Band 2 - (2020)

 

 

DEE LESCHTEN …

 

Mir hu schonn dacks dee leschten

zesumme geholl

mä deen allerleschten

nach ni

 

No Feierowend fills de dech beim Comptoir

wéi den Härgott deemools um siwenten Dag

e war stolz op sech

an zefridden mat deem ronderëm –

du hues et jo formell:

fir all Wourecht um Béierdeckel e Stréch,

fir all Visioun nach een derbei

 

A gëtt d’Liewen eis dann ower eemol

deen allerleschten

zum beschten

gleef mer

mir sinn net an de Rouden Zuelen

eis Bilanz déi stëmmt

net nëmmen um Béierdeckel,

mä och einfach esou …

 

 

 

 

OP DËNNEM ÄIS

 

Bëlleg Boulevard-Press

oder héich-wëssenschaftlech Etuden

 

Smalltalk an der Polit-Lobby

oder d’Noperegespréich beim Gaardendrot –

 

E Saz,

e Wuert

si hunn et net einfach

rëtsche liicht aus

brieche gären an

 

Deem enge säin Enfant terrible

ass de Kontext,

déi richteg Betounung

deem anere seng Femme Fatale

 

 

 

 

HABANERA

 

„L’amour est enfant de bohème

Il n’a jamais, jamais connu de loi“

(CARMEN / G. Bizet)

 

Venus op High-heels

Lipgloss Mascara

wéi e Lapsus verspillt

awer eng Foussfal zugläich

 

cappriccioso

amabile

 

Deen Hauch an den Aen

dat pikante Gewosst-Wéi

Konturen iwwer Konturen

ouni Netz an duebele Buedem

 

amoroso

con grazia

 

Wéi et fesselt a verhext

déi Mystik vum klenge Schwaarzen

zynesch a poulriicht

erstéckt der all zweet Chance

 

agitato

passionata

al fine

 

an d’Schlaang

zitt sech ameséiert

nees an den Äppelbam zréck

 

 

 

 

GEÄERT

 

Wéi fuerweg Kannerdraachen

danzen d’Gedanken

jee no Laun vum Wand,

dréie sech dronken

an ëmmer méi héich Sphären

mat der Thermik vun der Phantasie

 

Awer ee Gléck

huet mäin Hond

mech un der Léngt

 

 

 

 

 

ET MISST EEN EMOL NEES

 

Steng an de Séi werfen

  - ob se nach ëmmer Kreesser zéien?

 

Haart an d’Bierger ruffen

  - ob den Echo nach ëmmer äntwert?

 

Einfach erop an den Himmel kucken

  - ob d’Wolleken nach putscheg do schwiewen?

 

Et misst een emol nees,

tjo, et misst een emol ...

 

 

 

 

 

HAUS NUMMER 27

 

Den Daachstull an d’hëlzent Trapenhaus

sinn ausernee gebrach / d’Schlofkummere hu sech

bis op d’Tapéit der ganzer Strooss

gewisen / de leschte Giewel ass an engem Niwwel

Steestëbs an d’Gette gaang

 

De Mueren hu s’et fortgefouert

de Rescht vun deem alen „an Tinnches“

ouni Skrupelen a brachial

 

Zwëschent 25 an 29

bleift e Black-out Duerfgeschicht

 

 

 

 

 

SPILL MER D’LIDD VUM SALOON

 

Et richt no Whiskey an enger Handvoll Dollar

No High-Noon, no deem läschte Showdown –

An de John Wayne, e suedelt nach ëmmer säi Päerd

 

Once upon a time ...

 

Goldgriewer, Bandaleroe virum Wanted-Plakat

Beim gëllenen Zapkrunn zwee, dräi Decolltéen –

An den Honky-Tonky-Piano ass nach ëmmer verstëmmt

 

Once upon a time in the west ...

 

 

 

 

BRUTUS, OCH DU?

 

D’Hand-fir-een-an-d’Feier-leeën -

vu Blatlais befall

 

Laang Zäit a Stee gemeesselt

fest verzënst

Päerd dermat gestuel

 

Dat Zesummen-duerch-déck-an-dënn -

A Grimmelen zergrimmelt

 

Den Dolch, dee gesäis de net

héiers awer vu wäitem

den Hunn

dee fir d’drëtt scho kréint ...

 

 

 

 

D’DEEG ZE ZIELEN ...

 

... huet kee Wäert

du weess jo net

wou s de grad dru bass

 

Mä nëmme keng Suerg

du kënns deem Dag

all Dag

een Dag méi no

 

An all Dag

ass deen Dag

fir iergendeen

iergendzwousch do

 

Muer wor et gëscht

iwwermuer virgëscht

well ëmmer ass et fir en aneren

haut