DEN HUES AN DEN IGEL

(2020)

 

 

Persounen:      de Pipo Zickzack, den Hues

de Mecki Däreldéier, den Igel

d’Lisi Däreldéier, seng Fra

de Schleek

de Maulwuerf

d’Himmelsdéierchen

de Fräsch

d’Maus

 

... an nach aner där Déieren als Statisten ...

 

den Erzieler

 

 

 

Décor (niewteneen opgestallt):

·       beim Igel virun der Dier: eng Bänk, eng Bréifboîte ... (1. Szeen)

·       an hirer Kichen: en Dësch, zwee Still, e klenge Schaf ... (2.Szeen)

·       um Feld: Hecken a Gestraiss um Buedem als Gromperefeld, ronderëm Ligestill (3.Szeen)

 

 

                                -----------

(als Hörspill - 1991)

 

1. SZEEN

 

ERZIELER, HUES, IGEL

(Beim Igel virun der Dier)

(Den Igel sëtzt op der Bänk d’Zeitung ze liesen an d’Päif ze fëmmen.)

ERZIELER

Jiddwereen op der Welt kennt de Pipo Zickzack, deen agebilten Hues aus dem Dännebësch. Säitdeem hien op der Olympiad eng Goldmedail am Lafe krut, mécht dee Bretzhari de Geck an den Uz mat Jänni a Männi. An hei, eemol sonndes, wéi deen Här Zickzack am Zylinder an am schwaarzen Huesekostüm duerch d’Géigend trëppelt, du sëtzt den Igel virun der Hausdier seng Päif ze fëmmen an d’Zeitung ze liesen.

 

(Den Hues kënnt am Zylinder an am Kostüm laanscht spadséiert.)

HUES

Hei elei, de Mecki! A wéi hu mer et dann, Monsieur Däreldéier-Picken-Igel?

IGEL

Wéi et deenen aarme Leit alt esou geet.

HUES

An du sëtz hei op der Gaass? Ah, wann ech de Bockel esou voller Stachelen hätt ewéi s du, da géif ech mech net an der Welt weisen. Grujeleg!

IGEL

O Huesepipo, ech hunn ower scho muencherengem d’Schnuff ganz houfreg dermat zerpickt, wann et huet misse sinn. Ech rulle mech einfach zesummen an da geet et lass. A pass op, dat spiers de.

HUES

(mécht de Geck) Jo, jo. Well lafe kanns de jo net, gelu. Mat denge kuerzen, kromme Been geet et blouss duer, fir doruechter ze wackelen.

IGEL

(rosen) Watgelift?

HUES

(laacht) Du käichs ewéi eng al Dampmaschinn, mä du kënns net vun der Plaz.

IGEL

(spréngt op) O neen, Männchen, ech loossen ower net de Geck mat mir maachen. Du bilts dir sécher an, besser lafen ze kënnen ewéi ech, wéi?

HUES

Ei, mä dat wëll ech mengen! Schliisslech hunn ech jo eng Goldmedail op der Olympiad krut.

IGEL

An ech leeë mäi Schniewel derfier an d’Feier, dass ech dech bei enger Course nach iwwerhuele géif.

HUES

Waaat? Du mat denge kromme Been? Ass dat däin Eescht?

IGEL

Mir kënnten et jo emol probéieren. Oder trauts de dech éieren net?

HUES

Ei dach! Ech wëll. Wann et der Spaass mécht.

IGEL

Also ofgemat, Pipo Zickzack. Mir lafen. (hëlt eng Fläsch ënnert der Bänk eraus) Hei, et geet ëm eng Fläsch Schampes.

HUES

(zitt eng Strëmp voller Mënzstécker aus dem Paltong) An ech, ech leeën nach eng ganz Strëmp voller amerikanescher Dollaren drop. (houfreg) Dat sinn nach déi vu mengem leschte Weltrekord. Deem siwente schonn.

IGEL

Amerikanesch Dollaren hin oder hier: d’Wett, déi gëllt.

HUES

Okay. So mer just, wou a wéini. Ech sinn do.

IGEL

Mä ganz einfach: no der Mëttesrascht am Struppesbauer sengem Gromperestéck.

HUES

An der Rei, Mecki. Dann trainéier alt nach gutt ëm de Stuffendësch. (méi fir sech) Haha, en Igel wëllt mat engem Hues eng Course maachen ... Esou eppes huet nach keen erlieft. (geet iwwert dem Laachen of)

 

 

2. SZEEN

ERZIELER, IGEL, IGELFRA

(Beim Igel an der Kichen)

ERZIELER

Mä och de Mecki schmuunzt fir sech an dabbert bei seng Igelfra an d’Kichen, well en huet sech eng raffinéiert ausgeduecht.

