EIS GËTT ET NET

(2003)

 

(Am Hallefdäischteren. Personnagen a laange Reemäntel, schwaarzen Hitt a mat verbonnenen Aan.)

 

-----

Kuckt eis un: mir sinn se.

-----

Mir kommen aus dem Däischteren, mir operéieren am Däischteren a mir verschwannen nees an dem Däischteren.

-----

Kee Mënsch traut sech eis mat dem Numm ze nennen.

-----

Eis geet jiddereen aus dem Wee.

-----

Eis kuckt keen an d’Aan. Et ass och vill ze geféierlech, well mir kënnten esou mueneche Leitt de Kapp kaschten.

(Si kucke virsiichteg ronderëm sech.)

-----

Mä duerfe mer eis villäicht emol virstellen? Mir si jo hei ënnert eis.

(Ganz mystesch:)

-----

Ech, ech sinn den Ënnerscheed tëscht Mindestloun an décker Gratificatioun.

-----

Ech sinn déi heemlech Diktatur vun der Kierch.

-----

Ech sinn déi léif, kleng Revolte géint d’Monarchie.

-----

Ech sinn dee léiwen, klenge Kavaléiersdelikt.

ZESUMMEN

Pscht!

-----

Ech sinn d’Nuecht zu Lëtzebuerg, do wou déi schwaarz Fiedem gezu ginn.

-----

Ech sinn d’Hypocrisie an déi helleg Mystik vun dem Geld.

-----

Ech sinn déi grouss Korruptioun.

-----

Ech sinn déi eng Affär an déi aner Affär an d’Affären alleguerten.

ZESUMMEN

Pscht !

-----

Ech sinn d’Ofdreiwung.

-----

Ech sinn d’Homosexualitéit.

-----

Ech sinn d’Pédophilie.

-----

Ech sinn d’Euthanasie.

DUERCHERNEEN

Ech sinn ... ech sinn ... ech sinn ...

-----

Dach. Mir sinn se. Mir sinn déi grouss Tabuen hei aus dem Land.

-----

Mir stinn iwwerall um Index, mir gi perquisitionnéiert an exkommunizéiert.

-----

A géif et nach iergendzwousch esou e faméisen Holzkoup, da géife mer lieweges Leifs do verbrannt.

-----

Dach. Eis geet jiddereen aus dem Wee. Eis kuckt keen an d’Aan.

-----

A kee Mënsch schwätzt vun eis. Emol net am Däischteren, do wou mer hierkommen a wou mer nees verschwannen.

-----

Neen, kee Mënsch schwätzt vun eis, well et eis ebe guer net gëtt.

-----

A firwat gëtt et eis net? Mä well et eis eben net duerf ginn. Mir si guer net do. (kuckt nees virsiichteg rondëm) A gitt et éierlech zou : dir hat dach elo nëmme grad Halluzinatiounen. Dir hudd nëmmen d’Männercher gesinn.

-----

Also!

ZESUMMEN

(wéi e Gebiet)

O du helleg Hypocrisie,

Biet fir eis, verlooss eis ni.

Hal deng iwwermächteg Hand

Iwwert d’Lëtzebuerger Land,

Bleif bei eis in Gottes Namen.

Amen.