O, WAT MËNSCHEN,

 

 DÉI MËNSCHEN ...

 

 

 

 

 

Et ginn der an dem Liewen

Vun all Zort, wéi der wësst:

De Feigling an de Kläpper,

De Schnëssert, dee sou schnësst,

De Philosoph, deen ëmmer

Wéi e Professer schwätzt,

De Bretzaasch, dee sech gären

Vun alle Säite bretzt,

De Geck, en hallwe Litti,

Deen d’Männercher gesäit,

De Bëlles, deen sou dra knuppt,

Bis rond'rëm alles läit,

Den Téinert téint – wat mengs de!

A gleeft bal selwer drun,

De Stëppeler, dee stëppelt,

De Klapert klaapt s’ all un.

 

Jo, ’t ginn der an dem Liewen

Vun all Zort, wéi der wësst,

Där heiter an där doter,

Mä keen dach, deen näischt ësst ...

 

 

 

 

DE BRETZERT

 

Nu héier blouss dee Kärel,

Wat deen do vu sech téint!

Déi aner ronderëmmer,

Déi si guer näischt dergéint:

 

Hien ësst déi meeschte Schmieren,

An dat wier ganz gewass,

Hien huet déi déckste Goldfësch

Aus senger ganzer Klass.

Wat soss dräi Mann net packen,

Dat packt säi Bop eleng,

All Bomi, déi fäert Spannen,

Seng Bomi, déi fäert keng.

Am Sport ass hien och besser

Wéi s du an hien an hatt:

Schéisst hien en Eelefmeter,

Da flitt de Golkipp mat!

Grad och wéi an de Coursen,

Do kënnt kee Mënsch him no,

Hie wor souguer schonn eemol

Virun deem éischten do ...

 

Komm, eppes, dat ass wouer

An duerfir looss e schwätzen:

Wat si am beschte kënnen,

Ass téinen a sech bretzen ...

 

 

 

 DE BESSER-WËSSER

 

Deen doen, Jëses Kanner!

Deen do weess alles besser

Ewéi hiren Här Läährer

A wéi all Här Professer.

 

Passt op, wann hie mol duerfiert,

Kënnt kee Mënsch géint en un,

Well wéi de Geck um Bengel

Hält sech dee Kärel drun.

 

An ass hien och am Onrecht,

Neen, hie behaapt sech drop!

Sou ass de Rondel eckeg,

An d’Waasser leeft biergop –

An d’Zäre vun der Auer,

Déi dréie lénks erëm ---

Dir sot: Mäi Gott, da looss en,

Dat ass dach net sou schlëmm!

Mä wann och dräi a véier

Scho wéi laang siwe gëtt,

Bei him sinn et der sechs blouss!

Dach! An hie gëtt sech net!

 

Do kënnt dir nëmme laachen

Iwwert deen Här Professer.

Mä - ’t ass dach fir ze baschten:

Dat kann hien och nach besser ...

 

 

 

 

DE CLOWN

 

Jo, wou et soss och ënmmer

Déck-faul a flemmseg ass –

Wann hien mol bis derbei kënnt,

Ah, dann ass eppes lass!

 

Dee Kärel léisst der kommen,

Dee Borscht ka Witzer maachen –

Jo, gleef mer et, du rulls dech

A kriss den Hick vu Laachen.

 

Sief dat bei de Vokab’len,

Déi sou langweileg sinn

Oder och bei de Verben,

Déi dir op d’Schlappe ginn,

Hie gëtt dann eng zum Beschten,

An dat op Schratt an Tratt,

Souguer och den Här Läährer,

Dee laacht a rullt sech mat.

 

A wann och d’Leit doruechter

De Kapp rëslen a son:

All Zirkus huet säin August!

All Zirkus huet säi Clown! –

Ee Gléck blouss, dass mir heen hei

Am Schoulsall bei eis hunn –

’t wier jo net auszehalen ...

Jee, denk besser net drun.

