E puer Theaterstécker – aus dem Laf vun de Joren ...
... sief et fräi adaptéiert no engem auslänneschen Original,
sief et op Iddi a Motiven aus engem Roman opgebaut
oder sief et als eegent Stéck ...
PALTONG, BOX AN HIEM
e Koméidi-Stéck an 3 Akten
Persounen: 4m/4w oder 3m/5w (+ e puer Statisten)
Décor: 1. an 2. Akt: einfach Stuff / 3. Akt: um Geriicht
Spilldauer: +- 2 Stonnen
Déi ganz Strooss ass entsat, wéi de Putty Eilebecker, e klenge Gemengenemployé, mueres am Pyjama mat Hutt a Sonnebrëll vun der Gare heemkënnt. Wat ass do am Zuch geschitt? Wou ass säin deiere Kostüm bliwwen? A virun allem: wéi kënnt den Eilebecker un dee sëlleche Frick, mat deem en elo op eemol e Liewe féiert, dat e sech jo guer net leeschte kann?
Mä d’Noperschaft kritt näischt eraus, bis op engem turbulente Geriichtsprozess d’Kaz aus dem Sak gelooss gëtt – eng drolech Affär, déi ebe keng Affär duerf sinn a ginn ...
(1985)
*
KUDDEL-MUDDEL
e Koméidi-Stéck an 3 Akten
Persounen: 4m/4w oder 5m/3w (+ éventuell e puer Statisten)
Décor: an der Entrée-Hall vun engem klengen Hotel
Spilldauer: +- 2 Stonnen
Eng ganz Rei urkomesch Personnagë suerge fir Opreegung a Chaos am Hotel „Vieux Luxembourg“ – si selwer, ower och dräi méi oder manner „suspekt“ Kofferen, déi hin an hier verwiesselt ginn.
(1988)
*
FAMILLJEGEHEIMNIS
e Boulevard-Stéck an 2 Deeler
Persounen: 4m/2w
Décor: moderne Salon
Spilldauer: +- 2 Stonnen
Dem Pierrot säi Filston, de Bob, soll deemnächst mat deem Tanja bestuet ginn, mä d’Tanja huet e Problem: hatt ass net verléift an de Jong, mä an de Papp! An esou gëtt dem Tanja säi Problem dann och dem Pierrot säi Problem, well dee weess nu wierklech net méi an nach aus. E verfänkt sech an ëmmer neie Ligen, muss ëmmer méi improviséieren a fënnt sech schlussendlech an enger verzweifelter Situatioun erëm, déi et nu wierklech a sech huet.
(2009)
*
GECKEGE FRICK
eng Comédie an 2 Deeler (oder 3 Akten)
Persounen: 3m/2w oder 3m/3w oder 4m/2w oder 4m/3w (resp. 5m/2w)
Décor: klengbiergerlech Stuff
Spilldauer: +- 2 Stonnen
An der klenger, onschëlleger Welt vum Charel Brimeyer (ale Jonggesell an naiven Optimist) ass de Mueren der Däiwel lass: d’Bank vu vis-à-vis gouf haut iwwerfall, a währenddeem de Commissaire en chef Dupaillon dat ganzt Haus vun uewe bis ënnen op d’Kopp setzt, hunn de Jerry a seng Komplizin, d’Lulu, sech mat deenen 300.000 Euro ausgerechent hei bei him an der Wunneng verstoppt. A setzt de Jerry och méi op brutal Stratégien, da versicht d’Lulu mat all sengem Charme de Brimeyer ze wéckelen. Esou stellt sech no an no d’Fro: Milliounefrick schéin a gutt, mä gëtt et net nach eppes méi am Liewen? D’Geld huet zwar seng eegen Erotik, mä ass et wierklech de Schluss vun allem?
(2010)
*
VOLL DERNIEFT
eng Farce an 1 Deel (mat zwou kuerze Black-Pausen)
Persounen: 3m/2w
Décor: modernen Appartement-Salon
Spilldauer: +- 2 Stonnen
Et kënnt knëppeldéck fir de Jim Ackermann: Ass dat, wat hien haut alles erlieft, déi reell Realitéit oder nëmme schlecht gedreemt? A ween ass dann elo hei wierklech nieft der Plack: hien, säi Laurence oder all déi ronderëmmer? Wéi d’Sandy Moulin, déi mystériéis Botzfra, déi iwwerall matmëscht … de Lex Colling, en Noper vum Stack, deen nach eng Femme Fatale fir a säin neie Roman sicht … oder éieren de Jacquot Peiffer, en hondsfrieme Kärel, dee sech net nëmme mat Sak a Pak bei hinnen aquartéiert, mä och nach all klengsten Détail aus dem Laurence sengem Liewe kennt? Hei leeft iergendwéi eng grotesk a geféierlech Intrig, well jiddweree spillt e falscht Spill ...
