E KAND GËTT NET GEFROT

(2010)

 

Bicher erzielen der vill. Si erzielen der aus hirer phantastescher Phantasie, si erzielen der vu grousse Reesen an déi nach méi grouss Welt, mä si erzielen näischt iwwert dat Kand, wat ni gefrot gëtt. An haut gëtt dach jiddweree fir alles gefrot. Baus de eng Mauer laascht däi Gaart, muss de den Noper froen, méchs de eng Fräi Nuecht, muss de op der Gemeng froen, mä e Kand gouf nach ni gefrot, wann et op d’Welt kënnt.

 

E Kand gëtt net gefrot, bei weem et op d’Welt komme wëllt a bei wellechen Elteren et all Dag aushale muss. Där, déi et villäicht lénks leie loossen, déi et villäicht --- jee, e Kannerréck mat bloe Plazen ass jo net eppes, wat d’Pediatre sech aus de Fangere suckelen. Oder grad esou uerg: bei Elteren, déi et mat hirer Léift erdëmmelen an et ni op eegene Féiss an d’Liewen erawuesse loossen. Dat deet zwar net wéi an et gi keng Strummen, mä do gees de dann herno an eiser Welt vun décke Baken a spatzen Ielebéi éiweg op Kretschen.

Neen, e Kand gëtt net gefrot. Dat ass an dat bleift en Dram.

E Kand gëtt och net gefrot, ob et iwwerhaapt wëllt gebuer ginn, well villäicht wor et jo nëmme just eng Pann. Eemol d’Pëll vergiess oder e Lach am Gummi. An da stees de propper afeg do. E Liewe laang leefs de als „Domm gaang“ doruechter.

Mä firwat och laang froen? Ob se wëllen oder net, si mussen eben. Esou steet et geschriwwen. An dobei gehéiert e Kand sech dach just an eleng selwer, et muss säi Liewe liewen, fir sech, an net fir déi aner, déi dat soen …

 

Tjo, Bicher erzielen der vill. Si erzielen der vu Gesetzer a vun Ethik, mä si erzielen näischt iwwert dat Kand, wat ni gefrot gëtt.

 

Wat och net gefrot gëtt, wéini et wëllt gebuer ginn, wann et scho muss. An der Zäit vu Sklaverei, vu bluddege Mënschespiller am Colosseum zu Roum. Vun den hellege Kräizzich, den Inquisitiounen an den Hexeverbrennungen am wëlle Mëttelalter. An Zäite vu Krisis, keng Aarbecht an näischt ze räissen an ze bäissen. Oder heiheem Joergank 1920 bis 25, esou dass de an der preisescher Uniform däi Mann stelle konns …

Keen huet gefrot. Keen.

Mä wat soll scho vill sinn? E Kand huet och nach ni dervu gedreemt, dass et gefrot géif, wou et wëll gebuer ginn. An der Drëtter Welt ... als Flüchtling a Kolumbien oder am Montenegro ... als Minnen-detektor am Afghanistan … als bëlleg Schutzfront am Irak … oder als profitabele Stroossestréch an Thailand oder Malaysia, wou Mënschlechkeet Tromp ass, bei all deenen Räichen, déi mat strubbelvolle Fligeren dorower fueren, fir hiert villt Geld mat deene villen Aarmen ze deelen …

O neen, Kand, da fro net laang a komm scho léiwer haut an hei bei eis op d’Welt. Als eemolege Luxus-Artikel mat Schong vun Armani fir an d’Crèche, enger Jackett vu Versace fir an d’Sandkëscht an enger Këscht vu Louis-Vitton fir d’Nutellas-Schmier an der Paus. Als eemolege Prestige fir deng Elteren. Esou dass déi sech endlech mat dir selwer verwierkleche kënnen. Du bass de Methadon fir hir eege geplatzten Illusiounen.

 

Neen. D’Mauer laascht däi Gaart oder d’Fräi Nuecht vum Fëscherclub sinn do besser drun. Fir esou eppes ginn et Gesetzparagraphen a Formulairen.

Fir esou eppes muss gefrot ginn.

En bonne et due forme an en triple exemplaire.

Mä wou, wéini, firwat, bei weem an ob iwwerhaapt ---

E Kand, dat gëtt ni gefrot.

Nee komm, dreem weider! Kanner solle vu Freed an d’Luucht sprangen, dass se iwwerhaapt op eiser Welt sinn.

Well gleef mer, et gëtt keng, déi méi schéin ass ewéi déi hei …