(Den Igel geet bei de Kichendësch, wou d’Igelfra am Gaang ass Gromperen ze schielen.)

IGEL

Lisi, de Mëtteg spulls de e wéineg méi séier an da fiers de mat mir um Motorrad op d’Feld eraus, well ëm dräi Auer lafen ech mat dem Zickzackspipo ëm d’Wett.

IGELFRA

Hä, du? Mat dem Hues? Mecki Däreldéier, hu se dech?

IGEL

An du hëllefs mer derbei.

IGELFRA

Mä ech ka jo guer net lafen.

IGEL

Brauchs de och net. Lauschter emol, ech hunn do eng speziell Iddi: mir lafen an dem Struppes sengem Gromperestéck; du, du dees mäin Hiem a meng Schaffbox un --

IGELFRA

Waaat? Déi al mat de Bretellen?

IGEL

Jo. (weist op seng Box a säin Hiem) Déi selwecht ewéi déi hei. Du verstopps dech hannen um Enn an de Gromperen, a wann de Pipo Zickzack gelaf kënnt, da krabbels de eraus a riffs: „Ha, ech si scho laang hei!“

IGELFRA

(grouss) Ech verstinn net.

IGEL

Mä iwwerlee, du gesäis jo da grad esou aus ewéi ech.

IGELFRA

(versteet) Ah sou ... jo ... mat dengem Hiem a mat denger Schaffbox.

IGEL

An de Bockel voller Picken hu mer souwéisou allenzwee.

IGELFRA

So, an du mengs, dee géif näischt an Uecht huelen?

IGEL

Gewëss! Deen ass da vill ze vill verwonnert a rosen, e mécht eenzock d’Kéier a jauwt erëm zréck.

IGELFRA

Aaaahhh, elo kommen ech eréischt richteg no. An do, do stees du da schonn nees ze wénken: „Ech si scho laang hei!“

IGEL

Genau. Esou geet dat hin an hier. Kucks d’ emol, dee gëtt geckeg. Dee rennt esou laang, bis e mat senger Goldmedail ëmfält, a mir, mir leien an der Sonn a sinn emol net ausser Otem.

IGELFRA

(fällt him ëm den Hals) Mecki, du bass einfach immens! Wéi kënns de nëmmen op déi genial Iddien?!

IGEL

Tjo, mir aner, mir hunn zwar kuerz Been, mä et brauch keen ze soen, mir wieren domm.

IGELFRA

An ech telefonéieren elo nach all deenen aneren aus dem Fitnessclub. Déi mussen onbedéngt kucke kommen, well dat doen, dat gëtt décke Gas!

(Den Igel an d’Igelfra of)

 

 

3. SZEEN

ERZIELER, SCHLEEK, HIMMELSDÉIERCHEN, MAULWUERF, MAUS, FRÄSCH, IGEL, IGELFRA, HUES - a Statisten-Déieren 

(Um Feld)

ERZIELER

Wierklech, dat doe gëtt décke Gas! An direkt no dem Sonndesbrot maachen de Schleek an d’Himmelsdéierchen sech op de Wee fir bei d’Gromperestéck, hannen niewent dem Fräsch senger Baach.

(De Maulwuerf, de Fräsch an d’Maus leien an de Ligestill: de Maulwuerf huet e Sonnebrëll op, de Fräsch ass an der Schwammbox an d’Maus huet e Stréienhutt um Kapp. De Schleek kënnt bei d’Gromperefeld gekroch an d’Himmelsdéierche kënnt mat dem Velo.)

H. DÉIERCHEN

Dajee, Schleek. Maach e wéineg méi séier. Kuck, hei sëtze si schonns, de Maulwuerf, d’Maus Ketti an de Quakerte Fräsch.

SCHLEEK

Lues, lues. E Schleek ass kee Schnellzuch.

MAUS

(rifft) Da kommt erbäi, dir zwee. 't kann net méi laang daueren, bis eis grouss Sportsmänner hei sinn.

FRÄSCH

Ah, dat doen deet mir gutt bis a meng kleng Fräschenzéif, dass deen agebilten Zickzack emol sou eng richteg gespillt kritt.

MAULWUERF

Also als Maulwuerf kommen ech jo net dacks ënnert dem Buedem eraus, well d’Sonn mech direkt verblent – mä dat heien, dat duerf ech op kee Fall verpassen.

MAUS

(hëlt säin Handy eraus) Keen duerf et verpassen. Duerfir filmen ech dat Ganzt jo och a setzen et dann op Facebook, op Twitter an op de YouTube.

