DÉI GROUSS MARGRÉITCHEN

AN DÉI KLENG VEILCHEN

 

 

Ganz houfreg stong d’Margréitchen do

De Kapp an d’Luucht ze strecken,

An d’Veilche souz fir sech eleng

Dernieft a pick’gen Hecken.

 

„Jee, jee, bretzt dun d’Margréitche sech,

Du solls dech wierklech schummen.

Du bass déi gouregst an déi klengst

Vun allen an're Blummen.

Du sëtz de léiwen, laangen Dag

Dech schei an d’Heck ze ducken -

Mä ech si grouss! D’ganz Welt ka mech

Bewonneren a kucken.“

 

Hei owes koum e staarke Wand,

Deen huet ewéi klorrosen

Duerch Bësch a Gaart, op Wiss a Feld

E Stuerm erausgeblosen.

Eis Veilchen huet sech dunn nach méi

An d’Heck erageduckelt –

Mä d’houfereg Margréitchen gouf

GEZAUSELT a GESTUCKELT ...!!!

 

 

"VUN HEI A VUN DO" - (1981)