DEN HÄR PAULY

(2021)

(D‘Iddi fir dëse Sketch kënnt aus der Kuerzgeschicht „Nehmen Sie Platz“ vum Ephraim Kishon.)

 

Persounen:     de John Keipes

d’Madame Conter, Sekretärin vum Här Pauly

den Här Hausemer

d’Madame Stein

den Här Freylinger

den Här Backes

 

Décor:            an engem Büro / 3 Dieren: A – B - C

 

 

 

(D’Madame Conter léisst de John Keipes vun A eran)

CONTER

Wësst Der, den Här Pauly ass de Moment an enger urgenter Bespriechung, déi kuerzfristeg an den Terminkalenner opgeholl gouf. Et ass awer drop an drun, dass en nees zréck kënnt, well en huet nach e wichtegt Auslandsgespréich a senger Agenda stoen. Huelt Iech also e puer Minittercher Plaz, Här ---

KEIPES

Keipes. John Keipes.

CONTER

Voilà, Keipes. Wéi gesot, 't kann net méi laang daueren.

KEIPES

Merci, Madame. Séier gentil.  Ech waarden dann hei.

(D’Madame Conter geet nees no A of, de Keipes setzt sech, hëlt dann den Handy an telefonéiert.)

Jo, Marie-Louise, ech sinn et. Neen, 't ass weider näischt geschitt. Ech hu just engem säi rietse Spigel vum Auto mat ewechgeholl. Et wier wéi et schéngt engem Pauly säin, hu se mer hei an der Réceptioun gesot. --- Neen, et ass weider net uerg. 't gong just fir de Spiggel an an der Dier ass eng Schréips vu 27 Zentimeter. Keng Angscht, ech arrangéiere mech mat him.

HAUSEMER

(kënnt vu B, kuckt sech ëm, gesäit dann de Keipes) Ass de Pauly net hei?

KEIPES

Neen. En ass an enger urgenter Bespriechung, déi kuerzfristeg an den Terminkalänner opgeholl gouf.

HAUSEMER

Ajo richteg. Mat dem Backes.

KEIPES

Et misst awer drop an dru sinn, dass en nees zréck kënnt, well en huet nach e wichtegt Auslandsgespréich a senger Agenda stoen.

HAUSEMER

Da kommen ech herno erëm. (wëllt goen, dréint sech nach eemol ëm) Oder neen, waart. Wann e kënnt, sot der zu him, e soll bei mir um Büro laascht kommen.

KEIPES

(kuckt grouss) Ech? Ech soll him --- Mä ech sinn dach hei net ---

HAUSEMER

Bei den Hausemer, sot Der. Et wier wéinst dem Bauprojet Diederich.

KEIPES

(versteet zwar net, mä mécht alt ower mat) Bauprojet Diederich. Gutt, ech wäert mer et behalen.

HAUSEMER

Do misst nämlech nach op der Ponts et Chaussée nogefrot ginn, wéinst dem Kanaluschloss, an och op dem Ëmweltministère, well rietser Hand zwou Fliedermais an engem Bam hausen. (geet nees no B of)

KEIPES

An der Rei. (nees an den Handy) Du hues jo héieren: Kanaluschloss, Fliedermais an dee Pauly ass de Moment grad an enger Bespriechung. Mä wat wëlls de maachen: wann s de iergendzwousch bei iergendeen op e Büro kënns, ass deen ëmmer grad an enger Bespriechung. --- Allez, ech melle mech. (stécht den Handy nees an)

STEIN

(kënnt mat Paperasse vun C) Wéi, Dir sidd eleng? Den Hausemer wollt dach bei de Pauly eriwwer kommen.

KEIPES

Jo, do hutt Der recht. Den Hausemer war och grad hei an ech soll de Pauly herno bei e schécken. Deen ass grad mat dem Backes an enger Bespriechung. Et wier awer drop an drun, dass deen nees erëm zréck wier, well en huet nach e wichtegt Auslandsgespréich a senger Agenda stoen.

