EXPERIMENTELLES (2)

 

 

       SAKGAASS

 

 

..Do

..Do krepéiers

..Do krepéiers de

..Do krepéiers de dech

..Do krepéiers de dech vu

..Do krepéiers de dech vu Rei

..Do krepéiers de dech vu Rei zu

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei,

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn den

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn den Titel

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn den Titel der

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn den Titel der dach

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn den Titel der dach klipp

..Do krepéiers de dech vu Rei zu Rei, obschonn den Titel der dach klipp a ---

 

 

DEMOKRATIE

DEMOKRATIE   DEMOKRATIE

DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKR

ATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRA

 TIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMO

KRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMO

KRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRA

TIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE   DEMOKRATIE

DEMOKRATIE   DEMO  -  jo, an ech dann? -  KRATIE   DEMOKRATIE

 

 

----

 

 

 

 

Et

 

 

 

 

 

 

 

 

 

begéint

 

 

 

Liewen

 

 

 

Et

begéint

ee

sech

ëmmer

zweemol

am

Liewen

 

 

 

 

sech

 

 

 

zweemol

 

 

 

 

 

ëmmer

 

 

 

ëmmer

 

 

 

 

 

zweemol

 

 

 

sech

 

 

 

 

Liewen

am

zweemol

ëmmer

sech

ee

begéint

Et

 

 

 

Liewen

 

 

 

begéint

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Et

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dat geet mir fatzeg

 

!hcértS ed tniég

 

 

 

D’AUSRUFF-ZEECHEN

 

 

Et deet

 een zesumme

 fueren rëselt däi

 schlecht Gewëssen

 do zielt kee Mä keen

 ee-Momentche-mol

 well Här ass Här an

 du bass Max voilà

 an dee soll jo dee

 muss vrun allem

 esou ass dat

 nun eben a

Fissi nu

 maul

 net

 

 

Et ka

 wuel fluchen

 staunen erféieren

 mä haart laachen

 ower och ee

Gléck

 

 

GETÉINS

 

ALLES

 wann net souguer dat meescht

 ech schätzen dach zimlech vill

 méi wéi nëmme muenches

 ower trotzdem ëmmerhin

 

deemno nach genuch

 héchstens dëst an dat

 vun hei an do manner

 bref, ewéi scho gesot

 konkret éischter

 NÄISCHT

 

               

               D'LACH

      

        E Lach ass do, wou eppes net ass, sot schonn deemools den .....Tucholsky.'t kann een derduerch kucken, 't kann een dra falen,

......  't kann een op him päifen, meeschtens op deem leschten, an

...   heiandsdo sëtzt een och am Duerchzuch. Mä wat wor fir d’éischt:

..  dat Lach oder säi Ronderëm? ....... Tjo, dat wosst den Tucholsky....

  och net. En plus, wat ass ............. an deem Lach net, dass

...  dat iwwerhaapt e Lach ................. gouf? Do misst een da

.....  vläicht dat Ronde ................... rëm froen, wat un him ze

.    vill ass, fir eppes ..................... ronderëm duerfen ze sinn.

...     Dem Shakespeare  ................      säin To-be. An net bannen

..   dran näischt. Säin ...................... Or-not-to-be. Dat ass

..... ..  elo scho Meta .......................physik: de Pessimist

......  gesäit d’Lach an...................... den Optimist éischter

..  dat Ronderëm. Just de.................... Realist gesäit béides

.....   a weess, dass eent ................. deem anere seng Conditio

...   sine qua non ass, well ............. all Lach wier ouni säi Ronde ......rëm kee Lach, mä einfach ........ guer a glad net do – an all  

....  Ronderëm ouni Lach wier net just ronderëm, mä bannendran zou

.....  a komplett ganz. Mä dann, da géif op iergendenger anerer Plaz

...  jo iergendeppes fehlen, an dat Ganzt wier ower nees net alles.

.. Ergo ass e Lach net näischt, mä trotzdem eppes. Mä wat? An dorop ....

    äntwert de Shakespeare der kloer: Majo, that is the question.

 

 

TRNSPARNZ

 

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

ischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

ischttt ënnert den Täppech gekiert!

Näischttt ënnert den Täppech gekiert!

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

Näischt gëtt ënnert den Täppech gekiert!

&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&&

 

 

Egomanie

 

An ëMmer fält een aUs der Roll

fir tëscHt deenEn aneRen oPzefalen

 

 

(2014 - 2018)