H. DÉIERCHEN

Dat gëtt bestëmmt Milliounen a Milliarde mol op der Welt gekuckt, well et ass d’Course vum Joer. Wat soen ech, vum Jorhonnert. Vum Jordausend.

(Den Igel an den Hues komme bei d’Gromperefeld. Den Hues ass ganz sportlech ugedoen, en huet seng Goldmedaille ëmhänken. Den Igel mécht nach e puer Muskelübungen.)

FRÄSCH

Pscht! Dohanne kommen se! Elo gëtt et eescht.

SCHLEEK

Punkt dräi Auer. Perfekt op d’Minutt.

IGEL

O, ech gesinn, mir hu schonn e ganze Koup Spectateuren. (wénkt jiddwerengem ,Gudde Mëtteg’)

HUES

Hues de éieren Angscht, du géifs dech blaméieren? Ech sot der jo: Komm herno net kräischen, du kriis keng Loft méi oder du häss der ee vun denge kromme Bee verstaucht. Schliisslech wor et jo deng Iddi.

IGEL

Jo, jo, et wor meng Iddi, ech weess. Mä kucke mer emol, ween herno kräische kënnt ...

HUES

(kuckt sech ëm) Voilà, 't ass jo hei, huelen ech un. (weist no riets eriwwer) A mir lafen vun hei bis dohanne bei dee leschte Gromperestack, oder?

IGEL

Genau. Richteg. Et geet riicht dorower. Eng Ofkierzung ass net méiglech, da kanns de also och net fuddelen.

HUES

(mécht nach weider de Geck) Ech si gespaant, ech si gespaant, Exzellenz Däreldéier.

(Se gi sech d’Hand a stelle sech op fir den Départ.)

SCHLEEK

Ah, ech ka mech net méi halen.

H. DÉIERCHEN

An ech ziddere vun Opreegung, dass meng Punkte mer bal vum Réck fléien.

FRÄSCH

(hëlt e Rewolwer) Also ... si mer, dir Hären? Alles paletti? – Da passt op: One, two, three --- go one! (gëtt e Schoss mat dem Rewolwer of)

(Den Igel an den Hues lafe vu lénks no riets duerch d’Gromperestéck, eventuell och vun der Bühn erof duerch de Sall an nees erop. Iwwerdeems trommelen de Fräsch, d’Maus, de Maulwuerf asw., si troteren a jäizen duercherneen:

- Allez, Mecki, gëff ëm es!

- Séier!

- Dréck an d’Pedallen!

- Power, Power!

- Weis him et!

 

Den Hues geréit ëmmer méi no vir, no e puer Meter bleift den Igel hannen a verstoppt sech lénks an de Grompereblieder.)

ERZIELER

Nach véier Meter, dräi Meter, zwee Meter --- an, o jeminee! Kuckt emol dat sauert Gesiicht vum Meeschter Pipo, well elo luusst d’Madame Däreldéiesch Lisi op der Arrivée hannert de Gromperen eraus.

IGELFRA

(kraucht ganz riets aus dem Gestraiss eraus, si ass d’selwecht ugedoen ewéi de  Mecki) Hihihihihi, ech si scho laang hei!

(Alles klappt an d’Hänn a jäizt: Bravo! Bravo!)

MAULWUERF

(laacht) Kuck, wat rappt en elo Aan a Mond op.

MAUS

(idem) Dee versteet d’Welt net méi.

HUES

(ausser sech) Waaaat? Du bass schonn hei, Mecki? Mä ... mä dat ass dach ... dat ass dach net hueseméiglech! Du mat denge klengen, kromme Been!

(Alles laacht a päift.)

O neen! Dat léisst de Pipo Zickzack sech ower net gefalen. Hopp, komm, mir lafen nees zréck, an da wäers d’ emol gesinn. Un, deux, trois - a fort!

(Se lafen elo nees vu riets no lénks. Alles trotert, trommelt a jäizt nees duercherneen:

- Huiii, Zickzack, schumm dech!

- An duerfir dees du d’kuerz Box un?!

- Ech kréien e Laachkrämpchen!

- Pak an, Pipo!

- Jee, jee, jee, go home!

 

Den Hues ass vir, d’Igelfra verstoppt sech erëm heemlech riets an de Gromperen. Den Hues leeft weider.)

ERZIELER

An de Pipo jauft nees ewéi eng Rakéit duerch d’Gromperestéck erop, dass dem Quakerte Fräsch vum Loftzuch esouguer de Stréienhutt bal vum Kapp flitt.

(De Fräsch setzt de Stréienhutt nees richteg op de Kapp.)

A wéi en hannen ukënnt, du steet de Mecki gemittlech mat enger Fläsch Béier do ze laachen.