STEIN

Ah, sécher mat de Paräiser. Elo schleeft dat schonn iwwer 3 Méint. - Sot, an Dir wësst net zoufälleg, ob sech schonn eppes am Dossier Diederich geréiert huet?

KEIPES

Mä wahrscheinlech dach. D’Ponts et Chaussée wëllt nach eemol wéinst dem Kanal contactéiert ginn an den Ëmweltministère wéinst zwou Fliedermais.

STEIN

Genau dat, wat mer gefaart hunn. (gëtt dem Keipes en Dossier) Kommt, hei ass dee ganze Courrier wéinst de Pläng. Ech loossen Iech deen hei. Da kënnt Der dee jo och schonn emol duerchliesen ---

KEIPES

(grouss) Ech? Mä … mä …

STEIN

--- an duerno dem Här Freylinger ginn, wann deen opdaucht.

CONTER

(kënnt vun A) Ass den Här Pauly nach net --- (gesäit d’Madame Stein) Ah, d’Madame Stein.

STEIN

(zum Keipes) Wann een no mer siche geet, sot Der, ech wier bei der Madame Weimerskirch an enger Bespriechung. (no C of)

KEIPES

(gëtt et bal op) Bei der Madame Weimerskirch. (méi fir sech) Logo, do ass bis elo jo nach keen.

CONTER

Ob se déi elo awer an hirem Büro begéint … ech gleewe kaum. Déi ass dach bei dem Här Hausemer. Wann also ee freet, da wësst Der Bescheed. (geet no A of)

KEIPES

Nun emol lues. (widderhëlt fir sech, zielt op de Fangeren op) D’Madame Stein wëllt bei d‘Madame Weimerskirch, mä déi ass bei dem Hausemer an dee wollt heihi bei de Pauly kommen, awer deen ass de Moment bei dem Backes.

 

(De Freylinger kënnt vun B mat engem grousse Plang.)

FREYLINGER

Ass den Här Pauly net hei?

KEIPES

(méi fir sech) A schonn nees een …

FREYLINGER

(weist de Plang) Ech hunn nämlech um Plang nogemooss. 7 Meter vun der Stroossefront ewech ass Virschrëft vun der Gemeng. Par conter sinn eis Techniker der Meenung, wann een d’Notioun vu 7 Meter e wéineg méi pragmatesch gesäit, da géife 6,60 Meter och nach duergoen. 6,60 Meter, dat ass jo awer schonn e schéint Stéck.

KEIPES

(versteet net, mécht ower wéi wann) Jo, dat stëmmt.

FREYLINGER

Zemol, wou et jo dann och an der Flucht vun den Nopeschhhaiser léich.

KEIPES

(idem) Eben. An d’Aa spillt jo och e wéineg mat.

FREYLINGER

Dir sidd also och där Meenung?

KEIPES

(zéckt) Pfff, wann Der mech esou frot … absolut.

FREYLINGER

't ass an der Rei. Ech schreiwen Ären Avis dann och mat an de Rapport. Wann se dann nach ëmmer net zefridde sinn, kënne se sech jo direkt un Iech wenden. (geet no B of)

KEIPES

(wiert sech) Mä … mä … ech … ech sinn dach nëmmen --- ah, wat e Flouzirkus! An alles dem Pauly seng Schold, well deen net hei ass. (op eemol) Tjëft, wor dat doen net de Freylinger vun de Pläng? Ech sollt deem dach dee Courrier hei vun der Steins ginn.

(De Keipes wëllt him nolafen, mä du rabbelt den Telefon um Bürosdësch. De Keipes zéckt ee Moment, kuckt rondrëm, hieft dann awer op.)

Keipes. --- Pardon? Ween ass do? Ah, Kulturministère. Ee vum Site-et-Monuments. Neen, 't mer leed, mä den Här Pauly ass de Moment net hei. En ass beim Backes an enger Bespriechung. Et muss awer drop an dru sinn, dass en zréck kënnt. Wéinst dem Uruff mat de Paräiser. Dat schleeft elo schonn iwwer 3 Méint.

(Den Här Backes kënnt vun C.)

Hee, kënnt Dir net tocken, éier Der hei eraplatzt. Wee sidd Dir iwwerhaapt?

