Am Februar 1992 gëtt den "Traité vu Maastricht" tëscht den 12 EU-Länner ënnerschriwwen. Esou gëtt net nëmmen aus der aler EG déi nei EU, mä 1993 maachen och déi lescht Douaneshaisercher zou.

DEN DOUANIER-SONG

(Melodie: "An der Copacabana und am Wörthersee" / Erste Allgemeine Verunsicherung)

 

Als Douanier bass de fir d’ganz Welt op groussherzoglech Grenzen

Eis éischt Marque Nationale mat Kap a Knäpp a Kompetenzen.

Hopp, garde-à-vous! Da fro' mer am Numm vum Grand-Duché

Op 27 Sproochen all Carte d’identité:

Buongiorno! Thank you, Miss! Olè, vreck, dio boia!

Asseblief, chérie! Gott, affengeil, Mensch Meya!

 

Mir sinn dem Land säin Härebierg, mat eis ass net ze faxen:

Eis Bibel, dat ass d’Force Publique a Pappa Staat seng Taxen.

Funkt d’Gendapol eis mueres: Et leeft e Gangster 'raus!

Zack, ma' mir owes d’Barrière zou, a biis-biis, laach en aus.

Mir plécken Heroin als blanne Passagéier

An och alt mol e Bop am neien Hutt vun Tréier.

 

Mä dat ass elo Esseg!

Jo, dat ass elo Brach!

 

Refrain:

Well zu Réimech a Fréiseng an zu Stengefort

Beim Bommenzinnes a beim Willibrord,

Op all Wupp an all Wippche raumt de Jaki Poos

Eise louder Sau-Charme vun der Strooss.

Finito „Rien à déclarer?“ –

An alles wéinst der Schäiss-EG.

Alles wéinst der Schäiss-EG.

 

 

Den Export huet Héichkonjunktur no alle Säiten hin,

De Juncker gëtt eis déck a fett mat Schnaps a mat Benzin.

Hei, nees e Bus voll Pëgien, si fueren heem en gros,

De Belschen hëlt säi Képi: Et à l’attaque mainteno !

Quetsch, café, cigarettes?, freet hien au nom de la loi.

Mä d’Belsch son: Non, merci. Nous avons déjà.

 

Beim Import heescht et: Roude Léif, huel se wéinst dem Fiskus!

Bonjour, Här Abbé, sot ech mol, gelobt sei Jesus Christus.

Mä: Näischt ze deklaréiren? - D’Soutane denkt: Verflucht!

A seet: Blouss hellegt Waasser. Ech komme grad vu Lourdes.

Du richs drun, mä 't ass Cognac … Den Abbé rifft: O Donner!

O Donnerwetzki, Här am Himmel, schonn erëm e Wonner!

 

Mä dat ass elo Esseg !

Jo, dat ass elo Brach !

 

Refrain:

Well zu Réimech a Fréiseng an zu Stengefort

Beim Bommenzinnes a beim Willibrord,

Op all Wupp an all Wippche raumt de Jaki Poos

Eise louder Sau-Charme vun der Strooss.

Finito „Rien à déclarer?“ –

An alles wéinst der Schäiss-EG.

Alles wéinst der Schäiss-EG.

 

 

O Kaffispaus, o Whist a B’lote am Hais-che mat der Barrière,

Dir kritt elo Chômage technique, well dir sidd Fin de Carrière.

Ministerrot a Chamber, déi bäissen all op d’Zong sech:

Wat ma' mer mat dem Douanier elo no 93?

Villäicht mat Six-Pack-Fläschen a Lux-Post recycléiert?

Oder alternativ biologesch kompostéiert?

 

Zwee Stéck vun eis ginn ausgestoppt a kommen an d’éischt Rei

Op den Dräi Eechlen a Grand-Dückes hire Musée Pei.

Do sti mer fir Europa dann no der Bréiss’ler Norm

Als national Fossilien ganz stolz an Uniform,

Well an der Box do souz zwar en einfache Staatshënner,

Mä hei ënnert der Kap de ganzen Douanier drënner …

 

Mä dat ass elo Esseg!

Jo, dat ass elo Brach!

 

Refrain:

Well zu Réimech a Fréiseng an zu Stengefort

Beim Bommenzinnes a beim Willibrord,

Op all Wupp an all Wippche raumt de Jaki Poos

Eise louder Sau-Charme vun der Strooss.

Finito „Rien à déclarer?“ –

An alles wéinst der Schäiss-EG.

Finito „Rien à déclarer?“ –

An alles wéinst der Schäiss-EG.

 

 

1992 - REVUE "Ausverkaf"