong a fäerdeg wor,
Du hu si, nieft sech eng Fläsch Béier,
Gemittlech an dem Schiet gesiess ---
„Mä ee Moment“, sot dunn den Abbes,
„Hu mir net eppes hei vergiess?“
Eppes vergiess? Den Hengchen lauschtert,
Den Néckel iwwerleet déi Saach,
De Gibbes leeft lo ronderëmmer,
De Fooss, dee klëmmt alt op den Daach,
Den Abbes hieft sech aus dem Gras op
An trëppelt lues an d’Haus eran,
En deet e Kreesch duerch d’Salle-à-manger:
„Ah mille tonnerres! Ass dat nach dran?!
Ech sot et jo, ’t wor mer sou komesch,
Ech hätt e Biesem drop gefriess!
Kommt kucken, 't ass elei stackdäischter,
Well mir hunn d’Fënstere vergiess.“
Lo schneiden s’ all eng sauer Binett,
O, wat si mir dach top’ge Pak!
„Keng Panik, Jongen!“, seet de Frunnes
A kënnt mat engem grousse Sak.
„Am Liewe muss een ebe schlau sinn,
An ech, ech sinn et, gleeft mer, well
Mat dësem Sak krut ech nach ëmmer
All däischtren Eck schéi klor an hell.“
Zu dräi Mann rappen si de Sak op,
Dee véierten, deen hält en, an
Zwee aner dréien en no uewen,
Dass d’Sonn och gutt draschénge kann.
An ass de Sak bis uewenhinner
Mat Luucht a Sonn déck strubbelvoll,
Da gëtt en uewen zougebonnen
An hannen op de Réck geholl.
Sou schëdde si en zu sechs, siwen,
Dobannen an dem Living aus,
A schonn dann dabbere si monter
Mam eidle Sak nees virun d’Haus.
Si kréien zwar vum ville Schleefen
De Krämpchen hannen an de Réck,
Mä duerfir gëtt de Koup am Haus och
Vu Stonn zu Stonn ëmmer méi déck.
A spéit am Owend seet de Frunnes:
„Gesitt der, 't ass lo däischter Nuecht.
Kee Wonner och, ewell mir hunn jo
Déi komplett Sonn an d’Haus ’rabruecht.“
Firwat et awer lo dobannen
Trotz all där Sonn net méi hell gëtt?
Mä iwwerlee mol, dat ass logesch,
Well nuets, do schéngt se jo och net …