LESCHT STATIOUN - LËTZEBUERG GARE

(2005)

 

D’Dräi Eechelen si schéin, de Gronn, de Fëschmaart an déi ganz Péitruss och, mä ech, ech sinn am léiwsten op der Gare.

Mueres oder mëttes, mä virun allem owes spéit, dann ass et am interessantesten. Joseph-Junck-Strooss ... Rue Fort-Neyperg ... Stroossbuerger Plaz a ganz Bouneweg ...

Dach. Ech träntelen alt heiansdo express, fir den Zuch ze verpassen.

Esou en heemleche Quartier! Do brauche keng Geschäfter dicht ze maachen, well se Angscht viru Randaléierer hunn, an déi al Leit, déi kënne sech hei och nach roueg op d’Strooss trauen. A firwat? Mä ganz einfach: well den Ambiente stëmmt. Well ee mierkt: Ah, hei op der Gare bass de wierklech op der Gare.

 

Huel nëmmen d’Strummerten!

E Symbol vun eiser Luxus-Gesellschaft.

Paräis ouni seng Clocharden wier jo och nëmme just Klengbetten oder Esch-Sauer mat engem Eiffeltuerm.

Dag fir Dag déi selwecht Strummerten an hire selwechten Decken op der selwechter Plaz, a mat der Zäit ginn et där selwechter ëmmer méi – en Zeechen, dass et hinnen och hei gefält. E schéint, gemittlecht Doheem! Also ...

 

An dann d’Meedercher um Trëttoir! 24 Stonnen op 24.

E Symbol vun eiser fräier Maartwirtschaft.

Vu Lonkech a vun Thionville komme se mat dem Zuch heihin. 't ass jo scho laang bewisen, dass eist Land ouni seng 110.000 Frontalieren net méi fonctionnéiere kënnt. An ee Gléck ass et elo Esseg, fir där Wäissrussescher mat engem Artiste-Visa an eisen Night-Cluben ze engagéieren. Iergendzwousch hannerwands. An nach eréischt vun no 11 Auer un. Neen, elo kënnt d’Liewen nees dohinner, wou et hi gehéiert: an eis Stroossen.

Do, wou d’Leit sech ophalen.

Do, wou d’Leit ënnertenee sinn.

Dobaussen, an der frëscher Loft.

A wa besser Fraen aus der High Society sech beschwéieren, dass se vu Männer ugeschwat ginn, well déi se fir eng Houer halen, déi hir Knéie breet maache muss, well se un der Nol hänkt - ma da sollen déi besser Fraen aus der High Society frou sinn, dass se iwwerhaapt nach esou e Sex-Appeal op d’Männer hunn, ma ja!

Neen, ech beneiden ëmmer déi glécklech Leit, déi ronderëm d’Gare wunnen. Schonn eleng, well se hir Kanner deen anere Mueren dann do an d’Schoul schécke kënnen. D’Zäite vum Ënnerwee-brav-Margréidercher-Plécken, déi sinn nämlech eriwwer. Haut fënnt een um Schoulwee Gummien, déi voll am Asaz woren, Gummien, ower och kéipweis gebrauchten Heroin-Sprëtzen, déi de Jugendleche weisen, dass d’Realitéit nëmmen eng traureg Halluzinatioun ass.

Voilà, an och duerfir sinn ech esou gären op der Gare. Shit, Marihuana a Speed an de Parkhaiser a virun de Geschäfter. Esouguer an den Hausentréeë begéins de mueres fréi d’Junkien, wa se sech den éischte Schoss erandonneren. An dann, pass op, wou Junkie sinn, do sinn och Drogen-dealer.

Där schéiner nordafrikanesch Schwaarzer.

Eleng oder am Troupeau.

Ëmmer wann ech nees ee gesinn, dann denken ech mer: Aahh, et ginn ower nach Leitt, wat keng Rassiste sinn an eis aner mat engem klengen Joint aus deem Graffsten eraus hëllefen. An et ass dach Wurscht, ob se Asyl hei sichen oder net, d’Haaptsaach ass, mir hunn se, d’STATEC erwaart fir dëst Joer e Wirtschaftswuesstum vu 4,2%, an d’Gare ass en attraktive Quartier.

 

Mä neen ... elo huet d’Politik da wëlles iwwerall Sécherheets-Kameraen opzeriichten, fir iwwerallhin ze kucken. No riets, no lénks, riichtaus a wee weess, villäicht och nach ëm den Eck.

Muss de der dann do net un de Kapp frieden?

Dobei wor et dach ëmmer e Genoss ze wëssen, dass d’Flicken net genuch Flicken op der Gare hunn. Dann hat een dach wéinegstens seng Rou.

Mä wou komme mer dann elo hin? Wëllt de Buergermeeschter dann elo, dass de Garer Quartier mat ganz Bouneweg a Gaasperech verkënnt? Dass keen éierbare Mënsch méi op de leschte Steiwer oder an d’Hollerecher Strooss wunne geet?

Well nëmme just mat der Chrëschtdagsbeliichtung a mat der Braderie eemol am Joer mécht déi Nei an déi Al Avenue sech och keng Éier!

D’Oktav bréngt et emol net uewen an der Stad fäerdeg ...