DËST AN DAT

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

KIERMES AM BËSCH

 

Am däischtre Bësch dohannen

Ass haut der Däiwel lass

Ma jo, et ass grouss Kiermes,

Wou alles monter ass:

Dohanne kënnt de Wollef

Mam Rotkäppchen um Réck,

A vir a sengen Ouren

Do klunscht den Daimerlek.

 

Refrain:          All Männchen, all Männchen

Mécht sech doheem eraus,

't ass Kiermes, 't ass Kiermes

Am alen Hexenhaus.

 

Jo, d’Hex an hirem Hais-chen

Kritt haut e Koup Besuch:

Den Hänsel a säi Gréidel,

Déi knabberen um Kuch,

De Rumpelstilzche mécht sech

E Feier vrun der Dier,

E klotert op e Biesem

A spréngt drop hin an hier.

 

Refrain:          All Männchen, all Männchen

Mécht sech doheem eraus,

't ass Kiermes, 't ass Kiermes

Am alen Hexenhaus.

 

D’Schneewittche mécht nach séier

Fir d’Kiermes Botz a Wäsch,

Hei krauchen d’siwen Zwergen

Him heemlech aus der Täsch

A maache mat de Raib’ren

Beim Hexenhaus am Gaart

A mat de siwe Geessen

Eng lëschteg Parti Kaart.

 

Refrain:          All Männchen, all Männchen

Mécht sech doheem eraus,

't ass Kiermes, 't ass Kiermes

Am alen Hexenhaus.

 

(1975 - UGDA Union Grand-Duc Adolphe -

vertount vum Jos Kinzé, René Hornick a Julien Hofmann)

 

 

 

 

DÉI GROUSS MARGRÉITCHEN AN DÉI KLENG VEILCHEN

 

Ganz houfreg stong d’Margréitchen do

De Kapp an d’Luucht ze strecken,

An d’Veilche souz fir sech eleng

Dernieft a pick’gen Hecken.

 

„Jee, jee, bretzt dunn d’Margréitche sech,

Du solls dech wierklech schummen.

Du bass déi gouregst an déi klengst

Vun allen an're Blummen.

Du sëtz de léiwen, laangen Dag

Dech schei an d’Heck ze ducken -

Mä ech si grouss! D’ganz Welt ka mech

Bewonneren a kucken.“

 

Hei owes koum e staarke Wand,

Deen huet ewéi klorrosen

Duerch Bësch a Gaart, op Wiss a Feld

E Stuerm erausgeblosen.

Eis Veilchen huet sech dunn nach méi

An d’Heck erageduckelt –

Mä d’houfereg Margréitchen gouf

GEZAUSELT a GESTUCKELT ...!!!

 

("VUN HEI A VUN DO" - SNE 1981)

 

 

 

 

DÉI ANER AN ECH

 

Ëmmer grad déi flottste Saachen

Duerfe blouss déi aner maachen:

Wann se an der Bidde sëtzen

Plätschen a mat Waasser sprëtzen,

Iwwrall sech de Batti stellen

An un allen Diere schellen -

 

Aner duerfen ëmmer alles,

Ech, ech duerf guer näischt!

 

Bëtz um Mëttegiesse maachen,

D’Leit uschmieren, da blöd laachen,

Bei dem Kaartespille fuddlen,

An der Taass mam Kaffi puddlen,

Hirem Noper d’Zong rausstrecken,

Papagei a Goldfësch zecken -

 

Aner duerfen ëmmer alles,

Ech, ech duerf guer näischt!

 

Wa se sech am Spigel kucken

Domm Grimasse man, balucken,

Haart a falsch um Trottoir sangen,

Duerch all Waasserpulle sprangen,

Klappen, fluchen, rolzen, jäizen,

Krozlen, stoussen, rappen, späizen -

 

Aner duerfen ëmmer alles,

Ech, ech duerf guer näischt!

 

("Revue de la Jeunesse" - 1982/83)

 

 

 

MANÉIEREN

 

All Mënsch, dee muss Manéiren hunn!

Sou geet déi éiweg Leier un.

Ah jo, an dat gëllt och fir dech -

Duerfir sief schéi manéierlech!

 

So dach net „Hä?“, wann een dech rifft,

Mä ëmmer héiflech „Watgelift?“!

A wann e Mënsch der d’Hand wëllt ginn,

Dann hal him schéin déi riets dohin:

Bonjour, Monsieur! Bonjour, Madame!

