E puer där éischter Gedichter
aus méi jonke Joren erausgepickt
... op däitsch ...
NÄCHTLICHE GASSE
Hohle Schritte
Murmeln
Mit einer Laterne
Lange Schatten
Kriechen
Über den holprigen Pfad
ZEIT
Überschwappende Kehlen
Schrill und keck
In luftigem Blond
Nach hinten streift der Blick
Nur kurz
Das Alter auf einem Stock ...
WIENER BLUT
Geigen hauchen beschwingt
Krinolinen an
Im Drei-Viertel-Takt
Wogt und wallt es,
Das Wiener Blut
VENEDIG
Stumm spielen
Abendrot und Schatten
Mit der schaukelnden Gondel
Das Tanzen ihrer Fackeln
Erweckt das Dunkel
Unter jedem Ponte,
Diesen verträumten,
Hüpfenden venezianischen Gedanken
... méi roueger ...
DE LOMPEKRÉIMER
Eng Käerche wackelt d’Duerf erop
A léisst duerch d’Gaass hir Rieder grunschen,
De Meeschter huckelt hannendrop,
Wou d’Kierf an d’Säck gemittlech klunschen.
All Dag gëtt iwwer Land gezunn,
Esou muss hie säi Liewen droen,
All Dag schiert hien säi Päerd nees un,
Fir sech mat Lompen duerchzeschloen.
(1968)
ALLERHELL'GEN
Soss stinn se hei wéi doudeg
Schwaarz-gro am kale Steen,
Ons Kräizer op dem Kierfecht
Verlooss all beieneen.
Mä haut schläicht sech d’Erënnrong
Vu Graf zu Graf reiëm
A vill Gedanke spannen
Nees Liewe ronderëm.
E Liewen, dat sech heemlech
Un d’Schrëft am Grafsteen hänkt,
Déi rau dran agemeesselt
Wuel éiweg un dech denkt.
Esou stinn haut ons Kräizer
Nees lieweg beieneen
A wëssen ze verzielen,
Schwaarz-gro am kale Steen ...
(1973)
DE KARSCHNATZ
Keng Wollek péngecht wäit a breet
Do uewen d’Sonn haut, fir ze schéngen,
De Flouer blënzelt op der Heed,
An zeideg-houfreg sti seng Kéngen.
Kuck, d’Éichen, schlubbervoll d’Genéck,
Déi puche sech mam Laascht zesummen,
Derniewent schléit e Päiperlek
Gabrioulen op de Feierblummen.
Mä ’t héiert ee vu wäitem schonn
De Mann am Hank seng Séissel schläifen,
A Schrëtt fir Schrëtt an d’Owesstonn
Et spatz a schaarf duerch d’Hällem päifen ...
(1975)
... kleng Wourechten ...
Opriichtegkeet ass schéin a gutt,
Blouss wann der et a Moossen hutt:
Ze mann ass wuel onéierlech,
Ze vill schonn nees geféierlech.
*
Jo, jidd’ree spillt no sengen Nouten,
Wéi hien et musikalesch fënnt,
An d’Haaptsaach, dass e mat där Musek
Dann a säin eegnen Himmel kënnt.
*
Wann en Hännes ënnert villen
De Mond per hasard einfach hält,
Kënnt et vir, dass een den Topert
Mol nach net sou topeg hält.
*
Du bass villäicht mam Noper
Wéinst denger Heck nach méi gehäit
Wéi wann déi ganz Famill sech
Wéinst Bëscher an den Hoer läit.
*
Wann iergendzwousch der Däiwel
Bis an den Alter kënnt,
Kuckt hien, dass en am Klouschter
Eng Plaz als Gäertner fënnt.
't kann een de Kierchtuermshinnchen
Sou setze wéi ee wëllt,
E wäert sech ower dréien,
Wéi d’Loft e mat sech hëlt.
*
Fir kënne laange Joren
En ale Mann ze sinn,
Da muss een et mat Zäit schonn
Am beschten Alter ginn.
