DÉIEREFABELEN

 

 

 ... fräi no de Fabele

vum Jean de La Fontaine (1621-1695) ...

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

DÉI FLÄISSEG SEECHOMES AN DÉI LIDDREG GRILL

(La Cigale et la Fourmi - I/1)

 

De Summer wor gutt waarm a sonneg,

An d’Grill, déi krut doheem déck d’Flemm –

Se gong all gudden Dag picknicken

A sonndes mëttes och an d’Schwemm.

Bal souz se owes an dem Kino,

Bal gong se bei de Kierwerlécksdanz,

Souguer a Spuenien véier Wochen

Mat dem Bikini an d’Vakanz.

 

Mä d’Seechomes, der Grill hir Nopesch,

Déi louch net liddreg-faul um Réck,

Se huet geschafft, se huet gewuddert,

De ganzen Dag, un engem Stéck.

All Kär, all Käerchen, all kleng Grimmel

Huet si mat an hiert Lach geholl –

A wéi de Wanter vrun der Dier stong,

Hat si de Keller strubbelvoll.

 

An d’Grill, déi schneit eng sauer Binett,

De Bauch, dee grommelt hir, a wéi!

Si kënnt do rabbleg, dënn a goureg,

Jee, d’Grill huet näischt ze friesse méi.

 

Sou huet se sech daags drop géint Mëtteg

Mam Kuerf op d’Nopeschtrap geschlach:

„O Seechomes, gëff mir e Maufel!

O Seechomes, hëllef mir dach!“

 

Mä Moie Misch! si kritt d’Viischtdier lo

Virun der Nues nees zougeschlon,

Well ween net schafft, ma dee brauch och net

Doruechter heeschen dann ze gon ...

 

 

 

 

DE KUEB AN DE FUUSS

(Le Corbeau et le Renard - I/2)

 

Der Däiwel! duecht de Fuuss géint Mëtteg,

Wat dat sou gutt no Kéis hei richt!

Schnell klëmmt de Fripong a seng Stiwwlen

An huet den hallwe Bësch duerchsicht.

 

Op eemol hat en auserhéngert

Op engem Bam d’Affär gesinn:

E Kueb mat engem Kéis am Schniewel!

E reift sech d’Patten, geet dohin,

De Schwanz, dee wibbelt, d’Ae glënnren,

Säi Mond, deen drëpst gelëschtereg –

Tjëft, Alen, leckt e sech de Bäertchen,

Dat do wier quelque chose fir dech.

 

A scho fänkt hien lo un ze schmeechlen

Al-raffinéiert a gewëtzt:

"O Kueb, du bass dat schéinstent Déier,

Dat an dem ganze Bësch hei sëtzt.

Kuck dech am Spigel: Dat Gefieders!

Déi flott Krawatt! Deen neien Hutt!

Hopp, sang mer mol de Frères Jacques,

Dat kanns de ganz bestëmmt och gutt.“

 

De Kueb, dee fänkt elo ganz houfreg

Ze sangen un, ower de Kéis …!

De Kéis, dee fält him aus dem Schniewel 

A riicht erof dem Fuuss bei d'Féiss.

Dee kroopt sech séier déi Schlabäitchen

A rifft dem Kueb erop an d’Äscht:

„O Kueb, wat bass du mir en Topert!

O Kueb, du bass dat Allerlescht!“

 

 

 

 

DEE KLENGE FRÄSCH AN DEEN DÉCKEN OCHS

(La Grenouille qui veut se faire aussi grosse que le boeuf - I/3)

 

E Fräsch, dee gong emol picknicken,

De Schweess, dee stong him op der Stier –

En duecht bei sech: Du bass sou stuppeg,

Du trëlls an trëppels hin an hier,

Du kënns net weider rondrëm d’Kéifläpp,

Du muerks dech of, an ’t gëtt kee Stéck –

O, wäers de dach méi staark a kräfteg!

O, wäers de dach méi grouss an déck!

 

Déi Säit vum pick’gen Drot do koum grad

En décken Ochs mat senger Fra –

Dee kuckt dee klenge Fräsch am Onkraut

A laacht ganz knaschteg: Ha, ha, ha!

 

Du gouf de Fräsch ‘réischt richteg rosen

A sot: “Da waart, du dommen Ochs,

Ech blose mech lo op, du Ochs do,

Da kriss de Angscht a méchs an d’Box.”

Am Rucksak fënnt en e Stréihallem,

En dréckt sech deen an d’Ouer ’ran,

En zielt bis dräi an hëlt déif Otem

A bléist sou fest ewéi e kann.

Et kréckelt iww'rall tëscht de Rëpper,

Vu vir am Bauch bis an de Réck –

Mä kuck elei, dee klenge Männchen

Gëtt wierklech bei all Stouss méi déck.

E bléist a bléist, den Ochs mécht Aen,

De Fräsch, dee wiisst bei jiddwer Coup.

Voilà, duecht hien, lo kanns de laachen,

Lo sinn ech bal sou een wéi s du.

E bléist a gëtt sech net mat blosen,

Et geet him einfach nach net duer ---

 

Mä 't klaakt!

O Schreck!

Dunn ass de Männchen

Geplatzt an ausernee gefuer ...

 

Tjo, 't weess een eben, dass e Klengen

E Liewe laang e Klengen ass -

An duerfir maach dech net méi grouss an

Och net méi wichteg, wéi ' s de bass!

