DEN TILL EILESPIGEL

 

 

 

Wie kennt en net den Eilespill

Mat Wutzekap a Schellen?

En zitt duerch d’Land, fir iwwerall

De Batti sech ze stellen.

 

Sténk-liddreg ass en duerch an duerch,

En hält net vill vum Schaffen,

An ower wëllt e mëttes schonn

E vollen Teller baffen.

 

De Mëller pucht e virun d’Dier,

De Schmatt schéckt en och weider,

Beim Bauer daacht e keng zwee Su

An net vill méi beim Schneider.

 

Een Handwierk kann e wierklech gutt:

Zum Onwee alles maachen –

A wann de Meeschter rose gëtt,

Ei, kuck, da kann e laachen!

 

Seng Flautereien an der Kopp,

Déi sinn aus Stol an Eisen,

An iwwrall, wou e scho mol wor,

Däerf hie sech net méi weisen.

 

D’Leit géifen him mam Biesemstill

De Bockel blo zerschloen

A mat den Hënn deen ale Geck

Zum Duerf eraus nees joen ...

 

 

 

 

   DE KUERF VUM MAART

 

Zu där Zäit wor den Tillchen nach

E Bouf vu knapps aacht Joer,

De Läpp eraus, de Knéi zerschannt

A wëll-zerzausten Hoer.

 

Hei, eemol mueres sollt seng Mamm

Erof an d’Duerf du lafen,

Fir op dem Maart Geméis an Uebst

An dëst an dat ze kafen.

 

„So, Till, sot si, ech muss duerno

Nach bei de Schneider goen.

Komm, gees de mat, fir mir de Kuerf

Vum Maart dann heem ze droen.“

 

Den Till wor domat averstan,

Ass brav dernieft getrëppelt

An iwwerall, bei all Geschäft,

Huet hien eragestëppelt:

Déck Wurschten, Äppel, frësch Zalot,

Tomaten an sou weider –

A wéi de Kuerf geluede wor,

Gong d’Mamm du bei de Schneider.

 

Den Till, dee schëtt de Kuerf lo aus,

Bonz ënnen a bonz uewen –

Geméis an Uebst rullt iwwert d’Strooss,

Et blénkt an alle Fuerwen.

 

Mam eidle Kuerf gong hien dunn heem

An duecht: Wat soll geschéien?!

Mä wéi seng Mamm an d’Kiche koum,

Sollt si en Häerzschlag kréien.

 

„Ah Mamm, du sos mir just, ech sollt

De Kuerf, de Kuerf heemdroen -

A wëlls de och dat bannendran,

Da muss de dat scho soen.“

 

Pätsch, krut en eng an d’Laiskaul dunn

A mëttes gouf ’t näischt z’iessen,

Well Honn a Kaze souzen op

Der Strooss sech sat ze friessen ...

 

 

 

 

BËLLEG HAMESCHMIEREN

 

Den Duerfwiert wor rondrëm bekannt

Fir Sträit a Kläppereien,

Mä och wéinst senger Hameschmier

Do koume vill Leit bei en.

 

Des lescht do haten der e puer

E Catch vrum Comptoir wëlles.

De Wiert strëppt sech schon d’Äerm erop,

Mä d’Fra, déi rifft: „Du Bëlles!

Nun iwwerlee emol eng Grëtz!

Du wäers dach net nees klappen?!

Du konns ’réischt wéini um Geriicht

Aachthonnert Frang berappen.“

 

De Wiert strëppt d’Ärem nees erof

A léisst sech alt beléiren –

Den Eilespill, dee laacht am Eck,

Hien huet et och mathéiren.

Waart, Männchen!, denkt den Till, du solls

Vu Roserei nach baschten,

Ewell ech iesse mech puppsat

An ’t wäert mech kee Su kaschten.

 

E stellt sech vrun de Comptoir hin,

E schneit eng frech a stëppelt –

Dem Wiert geet gläich de Kolli héich,

E kënnt no vir getrëppelt,

E kuckt den Eilespigel un,

En hëlt e mam Schlawittchen

A prafft him eng mat senger Fauscht

Op d’Stier ënnert den Hittchen.