A wann duerno déi grouss Leit dann

Do mateneen ze schwätze stinn,

Da mussen d’Kanner roueg sinn.

Eng Éiwegkeet laang dauert et -

Du stees do a si ginn sech net …

 

Wat ass dat flemmseg, denk mol un,

Fir sou Manéieren ze hunn!

 

Mä hackerdjës, nu lee dech dach

Net bei den Dësch wéi d’Schwäi beim Trach!

Hopp, setz dech fein a riicht dohin!

De Kapp brauch net gestäipt ze ginn!

An ‘t fänkt een ‘réischt mat iessen un,

Wann d’Leit all op dem Teller hunn!

Nu stierz dech net als éischten drop!

So, schlupp herno och net deng Zopp,

An d’Grompere ginn net zermätscht,

Och d’Fleesch gëtt net wéi wëll geknätscht,

‘t gëtt ganz manéierlech geknat

An net mat vollem Mond geschwat!

 

Sou, jiddreen huet säin Iesse kritt,

Da so schéin: „Gudden Appetit!“ -

Mä deen ass mir elo scho laang

Mat de Manéiren all vergaang …

 

("Revue de la Jeunesse - 1982/83)

 

 

 

 

OWEND FIR OWEND

 

Ah, wann ee blouss deen Zodi,

Deen Zodi fir an d’Bett

Wéinst deem verflixte Fernseh

Dach net all owes hätt!

 

E Krimi, dat ass menges, ei!

Ech sëtzen owes gär derbei.

Hei kuck – de Schiet kënnt nees geschlach,

E luusst elo duerch d’Schlëssellach,

Mä grad wéi hien d’Pistoul ’raushëlt,

Grad wéi en diicht a schéisse wëllt,

Do seet meng Mamm: Da komm, voilà,

't gëtt Zäit, hei ass däi Pyjama!

 

Tjëft, grad elo! 't ass fierchterlech!

An ech sinn dach sou virwëtzeg …

Mä waart mol, hunn ech mir geduecht,

Du gees rëm an a sees Gutt Nuecht,

Du toz nach hei, du ziels nach do

An dobei kucks de heemlech no.

Mä Quetschen och! Si mierken et …

Ah neen, meng Tricken zéien net …

 

Dat do ass eemol ze vill domm!

Mä werf lo d’Knëpplen net bei d’Tromm,

Du wëlls vläicht nach, dann denk dach drun,

Vrum Schlofen e Glas Waasser hunn,

A wann s de ganz kleng Schluppen hëls,

Gesäis de alles, wat s de wëlls.

Mä Moie Misch, do gëtt näischt draus –

De Krimi ass elo grad aus …

 

Ah, wann ee blouss deen Zodi,

Deen Zodi fir an d’Bett

Wéinst deem verflixte Fernseh

Dach net all owes hätt!

 

("Revue de la Jeunesse" - 1982/83)

 

 

 

 

DE WOLLEF AN DE FUUSS

 

Am Wanter do kënnt bei dat klengt Fuusselach

De Wollef duerch Straiss an duerch Hecke geschlach.

O Fiiss-chen, sou seet en, 't läit iwwerall Schnéi,

A wëlls d’ eppes friessen – du fënns guer näischt méi.

De Fuuss wor op Zack, huet sech net laang beduecht:

Komm, Koseng, komm mat mer, mir ginn lo op d’Juegd.

 

Nun héier dach nëmmen de Fuuss, wat e laacht!

Hie leckt sech de Mond nach, 't huet him gutt geschmaacht.

Seng Saach gong net schlecht, ewell hie krut genuch:

't gouf Zoossiss a Jelli a Pangech a Kuch.

De Fiiss-che wor flénk, jo, dat ass an der Rei,

Mä Spëtzbouf a schlau wor en och nach derbei.

 

De Wëllefchen ower hat ëmmer déck Pech,

Hie koum op der Kiermes am schlechsten ewech.

Kee Wonner, du hues net genuch nogeduecht,

Du hues blouss gejickt, ower ni iwwerluecht.

Denk blouss un däi Schwanz an ziel d’Streech, déi s de krus –

Nee, Wollef, du bass an du gëss ni e Fuuss!

 

(1984)

 

 

 

 

REKORD, REKORD !

 

Wee ka schnell wéi d’Huese lafen?

