DE MËNSCH

 

    Um Mënsch ass alles drëm an drun,

    A mat dem Kapp do fänkt et un:

 

    Ganz uewen ass, fir d’Mutz ze setzen,

    E Stack méi déif do kann ee schwätzen,

 

    Rondrëmmer Ouren, Aan, a gleeft:

    Eng Nues, déi richt - mä och mol leeft.

 

    No riets a lénks do huet en dann

    Zwee Äerm mat Tonne Muskle dran,

 

    Zwou Hänn, déi maachen hei de Schluss –

    Där, déi een ëmmer wäsche muss.

 

    Wat een domat tëscht d’Zänn 'raquëtscht,

    Kënnt dann duerch d’Strass erof gerëtscht –

 

    Mä do trëllt och nees allerlee

    Sou Droleges dem Mënsch am Wee:

    E Bauch, deen hickt, e Mo, dee grommelt,

    En Häerz, dat klappt, wann ee sech tommelt,

    De Rescht voll Loft mat Met'ren Träipen

    A Schanken, déi dat alles stäipen.

 

    No hanne Réck an ënnen drënner,

    Fir sech ze setzen: iwwrall Hënner.

 

    An un deem ganzen Duercherneen

    Do hänken dann och nach zwee Been,

    Déi flott op d’Mooss geschafft gi sinn

    A just bis op de Buedem ginn.

 

    Hei ënnen ass e ganz um Enn,

    De Mënsch, de Bomme-„Super-Männ“!

 

 

(1995)