 

 

 

 

DE KLÄPPER

 

Säin Houfert si seng Musklen,

Säi Stolz, dat si seng Fäischt,

An ausser Kläppereien

Do kennt dee Bëlles näischt.

 

E lauert an all Ecker

A wou en nëmme kann,

Do strëppt en da seng Äerm ’rop

An d’Fatze fléien dann.

 

Mä ass mol näischt ze streiden –

O jee, da gëtt gestëppelt!

Hei kritt een d’Hor zerzauselt,

Do een op d’Féiss getrëppelt,

 

Jee, sou laang, bis déi aner

Vu Roserei déck kachen –

A scho kann hien ’rëm knuppen

An draschloen a fachen.

 

Wat komesch ass beim Spillchen:

E weess mol guer net, dass

Hien ënnert alle Kläpper

Deen uergste Kläpper ass.

 

Kee Wonner, et traut kee sech

Him dat ze son, gewëss!

Soss kënnt en: „Wat päifs du do?“ –

An ’t ginn der nees op -- op d’Schmull ...

 

 

 

 

DE WËSSENSCHAFTLER

A PHILOSOPH

 

Hei kuck: dohanne geet en

Gemälleg op an of,

En iwwerleet - net stéiren!

Hien ass e Philosoph.

 

E Raudi räsonéiert

Jo nëmme mat de Fäischt,

Ma däer Diskussiounen,

Déi son deem heien näischt.

Hien iwwerleet fir d’éischt mol,

Ewéi scho grad gesot,

An da gëtt diskutéiert

Als richtgen Affekot.

 

Ah jo, deen do weess alles,

Bal iwwer dët an dat,

Wéi dacks, wéi déck, wéi schwéier,

Wéi laang, vu wiem, firwat ...

Well hien huet – dat ass sécher!

D’ganz Wëssenschaft gelies

A sech duerch Kéip an Zennren

Där Bicher duerchgefriess.

 

Duerfir: gëtt et e Problem?

Huet iergendeen eng Fro?

Keng Angscht, de Wëssenschaftler

A Philosoph ass do!

 

 

 

 

DE SCHEIEN

 

Se spillen all am Haff hei,

Déi Grouss ewéi déi Kleng –

Hie wëllt dovun näischt wëssen:

Hie spillt fir sech eleng.

 

Se lafen all am Haff hei

Duerch d’Pullen an den Dreck -

Hie wëllt dovun näischt wëssen:

Hie steet eleng am Eck.

 

A gees de hien mol ruffen:

Hopp, komm, da spill dach mat! –

Dann hieft en einfach d’Schëller

An trëppelt nees säi Schratt.

 

Et freet ee sech nu wierklech:

Wat ass blouss mat him lass,

Dass hien esou verschotert,

Sou schei a roueg ass?

 

Mä jee, da looss en eben,

Da looss em dach seng Rou.

Hien ass méi fir dat Rouegt,

Hien ass eben esou.

 

Ee Gléck, dass se net all och

Wéi mir dës Däiwels sinn –

Wat géifen dat fir Pausen!

Wou kéime mer do hin?

 

 

 

 

DE KLAPERT

 

’t wëllt kee Mënsch mat him spillen.

Wou denks de hin, gelu?!

Well him ass net ze trauen,

Emol net fir zwee Su.

 

Vläicht fuere se mam Velo

An d’hënnescht Rad ass platt –

Vläicht zecken se de Goldfësch

A loossen hien net mat –

Vläicht spillen se mol Stëppches

A loossen hien da ston ---

A schonn da muss de Klapert

Gläich alles klappe gon.

 

A wann et dann eng Zäitchen

Mol näischt ze klape gëtt,

Dann ass hien onzefridden –

Neen, dat verdréit hien net!

 

Dat muss en och nees klapen ...

E geet bei d’Mamm a kräischt:

„Ech spillen net méi virun –

„Haut leeft wierklech guer näischt!“

 

 

 

"FLOTT SAACHEN"  (Éditions du Syndicat National des Enseignants - 1988)