Wee kann turnen ewéi d’Afen ?

Wee ka wéi e Goldfësch schwammen?

Kopplabunzen, hopsen, klammen?

 

Ma ech, jo nëmmen ech,

Do wonnert jiddree sech,

Well ee vu menger Zort,

Dee brécht jo all Rekord!

 

Wee ka flott Grimasse schneiden?

Wee kann op dem Flocki reiden?

Wee kann op den Hänn da stoen

An um Kapp rondrëmmer goen?

 

Ma ech, jo nëmmen ech,

Do wonnert jiddree sech,

Well ee vu menger Zort,

Dee brécht jo all Rekord!

 

Wee mécht d’Leit am meeschte rosen?

Wee ka Knätsch am déckste blosen?

Ween huet ëmmer no dem Rëlzen

Déi meescht Knuppen, déi meescht Bëlzen?

 

Ma ech, jo nëmmen ech,

Do wonnert jiddree sech,

Well ee vu menger Zort,

Dee brécht jo all Rekord!

 

 (1984)

 

 

 

 

ALLES WOR AN D'VAKANZ

 

D’däitscht Dingwort louch mat dem Ein-Fünftel

Zu Ostende un dem belsche Mier,

An an der Schwäiz do wor de Présent

Mat senge Verben „faire“ an „dire“ –

 

Den Imparfait an Hektoliter,

Déi souze mat dem Verkafspräis

Fir d'éischt eng hallef Woch zu London

An duerno dräi Deeg zu Paräis –

 

Par conter wor de Pluriel’s-S an

De «Vous allez» mat dem «Ils vont»

Am Zelt mat Guiden a mat Scouten

An Holland op e Summercamp –

 

D’Quadrat an d’Weniger-Tafelrechnung

Hunn éischt Klass Luxair hei geholl

Fir véier Woche mat dem Wiewort

A Spuenien op d’Costa del Sol –

 

Den Dezi- an den Zentimeter

Louche mam “j’ai, tu as, il a”

Mat Schwammbox a mat Sonnepräbbli

Um Strand vu Gran Canaria ---

 

D’Vakanz, déi ass elo eriwwer,

A mir hunn alt rëm Pech gehat,

Well si, si koumen all zeréck nees,

't ass kee verluer gaang …

Eeeegaaaal waaaaat!

 

("Revue de la Jeunesse" - 1993/94)

 

 

 

 

DE PAPP KANN EINFACH ALLES

 

Dee ganze Misär gong un, well eisen Telefon net haart genuch geschellt huet.

„Dat hu mer gläich gefléckt!“ sot mäi Papp a koum mat Schrauwenzéier an Zaang, fir drun erëmzekniwwelen.

Mä o  jee, ëmmer wann hie mat Schrauwenzéier an Zaang erëmkniwwelt, da geet herno guer näischt – oder alles …

 

Soubal een eis telefonéiert,

Leeft lo am Haus alles verkéiert:

Knapps hiefs de op a sees: Hallo?,

Da staubsaugert de Video –

Méchs de deen aus, 't  ass nach méi uerg,

Leeft am Computer Kaffi duerch.

Kach blouss net mat de Mikrowellen,

Soss fänkt de Frigo un ze schellen,

An drécks de dann de Radio un,

Kënnt Musek aus dem Waasserkrunn.

Hei, wann et bei der Salonslut

Besat aus alle Bieren tut,

Weist d’Spullmaschinn vu menger Mamm

De ganzen RTL-Programm,

Eis Tiefkühltruh spillt Rock a Pop,

De Wecker hëlt vum Fernseh op,

An zitts de d’Waasser um WC,

Da leeft um Printer eng CD ...

 

O Papp, looss d’Technik, wou se ass,

Well s du dach ze vill technesch bass!!!

 

("Revue de la Jeunesser - 1993/94)

 

 

 

 

D'LEMMES-GECK-BATTI-BENGELSMÄNNERCHER

 

Mammi, ech wëll op Honolulu!

So, wéini fuere mer op Honolulu?

Mammiiii! Jiddreen däerf op Honolulu – just ech net …

Komm, géi de Mëtteg mat mir op Honolulu!

Honolulu! Honolulu! Honolulu!

 

Mäi Gott! A schonn heescht et: Hal dech net dru wéi DE GECK UM BENGEL!