 

 

 

 

DEE GOUREGE WOLLEF AN DEEN DÉCKEN HOND

(Le Loup et le Chien - I/5)

 

Et wor eemol am leschte Joer

Géint Owend an de Summerméint,

Du hat dem Bauer Jemp säi Flocki

De Wollef um Feldwee begéint.

Den Hond koum gutt ronn, fett gefiddert,

Dee Kärel wor nach nimools krank –

De Wollef, dee wor rabbleg, goureg,

E wor bal nëmmen Haut a Schank ...

 

„Mäi léiwe Koseng!, sot de Wollef,

’t ass ongerecht, sief éierlech,

Ech sinn e Wollef, du e Mippchen,

An dach bass du méi déck wéi ech.

Dir platzt deng Bretell an däi Kolli,

An ech, ech fale vun de Been ---“

't ass wouer, duecht den Hond, an dobei

Si mir Famill nach mateneen,

A sot zu him: „Ma Jong, nu lauschter,

Ech leien ower och d’ganz Nuecht

Virun der Dier a mengem Hais-chen,

Ech passen op an hale Wuecht.

An duerfir kréi’n ech Mëllech, Grompren,

Geméis a Fleesch vum beschte Stéck -

Mä komm, schaff mat mir fir mäi Meeschter,

Da gëss de och nees staark an déck.“

 

De Wollef, dee wor averstanen.

A si zwee op de Baurenhaff,

Den Hond leeft vir, de Wollef hannen -

Op eemol ass deen ower paff.

„Hee, Flocki, käicht en, so, du hues jo

Eng Ketten an dem Hals. Firwat?“

- „Mä iwwerlee mol, mengt de Mippchen,

Ech hale Wuecht, sot ech jo grad.

An een, dee Wuecht hält, deen ass eben

De ganzen Dag och ugestréckt.“

 

Dem Wollef bleift dunn d'Maul opstoen -

A Kette leien?

’t ass verréckt!

 

„Neen, neen, mäi léiwe Koseng Flocki,

Da ginn ech ower net mat dir.

Kuck, ech ka fräi dorëmmer lafen

A mengem Bësch, bal hin, bal hier.

Ech päifen op däin décken Teller,

Ech bleiwe léiwer, wou ech sinn,

Ech bleiwe léiwer dënn a rabbleg,

Mä ugestréckt wëll ech net ginn ...“

 

 

 

 

D'HUESEN AN D'FRÄSCHEN

(Le Lièvre et les Grenouilles - II/14)

 

Zwee arem, kleng driibséileg Huesen,

Déi knadderen an hierer Stuff,

Si hunn es sat an d’Flemm mam Liewen

A schneiden eng ganz traureg Schnuff.

Kee Wonner, well all gudde Sonndeg,

Da schéissen d'Jeeër kräiz a quier,

Et sinn der och souguer scho wiertes,

Scho wiertes hannert hinnen hier.

 

„Hopp, komm, mer lafe bei de Weier,

Sou mengt deen eelsten Hues, an dann,

Da so mer: Schluss! Et ass eriwwer!

A puchen eis zesummen dran.

Well sech am Waasser ze ersaufen,

Dat muss dach sécher besser sinn,

Wéi ëmmer nëmme fäerten, fäerten

A vun dem Fäerte geckeg ginn.“

 

Lo sti se bei deem déiwe Weier -

Ma jo, dann ass et elo aus ...

Hei sprangen e puer klenger Fräschen 

An engem Sprong wéi benzeg 'raus,

Se sprangen, quaken, quaken, sprangen

Ganz opgereegt an hin an hier ---

„Nu kuckt mol!, muss den Hues lo laachen,

Déi doe fäerte grad wéi mir.

Wéi ’t schéngt ass dat esou am Liewen:

’t huet keen hei op der Welt seng Rou ...“

 

A vun deem Dag u woren d’Huesen

Nees all zefridden an all frou.

 

 

 

 

DE FLOCKI MAT DER SCHANK

(Le Chien qui lâche sa proie pour l'ombre - VI/17)

 

’t ass Kiermes haut, och fir de Flocki –

E schmuunzt fir sech: Ei, Gott sei Dank!

Den Här, dee krut vun der Schwéngskotlett

En déckt Stéck Fleesch an déi ganz Schank.

 

Dat ass deem klenge Flocki senges,

En hält dee Batz stolz am Gebëss

A jiddwer Mupp, deem hie Bonjour wénkt,

Deen dréint sech ëm a leckt sech d’Schnëss.

 

De Flocki trëppelt frou bei d’Baach dunn,

Fir eng kleng Schlupp beim Kascht ze drénken -

Mä do gesäit en an dem Waasser

Seng eege Kiermeskotlett blénken.

 

Hie kuckt wéi  laang a kuckt nach weider

An denkt bei sech: So, weess de wat?

Wann s de déi do lo nach derbei häss,

Dat wier’n der zwou, du géifs puppsat.

 

E béckt sech, ower deen Ament grad,

Wéi en de Mond opräisse wollt ---

Et plätscht! Et spritzt! Dunn ass seng Schank him,

Déi schéin, déck Schank an d’Baach getrollt.

 

Lo steet en do, deen aarme Flocki,

E kräischt a jéimert, fro net wéi!

E wollt dach blouss déi aner fëschen,

An lo, lo huet e guer keng méi ...

 

Duerfir, spill nëmmen net de Gourmang,

Denk un der Flocki bei der Baach!

Spill net de Gourmang, well du bass dann

Herno deen Domme bei der Saach.

 

 

 

"VUN HEI A VUN DO" (Éditions du Syndicat National des Enseignants - 1981)