BACKES

Mäin Numm ass Backes, Monsieur.

KEIPES

(grouss) Backes? Mä … mä … an den Här Pauly? Ass deen dann net bei Iech?

BACKES

Deen ass bei der Madame Bourg.

KEIPES

A wat mécht deen dann do? E sollt dach no Iech direkt bei den Här Hausemer goen.

BACKES

Seet ween?

KEIPES

Soen ech. Eh … neen … den Här Hausemer selwer. Wéinst der Ponts et Chaussées an den zwou Fliedermais. (an den Telefon) Entschëllegt, Joffer, hei ass grad Jänni a Männi am Gaang no engem deem aneren ze sichen an ech sichen alt äerdeg mat. --- Wéi? Wat soll ech maachen?

BACKES

(entsat) Seet deen: ,Hei ass grad Jänni a Männi am Gaang no engem aneren ze sichen‘ … Wat eng Opfaassung vun dem berufflechen Asaz op engem groussen Immobiliebüro!

KEIPES

(zum Backes, weist op den Telefon) Ech sollt Iech vun der Joffer hei soen Dir sollt dem Här Pauly matdeelen, mir missten de ganze Plang nei ausschaffen. Dee Schapp, deen nach um Terrain steet, dee sténg ënner Denkmalschutz.

BACKES

Deen ale Schapp? Deen trëllt dach bal vu selwer an e Koup.

KEIPES

(an den Telefon) Den Här Backes seet, dee géif dach bal vu selwer an e Koup falen. ---- Wéi? ---- (zum Backes) D’Meedche vum Kulturministère seet, do kënnt hie maachen, wéi hie wëllt. Gesetz wier awer Gesetz.

BACKES

Gesetz wier Gesetz …. Weess de Schapp dat och?

KEIPES

(an den Telefon) Den Här Backes freet, ob hien dat och wéisst. --- Ween? Ma de Schapp. --- (mécht ëmmer méi grouss Aan, hänkt dann an)

BACKES

Wat seet et?

KEIPES

Ech soll elo keng faul Witzer op d’Käschte vun al-historesche Baute maachen an déi ganz Affär krit e juristesch Nospill.

BACKES

(rosen) Mä firwat wiert Der Iech dann net? Hei geet et ëm en deieren Invest-Projet an Dir loosst Iech den Telefon einfach virun der Nues anhänken. Donkt uecht, dat kritt och en Nospill. Zwar net um Geriicht, mä um Personalbüro. Dann ass Är nächst Promotioun am Eemer. Duerfir wäert ech scho suergen.

KEIPES

(gëtt energesch) Also … nun lauschtert mir emol ee Momentchen no, mäi Beschten. 't ass alles ugaangen, well ech bei den Här Pauly komme wollt. Mä dee war anscheinend bei Iech an enger Bespriechung. Duerno soll ech en direkt bei den Här Hausemer schécken, wéinst der Ponts et Chaussée an de Fliedermais. Du koum d’Madame Stein a gläichdrop den Här Freylinger mat de Pläng – dat heescht, wann et en iwwerhaapt war.

(Elo kommen d’Madame Conter, den Hausemer, de Freylinger an d’Madame Stein praktesch gläichzeiteg mateneen eran. De Keipes ass richteg iwwerrumpelt.)

CONTER

(vun A, zum Keipes) Ah, Dir sëtzt nach ëmmer hei ze waarden.

HAUSEMER

(vu B) Ass en nach net zréck?

FREYLINGER

(vun C) Här Pauly, ech wollt just ---

STEIN

(vun A) D’Madame Weimerskirch léisst froen, ob ---

KEIPES

(säin Handy schellt, kuckt, geet drun patzeg) Ja, Marie-Louise, an du elo och nach. Mä weess du wat: de Pauly ka sech säin Autospiggel mat der Schréips vu 27 Zentimeter dohi stiechen, wou keng Sonn hikënnt. Elo geet deen heien e gudde Patt huelen!

(De Keipes werft de Courrier op de Bürosdësch a geet of. Déi aner sti mat grousse Gesiichter do …)