WITZEG ! - (1)

 

 

Rechenartisten

 

Ween op der Welt net rechne kann,

Dee kuckt am Liewen dacks domm dran,

Well villes, wat een do begéint

Sech ëm déi louder Zuelen dréint.

 

De Poli wor dermat gehäit –

Jo, d’Rechne wor net seng staark Säit,

An d’Joffer sot: "Mäi Jong, dat gëtt

„Eng schlecht Zensur, a knouter net!“

 

„Der Däiwel!, jäizt doheem de Papp.

Déi huele mer eis gläich beim Schlapp!“

A mëttes stinn se da bei hir

Gutt queesch a rosen op der Dier.

„Sot, Jëfferchen, nu lauschtert mol,

„Wat hutt Dir blouss géint eise Pol?

„Eng hallef Datz gitt Dir him, mee

„Hie rechent dach bal ganz genee!

„Heit: 2 x 3?“ –

                              De Pol seet: „8!“,

Dem Pol säi Papp ass stolz a laacht:
“Gesitt Der mol! 't ass dach Eins-A!

E läit blouss eent derlaascht … maja!“

 

 

 

Am Zoo

 

De Pitti wor mat senger Boma

Des leschter eemol an dem Zoo -

Gesäis de gäre grouss, wëll Déiren,

Da géi dohin, et sinn där do.

 

Giraffen trëpplen, Schlaange krauchen,

En Elefant trappt hin an hier,

Zwee Léiwe rosen, d’Tigre späizen

An an der Kaul do schnaarcht e Bier.

Mä dann déi Konschtstécker, déi d’Afen

Op hire Beem zum Beschte ginn,

Mat de Grimassen, déi se schneiden –

Dat muss een onbedéngt gesinn!

 

„So Boma, kuck mol!, seet de Pitti,

Deen alen, deen dohanne schläicht,

Fënns du net och, dass deen dem Bopa

Am Fong geholl verdäiwelt gläicht?!“

 

- „Dat seet een net, du freche Bengel!

Dass ech der keng an d’Laiskaul han!“

 

- „Boma, keng Angscht!, laacht dun de Pitti,

Den Af huet mech jo net verstan.“

 

 

 

 

Ënnert der Këscht

 

Et dauscht um Quai, den Zuch hält stall,

An tëschent deenen an’ren all

Dréckt sech e Bauer hannevir

Mat enger décker Këscht duerch d’Dier,

E quëtscht déi uewen an den Eck

Bei Kierf an Aner-Leits-Gepäck,

Sech selwer setzt en och nach hin

An denkt: Voilà, da fuer, ech sinn!

 

Hei kënnt och nach ganz distinguéiert

En Am’rekaner ’ra stolzéiert,

Mä alles strubbelvoll … An sou

Ass eisen Härchen dach nach frou,

Dass hien am Eck ënnert der Këscht

Beim Bauer déi lescht Plaz erwëscht.

 

De Chef-de-gare, dee päift um Quai,

Schonn ass den Zuch nees ënnerwee,

E juppelt schéi gemitterlech,

Den Am’rekaner näipt fir sech,

An hei, knapps ass de Mann entschlof,

Dun drëpst et aus der Këscht erof.

Jo, d’Drëpsen drëpsen drëpsweis lues

Dem Am’rekaner op seng Nues.

Dee grommelt, dréint a schäert a rëffelt,

Mécht een Aan op, dann zwee, a schnëffelt,

E kuckt sech sou eng Drëps mol un,

E richt vun alle Säiten drun,

Da schmuunzelt en a weist an d’Lut:

„Oh, Whisky, Whisky ! Very good !“

 

- “Nix Whisky!”, laacht de Bauer schlau,

„Mä … Puddel … Flocki … wau, wau, wau …“

 

 

 

 

Hiert Klengt

 

De Menni krut eng Schwësterchen,

Eng léif, kleng, aartlech Mais-chen –

De Menni, deen ass duerfir och

Wéi hallef aus dem Hais-chen.

 

E schwäermt a schwätzt un engem Stéck

Vum Puppelchen a seet der

Souguer seng Gréisst a säi Gewiicht

Op Gramm an Zentimeter.

 

Déi aner lauschtren him gär no

Beim Rieden a beim Schnëssen –

„Wéi heescht déi aartlech Mais-chen dann?“,

Wëllt jiddree vun him wëssen.

 

Do ass de Menni lo um Enn

Mat Téinen a Sech-Bretzen:

„Dat wësse mir och selwer net,

Et ka jo nach net schwätzen.“

 

 

 

De Bam

 

Et kënnen der dach phantaséiren,

't ass e Genoss, fir se ze héiren,

Esou wéi dësen, deen d’lescht Jor,

Wéi 't schéngt an der Sahara wor.

 

„Do gong ech deeg- a stonnelaang,

An ech si gaangen, gaang a gaang –

Op eemol koum e Léiw, mon cher!

Ech duecht: O vreck, dat hu mer gär!

Hopp, d’Kap an d’Stir an näischt wéi un …

De Léiw net faul, hien hannendrun!

Du gouf zu zwee duerch kéipweis Sand

De Weltrekord am Sprint gerannt,

„A scho wann hie gëotemt huet,

„Hunn ech 't an der Akaul gespuert.

„An hei, wat fir eng Chance, o jee!

„E Bam! A grad op eisem Wee!

„Ech sprangen op den éischten Aascht,

„De Léiw kritt net gebremst --- a laascht!“

 

- „Hee, lues do!“, sot ech dun zu deem,

„Do stinn dach iwwerhaapt keng Beem.“

 

- „Jo, äntwert hien, et mengt ee bal -

„Mä dat wor mir deemools egal.“

 

 

"REVUE DE LA JEUNESSE" - 1988-1991