DAT MIERKT DACH KEEN

 

D’Madamm, déi zitt nees eemol friem

Sou à la carte dohier,

An huet se een, stellt dee sech d’Fro,

Ob dat moralesch wier.

O Klengen, féier lo keng op!,

Laacht si a seet zu deem:

D’Moral ass blouss fir bei de Leit,

Mä hei, dat mierkt dach keen!

 

Den Abbé schëtt an der Houmasss

Kee Waasser an de Wäin

An duerno da vertuddelt en

Sech och nach am Latäin.

An ower schneit en eng ganz fromm,

Jo, kuck nëmme wéi heen

Lo och nach d’Hänn géint Himmel hieft,

Voilà, sou mierkt dat keen!

 

Deen Décke spiert wéi déck en ass,

Wann d’Steier fälleg gëtt:

En déclaréiert Punkt fir Punkt -

Oder villäicht och net ...

An hei an do eng Null ze mann,

‘t kënnt vir am Duercherneen ...

An dat, wat schwaarz am Däischtre läit,

Mäi Gott, dat mierkt jo keen!

 

Zu Cattenom do ziddert e

Gesell um ganze Läif:

Kredjëft! lo gong mer sou e Strapp

Däers Knascht do mat duerch d’Päif! -

Kee Pippcheswuert lo! seet de Chef,

Ewell wa jiddwereen

Schéi weider laacht an d’Loft sech dréint,

Mäi Gott, da mierkt dat keen!

 

O du do uewen, hal op eis,

Nach weiderhin deng Hand,

Well mir dach sou zefridde sinn

Hei an deem brave Land!

Mir wëlle bleiwen, wéi mer sinn,

A laachen ons an d’Fäischt:

Well wou keen eppes mierkt, mäi Jong,

Voilà, do ass och näischt!

 

 

"STËPPLEREIEN" (1998)