 

Den Till schmunzt blouss an denkt net drun,

Fir sech elo ze wieren.

Zefridde setzt e sech nees hin

A freet zwou Hameschmieren.

 

De Wiert bréngt och gläich drop de Pla,

Den Eilespill muss laachen,

E stréckt sech d’Sabbelduch nach ëm

A léisst sech d’Ham gutt schmaachen. 

 

Hei kënnt de Wiert och mat der Keess,

Et wier fir just dräihonnert.

„O neen, o neen!, laacht dunn den Till,

Du hues mer eng gedonnert -

A wierklech, all Respekt fir dech.

Déi souz. Ech kann et schwieren.

Duerfir bezuelen ech och näischt

Fir meng zwou Hameschmieren,

Soss ginn ech mat der op d’Geriicht

Wéinst Rappen a wéinst Klappen,

An du kanns nees, wéi deemools schonn,

Aachthonnert Frang berappen!“

 

De Wiert mécht d’Fauscht dunn an der Täsch,

Et juckt him an de Patten –

Den Till seet héiferlech: Gutt Nuecht!

A mécht sech nees duerch d’Latten ...

 

 

 

 

FEIER ! FEIER !

 

Soubal et mol no Aarbecht richt,

Da wëllt e sech verkrauchen.

„Komm, sot de Bauer mol, dech kann

Ech op dem Haff gebrauchen.“

 

Den Till, dee laacht sech dunn an d’Fauscht,

E wollt sech blouss sat baffen –

Mä neen, de Bauer wor op Zack,

Hien huet d’éischt musse schaffen.

 

Ah, Männchen, duecht den Eilespill,

Dat wäers de nach bereien!

Wann ee mat mir de Spunnes mécht,

Kann ech him net verzeien.

 

Hei emol geet säi Bauer nees

E ganze Sonndeg lompen

A vun deem ville gudde Wäin

Sëtzt hie beim Wiert ze tompen.

Op eemol ass e fest entschlof

Mam Kapp widdert der Mauer.

Den Eilespigel laacht fir sech:

Da waart, mäi léiwe Bauer ...

 

E wullt no engem laange Seel

A béide Boxentäschen

A bënt et un dem Wiert säi Schaf,

Mat Glieser a mat Fläschen.

Dann hëlt hie sech deen an’re Wupp,

Fir deen ouni ze zécken

Dem Bauer hannen un de Rimm

Vu senger Box ze strécken.

 

„Hu, d’Wiertschaft brennt!, sou jäizt hien lo,

Gläich steet se ganz a Flamen!

Hopp, Jann a Mann, laaft gaangs vrun d’Dier,

Soss sengt der iech nach d’Hamen!“

 

De Bauer fiert eenzock an d’Luucht,

Fir sech duerch d’Bascht ze maachen –

De Rimm ass staark, an d’Seel, dat rappt ...

Den Till steet do ze laachen.

 

 

 

 

FIR MÄI GELD

 

Den Eilespigel hat Vakanz,

E wollt duerch d’Welt ’rëm bommlen –

Hei fänkt him ënnerwee de Bauch

Vun Honger un ze grommlen.

En hat emol kee Knätsch ze kna’n,

Keng Schmier, fir dran ze bäissen –

A just nëmmen 10 Frang, mä soss

Kee Rouden a kee Wäissen.

 

Sou geet en an e Restaurant

A setzt sech hongreg nidder.

De Garçon kënnt a freet ganz fein:

„Bonjour, Monsieur, wat kritt Der?“

 

Den Till, dee schmunzt: „Bréngt fir mäi Geld

Dat bescht aus Ärer Kichen!“

De Garçon dréint sech ëm a geet

En décken Teller sichen.

 

Gläich drop léisst sech den Eilespill

Dee Mäifelche gutt schmaachen,

E maufelt, schléckt an iwwerdeems

Gesitt der e frou laachen.

 

Well d’Grompren, ’t ass eng gelleg Freed!

Et sinn där ronner, décker,

An d’Fleesch – o Gott, wien hëlleft him?

