DÉI FLÄISSEG SEECHOMES

AN

DÉI LIDDREG GRILL

(LA CIGALE ET LA FOURMI - I / 1)

 

De Summer wor gutt waarm a sonneg,

An d’Grill, déi krut doheem déck d’Flemm –

Se gong all gudden Dag picknicken

A sonndes mëttes och an d’Schwemm.

Bal souz se owes an dem Kino,

Bal gong se bei de Kierwerleksdanz,

Souguer a Spuenien véier Wochen

Mat dem Bikini an d’Vakanz.

 

Mä d’Seechomes, der Grill hir Nopesch,

Déi louch net liddreg-faul um Réck,

Se huet geschafft, se huet gewuddert,

De ganzen Dag, un engem Stéck.

All Kär, all Käerchen, all kleng Grimmel

Huet si mat an hiert Lach geholl –

A wéi de Wanter vrun der Dier stong,

Hat si de Keller strubbelvoll.

 

An d’Grill, déi schneit eng sauer Binett,

De Bauch, dee grommelt hir, a wéi!

Si kënnt do rabbleg, dënn a goureg,

Jee, d’Grill huet näischt ze friesse méi.

 

Sou huet se sech daags drop géint Mëtteg

Mam Kuerf op d’Nopeschtrap geschlach:

„O Seejchomes, gëff mir e Maufel!

O Seechomes, hëllef mir dach!“

 

Mä Moie Misch! si kritt d’Viischtdier lo

Virun der Nues nees zougeschlon,

Well ween net schafft, ma dee brauch och net

Doruechter heeschen dann ze gon ...