Band 1 - (2020)

 

 

 

IESELSOUEREN

 

't ass e Koup Bicher, dat Liewen

Bicher openeen Bicher niewteneen

déck Bicher a schmuel Bicher

deierer a bëlleger,

Bicher

wou Pabeier nach no Pabeier richt

an och där aner

schonn hallef ofgegraff

där mat villen Ieselsouren

 

't ass e Koup Bicher, dat Liewen,

an se erzielen an se erzielen

déi gelungenste Geschichten

Geschichte fir ze laachen

fir grouss ze kucken

de Kapp ze rëselen a sech z’ iergeren

mä erlauter, déi wouer sinn

well se jo schwaarz op wäiss do stinn -

ower wéi gesot

mat villen Ieselsouren ...

 

 

 

 

MIDLIFE-CRISIS

 

Schonn an der Halbzeit-Paus

d’Verlängerung spillen

well

 

déi zweet Hallschecht

gëtt

och net besser

an

 

war beim Ofpäifen

villäicht

nëmmen en Drëttel

 

 

 

 

ALL ABLÉCK EN ABLÉCK

 

Sief et e Château Lagrange Pomerol

ënnert der Pergola

 

Beim Laanschteneegoen de Kolleeg

op d’Schëller geklappt

 

Och déi éiweg falsch Fixfeieschkëscht

beim Hitterchesspiller -

 

E fest verankert Urrecht

vun all klengem Moment

bewosst erlieft ze ginn

bewosst an duerch an duerch

dass en net um Floumaart

tëscht bëllegem Kreemche verstëbst

 

 

 

 

HARMONIUM A KIERCHEBÄNKEN

 

Do, wou eng Sträif Dag sech duerch d’Fënsterche

quëtscht, giel-réng-rout op d’Kierchebänken ënnert

 

dem Kräizwee / wou en alen Harmonium bei all

Akkord schwéier otemt / wou bis spéit an d’Nuecht

 

eng Käerz brennt fir deen Numm, deen nach net

am Grafsteen aggravéiert ass / jo, do derniewent,

 

do verblatzt all Wiener Stephansdoum, all Sagrada

Familia an all Paräiser Sacré-Coeur an dem Schiet

 

 

 

 

NACH ASS ET NET ZE SPÉIT

 

Nach ass et net ze spéit

op d’Malediven ze reesen

fir Pärelen ze fëschen

 

Nach ass et net ze spéit

Krokussen ze planzen

fir d’Natur ze erweideren

 

Nach ass et net ze spéit

d’Wellen ze briechen

fir d’Muschelen um Strand ze retten

 

Nach ass et net ze spéit

de Wand ze heemelen

fir friem Länner ze spieren

 

Nach ass et net ze spéit

Stären ze sammelen

fir d’Onendlechkeet ze begräifen

 

Nach ass et net ze spéit

engem Frieme Moien ze soen

fir Mënsch-sinn ze bleiwen

 

Nach ass et net ze spéit

op Maledivia ze reesen

 

 

 

 

AM RÉCKSPIGEL

 

Déi laang Allee,

opgeknäppt a lassgewéckelt,

Bam fir Bam, Joer fir Joer

 

Déi lescht verschwannen

hannert der Kéier,

hir Blieder si scho längst

vum Wand fortgeblosen

 

 

 

 

CARRIÈRE-LEEDER

 

Als Bonmot

vum Duerfdëlpes

zum faule Witz

degradéiert

 

Als faule Witz

vum Intelligenzler

zum Bonmot

promovéiert

 

 

 

 

KALEIDOSKOP VUN DER SYNÄSTHESIE

 

Hannert dem Mäerz béit de Wee no lénks of

mä och do ass mäin Dënschdeg rout

och do kléngt meng 7 éischter huel

an d’Ellips batterséiss

 

No 11 Auer gëtt den Dag eng Schlëpp

ma och do ass mäin U jäizeg gréng

den Tango-Rhythmus längelzeg gesträift

 

Sou verléieren ech mech

a mir selwer

verkuebele mech mattendran

well ob Taj Mahal

oder paranoid -

ech fillen ëmmer riichtaus an hellblo

a schmaachen de Fagott