Et si bestëmmt sechs Stécker.

 

De Garçon bréngt och d’Fläsche Wäin ...

„Dem Här gefälleg?“, freet en.

Den Eilespill leckt sech de Mond:

„Jo. Fir mäi Geld“, sou seet en.

 

Mä wéi en du bezuele sollt,

Säin Teller a seng Fläschen,

Dunn zitt e seng 10 Frang eraus

A weist zwou eidel Täschen.

 

De Garçon kuckt: „Nëmmen 10 Frang?

10 Frang fir dat ganzt Iessen?“

Den Till klappt him op d’Schëller dunn:

„Du däerfs lo net vergiessen :

Ech hat blouss fir mäi Geld bestallt,

Keng Schlupp, kee Maufel weider -

Wann s du mir ower nach méi bréngs,

Dofir kann ech net – leider.“

 

Den Eilespigel lëft säin Hutt

A mécht sech iwwert d’Schnouer.

De Garçon knaddert: „Nondikass!“

A mécht en déckt, dommt Ouer ...

 

 

 

 

   EEËR MAT GOLDSTÉCKER

 

E Knéckert géif eppes drëm ginn,

Hätt hien dach blouss den Dal’re-Schësser –

Och d’Madame Meyer wor bekannt

Als Geldschlaang an als Suefrësser.

 

Den Eilespill huet, wéi ee weess,

Dem Schallek jo seng Séil verschriwwen ...

Voyons, duecht hien, där Aler do

Kriss du de Gäiz schnell ausgedriwwen.

 

All Dag geet si op hire Juck

Dräi Kierf voll Är bei d’Hénger rafen,

Fir déi um Maart gläich mueres fréi

Siechzeg Frang d’Dosen ze verkafen.

 

„Kredjës, Madame!, fänkt hien lo un,

Wat hudd Dir Är! Elauter décker!

A wäit a breet hei op dem Maart

Sinn ’t wierkerlech déi schéinste Stécker.

 

A gleeft mer, ech sinn iwwerzeegt,

Dass Dir an esou Är dobannen

Alt hei an do, wann d’Gléck et wëllt,

E richtegt Goldstéck mol kënnt fannen.“

 

E Goldstéck? – Ei, dat huet getraff!

E Goldstéck? – Kuckt lo d’Madame Meyer,

Si mécht grouss Aan, si reift sech d’Hänn,

Et brennt an hir wéi Hällefeier.

 

A schonns gëtt si sech monter drun

Hir Är der Rei no opzeschloen,

An all Schuel gëtt erageluusst –

D’Leit bleiwen all verwonnert stoen.

 

„Op d’Säit ! Op d’Säit !“, sou rifft déi Al,

Well ’t spritzt an ’t sprutzt an allen Ecken.

Zwou Kaze sti schonn niewendrun,

Fir d’Duedre vum Pawee ze lecken.

 

Gläich woren d’Eeër all zerschloen,

Mä Gold konnt si enéirens fannen,

Den Eilespill hält sech de Bauch

Vu Laachen an dem Eck dohannen.

 

Lo steet eis Geldschlaang Meyer do

Getouft bei hiren Eeërschuelen -

Tja, eemol muss scho jiddwereen

Am Liewe Léiergeld bezuelen ...

 

 

 

 

DRËSSEG STREECH

 

Dem Wiert vum Duerf, deem wor en nach

Vun d’lescht eng schëlleg bliwwen –

Da waart! Den Till, dee reift sech d’Hänn,

Haut kriss de s’ ageriwwen!

 

En huet net laang lo iwwerluecht,

Et gouf net laang gefackelt:

Mat engem décke Sak voll Gold

Huet hien de Wiert gelackelt.

 

Den Till, dee kroopt sech e mam Buuscht:

„Nu lauschter gutt, mäin Alen:

Fir drësseg Streech hanne bei d’Këscht

Kanns du dat Gold behalen.“

 

De Wiert, dee luusst mol an de Sak,

Et ass es wierklech vëlleg!