 

Mä droleg, so, wann een dat alles bedenkt –

Hues du schonn dee Geck vläicht begéint,

Deen uewen um Bengel wéi geckeg do hänkt,

Drop sëtzt a rondrëmmer sech dréint?

 

Ech wollt schonn ëmmer eemol Zirkus spillen.

Duerfir stellen ech e Stull op den Dësch,

op dee Stull stellen ech nach e Stull,

op dee Stull stellen ech nach e Stull

an op dee Stull klammen ech elo erop ---

 

Mäi Gott! A schonn heescht et: So, bass du VUM LEMMES GEBASS?

 

Mä droleg, wou kommen se nëmmen do drun?

En Déngen, dat bäisst wéi en Hond?!

Well éierlech, Vollek, ech schwieren, ech hunn

Bis haut nach dat Lemmes net fonnt …

 

Haut loosse mer eng kommen!

D’Tatta nerven … Super!

Hir de Goldfësch an d’Buedbidde setzen … Genial!

Dem Bop am Gaart d’Tomate blo usträichen … Cool!

Op d’Tafel schreiwen: „Wee kidnappt eisen Här Läährer?" … Megabiäng!

 

Mäi Gott! A schonn heescht et: Nu LOOSS DE BATTI NET ERAUS!

 

Mä droleg, wou soll et dee Batti blouss ginn?

Am Nuetsdësch? Am Schwäistall? Am Kuerf?

A wat muss dee Batti e Gangster dach sinn,

Dass keen en erausloossen duerf!

 

Mäin Dram! Et misst een emol kënnen …

… beim Sylvester Stallone an der Piscine schwammen …

… mam Hämbörger-Iessen an d’Guiness-Buch kommen …

… eng ägyptesch Pyramid klauen …

… mam Mountain-Bike bis hannert de Mound fueren …

 

Mäi Gott! A schonn heescht et: Hee, fänks de un D’MÄNNERCHER ZE GESINN?

 

O droleg, wat schwätzen a rieden se dann?

Ech kucken nach iwwerall hin,

Mä droleg, et ass fir ze baschten, ech kann

Där Männercher néirens gesinn!!!

 

Kee Lemmes, kee Batti, kee Geck,

Keng Männercher do –

Tja, Mossiödamm,

A wee gesäit se dann lo?

 

("Revue de la Jeunesse" - 1993/94)

 

 

 

 

FREIDES, DEN 13.

 

Natierlech rabbelt haut kee Wecker!

Lo hues de dech och nach verschlof –

A spréngs de aus dem Bett, da rapps de

De Goldfësch mat vum Schaf erof.

 

Fir an deng Strëmp do fënns de d’Lach net,

Den T-Shirt hues de hannevir

A wéi s de wëlls beim Wäsche fuddlen,

Steet och nach d’Mamm just an der Dier.

 

O neen! Ass och d’Gebeess nach eidel!

Ääähh pfui, da bleift jo just nach Kéis!

Hei fält der d’Schmier ratsch! an de Kaffi

A spritzt der d’Box voll bis un d’Féiss.

 

Verknäpps de dech och an der Jakett,

Mäi Gott, dat wier nach net sou schlëmm,

Mä just dee lénkse Schong, dee fënns de

Fir d’Baschten net am Koup erëm.

 

Dann an der Schoul … o jee, de Patron!

En deet schonn an den Trape Kreesch -

E granzt a knoutert mat sech selwer,

Et ça veut dire: de Boss ass queesch.

 

Wat sot ech? Well e freet am Rechnen

Just där, déi s de net kanns, voilà!

An dobei wéisst de an'rer besser,

Wéi 3 x 2 = 9, ma ja …

 

Sou geet dat haut dee ganze Freideg,

Dee ganzen Dag, deen ass verschass –

Sou geet dat, bis et muer nees Samschdeg,

Samschdeg, de véierzéngten ass …

 

("Revue de la Jeunesse" - 1993/94)

 

 

 

 

LATZEGE LATZ

 

Ah, haut kënnt kee mer aus de Féiss,

Ewell ech hunn nees staark de Kéis!

 

Wat e Latz!

 

Kee Wonner, Cornflakes ouni Goût!

Beim Zänndokter e Rendez-Vous!

 

Wat en décke Latz!

 

An dann d’Gezei … neen, hal mech fest!

Schonn rëm dee Pulli, dee mech stresst!

 

Wat e faule Latz!

 

D’ganz Welt, déi houscht, mä Gott sei Dank,

Eisen Här Läährer ass niiii krank!

