DE GËLLENEN ZANT

 

Scho säit dem leschten Hierscht hunn ech

Den Näischnotz grouss geschriwwen,

E Joer laang hunn ech et uerg

Bal hei, bal do gedriwwen,

D’ganzt Duerf, dat huet wéi wëll geroost,

An ech, ech hu gutt laachen,

Mä lo gëtt et déi héchsten Zäit,

Fir mech duerch d’Bascht ze maachen,

Soss ginn ech ower gläich kee Su

Méi fir meng Haut a Schanken -

Sou mécht den Eilespigel sech

Alt haut sou seng Gedanken.

Mä virdrun halen ech se all

Nach eemol ferm zum beschten:

Ech iesse mer de Bauch puppsat

An nees um Wiert seng Käschten.

 

An owes virum Zuch sëtzt hien

Och scho beim vollen Teller,

Dat Bescht bestellt dee Kärel sech

Aus Spënnchen, Haascht a Keller.

 

Beim leschte Maufel jäizt den Till:

„O djës, wat Scherereien!

„Ech hu mäi gëll’nen Zant verluer –

„E muss um Buedem leien.“

 

De Wiert spréngt hann’rem Comptoir 'raus,

Seng Fra stierzt aus der Kichen,

A Jann a Mann läit op dem Bauch

Dee gëll’nen Zant ze sichen.

 

Ho, kuck, wat se do struewelen

A sech um Buedem rëlzen,

D’Still flattre ronderëm den Dësch,

An iwwrall ginn et Bëlzen.

 

Natierlech ass vum Eilespill

Kee Goldzant do ze fannen,

Mä hie wollt nëmmen dat Gewulls,

Fir heemlech ze verschwannen.

 

De Wiert gëtt lo foxdäiwelswëll,

Well hien ass nees deen Dommen!

Tja, 't muss ee schonn e Schallek sinn,

Fir op déi Spiicht ze kommen ...

 

-------

 

Duerno hunn d’Leit am Duerf näischt méi

Vum Till gesinn an héiren –

Bestëmmt sëtzt hien lo Gott-weess-wou,

Fir sech do z’ameséiren ...

 

 

D'Buch

 

"HÄPPI LËTZEBUERG"

 

(2009)

 

 

Satiresch Lidder

a 

Gedichter