An drëssegmol d’Rutt op de Réck,

Mäi Gott, dat Spill ass bëlleg.

 

A sonndes drop, gläich no der Mass,

Du leet de Rommelsbauer

De Wiert am sonndësse Gezei

Mam Bauch op d’Kierchemauer.

De Schräiner-Putti zitt him d’Box

Gutt stramm iwwert den Hënner –

D’ganzt Duerf, dat kënnt lo aus der Kierch,

D’ganzt Duerf dréckt sech rondrëmmer.

De Buergermeeschter zielt bis dräi,

Den Till fänkt un ze flätschen,

Lo héiert ee kee Wiertche méi –

Mä nëmme just nach knätschen ...

 

Ei, wéi déi Rutt do zischt a päift!

Den Till, dee laacht genësseg ...

De Wiert verzitt d’Gesiicht an denkt:

Mäi Gott, ’t geet schnell bis drësseg.

Du wäers déi zweemol fofzéng dach

Mat Spilles iwwerstoen,

D’Haaptsaach, du kanns mat deem Geschéck

E Sak voll Gold heemdroen.

 

Bei nénganzwanzeg brécht den Till

Seng Rutt mat den zwou Patten,

E werft de Sak iwwert de Réck

A mécht sech hopp! duerch d’Latten.

 

„Hee, spréngt de Wiert op, a mäi Gold?

Wéi ass et mam Verspriechen?"

- „Däi Gold? Dat kanns de, rifft den Till,

Der un den Hutt lo stiechen.

Wéi hate mir et ofgemaach:

Fir drësseg kanns d’et halen.

Du krus der nénganzwanzeg blouss -

Also, sief brav, mäin Alen.“

 

Den Till, dee wénkt zefridden nach,

E wäert nees weiderzéien –

De Wiert, dee leeft him haut nach no,

     Blouss fir déi lescht ze kréien ...

 

 

 

 

DE GËLLENEN ZANT

 

Scho säit dem leschten Hierscht hunn ech

Den Näischnotz grouss geschriwwen,

E Joer laang hunn ech et uerg

Bal hei, bal do gedriwwen,

D’ganzt Duerf, dat huet wéi wëll geroost,

An ech, ech hu gutt laachen,

Mä lo gëtt et déi héchsten Zäit,

Fir mech duerch d’Bascht ze maachen,

Soss ginn ech ower gläich kee Su

Méi fir meng Haut a Schanken -

Sou mécht den Eilespigel sech

Alt haut sou seng Gedanken.

Mä virdrun halen ech se all

Nach eemol ferm zum beschten:

Ech iesse mer de Bauch puppsat

An nees um Wiert seng Käschten.

 

An owes virum Zuch sëtzt hien

Och scho beim vollen Teller,

Dat Bescht bestellt dee Kärel sech

Aus Spënnchen, Haascht a Keller.

 

Beim leschte Maufel jäizt den Till:

„O jës, wat Scherereien!

Ech hu mäi gëll’nen Zant verluer –

E muss um Buedem leien.“

 

De Wiert spréngt hann’rem Comptoir raus,

Seng Frau stierzt aus der Kichen,

A Jann a Mann läit op dem Bauch

Dee gëll’nen Zant ze sichen.

 

Ho, kuck, wat se do struewelen

A sech um Buedem rëlzen,

D’Still flattre ronderëm den Dësch,

An iwwrall gëtt et Bëlzen.

 

Natierlech ass vum Eilespill

Kee Goldzant do ze fannen,

Mä hie wollt nëmmen dat Gewulls,

Fir heemlech ze verschwannen.

 

De Wiert gëtt lo foxdäiwelswëll,

Well hien ass nees deen Dommen!

Tja, 't muss ee schon e Schallek sinn,

Fir op déi Spiicht ze kommen ...

 

    Duerno hunn d’Leit am Duerf näischt méi

Vum Till gesinn an héiren –

Bestëmmt sëtzt hien lo Gott-weess-wou,

Fir sech do z’ameséiren ...

 

 

 

"FLOTT SAACHEN"  (Éditions du Syndicat National des Enseignants - 1988)