*
Wou eiser Härgott an dem Duerf
Eng Kierch fir seng trei Séile baut,
Do baut der Däiwel eng Kapell,
Wou hie perséinlech d’Klacke laut.
*
A gong et mol um Futtball
Net sou wéi een et wollt,
Kritt eben den Arbiter
Oder de Bulli d’Schold.
*
Déi Stierflech hunn de Schësser,
Déi Besser d’Diarrhée -
An ower sinn si grad sou dacks
Ewéi déi aner ënnerwee.
... einfach Gewitzeltes ...
D’SCHNAPPEG
Aacht Wäiglieser sti fir Kiermessonndeg frësch
Gespullt a gedréchent an der Stuff op dem Dësch.
Hei zitt d’Déngschtmod e Schnappeg aus dem Schierteg eraus –
E Schnappeg? Jo jo, mä hatt mécht sech näischt draus,
't hält d’Glieser géint d’Sonn, et haucht iwwerall hin
A reift se mam Schnappeg, dass se schéi blénkeg ginn.
An iwwert dem Blénken do kënnt grad d’Madamm,
Si mécht mol grouss Aan a seet O mei! an O mamm!
„'t ass egal, äntwert d’Pëpp an druddelt d’Schnappeg nees an d’Täsch,
Ech hunn et schonn eng Woch, 't muss souwéisou gläich an d’Wäsch.“
FANGEROFDRÉCK
„Ech wäert Iech et weisen, ah jo, Héicht Geriicht,
Ech si ganz onschëlleg, ech hunn näischt gestiicht.“
De Riichter, deen dat net iwwerzeege konnt,
Sot him, si hätte senger Fangerofdréck fonnt.
„Gesäis de! Onméiglech!, laacht den Ugekloten dunn,
Ech hat dach déi ganzen Zäit d’Händschen derbei un.“
D’KRÄTSCHEN
De Rob, dee verwonnert sech iwwert säi Frënd,
Deen op de Krätschen um Trëttoir do kënnt.
„O jee, klot deen dunn, jo, bedenk der blouss,
Ech gouf d’lescht vun engem Auto ugestouss.
Mä ech kann der mam beschte Wëllen net soen,
Ob ech schonn nees ouni Krätsche ka goen.
Tjo, geet et elo erëm mat menge Been?
Mäin Dokter seet Jo, mäin Affekot, dee seet Neen.“
KAPPWÉI
„Här Dokter, Här Dokter, ech packen et net méi,
Lo hunn ech säit Wochen de Kapp jo scho wéi
An dobei hunn ech an dem Liewen, bestëmmt!
Nach keng Zigarett a keng Zigar gefëmmt.
An heescht et, de Patt hält gewieweg a jonk:
Nach nimools hunn ech eng Drëps Alkohol gedronk.
A frot Der mech, ob ech eng Mausi vläicht hätt?
Neen, ech leien ëmmer eleng an dem Bett.“
Den Dokter, dee knäppt sech de Mann emol vir,
Bekuckt sech seng Akaul, bekuckt sech seng Stier:
„Et bleift blouss eng Ursaach, sou seet hien dorop,
Den Hellgeschäin dréckt Iech ze schwéier op d’Kopp.“
DE FUTTBALLIST
De Mulles, dat ass hire beschte Mann
Als Stiermer beim „F.C. Knätschbumm-an-eran“
An no dem Mätsch weist e sengem Stippchen dann,
Wat nach an him stécht a wat en nach alles kann.
Dësleschter wollt d’Chantal aus Virwëtz mol wëssen,
Wouhier da säin Emil sou feireg kënnt këssen -
Deen Usaz, déi Ausdauer, deen Zongeschlag …
Do fiers de ewech! Dat ass jo wonnerbar!
Dunn äntwert de Mulles: „Ma ech ginn der sou rosen,
't ass all Sonndeg u mir fir de Ball opzeblosen.”