 

Wat e Louder-Latz!

 

De Game-Boy wëllt net fonctionnéiren,

Ech muss e Koup Vokable léiren …

 

Wat e Super-Latz!

 

Meng Lieblingssendung, déi fält aus,

A Jänni, Männi nerft am Haus …

 

Wat e Mega-Latz!

 

An dobei heescht et dann nach ëmmer:

Hopp, knouter net a raum däin Zëmmer!

 

Wat en Tonne-Latz!

 

Neen, haut kënnt kee mer aus de Féiss,

Ewell ech hunn nees staark de Kéis!

 

Wat en décken,

faulen,

Louder,

Super,

Mega,

TONNE-BOMME-LATZ !!!

 

 ("Revue de la Jeunesse - 1993/94)

 

 

 

 

GRUJEL, GRUJEL, GRUJELEG !

 

Sot, wëllt der eemol d’Grujle léiren?

Da musst der mat op d’Buerg spadséiren.

Ei! Flott! Immens! Do grujelt d’r iech,

An d’Hoer stinn zu Bierg -

Well op der aler Buerg do ass

All siwent Nuecht der Däiwel lass ...

 

Grujel, grujel, grujeleg!

Ech grujle mech,

Du grujels dech,

An d’Grujlen all, si grujle sech!

 

Eng Kiercheklack schléit zwielef Auer,

Scho schläicht e Schleek sech iwwert d’Mauer -

En Träpplek kréckelt iergendwou,

Eng hëlzen Dier schléit zou.

Da spillt am Tuerm eng jiipseg Gei,

An ‘t laacht eng schuddreg Strass derbei ...

 

Grujel, grujel, grujeleg!

Ech grujle mech,

Du grujels dech,

An d’Grujlen all, si grujle sech!

 

Wat huet dann lo am Schaf geklabbert?

E Schankemännche kënnt gedabbert,

En dabbert nach bis mueres fréi -

Da klabbert hien net méi.

E käicht nach just mat hueler Sëmm:

D’nächst Woch da komme mir erëm ...

 

Grujel, grujel, grujeleg!

Ech grujle mech,

Du grujels dech,

An d’Grujlen all, si grujle sech!

 

("Revue de la Jeunesse" - 1993/94)

 

 

 

 

DE MËNSCH

 

Um Mënsch ass alles drëm an drun

A mat dem Kapp do fänkt et un:

 

Ganz uewen ass, fir d’Mutz ze setzen,

E Stack méi déif do kann ee schwätzen,

 

Rondrëmmer Ouren, Aan, a gleeft:

Eng Nues, déi richt - mä och mol leeft.

 

No riets a lénks do huet en dann

Zwee Äerm mat Tonne Muskle dran,

 

Zwou Hänn, déi maachen hei de Schluss –

Där, déi een ëmmer wäsche muss.

 

Wat een domat tëscht d’Zänn ’raquëtscht,

Kënnt dann duerch d’Strass erof gerëtscht –

 

Mä do trëllt och nees allerlee

Sou Droleges dem Mënsch am Wee:

E Bauch, deen hickt, e Mo, dee grommelt,

En Häerz, dat klappt, wann ee sech tommelt,

De Rescht voll Loft mat Met’ren Träipen

A Schanken, déi dat alles stäipen.

 

No hanne Réck an ënnen drënner,

Fir sech ze setzen: iwwrall Hënner.

 

An un deem ganzen Duercherneen

Do hänken dann och nach zwee Been,

Déi flott op d’Mooss geschafft gi sinn

A just bis op de Buedem ginn.

 

Hei ënnen ass e ganz um Enn,

De Mënsch, de Bomme-„Super-Männ“!

 

 

("Revue de la Jeunesse" - 1993/94)

 

 

 

DEN DOMME KAKADU

 

Et sot emol e Känguru

Zum flotten, roude Kakadu:

Ech sinn – dat geet elo rang pang -

Méi séier wéi däi Bumerang.

‘t ass gutt, sot dunn de Kakadu,

Dat kucke mer, zum Känguru.

Scho kënnt de Bumerang geflunn,

De Känguru jauft hannendrun.

De Bumerang, dat komescht Stéck,

Dee flitt ower erëm zeréck,

An heen, hee laacht, de Kakadu,

Ewell deen aarme Känguru,

Dee leeft duerch ganz Australien lo

Deem Bumerang bis haut nach no …

 

An duerfir seet all Känguru:

Du domme Kiki-Kakadu!

