EXPERIMENTELLES (1)

 

 

 

TËSCHT DEN ZEILEN

 

ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL

 dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht

ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL

dertëscht / dertëscht / wat-een-net-soe-sollt / dertëscht / dertëscht

ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL

dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht

ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL

dertëscht / dertëscht / mä-trotzdem-soe-wollt / dertëscht/ dertëscht

ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL  ZEIL

dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht / dertëscht

ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL   ZEIL

 

 

 

D’REI AN DER REI

 

 

............ech sinn de sechsten

.............viru mir de 5.

..............hannert mir de siwenten

...............dann nummer 8 an 9

................an 10 bis zu dem eeleften

.................en neie kënnt derbäi

..................quëtscht sech vrun den zweeten

..................also en neien 2.

..................oder en éischten drëtten

..................’t sief dann och ...

..................den éischten 2. knoutert

.................an ass elo 3.

................deen alen drëtte knoutert

...............hie gëtt neie véierten

..............asw. asf.

.............dominoeffekt!

............jidderee knoutert,

............well jidderee gëtt sech selwer +1

............an hanne knoutert dee leschten

.............hie gëtt lo nach méi ewéi leschten

..............on.baarm.häerzeg!

...............bis deen alleréischten oftrëtt

................da verréckele mer eis nees vu vir un

................ den zweete gëtt nächsten éischten

...................den drëtten otemt op –

.....................hie gëtt elo 2.

.......................richtegen zweeten

.........................ass him ower egal –

...........................hie wor et jo schon eemol

.............................den ex-5. positionéiert sech nei

...............................ech och an ziele mat:

.................................d’zuelefolleg klappt,

...................................arithmetesch genau

....................................hannert mir a viru mir

.....................................de véierte gëtt nummer 3

......................................den 8. gëtt siwenten

.......................................de virleschte gëtt 10.

........................................de leschte gëtt virleschten ---

 

........................................mä elo feelt en allerleschten

 

 

 

           

              ARGUMENTarium

 

 

.................Géigen ARGUMENT.sicht dréngend

.................................als Existenzberechtegung

..............e staarkt ARGUMENT

....................fir ARGUMENT ativ

...............géigenze ARGUMENT  éieren

 

..................................(An dat hei ass jo nu wierklech eent!)

 

...... .Mä an där ganzer ARGUMENT atioun

........... sinn ech jo ARGUMENT atoresch

.................Géigen ARGUMENT 

...............ergo zer ARGUMENT  éieren

.................................ech mech selwer ad absurdum

 

 

 

SORRY, ËMGEKIPPT!

 

 

 DAMMEPOSCH

Ouerestëpp  Bic  HandPrabbeli  Rouge

Tempo  Bracelet  2.Collant  Sonnebrëll  Spéngelen

50Cent  Hoerklamer  HausSchlëssel  BioApel  UsbStick Portmonni

Organizer  Spigel  Deo(alufräI/Zytrus) Fisherman’s  Nivea  Neelfeil  Lipgloss

Bitznol  DesinfektiounsGel  Zigaretten  Kamm  Lëppestëft(cerise)  Paracetamol

SchwäizerMesser  2€   DextroEnergy  AutoSchlëssel   Plooschter  FläschWaasser

AkkuKabel  Mascara  Lëppestëft(orange, mä verdréchent)  Tampon  7Parkingsticketen

Gummi  Labello  Zwier  EauDeParfum  Knapp  MentholKnätsch  d’Pëll  Briquet  Eyeliner

IPhone  NeiPizzeriaVisitekaart  Renny  MüsliSnack  nacheGummi  Kalorientabell   Pefferspray

 

 

 

 

Schneller, als ein Mann «Fräulein, zahlen bitte!» rufen kann, ist er auch schon in die Sexisten-Falle getappt.

(Maria Brehmer / Aargauer Zeitung – 2018)

 

Le défi consiste à connaître la limite et à comprendre la différence entre „flirter“ et „aller trop loin".

(Catherine Deneuve – 2018)

 

***

 

............................................???

 

..........................................sen

.............................................loos-

.............................................ze

.............................................fahrt

.............................................d’Vir-

.............................................kënnt d’Kräizung op riets vu déi Damm enger

.............................................Mann

.............................................als

.............................................nach

.............................................dann

.............................................sech

.............................................traut

.............................................ween

.............................................ass

.............................................gers

.............................................bag-

.............................................ge-

.............................................U-

.............................................rekt

.............................................di-

.............................................les

.............................................al-

.............................................mer

.............................................ëm-

.............................................Wann

 

 

 

Kläpperei

 

Virdrun: Johny Neumann & Fränk Winandy

Duerno: numJyanohNne & knyäWrinFnad

 

 

RECHT HUNN ASS MÄI GUTT RECHT

 

Dat ass esou, nondijës!

MA DACH, DAT ASS ESOU!!

ESOU AN NET ANESCHT !!!

Punkt. Aus. Schluss.

 

Okay ...

ech ... ech kënnt ...

- hmm -

ech kënnt mech eventuell ...

jee no den Ëmstänn ...

villäicht och ieren ...

 

*

 

(Voilà, déi doe Strategie, déi ass ni schlecht,

Well domat hues de ëmmer an nach méi dacks recht.)

 

 

 

Paradox

 

www.mäin_tellerrand_mäin_horizont.net

 

 

 

Ech si grandios an sou genial

ech s grandi an ou nial

ech gran n ou al

ec gra o l

ec g o

 

EGO

 

e ga o

e ga in os

ech gan inf loss

ech i gan einfa oloss

Ech si ganz einfach kolossal!

 

(2014 - 2018)