WITZEG ! - (2)

 

 

Den Herkul

 

Den Néckel ass ee vun dräi Zenner,

A wou déi stäerkst vun alle Männer

Blouss wäisse Kéis mat Musklen hunn,

Do huet hie Power, haalt iech un!

 

Sou huet hie mol e Miwwelwon

Beim Nopeschhaus gesinn do ston,

An zéng Mann héich sech d’Äerm verdréien,

Blouss fir e Schaf duerch d’Dier ze kréien.

„Hopp, kommt!, sot Herkuls Néckel dunn,

Ech paken iech eng Hand mat un,

Ewell wa mir zu eelef sinn,

Wäerte mir deen dach Meeschter ginn!“

 

An een, zwee, dräi, ewéi klorrosen,

Do héiert ee se keimen, blosen,

Zu véier stemme se mam Hënner,

Zwee leeë sech bal hallef drënner,

Dräi stäipe sech mam Kapp derwiddert

An drécken, dass de Buedem ziddert.

Mä all hiert Muerksen ass fir d’Kaz:

De Schaf, dee geet net vun der Plaz.

 

„Kredjës!, flucht ee bannen am Haus,

Dee kréie mir jo ni eraus.“

Den Néckel kuckt emol duerch d’Dier

A reift de Schweess vu senger Stir:

„Ah sou, dir wëllt eraus? Jo, dann!

An ech, ech drécken en eran.“

 

 

 

Den Zwieleften

 

D’Brimeyesch haten eelef Kanner –

Ah jo, kee méi, mä och kee manner.

Vum Fränz, vum Pit bis op de Rën

A vun dem Sonja bis op d’Kënn.

Do wor schonn eppes lass am Haus,

Erof, erop, eran, eraus …

 

An eemol du gong d’Mamm op d’Rees,

Si sot zum Papp dunn: „Dass d’ et weess,

Dem Poli muss de d’Schmieren zappen,

Dem Mausi d’Äppel ganz kleng rappen,

De Bob wäscht mueres ni seng Zänn

An d’Anni mëttes och net d’Hänn,

Dee Klengste kritt eng Pampers un –

Vergiess et net, soss bass de drun. 

Mä wat ech avant tout gär hätt:

Schéck mer se owes fréi an d’Bett!"

 

Mä dat, dat muss ee wierklech kënnen,

Fir owes eelef Stéck vun ënnen

An d’Kummeren erop ze dreiwen,

Dass se dann och do uewe bleiwen.

An do, voilà, scho kënnt nees een

Op Zéiwespëtzen ’rof … ah neen,

De Papp jäizt: „Jong, dat geet hei net!

 Hopp, hopp an d’Bett, soss bottert et!”

Dee Klenge kuckt mol ganz erféiert –

Mäi Gott, da gëtt alt ëmgekéiert …

Mä zwou Minutte knapps duerno,

Hei ass de Kärel schon ‘rëm do.

Dës Kéier geet et, wéi et geet,

Wann een net eppes zweemol seet:

De Papp gëtt him eng hannendrop,

De Bouf quiitscht: Au ! a geet nees op …

 

Ubeemol schellt et un der Dier.

't ass d’Nopesch - wou de Claudy wier,

Si géif dobaussen an dobannen

Dee wëllen Näischnotz net méi fannen.

Du jéimert uewen eng kleng Stëmm:

„Hei sinn ech, Mammi, et ass schlëmm,

„Lo hätt ech och bal hei geschlof,

„Well hien do léisst mech net erof …“

 

 

 

 

Am Bus

 

De Bus ass strubbelvoll gelueden,

't si sécher méi wéi honnert Mann

A géifen se sech nach méi quëtschen:

Et géng fir d’Baschte kee méi ’ran.

 

Mat Krämpes hieft en eelren Härchen

Sech am Gewulls, lues Stéck fir Stéck,

Mä niewendru steet eng Madämmchen

An dréckt de Bopi flatsch! nees zréck.

 

„Kommt, bleift Dir roueg sëtzen! seet si,

Dir braucht net opzeston wéinst mir.

Kommt, bleift Dir nëmme roueg sëtzen,

Ech sinn nach vill méi jonk wéi Dir.“

 

Nach wéi vill mol hieft sech de Bopchen,

E keimt a kënnt schonn an de Schweess,

Mä si, si dréckt en ëmmer nidder

An dann, da sëtzt de Bop alt nees …

 

Ubeemol ower gëtt e rosen:

„Lo loosst Der mech, lo geet et duer!

Well lo sinn ech schonn dräi Statiounen

Wéinst Iech elei ze wäit gefuer.“

 

 

 

 

 

D’Tatta Florence an den Hond

 

De Pitti hat doheem Besuch,

A bei dem Kaffi an dem Kuch

Du kënnt de Flocki aus der Kichen

Ënnert den Dësch bei jiddree richen,

Richt hei, richt do an huppt sech grad

Bei d’Tatta Florence aus der Stad.

Eis Tatta, déi ass ganz choquéiert –

Ääh pfui! denkt si, 't ass onerhéiert,

Esou e Véi hei an der Stuff!

Si ësst zwar nach, mä schneit eng Schnuff …

Dat mécht de Flocki guer net béis,

Hie schäert mam Schwanz rondëm hir Féiss

A kuckt der Tatta och nach riicht

Bei jiddwer Maufel an d’Gesiicht.

Si mécht, ass géif se näischt gesinn

A setzt sech einfach anescht hin.

Mä wat se mat der Nues méi rëffelt,

Wat eise Mupp ëmmer méi schnëffelt,

E geet sech souguer nieft se strecken

A fänkt lo un hir Been ze lecken.

Dat gëtt dem Florence dach ze bont!

„Ah non! kréint si, verfluchtnen Hond!“

 

- „Keng Angscht, seet dunn de Pitti lues,

„'t ass blouss, well s du säin Teller hues.“

 

 

 

 

En nerft mech

 

Dass den Här Läährer an der Klass

De Patron vun dem Chantier ass,

Ech mengen, dat ass net verkéiert –

Mä dass en d’Kanner schikanéiert

A rose mécht, déi ganzen Zäit,

Dat geet trotzdem e Stéck ze wäit …

 

Sou koum den Tun de Mëtteg heem:

„O jee, wat hunn ech d’Flemm mat deem,

„Well ëmmer ass en hann’ru mir“

„Mat Meckren a mat Knoutren hier.

„E foxt an nerft a pisackt mech

„De ganzen Dag – 't ass fierchterlech!”

 

Daags drop du gong de Papp an d’Klass,

Fir mol ze kucken, wéi dat ass.

De Schoulmeeschter, deen huet du grad

Mat hinne Rechnunge gemat,

„Acht minus drei?“ –

                                  Den Tun seet: „Véier.“

 

- „Ah neen, heescht et, hopp, nach eng Kéier!“

 

- „Gesäis de, Papp, pëspert den Tun,

Lo fänkt déi Nervesee ‘rëm un!”

 

 

"REVUE DE LA JEUNESSE" - 1988 - 1991