 

(1996)

 

 

 

OP DER COPACABANA

 

Copacabana, Los Cacuettos,

Porto Bikini, Sierra Bullettos,

Bimbo Salami, San Chiquitita,

Hullahuppio, La Margarita,

Pyjamalores, Playa da Bomi,

Rio Bonanza, El Macaroni,

La Cucaracha, Moschter a Macho,

Copacabana, Schnurri Mustacho

 

Hopp, Luana, spill, oh yeah!

Guitar, Mandolino,

Musek, Power mat Olè!

Tromm an Tamburino!

 

Komm, Ricardo, danz mat mir,

Danz mat mir eng Bamba,

An duerno dann ech mat dir

Tango an eng Samba.

 

Copacabana, Los Cacuettos,

Porto Bikini, Sierra Bullettos,

Bimbo Salami, San Chiquitita,

Hullahuppio, La Margarita,

Pyjamalores, Playa da Bomi,

Rio Bonanza, El Macaroni,

La Cucaracha, Moschter a Macho,

Copacabana, Schnurri Mustacho.

 

(1996)

 

 

 

 

DSCHUNGEL-OLYMPIAD

 

A lass! Go on! Alles parat!

Am Dschungel do ass Olympiad.

 

D’Kaméile maache Marathon,

An d’Zebra, dat mécht Triathlon,

De Krokodil gewënnt am Schwammen,

Den Tiger éischter an dem Klammen,

An dann d’Schimpansen, déi kleng Afen,

An dem Zweehonnert-Meter-Lafen,

Ower de Léiw, deen Här, mécht nuren

Pistoul a Golf a Kajakfueren …

De Leopard - hopp, gitt op d’Säit!

Spréngt iwwer zwanzeg Meter wäit,

Den Elefant, hien ass e Groussen

Am Hummerwerfen, Kugelstoussen,

En Nashorn boxt - a wee bass du do?

Hei, de Gorilla an dem Judo!

E Papagei turnt op der Staang

An huet sech bal drun opgehaang,

An d’Giraff hieft dräihonnert Kilo,

Mä nëmmen eemol … Schluss, aus, pilo!

 

Voilà, gesitt der, sou ass dat

Am Dschungel op der Olympiad.

 

(1996)

 

 

 

 

DE JUPPEN HIRE JIPPI

(En Zongebriecher)

 

Op den Huppe sëtzt en Hippi

Bei deem grousse Mississippi

An deen Huppen Hippi-Hippi,

Dat ass Juppen hire Jippi.

Mä de Juppen hiren Hippi

Huet och nach e klenge Stippi,

An dee Stupp beim Mississippi

Ass dem Jupp säi Muppe Mippi.

No dem Zoossisswuppewippi

Mécht den Hippi Stuppe Mippi

An deem grousse Mississippi

Schlupp-schlupp-schlupp a schlippi-schlippi.

Mä du jäizt den Huppen Hippi,

Well vum ville Schluppe Schlippi

Mécht de Mippi décke Pippi

An de grousse Mississippi -

Jo, du jäizt den Huppen Hippi,

Well de Mippi, dee mécht Pippi

Vun deem ville Schluppe Schlippi 

An de grousse Mississippi …

 

(1999)

 

 

 

 

EPPES FIR JIDDWEREEN

 

Jiddwer Heck, déi wëllt hir Sonn -

Jiddwer Bam, dee wëllt gréng Blieder -

Jiddwer Blumm a jiddwer Gaart

Wëlle Summer a schéint Wieder -

Jiddwer Wiss, déi wëllt e Waasser,

Dat laanscht hir Margréitche fléisst -

Jiddwer Strauch, dee wëllt eng Lëftchen,

Déi him an de Blieder bléist.

 

Jiddwer klengt Kaweechelchen

Wëllt säi Bam, fir drop ze klammen -

Jiddwer Fësch a senger Baach

Schéi kloert Waasser, fir ze schwammen.

Jiddwer Päiperlek a Villchen

Wëllt e bloen Himmel hunn -

Jiddwer Bei hir Kiischtebléien

Mat vill séissem Hunneg drun.