IGEL

(kraucht elo lénks aus senge Gromperen, eng Fläsch Béier am Grapp) Prost, Pipo! Hei sinn ech schonn nees!

(Alles klappt ronderëm an d’Hänn.)

HUES

(ausser Otem) Wéi? Däreldéier ... du?

IGEL

(mécht de Geck mat him) Ech mengen, du träntels ënnerwee. An da bass de och nach ausser Otem! Hahaha, schumm dech, du Schlappschwanz!

HUES

(rosen) Schlappschwanz? Jéngi, pass op, wat s de sees. Ech wor op der Olympiade - hei, kuck meng Goldmedail! An du, du bass nëmmen en aarmséilege Picken-Igel.

IGEL

Mä bis elo schonn zweemol Champion!

HUES

Ower net méi laang. Komm, gëff mer e Schotz aus denger Fläsch an da rappe mer nach eng Kéier un. (drénkt aus dem Igel senger Fläsch)

IGEL

Mäi Gott, mengetwegen. Mir kënnen esou dacks probéieren wéi s de Loscht hues. D’Leit wäerte sech um Facebook an op You Tube eng Boss laachen.

HUES

Et freet sech just iwwert ween. – Fräsch, den drëtten Départ!

FRÄSCH

Messieurs, à vos marques! Okay? - One, two, three --

(Rewolwerschoss. Den Hues leeft elo erëm vu lénks no riets, den Igel verstoppt sech nees. Iwwerdeems jäizt an trotert nees alles an dann zesummen am Chouer: 

Mecki! Mecki! Mecki! )

IGELFRA

(kraucht riets aus dem Gestraiss eraus) Hello, bonjour, Mister Pipo!

(Alles laacht a klappt nees begeeschtert an d’Hänn: Bravo! Bravo!)

HUES

(grouss) Neen, lo ass dee schonn nees viru mer hei. (setzt sech ee Momentchen nidder, ausser Otem) 't ass fir ze verzweifelen.

IGELFRA

Flott, dass de haut awer nach ukënns! Ech duecht alt: Wou soll en nëmme sinn? Op eemol gëtt et däischter, an da fënnt en de Wee net méi, deen Aarmen.

HUES

Maach du de Spunnes mat denge kromme Been ... Allezhopp, an nees weider! Iergend eng Kéier muss deen dach opginn, nondijabel net nach. (leeft nees zréck, awer mat Schwiregkeeten an net méi sou séier)

ERZIELER

Sou leeft den Hues nach 784 mol beim Struppesbauer op an of. De Fräsch, de Maulwuerf, de Schleek an all déi aner gerode bal aus dem Hais-chen, well ëmmer, wann en ukënnt, da rifft de Mecki oder d’Lisi:

IGEL

(aus sengem Gestraiss) Ech si scho laang hei!

IGELFRA

(idem) An erëm verluer, Monsieur Zickzack.

HUES

(komplett ausser Otem) O neen ... ech ... ech ka bal net méi ... deen doen, dee mécht mech dronken ...

ERZIELER

Ower bei dem 785. Tuer geet den Hues op eemol an d’Getten ---

(Den Hues fält ëm a bleift leien.)

--- e fält de laange Wee tëschent d’Gromperen, an et dauert 13 Deeg, bis en nees op de Been ass.

IGEL

(päift a rifft) Lisi, komm erop! D’Wett ass gewonnen an d’Amerikanesch Dollare si fir eis. (geet bei den Hues an hëlt him d’Strëmp mat dem Geld aus der Täsch)

MAUS

(kënnt dohin, hëlt dem Hues d’Medail vum Hals an hänkt se dem Igel ëm) An déi heie Gold-Medail, déi hues du der elo verdéngt.

(Alles klappt an d’Hänn: Bravo, bravo! Eng Sensatioun!)

SCHLEEK

Ah, Mecki, dat wor déi Iddi!

IGEL

Dee krut et emol richteg gewisen, deen agebildtenen Dabo!

FRÄSCH

Kommt, an elo maache mer eng gutt Fläsch Schampes op. (huet eng Fläsch Schampes a Glieser aus sengem Rucksak geholl a schëtt eraus)

MAULWUERF

(zervéiert) Jaja, esou geet et, wann ee sech éiweg brätzt an de Geck mat deenen anere mécht.

IGELFRA

An esoubal wäert keen Hues sech méi trauen mat engem Igel ëm d’Wett ze lafen!

H. DÉIERCHEN

Allez, prost op d’Picken-Igel Däreldéiesch Famill ---

MAUS

--- op de Mecki, op säi Lisi ---

ZESUMMEN

--- an op eis alleguer!

(Se prosten all mateneen an drénken.)

 

 

RIDO