(2011)
*
DEE LESCHTEN NO FEIEROWEND
eng Comédie an 2 Deeler (4 Akten)
Persounen: 5m/4w
Décor: Wunnsalon
Spilldauer: +- 2 Stonnen
Skandal am Duerf: wéi d’Madame Pompadour, eng besser Madame, déi fir e puer Deeg hei am Hotel logéiert, gëschter Owend nach e wéineg duerch de Park spadséiert ass, stong op eemol e Maansmënsch hannert dem Gestraiss, huet de Mantel opgerappt - an drënner puddelplakeg. Si hätt just säi „Petit-Quelque-Chose“ gesinn, mä de Rescht vum Mënsch net.
En Exhibitionist! A grad elo, wou d’Gemeng esou vill fir den Tourismus investéiert!
D’Enquêtë lafe bei den Autoritéiten (dem Buergermeeschter, dem Gemengesekretär an dem Duerfpolizist) op Volltueren, ower se fannen nëmme just eppes eraus: et muss dee gewiescht sinn, deen als leschten aus dem Bisrot heem gaangen ass.
Mä wee wor dee leschten? Dat ass schwéier soen: jidderee wor scho fort oder ka sech un näischt méi erënneren. Deemno schéngt et bal onméiglech fir dee Schëllegen ze fannen, well een dee sech selwer noleeft, kritt sech ni erëm ...
(2015)
*
DON CAMILLO A PEPPONE
e Stéck an 2 Deeler
Persounen: 6m/4w + Statisten
Décor: Duerfplaz / an der Kierch (déi anenee verlafen) – fir e puer Szeenen zwee
kleng Niewendécoren (op dat Néidegst reduzéiert): kleng Stuff a Büro
Spilldauer: +- 2 Stonnen
Déi flottste Geschichte vum temperamentvoll-streiderege Paschtouer an dem „roude“ Buergermeeschter, déi sech éiweg an den Hoer leien an ower en Häerz an eng Séil sinn, esou wéi een se aus de Filmer mam Fernandel aus de 50er/60er Joere kennt.
Aus dem Prolog vum Stéck:
Och wann dat hei viru laangem an engem klengen italieneschen Dierfche gespillt huet, esou hätt et dach iwwerall spille kënnen - also och bei eis am Duerf. Eise Buergermeeschter ass zwar net deen déckste Kommunist, mä ëmmerhin nach e Rouden, dee weess, vu wou en hier kënnt ...
An egal wéi eise Paschtouer an eise Buergermeeschter och richteg heeschen,
fir ons ass et nëmmen den Don Camillo a Peppone: éischtens, well et déi selwecht Kalibbere sinn ewéi deemools, an zweetens, well mer hei an enger Zäit spillen, wou d’kierchlech Autoritéit nach
iwwerall e Wuert mat-zeschwätzen hat, an och wou d’Kierchen an d’Paschtoueschhaiser nach komplett vun de Gemenge finanzéiert goufen. (...)
... an elo ass dat ganzt Duerf am Féiwer fir d’Gemengewalen! Schwaarz a Rout si kräfteg hannerteneen hier, an den Don Camillo mat vir derbei, esou dass den Här Jesus vum Kräiz erof ëmmer nees Rou an d’Spill brénge muss – alt och an der Kierch selwer, wann de Peppone emol zoufälleg beichte kënnt.
Mä wéi de Schefferot just virun der Kiermesprëssessioun d’Strooss oprappe léisst, spillt den Don Camillo am Duerfbistrot de wëlle Mann a gëtt vum Bëschof wäit ewech, uewen op eng Kopp, strofversat. Ower am Duerf doënne kommen se mat deem neie Kapléinchen net richteg zuwee, duerfir geet de Peppone an de Roude Gust bei de Bëschof streide fir hiren Don Camillo nees erëmzekréien.
An dee kënnt grad nees zur Zäit heem, well do huet elo de Peppone 20 Milliounen am Lotto gewonnen, déi en ower – fir net als Neiräichen do ze stoen - dem Don Camillo heemlech iwwerléisst, dass deen endlech säi Parheem baue kann. No engem dubiose Gläichspill am Foussball „Schwaarz géint Rout“ gewënnt dem Peppone seng Lëscht zwar nach eemol d’Walen, an dat mat enger grousser Feier am Duerf, mä béid Säite komme sech mat der Houchzäit vum John (dem Roude Gust säi Bouf) an dem Malou (dem Schwaarze Vic säi Meedchen) ower ëmmer méi no. „Wuelverstanen op mënschlechem Plang. Net op politeschem“, wéi den Abbé an de Buergermeeschter unisono ënnersträichen - mä dat woren déi zwee jo souwéisou scho laang virdrun ...
(1983 / 2019)
Fir en Duerchlies-Exemplaire mat allen Détailer
oder fir weider Renseignementer:
(jchr@pt.lu)