 

Jiddwer Kand op eiser Welt

Géif gär wéi all Kanner spillen -

Jiddwer Kand wëllt een Doheem,

Wou et sech ka glécklech fillen -

Jiddwer Kand hätt gär, dass d’Mënschen

Sech nees iwwerall verdron,

Ewell Krich a Kläppereien,

Neen, dat ka kee Kand verston!

 

Mä wa jiddwer jiddwereen dann

Lo zu jiddwerengem hält,

Da léisst dat sech flott hei liewen

An ‘t ass schéin op eiser Welt.

 

(1999)

 

 

 

 

ECH WËLLT, ECH WÄR

 

Hee do! Du do!

Komme mer flippen, flippen aus!

Hee do! Du do!

D’Männercher gesinn, nujee,

Dat ass dach okay!

 

Ech wëllt emol, ech wär,

Ech wär emol sou gär,

En anere wéi mech,

Fir eemol net méi all Dag ech.

Et misst een där verréckte Saachen

Dach wierklech eemol kënne maachen

An ‘t kënnt ee sech da futti laachen!

 

Ech wëllt emol, ech wär,

Ech wär emol sou gär,

Dat ka kee Mënsch verston,

Deen ale, coole Robinson.

An engem Fiels mat Bësch derniewen

Kënnt ech eleng fir mech da liewen,

A kee géif mir mäi Spill verdierwen.

 

Hee do! Du do!

Komme mer flippen, flippen aus!

Hee do! Du do!

D’Männercher gesinn, nujee,

Dat ass dach okay!

 

Ech wëllt emol, ech wär,

Ech wär emol sou gär,

Och den Old Shatterhand,

Dee jiddwer Cowboy iwwrall kennt.

D’Kolleege géife mech beneiden,

Well ech kënnt dann um Biddi reiden

A mat all de Banditte streiden.

 

Ech wëllt emol, ech wär,

Ech wär emol sou gär,

Den Eilespigels Till,

Dee geckgen Till, den Eilespill.

Da kënnt ech menger Tricke maachen,

Faul Witzen a verréckte Saachen

An ech kënnt mech da futti laachen ...

 

Hee do! Du do!

Komme mer flippen, flippen aus!

Hee do! Du do!

D’Männercher gesinn, nujee,

Dat ass dach okay!

 

("LIES A FLÉI" - Liesbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer -

Éducation Nationale, Luxembourg - 2003)

 

 

 

 

O, DAT RAUMEN !

 

Ech froe mech, firwat muss blouss

Schéin alles op seng Plaz?

Muer geet et dach vu vir nees un,

An d’Aarbecht wor fir d’Kaz …

 

‘t klénkt mer éiweg an den Ouren,

Wéi se hanneru mer souren:

Jëses Kanner! Jëses neen!

Alles trëllt hei duercherneen!

Mä dat Raumen an all Ecker,

Weem geet dat net op de Wecker?

 

No dem Spillen heescht et ëmmer:

‘t traut ee sech net an däin Zëmmer.

Wou soll dann e Mënsch dobannen

Eppes am Gewulls rëmfannen?

Hoppla, alles opgeraf

An dann uerd’ntlech an de Schaf!

 

Hunn ech mech dann ausgedoen

Owes, fir an d’Bett ze goen,

Da muss alles richteg klappen,

Box an Hiem a Strëmp a Schlappen …

Wat e Misär, mei o mei,

Mam verflixtene Gezei!

 

Ech froe mech, firwat muss blouss

Schéin alles op seng Plaz?

Muer geet et dach vu vir nees un,

An d’Aarbecht wor fir d’Kaz …

 

("LIES A FLÉI" - Liesbuch fir d'3. an d'4. Schouljoer -

Éducation Nationale, Luxembourg - 2003)

 

 

 

 

 

 

 

 

Bartreng 2004:  

D'Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer sangen op der Aweiung vun hirer neier Schoul "BEIESTACK" um Campus  "Atert" ...

 

HONNERTDAUSEND BEIEN

(Melodie: "Die Biene Maja" - Karel Gott)

 

’t sot mol e Päiperlek zu mir:

Hee du, vu wou kënns du dann hier?

Ma ech, ech kommen, sot ech dunn,

Aus eisem Beiestack geflunn.

 

Refrain:           Jo, mir sinn honnertdausend Bartrenger kleng Beien,

Honnertdausend zabbleg, krabbleg Beien,

Fléien all Dag an an aus

Hei an eisem Beienhaus.

Ah jo, do kanns de da sou flott bei deene villen,

Ville Beie laachen a flott spillen.

A mir ruffen dann nach d’Maja:

Maja (Maja), Maja (Maja),

Maja, komm du dach och bei eis!

 

Eis Wiss mat Blummen, o maja,

Dat ass den i, u, e, o, a,

An eisen Hunneg, dat ass hei

Sieben plus fünf a vier mal drei.

 

Refrain:           Jo, mir sinn honnertdausend Bartrenger kleng Beien,

Honnertdausend zabbleg, krabbleg Beien.

D’Päiperleke sëtzen do

A si kucken eis all no,

Ewell mir sprangen a mir sangen hei zesummen

Wéi op honnerdausend décke Blummen.

A mir ruffen dann nach d’Maja:

Maja (Maja), Maja (Maja),

Maja, komm du dach och bei eis!

 

Wann ech mol grouss sinn, jo an dann

An déi grouss Welt ’raus fléie kann,

Erzielen ech all Bei, ’t ass klor,

Wéi cool et hei an Atert wor.

 

Refrain:           Jo, mir sinn honnertdausend Bartrenger kleng Beien,

Honnertdausend zabbleg, krabbleg Beien,

Fléien all Dag an an aus

Hei an eisem Beienhaus.

Ah jo, do kanns de da sou flott bei deene villen,

Ville Beie laachen a flott spillen.

A mir ruffen dann nach d’Maja:

Maja (Maja), Maja (Maja),

Maja, komm du dach och bei eis!

 

(2004)

 

 

 

 

 

 

Léiwe Kleeschen,

    gudde Kleeschen

 

 

   OP ZINIKLOS-OWEND

 

Gläich ass dee groussen Owend

Vum Zinikleeschen do,

Da lauschtert blouss de Kanner

Mat hire Lidder no.

 

Gemittlech gëtt et däischter,

Et freet sech jiddwereen,

D’Schong sti schonns op der Fënster

An d’Tellre beieneen.

 

Um Dësch en Drëppeglieschen

An eng Fläsch Schnaps derbei,

De Kleeschen huet dat gären

Am kale Wanter hei.

 

Si hunn och un dee Beschten,

Den Ieselche geduecht

An him e Grappvoll Schielen

Virun d’Viischtdier geluecht

 

Drop ginn se midd an d’Fiedren

A schlofe séier an.

Si dreeme vun dem Kleeschen,

Deem léiwen, gudde Mann.

 

(1969)

 

 

 

 

DEN HOUSEKER, DEE FÄERTEN ECH

 

Ei, wat free‘n ech mech, wann hënt

Den Zinikleesche bei mech kënnt.

E bréngt e ganze Koup vu Saachen,

Där fir ze spillen an ze schmaachen.

 

Den Houseker, dee fäerten ech,

Deen ass jo och sou grujeleg,

E kuckt dach ëmmer rosen dran

Ewéi e béisen, uerge Mann.

 

Huel deen nees schnell mat an de Bësch,

Soss krauchen ech ënnert den Dësch.

 

(aus «ALLERHAND DUERCHERNEEN» / Éditions des Instituteurs Réunis – 1974)

 

 

 

 

UN DE KLEESCHEN:

 

Du weess, ech hunn alt

Meng Schlapp ausgestallt,

Net meng butzeg Schlapp,

Mä déi vun dem Papp -

Déi ass méi grouss an

Et geet vill méi dran.

Sief duerfir net béis,

Ech hunn sou kleng Féiss …

 

(aus «ALLERHAND DUERCHERNEEN» /

Éditions des Instituteurs Réunis – 1974)

 

 

 

 

DESLESCHT DO GONG DEN ZINIKLOS

 

Deslescht do gong den Ziniklos

Bei eis am Duerf mol iwwer d’Strooss.

Hei koum en Auto laanscht geflitzt

An huet hie voll mat Dreck gespritzt.

 

De schwaarzen Houseker huet dunn

D’Schwaarzt Buch aus sengem Sak gezunn

An d’Autosnummer opgeschriwwen.

Bei deem sinn d’Tellren eidel bliwwen.

 

Bestëmmt do krut en och eng Rutt …

Komm, kräisch lo net, déi hues de gutt!

 

Deen Auto do – ech ka mech ieren –

Mä … war dat net der Joffer hiren?

 

(aus «ALLERHAND DUERCHERNEEN» / Éditions des Instituteurs Réunis – 1974)